Sozial an ekologesch Erausfuerderungen
Interview mat engem Gewerkschafter
Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Erausfuerderungen
Interview mat engem Gewerkschafter
"forum": Nom zweete Weltkrich huet eng Period vu wirtschaftlecher Prosperitéit ugefaang, opdmannst an Europa, den USA an a Japan. D’sozial Spannungen a Konflikter, déi ët gouf, konnten ëmmer entschärft gin, well genuch do war fir ze verdeelen. Déi Räich si vläicht nët méi aarm gin, mee déi Aarm si méi räich gin; d’Liewensbedingungen vun de schaffende Leit hun sech verbessert. Dëse Modell schéngt elo an enger Kris ze sin. Engersäits as de Sozialstaat ëmmer méi héich verschëllt, d’Betriber verlaange säin Ojbau fir international méi kompetitiv ze sin, an d’Aarbechtslosegkeet hëllt ëmmer weider zou. Wéi wäit gesäis du, Jean-Claude Reding, Gewerkschafter, den ale Modell bedreet, wéi eescht sin déi Bedreeungen an dengen An ze huelen?
Jean-Claude Reding: Wann een zréckbléckt, déi ganz Zäit hat een e grousse wirtschaftleche Wuestum, dat hängt mat villen Ursachen zesummen. Zum Deel mam Opbau nom Krich, awer och duerch ganz vill Produktivitéitsteigerungen an och eng grouss Demande, déi do war, an ‚t huet eent dat anert gedroen. Dat schéngt elo aus enger Rei vu Grënn eriwwer ze sin, an ‚t as vläicht un der Zäit, d’Fro vun der Verdeelung nei ze stellen.
Ech sin der Meenung, dass d’Verdeelung an deene leschte Joeren zuongonschten vum Salariat gelaf as. Wat nët wëllt heeschen, dass do nët Lounverbesserunge komm sin, mee d’Gewënner um Niveau vum Kapital, déi sin einfach méi séier gelaf wéi d’Lounverbesserungen. Dann as och hannendrunn eng gesellschaftspolitesch Fro, ob a wéi mer dee Modell, dee bestanen huet, deen elo u seng Grenze komm as, wéi mer dee fir d’Zukunft kënnen ëmänneren, ouni datt d’sozial Ofsécherung vun de Leit verschlechtert gët. Enner sozial Ofsécherung verstinn ech éischtens en uerdentlecht Akommes, zweetens Aarbecht fir jidfereen. Ouni Aarbecht bass de ausgeschloss aus eiser Gesellschaft.
Aarbechtszäitverkiirzung
"forum": D’Thema Aarbechtszäitverkiirzung war jo laang als politescht Thema tabu, a jhust eng Spillwis fir Lénksintellektueller. Bei VW an Däitschland as elo e Vertrag ofgeschloss gin, wou Aarbechtsplaze gerett gin, doduerjer, dass jidferee manner schafft, an och e bësse manner verdingt. D’Thema as elo salonfäheg gin; wat as vu Modeller wi bei VW ze halen?
Reding: Modeller wéi bei VW, dat kënne Modeller sin. An enger Krisesituatioun as ët ëmmer besser d‘-Leit behalen eng Plaz, an si hun als Conterparti vun engem Lounverloscht eng Aarbechtszäitverkiirzung. Mir haten och schon hei zu Lëtzebuerg esou Modeller, besonnesch bei der Arbed an de siwenzeger Joeren. D’Grenze vun deem Modell sin do erreecht, wou kee Sputt méi as bei de Leit, fir effektiv Akommesverloschter kënnen z’akzeptéiren. Dann hu mer awer och de prinzipielle Widderstand, deens de a Betriber fënns, wanns de d’Thema Aarbechtszäitverkiirzung opwärfs. Zum Beispill bei Du Pont de Nemours, wou mer probéiert haten eng Aarbechtszäitverkiirzung ze maachen, andeem mer gesot hun, mir wëlle keng Lounerhéijung iwwert den Inflatiounsausgläich eraus. Déi Aarbechtszäitverkiirzung wär mëlglech gewiescht, well dee Betrib eng gadd Produktivitéitsentwécklung huet an och Gewënn ofgeworf hat. ‚T war also u sech eng Verdeelung, obs de lo méi Loun oder Aarbechtszäitverkiirzung wëlls hun. ‚T as vun de Leit gedroe gin an hirer Majoritéit. Kuerz nodeem d’Direktioun eis Propositiounen ofgelehnt hat, huet se annoncéiert 160 Aarbechtsplazen missten ofgebaut gin. Wa mer virdrun deen anere Wee gaange wären, da wären eng ganz Rëtsch vun deenen Aarbechtsplaze gerett gin.
