381_CourteRap ass hautdesdaags wuel deene meeschte Leit ee Begrëff. Egal op als „Yo yo Musek“ ofgestempelt, oder als Sprochrouer vun enger engagéierter Jugendkultur, gëllt hien haut als präsente Museksgenre an eiser Gesellschaft. Entstanen ass de Rap Enn de 70er Joren, als Deeldisziplin vun der Hiphop-Bewegung, déi sech an de Stroße vun New York forméiert huet. Och wann et ville Leit hautdesdaags schwéier fält et ze gleewen, sou ass et eng pazifistesch Approche, déi der Hiphop-Kultur zu Gronn läit. Duech si sollte Konflikter fair a kreativ geléist ginn an domat proaktiv géint Gewalt a Kriminalitéit agéiert ginn. Nierwen dem Graffiti, dem Breakdance an dem Deejay’ing ass de Rap soumat eng vun insgesamt véier Disziplinen, mat deenen sech d’Mënschen moossen konnten. Mat Witz, Rhetorik, a klorem Message konnt ee sech hei am Battle beweisen a sech Respekt verschafen.

Esou ass dëse Museksstil zu enger Aart Sprochrouer vun enger sozialer Ënnerschicht ginn, déi bis dohin wéineg Gehéier fonnt huet. Gruppe, wéi N.W.A. hunn Enn den 80er Joren mam Gangsta Rap gewisen, dass hir Stëmm och e politeschen an domat weltwäiten Afloss konnt hunn. De Rap (to rap, englesch vir babbelen oder „Spréch klappen“) awer esou knapp ze definéieren, ouni seng Entwécklung ze berécksiichtegen, wär falsch. Iwwer
Joerzéngten ewech huet sech eng Panoplie u Stiler erauskristalliséiert, déi weist, wéi variabel dëse Genre ka sinn. Vum Old Skool, iwwer de Boom Bap oder dem Gangsta Rap bis hin zum Trap oder dem Pop-Rap, wéi mer se haut kennen, hu sech divers Stiler verbreet.

Virun allem säit de leschte fënnef, sechs Joer erlieft d’Hiphop- a Rapmusek en enormen Opschwong. Bei eisen franséischen Noperen hu sech Kënschtler wéi de Soprano, den Niska an de Booba, mat dësem laang verpönte Style duerchgesat – an dëst esouguer an enger Envergure, déi bei Wäitem net méi als „Underground“ gëllt.

Inspiréiert vum franséische Modell, stelle mir eng ähnlech Entwécklung an Däitschland fest. Rapmusek hält sech iwwer Méint an den Charts an op sämtleche Plattforme, wéi nationale Präisiwwerreechungen. Kuerz gesot: Rapper hunn de Wee an d’Prominenz gepackt. Esou ass et net verwonnerlech, datt d’Rapmusek sech och zu Lëtzebuerg ëmmer méi Beléiftheet erfreet. Jugendlecher setzen sech aktiv mam Rap auseneen, als Konsument, mee och als Produzent. Ugefaange mam Norappe vum Lieblinglingsong, geet et ganz séier weider mat klenger Kritzeleien, oder mam Improviséieren ënner Kollegen. Als logesch Konsequenz heescht et dann och iergendwann: „So, looss eis emol en Track ophuelen!“ Ähnlech war et och bei mir. Oft hunn ech mer d’Fro gestallt, wéi ee wuel am beschten un esou en Text erugoe sollt a wat aus engem Text e gudde Rap mécht. Ech kann elo scho virgräifen: déi eenzeg richteg gëtt et net. Allerdéngs schéngt et mer wichteg, am Kader vun dësem Artikel op verschidden Aspekter wéi Form, Themen an Technik anzegoen.

Tëschent Egozentrismus a gesellschaftlechem Engagement

Analyséiert een Rap-Texter aus dem Ausland, stellt ee fest, datt déi verschidden Themeberäicher sech och hei an den Texter erëmfannen. Vir mech ass virun allem eng Methode, Erliefnisser an enger Aart kreativem Monolog aktiv ze verschaffen. Esou huet d’Musek net seelen eng wichteg perséinlech an autobiographesch Nout. Theme wéi d’Vergänglechkeet, Kandheet, Zäit spillen an dem Sënn eng grouss Roll a mengen Texter an zéien sech wéi e roude Fuedem duerch mäi „Portfolio“.

En zweete grousse Genre, deen hei am Land erëm ze fannen ass, ass de sougenannte „Ego-Trip“ – thematesch gesinn ee relativ einfachen Genre. Hei geet et ganz schlicht dorëm, sech a seng „Skills“ (Fäegkeeten) an Zeen ze setzen, also ze weise, wat ee lyresch a raptechnesch op der Bobinn huet. Wéi den Numm et scho verréit, weist de Rapper hei unhand vu sougenannte „Punchlines“ (besonnesch aussokräfteg Versen), wat ee kann a wéi gutt en ass.

