Sexuell Gewalt, #metoo an de Silence zu Lëtzebuerg

Firwat gëtt et aktuell keng lëtzebuergesch Springora?

D’Vanessa Springora, d’Sarah Abitbol, d’Adèle Haenel, d’Flavie Flament… wien déi lescht Zäit déi franséisch Press gelies oder sech ob soziale Reseauen informéiert huet, deem sinn dës Nimm net friem.

D’Vanessa Springora ass Schrëftstellerin an Directrice vum grousse franséischen Editiounshaus Julliard. D’Sarah Abitbol ass eng franséisch Äiskonschtleeferin, si huet an den 90er an an de fréien 2000er eng ganz Rei international Championnater gewonnen. D’Adèle Haenel ass eng franséisch Schauspillerin, si krut zwee Césars, de franséische Pendant zu den Oscars, a gouf nach e puer Mol dono fir dëse bekannte Präis an der Kategorie vun der beschter Schauspillerin nominéiert. D’Flavie Flament war laang Joren Animatrice op enger franséischer Televisiouns-Chaîne an huet zanter e puer Joer hir eege Radiosemissioun op engem grousse Sender.

Wat hunn dës Frae gemeinsam? Et si Fraen tëscht 30 an 48 Joer, déi also matten am Liewe stinn. Et si Fraen, déi Karriär maachen oder gemaach hunn. Déi bekannt sinn, déi eppes ze soen hunn. Déi eng Stëmm hunn, déi an der medialer Landschaft existéieren. An et sinn awer och Fraen, déi abuséiert oder vergewaltegt goufen, wéi si jonk Meedercher waren. An zwar net vun onbekannte Männer owes an engem donkelen Eck, mee vu Männer, mat deenen si als jonk Meedercher an enger enker Relatioun waren.

Beim Vanessa Springora war et de bekannte Schrëftsteller Gabriel Matzneff. Si hat 13 Joer, wéi si hie kennegeléiert huet duerch hir Mamm, déi Relatiounen hat am Editiounsmilieu. Hien huet sech mat hir op eng sexuell Relatioun agelooss an dës och beschriwwen an engem vu senge Bicher. D’Vanessa Springora ass domat souzesoen als sexuellen Objet – net nëmmen am Liewen, mee och nach an de Wierker – vum Schrëftsteller „veréiwegt“ ginn. An anere Bicher beschreift hie seng Relatioun mat klenge Jongen, déi hien op senge Reesen an Thailand opgesicht huet. Dass hien sech domat ëffentlech als pedophil – oder méi zoutreffend: pedokriminell – geout huet, schéngt an den 80er Jore kee gestéiert ze hunn.

Am Bernard Pivot sengen Apostrophes, enger bekannter franséischer literarescher Televisiounsemissioun, huet dësen de Matzneff gezeckt an hie gefrot, wéi et da kéint sinn, dass hie vu „Minetten“ ugezu wier, also jonke Meedercher, oft Jongfraen.1 De ganze Plateau huet gelaacht, bis op eng kanadesch Schrëftstellerin, d’Denise Bombardier, déi sech geschockt gewisen huet iwwer dës ëffentlech Manifestatioun vu Perversioune géigeniwwer Kanner a jonke Jugendlechen. Si ass herno jorelaang vu franséischen Intellektuellen als „mal-baisée“ duergestallt ginn.

Geféierlech Scholdfroen

D’Vanessa Springora huet elo, méi wéi 30 Joer dono, e Buch geschriwwen iwwer hir Geschicht. D’Buch heescht Consentement an et weist mat deem Titel op déi ganz Ambiguitéit hin, déi esou Situatioune vun Abus, sexuell a moralesch, mat sech bréngen. Si war 13 Joer a sech net bewosst, dass de 35 Joer méi ale Mann un hir seng pervertéiert Sexualitéit géif ausliewen, dass si ënnert senger Emprise war, dass hien hir op alle Pläng iwwerleeë war an dat, wat si als ganz jonkt Meedchen als eegen Decisioun empfonnt huet – consentement – e Resultat vun enger intellektueller, du sexueller Dominatioun war. Dominatioun entsteet, wou e fundamentalen Desequiliber an enger Relatioun besteet, wou ee vu béiden d’Ficellen zitt an deen aneren sech net bewosst ass, wat geschitt. Si war faszinéiert, hien huet et ausgenotzt.

D’sexuell Majoritéit ass a Frankräich op 15 Joer festgeluecht (zu Lëtzebuerg d’ailleurs op 16), an zwar nëmmen an deene Fäll, wou e „consentement“ besteet a wou den Erwuessenen net an enger „position d’autorité“ ass géintiwwer vum Mineur; esou huet et de franséische Conseil constitutionnel 2012 beschloss. Béid Elementer waren am Fall vun der Springora net do; si war 14 Joer, wéi si fir d’éischt eng sexuell Relatioun mam Matzneff hat, hie war duerch seng intellektuell Aura zu där Zäit eng Autoritéitsfigur.