Diego Rivera: "Die neue Freiheit"
Ech sin der
Meenung,
dass
d’Verdeelung
an deene
leschte
Joeren
zuongonsch-
ten vum
Salariat gelaf
as. Wat nét
wëlt
heeschen,
dass do nét
Lounver-
besserunge
komm sin,
mee
d’Gewënner
um Niveau
vum Kapital,
déi sin
einfach méi
séier gelaf
wéi
d’Lounver-
besserungen.
‚forum‘: Besteet d’Leisung vum Problem vun der
Aarbechtslosegkeet also dran, fir betriebsweis lues a
lues Aarbechtszäitverkürzungen auszehandelen?
Reding: Fir d’Aarbechtzäitdiskussioun richteg ze
verstoe, misst ee vill méi wäit zreckkucken. ‚t misst
ee mol einfach eng Kéier d’Fro stellen: Wéi wär d‘
Situatioun haut, wann een all d’Parametere gleichge-
looss hätt, wéi se um Ufank vum Jorhonnert waren?
Modellrechnungen a Frankreich weisen, datt bei
gleichbleiwender Aarbechtzäit, toutes choses étant
égales par ailleurs, notamment d’Entwécklung vun
der Produktivitéit a Frankräich haut nét 3 Milliounen
Aarbechtsloser wieren, mee 14 Milliounen. Eng vun
den Thesen, déi ee kann opstellen, as datt mer vill ze
laang gewartt hun, fir d’Aarbechtzäitdiskussioun an
Europa unzekiirpen. An nét nëmmen s’unzekiirpen,
mä och reell do virunzekommen a wirklech d’Aarbe-
chtzäit massiv ze senken, an dat as eng vun den
Ursaache, firwat mer dee Sockel vu struktureller
Aarbechtslosegkeet hun, deen ëmmer méi wisst.
Ech sin dovun iwerzeegt, dass dat eng Viraussetzung
fir de strukturelle Chomage ze bekämpfen war an as,
au contraire zu deem, wat den Här Junker a sengem
Virtrag (‚forum‘ Nr. 151) seet, wann hien hofft, ouni
massiv Aarbechtzäitverkürzung nees eng Vollbe-
schäftlegung ze erreechen.
‚forum‘: Aarbechtzäitverkürzung, mat vollem oder
deelweisem Lounausgläich, dat kascht; wéi kann een
dat finanzéiren?
Reding: ‚T as de Verdeelungsproblem, do si mer da
bei der Fro vun der gesellschaftspolitescher Optioun.
Mer kënne soen, ‚t muss direkt alles mat vollem
Lounausgläich sin, wanns d’eng generell Aarbechts-
zäitverkürzung mechs. Oder mer kënnen dat anesch-
ters organiséieren, a mer kënnen och deelweis ouni
volle Lounausgläich fueren, deelweis dermatt. Fir
mech as dat eng Fro vun der sozialer Gerechtegeket.
Mir hun ebe Leit, deene kanns de nét zoumudden,
dass se manner verdingen, well se schon op engem
Minimum sëtzen. Du kanns awer gesamtgesell-
schaftlech gesi schon de choix man a soen: Mir ver-
kiirzen elo d’Aarbechtzäit a mir ma mi lues bei der
Akommesentwécklung. Dat as fir mech e gesell-
schaftspolitische choix, dee méiglech as.
**Zesummenaarbecht vun de
Gewerkschaften europa- a
weltwäit**
‚forum‘: Wann ee seet, d’Verdeelung muss anescht
gemaach gin, da muss ech iirgendengem eppes
ewechluelen, eben deene Leit, déi elo d’Gewënner
astiechen an dann e bësche manner astiechen… As
ët dann nét esou, dass déi awer um laangen Hiewel
sëtzen: Wann ech zum Beispill a Lëtzebuerg oder
esouguer an Europa esou eng Politik duerchféieren,
da soen déi, da ma mir einfach eis Betreiber zou a mir
gin an Ostasien oder soss éirens?
Reding: Dat as de Problem, wou’s de dranhängs, an
‚t as ganz evident, dass de esou eng politesch Optioun
nëmmen an engem grousse wirtschaftleche Raum
treffe kanns, wou dann och e politesch Konsens ins-
gesamt an där Gesellschaft muss bestoen, fir ët ze
man. Um Niveau vun der EU wär ët menger Ansicht
no machbar. Da giffe vläicht verschidde Produktio-
ne verlagert gin an aner Länner, mä insgesamt kéins
de da jo Aarbecht op aner Terrainé verlageren, du
kéins nei Produktiounen entwéckelen. Well do muss
een och gesinn, datt ee souwisou ëmmer an engem
dynamesche Prozess as, an dass de ëmmer Entwéck-
lungen hues, wou Produktiounen opengkéier ver-
schwannen oder op anere Plazen hirgestallt gin an
anerer amplaz kommen.