Elo ginn awer och nach eng Rei aner Zorten Rap, déi sech mat der Gesellschaft oder mam direkten Ëmfeld befaasse kënnen. Esou gi beim „conscious Rap“ (engl. bewosste Rap) bis hin zum „politesche Rap“ oft sozialkritesch Aspekter thematiséiert, vir iwwer Mëssstänn opmierksam ze maachen. Dëse Genre ass hei zu Lëtzebuerg allerdéngs wéineg verbreet, respektiv bei genauem Betruechten iwwerflächlech. Vill méi ginn hei ganz trivial gewëssen Ëmstänn ugeschwat, ouni awer wierklech „kritesch“ ze schreiwen. Ech perséinlech sinn der Meenung, datt ee mat hallefhäerzege pseudo-sozialkritesche Raps kee fundéierten a gudde „conscious Rap“ maache kann. Hallefwëssen ass bekanntlech geféierlech.

Eng Musek ouni Nouten?

Wat Rap esou interessant mécht, sinn d’Simplicitéit an d’Accessibilitéit. Et brauch een net onbedéngt eng theoretesch oder praktesch Ausbildung, wéi e Solfège oder Gesangskueren. Et muss ee capabel sinn, den Takt ze halen! Dofir entwéckelt ee mat der Zäit e gewëssent Gefill.

Et léiert een op schnell oder lues Stécker ze rappen, sech unzepassen a sech am Kader vum „Beat“ z’entfalen. Esou fënnt jidderee fréier oder spéider säi „Flow“; seng Aart a Weis säin Text fléissend op d’Musek ze leen. Hei spillen natierlech divers Aspekter eng Roll: Timing, Pausen, Unzuel vu Silben an engem Vers, Intonatioun, Artikulatioun, etc.

Och d’Reimstruktur kann hei eng wesentlech Roll spillen. Esou sinn „Paarreime“, wéi och „Kreuzreime“, oder „Binnenreime“ wuel präsent a munche Raptexter. Perséinlech versichen ech vill mat bestëmmten Stilfiguren ze schaffe a bauen verschidde Reimketten (méisilbesch Reimer) an. Awer och aner Stilfigure fënnt een a lëtzebuergesche Raptexter erëm. Vergläicher, Metapheren, Wuertspiller, Alliteratiounen an Onomatopeeën sollen de „Flow“ verbesseren, awer och Aussoen verdäitlechen an den Nolauschterer ofhuelen.

Ech selwer hunn ni e Solfège gemaach a géing mech net direkt als rénge Museker bezeechnen. An der Reegel awer ginn ech relativ pragmatesch un esou en Text erun. Hunn ech emol e Thema fonnt, oder eventuell souguer schonn en éischten an zweete Vers, versichen ech jeeweils eng Strof a Bléck vu véier Versen, also a Quatrainen ze glidderen. Hunn ech mech op en Thema festgeluecht, geet et drëms, Iddien, Expressiounen, Wierder zum Thema ze sammelen. Et kënnt net seele vir, dass ech dëst a Form vun engem Brainstorming maachen an emol di eng oder aner Recherche um Internet maachen. Dat hänkt allerdéngs staark vun der Daagesform of. Munch Texter entstinn u gudden Deeg an engem Coup.

Ech hunn Texter alt schonn an enger Stonn geschriwwen, virun aneren hunn ech Woche verbruecht. Üblech ass et an der Rap-Musek, Strofen a 4 x 4 Versen, insgesamt also 16 Versen ze schreiwen. Där Strofen schreiwen ech dann am Normalfall zwou. Dotëscht, respektiv hannendrun kennt eng „Hook“ (e Refrain) vu 2×4 oder 1×8 Zeilen. Jee no Lidd gëtt dat Ganzt mat „Bridgen“, „Intro“ oder „Outro“ ofgeronnt. Esou eng Struktur schaaft e konkrete Kader, deen et engem Kënschtler erméiglecht, sech zu all Moment a sengem Text erëm ze fannen. Vir mech ass et extrem wichteg, e flotten an duerchduechten Opbau ze kreéieren, deen natierlech jee no Instrumental variéiert. An dës Variabilitéit hëlt zou. An de leschte Joren stellen ech fest, datt de Rap, an d’Musek generell, ëmmer méi genreiwwergräifend ginn; Mëschforme wéi Pop-Rap gi méi heefeg. Esou gi beispillsweis Elementer aus aneren Richtungen (Reggaeton, Rock oder Elektro) integréiert, oder Rap mat Gesang kombinéiert.