Och wann hei e romanteschen Imaginär vun engem jonke beliesene Meedchen an eng Perversioun vun engem alternden Här sech treffen an op eng ongesond Manéier vervollstännegen, kann net vun engem reelle „consentement“ rieds sinn. E Consentement ass eng Decisioun, e Choix, deen een trëfft. Awer e Choix, deen net eclairéiert ass, well ee vum Alter respektiv vum Altersënnerscheed hier net emotional räif genuch ass, fir d’Situatioun richteg anzeschätzen, erschéngt engem dann éischter wéi eng Contrainte.

Well d’Vanessa Springora averstane war mat der Situatioun, an där si sech mat 13 Joer erëmfonnt huet, a well si sech spéider dofir geschummt huet, sech schëlleg gespiert huet, huet si jorelaang näischt gesot. Si huet misse selwer an den Alter kommen, deen de Matzneff deemools hat, a selwer e Kand am Alter vu 14 Joer hunn, fir sech bewosst ze ginn, wat hir do a Wierklechkeet ugedoe gi war.

D’Campagne vu #metoo huet sécherlech Dieren opgemaach, fir dass haut esou Temoignagë méiglech sinn; dës Diere féieren zu donkele Geheimnisser an Tabuen. Eng Omertà, déi d’Frae monddout gemaach huet an d’Männer aus hirer Verantwortung geholl huet, verléiert u Stabilitéit. E gedeelte gesellschaftleche Silence, deen de Chaos, deen déi Fraen an hirem déiwen Ënneren empfonnt hunn, wuel ëmsou méi haart gemaach huet, muss Plaz maache fir Stëmmen, déi sech erhiewen.

Wann d’Affer dee Silence viru #metoo matgedroen hunn, da well si sech matverantwortlech gefillt hunn – iergendwéi. Oder sech geschummt hunn. D’Schimmt vum Affer, dat a sengen Aen op iergendeng Aart a Weis wuel matgemaach huet bei dëser sexueller Gewalt, ass an de Geschichte vun all dëse Fraen en entscheedenden Aspekt, deen erkläert, firwat si joerzéngtelaang näischt gesot hunn. Dëst konfuust Scholdgefill, d’Gefill vu senger eegener Schold um Abus, un der Maltraitance, un der Vergewaltegung, erlaabt och nach haut de gesellschaftlechen Discours, deen der Fra, där dëst geschitt ass, en instinktiivt Mësstrauen entgéintbréngt.

War si dann net selwer e bësse Schold, hat si da net eng Minijupe un, en ze groussen Decolleté, d’Lëpsen ze rout, de Bléck ze sexy, huet si dann net awer de Mann verfouert an ass dunn hirem eegene Charme zum Affer gefall? Huet si et net awer och vläicht e bësse genoss a gëtt et net zou? Wëll si elo net just op sech opmierksam maachen? Mat dëse méi oder manner explizitt artikuléierte Virwërf gëtt ee konfrontéiert, wann een sech als Affer vun esou Gewalt ëffentlech äussert. Op alle Fall bis zu #metoo. Zanter der weltwäiter Campagne ass den ëffentlechen Discours méi virsiichteg ginn, d’Mentalitéite schéngen sech ze änneren, et gëtt iwwer Gesetzgebungen diskutéiert, et gëtt recherchéiert. Et gëtt gelauschtert, d’Fraen, déi dës Akten denoncéiere, ginn eescht geholl. De Männer, deene sexuell Gewalt ugedoe ginn ass, gëtt heimat och erlaabt, dëse vläicht nach méi groussen Tabu opzebriechen.

D’Adèle Haenel, eng 30 Joer al Schauspillerin, huet de sexuellen Abus, deen si am Alter vun 12 bis 15 Joer erlieft huet vu Säite vum Realisateur vum éischte Film, an deem si matgewierkt huet, op Mediapart, engem fräien an onofhängege franséischen Informatiounssite, denoncéiert. Éier et souwäit war, ass awer fir d’éischt – fir sech ze vergewësseren, dass hir Wierder och der Wouerecht géifen entspriechen – méintelaang eng journalistesch Enquête gemaach ginn, déi Wuert fir Wuert, Fakt fir Fakt, recherchéiert a verifiéiert huet. D’Haenel ass net un d’Ëffentlechkeet gaangen, bis alles, wat si gezielt huet, och dokumentéiert war, bis si Temoignagen hat, déi dat, wat si erlieft hat, och bezeie konnten. Mir sinn hei wäit ewech vun arbiträrem Bloussstellen a gratis Denonciatiounen. Hei geet et ëm rau a réi Fakten.

Am Fall vun der Sarah Abitbol war et hiren eegene Coach, deen si vergewaltegt huet, jorelaang. Hien huet et zouginn, och wann seng Duerstellung eng aner ass. Am Fall vum Flavie Flament war et e Fotograf, bekannt fir seng schummereg onschaarf an erotesch Fotoe vu ganz jonke Meedercher, nämlech den David Hamilton. Si war ee vu senge Modeller an ass vun him vergewaltegt ginn. Si hat 13 Joer. Dat Ganzt mat Wëssen an der Ënnerstëtzung vun hirer eegener Mamm, déi hei e Moyen gesinn huet, duerch hir Duechter berüümt ze ginn. Den David Hamilton ass 2016, kuerz no der Verëffentlechung vun der Flament hirem Buch La Consolation gestuerwen. Héchstwarscheinlech war et e Suicide.

D’#metoo-Debatt huet et dëse Fraen erlaabt, endlech d’Wuert zeréck ze huelen, dat si geklaut krute vu Männer, déi sech hinne wéi Predateure bemächtegt haten. Si hunn dem Silence en Enn gesat an domat Dausende vun aneren, net bekannte Fraen, d’Méiglechkeet ginn, hiert eegent Wuert zeréck ze fannen, hunn hinnen eng Upak ginn, fir vun deem ze zielen, wat och hinne geschitt ass.

Eng komesch Stëllt zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg hu mir keng Springora, keng Flament, keng Haenel, keng Abitbol. Net dass mir keng Fraen hätten, déi eppes ze soen hunn, déi Karriär maachen, déi schreiwen, denken, sech an der Ëffentlechkeet beweegen, nee, dat net. Mir schéngen awer keng Fraen ze hunn, déi sech et kënnen erlaben, ëffentlech d’Wuert z’ergräifen, fir sexuell Emprise a Gewalt ze denoncéieren an déi domat eng gesellschaftlech Debatt initiéieren, déi interpelléieren, deenen nogelauschtert gëtt.

D’Chiffere schéngen awer kloer. An engem Wort-Artikel aus dem Joer 20172 geet als Äntwert vum Justizminister op eng Question parlementaire3 vun der Deputéiert Nancy Arendt ervir, dass zanter 2010 1.124 Fäll vu sexuellen Aggressiounen zu Lëtzebuerg reportéiert goufen. Dat wieren 160 Fäll pro Joer, dëst bei Fraen ewéi Männer.

An de leschte Wochen huet een hei zu Lëtzebuerg eng eenzeg Stëmm héiere vun enger bekannter Fra, déi sech als Affer vu sexueller Gewalt z’erkenne ginn huet. Am Alter vu 16 Joer ass d’Désirée Nosbusch laut eegenen Aussoe vun hirem 30 Joer méi ale Frënd mëssbraucht ginn. An engem Interview, deen am Wort publizéiert gouf4, dréckt och si Scholdgefiller aus, also d’Gefill, selwer Schold ze sinn, d’Gefill, dass deen, dee méi al ass, Recht huet. Dës Äusserunge vun eiser bekanntster Schauspillerin stinn am Raum. Si selwer wëll awer net méi dozou soen.

D’Fro stellt sech, wéisou keen dës Äusserungen opgegraff huet. Et geet hei net drëm, an d’Intimsphär vun enger Désirée Nosbusch wullen ze goen, mee dorëm, wéi an eise Medien, an eisem ëffentlechen Discours mat esou Froen ëmgaange gëtt. Ass et en Thema? Dréit et zu enger ëffentlecher Debatt bäi, zu enger Befreiung vun deem, wat ënnerdréckt gëtt, deem, wat „een net seet“, deem, iwwer dat „een net schwätzt“ – oder festegt et de Silence, d’Omertà?
Eng befreite Parole, déi widder eng Mauer vu Schweigen trëfft, ass eng gebrache Parole, et ass, wéi wann se ni gesot gi wier. Eppes, wat net gehéiert gëtt, ass wéi wann et net gesot gi wier. Firwat ass dat esou zu Lëtzebuerg? Firwat schweige mer verschidde Probleemer dout? Ass et, well et hei ëm Sexualitéit geet? Ass et, well mer an engem Land liewen, wou trotz Ministère de l’Égalité entre les femmes et les hommes, an trotz Fraen a Verwaltungsréit an op aneren héije Posten, d’Männer d’Soen, also d’Muecht vum Wuert behalen? Wou d’Männer zu enger ganz grousser Majoritéit déi sinn, déi gesellschaftlech Decisiounen huelen, wou d’Vernetzungen, déi engem ganz oft op der Karriärleeder hëllefen, nach ëmmer haaptsächlech eng Affär vu Männer fir Männer sinn?