Sproochlech Villfalt am Lëtzebuerger Rap-Milieu

E weidere wichtegen Aspekt zu Lëtzebuerg ass ëmmer nees de sproochlechen. Präägt d’Méisproochegkeet eisen Alldag, sou spigelt si sech och am Rap erëm. Deementspriechend sinn di dräi Haaptsproochen, Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch wuel präsent am Rap-Milieu. Während romanophon Jugendlecher sech éischter zu der franséischer Offer hin orientéieren an a priori op franséisch ufänken ze texten, riichte sech lëtzebuergesch Rapper zum Däitschrap. Duerch d’Ähnlechkeet zum Lëtzebuergeschen huele si oft d’Entscheedung, Lëtzebuergesch als Rap-Sprooch ze benotzen. Esou hu mir hei eng flott musikalesch a sproochlech Villfalt, vun där een erwaart, dass se d’Zeen stäerkt an d’Mënschen zesummebréngt.

Dëst ass allerdéngs nëmme zu Deel richteg, well d’Méisproochegkeet am Rap net nëmme Virdeeler huet. Kuckt een sech dat Ganzt eemol méi genau un, gëtt een d’Gefill net lass, datt de frankophonen Deel an de lëtzebuergesch/däitschen Deel vun der Zeen ganz onofhängeg vun eneen agéieren, sou dass enger reeller Zeen einfach deen néidege Poids an d’Duerchschlagskraaft feelt.

Ech selwer hu jorelaang op franséisch geschriwwen. Viru ronn engem Joer hunn ech dunn d’Decisioun geholl, op menger Mammesprooch (Lëtzebuergesch) weider ze maachen.1 Engersäits hunn ech iergendwann d’Gefill gehat, datt de lëtzebuergeschsproochege Public meng franséisch Texter zu engem gewësse Grad net verstanen huet. Parallel dozou hunn ech um franséische Marché ni deen Uklang an déi Akzeptanz fonnt, déi ech gesicht hunn. Haut kann ech soen, datt mir d’Texten op Lëtzebuergesch vill méi liicht vun der Hand geet, Reimketten deels intuitiv entstinn an d’Lidder spéider also och méi gräifbar a verständlech vir de Public sinn.

Rap als Poesieform?

Wéi schonn uewen ugedeit, loosse sech am Rap vill Elementer aus der Literatur fannen. Et kann een et aus dëse Grënn duerchaus als Poesie mat musikalescher Ënnerlag gesinn, bei där et méi oder manner oft op den Text, an awer och op d’Harmonie tëschent Stëmm a Instrumental ukënnt.

Et muss een kee weltverändernden Text schreiwen. Vill méi wichteg ass et, seng Iddi oder säi Bild, dat ee gär vermëttele well, stilistesch an technesch interessant anzepaken an un de Mann ze bréngen. Duerno geet et dorëm, den Text harmonesch op en Instrumental ze bréngen: dat ass dann de méi musikaleschen Deel dovun. Elementar ass finalement d’Balance tëschent Ausso a Form, Inhalt a Verpakung, deenen duerchduechten Aspekter wéi Reimketten, Metapheren an anere Stilfiguren – an deenen immediaten, dat heescht den Ëmstänn op et de musikaleschen Nerv vum Public trëfft oder net. Dës Balance ass schwéier ze fannen. Leider schéngt et di lescht Joren esou, dass d’Tendenz (virun allem am Mainstream) a Richtung Verpakung geet, zum Nodeel vum Inhalt an dem Text am grousse Ganzen.

Vum Text bis hin zum fäerdege Projet – an dann? Perspektiven a Méiglechkeeten

Huet een emol e fäerdeg Produit am Äermel, e Lidd oder esouguer e ganzen Album, ginn et hautdesdaags vill Méiglechkeeten, dësen ze publizéieren. Esou gräifen déi Meescht op sozial Netzwierker a Plattforme wéi Facebook oder Youtube zeréck. De Problem läit allerdéngs manner bei der Publikatioun wéi bei der Propagatioun. Hei feelt et, wat d’Rapmusék, ugeet, ganz einfach un Ënnerstëtzung ënnerhalb an ausserhalb vun der Zeen. Leider si lokal Kënschtler bis op di eng oder aner Ausnam medial net präsent. D’Schold läit hei awer bei béide Parteien: Engersäits feelt et u Professionalitéit a Qualitéit, anerersäits gi Kënschtler deelweis ignoréiert, jo scho bal boykottéiert. Festivals, Concerten an aner Méiglechkeeten, Rap live ze vertrieden, si rar geséint.

All dës Erkenntnisser droen esou dozou bäi, datt Rap-Kënschtler zu Lëtzebuerg iergendwou tëschent immenser Popularitéit an Ofleenung säitens de Medien an den eelere Generatiounen komplett an der Loft hänken. Consideréiert een déi uewe genannte Aspekter, ënnert anerem déi literaresch Elementer, kënnt ee menger Meenung net dolaanscht, Rap als eng Form vu Poesie unzegesinn. Esou misste mer eis och hei eng Scheif vun eise Noperen ofschneiden an dësem Genre a senge Kënschtler op lokalem Niveau opmannst eng reell Chance ginn, sech op gréissere Bühnen ze beweisen.

1.Dozou de Video „Ech wees net wéi“ https://youtu.be/cglIx5twC6o

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code