Ass et, well eng Fra, déi sech „outet“, zemools eng bekannte Fra, ze vill riskéiert? Wou ze vill Angscht besteet, den „ordre établi“ ze zerstéieren an als Sënnebock geaffert ze ginn?

An engem Artikel vun 2018 iwwer d’Repercussioune vun der #metoo-Debatt hei zu Lëtzebuerg schéngt d’Cátia ­Gonçalves, fréier Presidentin vun de Femmes socialistes, genee dat doten ze bestätegen. Si seet: „Le Luxembourg est juste un petit pays où beaucoup de gens se connaissent! Si on commence à parler, il y a forcément quelqu’un qui connaît quelqu’un qui connaît quelqu’un… Or, avec #MeToo, il est question d’hommes publics, à des fonctions dirigeantes, des hommes haut placés. En tant que femme, si vous révélez un viol ou une agression sexuelle, vous ne savez jamais quelles seront les répercussions sur votre vie. La libération de la parole des femmes est possible dans d’autres pays, où on est moins dépendant de ce réseau. On fait sa valise et on recommence une nouvelle vie, ailleurs. Au Luxembourg, c’est impossible: ça vous suivra toujours. Il y a une différence de respect de la parole. Quand un homme s’exprime, on l’écoute, on le prend au sérieux, sa voix compte. Si une femme veut lever le voile sur certaines choses, des choses que tout le monde sait, on va avoir tendance à dire qu’elle veut juste se faire remarquer, faire parler d’elle.“5

Wat si an dësem Artikel seet, ass d’Quintessenz vum Mechanismus, dee mécht, dass d’Affer net schwätzen, et ass d’Quintessenz och vum Mechanismus, deen iwwerhaapt Abus an Ënnerwerfung erlaabt, et ass déi implizitt a wuel och explizitt Unerkennung vun der Dominatioun vum Eeleren, vum Stäerkeren. Et ass d’Positioun vun der Fra als dem éiweg sexuellen an onmëndege Wiesen. E Wiesen, dat symbolesch ëmmer mannerjäreg ass an deem säi Wuert an deem Moment och net eescht geholl muss ginn. Et ass d’Positioun vun der Fra als dem emotiounsgedriwwene Wiesen, dat hormongesteiert a narzisstesch sech selwer wëll duerstellen, wa se probéiert, op Mëssstänn hinzeweisen. It’s a man’s world.

Et gëtt Zäit, dass och zu Lëtzebuerg Fraen d’Wuert ergräifen an haart an däitlech fir sech selwer astinn, Verantwortung iwwerhuele fir sech, fir hir Geschicht, an och vun hirem Géigeniwwer verlaangen, sech fir seng Akten ze veräntwerten. Et gëtt héich Zäit, dass och mir begräifen, dass d’Angscht, d’Scholdgefiller an d’Schimmt zum Weiderbestoe vun engem Joerhonnerten ale Phallokratismus bäidroen.

Et geet hei net drëm, wéi verréckt an onfondéiert ze denoncéieren, et ass keng Hexejuegd, wou d’Männer zu de Gejote ginn, mee et geet drëm, en Equiliber an Nuancen an d’Erziele vun der Wouerecht ze bréngen. D’Aen opzemaachen an d’Saache beim Numm ze nennen. Wéi bei eisen Noperen, wou e Springora, en Haenel, en Abitbol an e Flament Gehéier geschenkt kréien am Sënn vun engem friddlechen Zesummeliewen, sollt et zu Lëtzebuerg och d’Zil sinn, „que la honte change de camp“.

  1. https://www.youtube.com/watch?v=H0LQiv7x4xs (all Internetsäiten, op déi an dësem Bäitrag verwise gëtt, goufen de 25. Mäerz 2020 fir d’lescht opgeruff).
  2. https://www.wort.lu/fr/luxembourg/justice-160-agressions-sexuelles-par-an-au-luxembourg- 58ad640fa5e74263e13aafd3
  3. https://csv.lu/files/2017/02/QP-2728.pdf
  4. https://www.wort.lu/de/panorama/desiree-nosbusch-missbrauchsvorwuerfe-gegen-ex-freund- 5e2033a4da2cc1784e3541f2
  5. https://www.wort.lu/fr/luxembourg/metoo-pourquoi-la-parole-des-femmes-se-libere-partout-sauf-au- luxembourg-5a9552b4c1097cee25b8287c

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code