D’Fro as natiirlech hannendrun och nach déi, op ee
nét och muss an de Welthandelsaccordé politesch
Optiounen treffen, an do d’Thema vun de Sozialklau-
selen uschwätzen. Nét am Sënn vun engem Protek-
tionismus, nä, ët geet drëms derfir ze suergen, datt
zum Beispill d’Textilaarbechter a Sri Lanka d’Recht
hun, fir Gewerkschaften ze grënnen, dass déi mini-
mal Standardé vun der Internationaler Aarbechtsor-
ganisation respektiert gin. An ‚t geet drëm, dass
genaue déi Betreiber, déi déi Delokaliséirunge maa-
chen, nét dovu profitéieren fir déi Leit do total aus-
zebeuten, an hei kënne méi Profit man, well se déi
Leit esou schlecht bezuelen dohannen, dass déi emol
déi Kleeder, déi se hiirstellen, nét kënne kafen.
‚forum‘: Kënnen dann d’Gewerkschafts nét interna-
tional zesummeschaffen, dass zum Beispill eng euro-
päesch Textilgewerkschaft mat enger Gewerkschaft
a Sri Lanka géint e Konzern optrëtt?
Reding: Dat as bis elo jhust an eenzelne Fäll realiséi-
ert gin. Wat passéiert, dat as, datt Campagnen initié-
iert gin vun den internationale Gewerkschaftsbënn
oder de Berufssekretariater fir emol Pressioun op
deen een oder deen anere Konzern ze maan. Wat er-
vinstescht, dat as, dass dat nach am beschte funktion-
éiert zwëschen industrialiséierte Länner, hei oder a
Südostasien. Verschidde Gewerkschaften aus een-
zelne Länner hun och extra Fongen, wou ganz vill
an Opbauaarbecht vu Gewerkschaften an der Drëtter
Welt gestach gët, wou Projeté vu Schoulungszentren,
sozialen Infrastrukturen fir d’Leit, Cooperativen
asw. finanzéiert gin. Den OGB-L investéiert och al-
joers an esou Projetën.
Wat eng nei Evolutiun as, datt as zum Beispill am
Chemiberäich, wou d’international Chemigewerk-
schaften während Joren eng Campagne lafen haten
iwwert d’Sécherheet an der Chemibranche. Wat ep-
pes ganz wichtiges as, besonnesch an der Drëtter
Welt. ‚T as och ugaangen no den Akzidenter an In-
dien, do huet déi Campagne ganz massiv agesat. Op
de Konferenze vum Bureau International du Travail
zu Genf sin da schliisslech och nei Sécherheetsstan-
dardé diskutéiert an ugeholl gin.
‚forum‘: Et gët jo och nach den Europäeschen Ge-
werkschaftsbond?
Reding: An der Europäescher Unioun hues de nach
eng Entwécklung, déi vill méi rasant geet, wou mer
op vill méi eng integréiert Gewerkschaftsstruktur hi-
steieren. Mee dat hängt och mat der politescher Evo-
lutiun vun der EU zesummen. Mir geet se nét séier
genuch, déi europäesch Integratiun vun de Gewerk-
schaften. Di national Gewerkschaften gin dem EGB
nét genuch Mëttelen, mir misste bereed sin, vill méi
Suen z’investéieren an déi europäesch Strukturen.
Do feelt ët eis u Leit…
"forum": De Patronsorganisationen, deene feelt ët nët u Leit zu Brëissel …
Reding: Jo, dat as e politesche choix, deen d’Gewerkschafe och misste maachen.
Et stellen sech och nach aner Problemer. Wa mer iwwer Verhandlung schwätzen um europäesche Plang, watfer Rechter huet dann den EGB, fir am Numm vun all sänge Mitgliedsorganisationen ze schwätzen? Wéi gët d’Konsultation gemaach? Wéi gët den demokratesche Matsproochprozess vun de Memberen organiséiert. Bei eis as dat nach relativ einfach. Mir kënne relativ vill Versammlung man, fir Fuerderungen opzestellen an iwwert d’Kollektivverlag ofzestëmmen. Deen Demokratieprozess as wichteg a misst esouguer nach verdéift gin. Mä wéi organiséierst de deen, wann ët elo ëm europäesch Dossierë geet?
An deem Zesummenhang stellt sech och d’Fro vun der Delokaliséierung. Well d’Delokaliséierung, déi leeft jo nët nëmme mat der Drëtter Welt. D’Delokaliséierung an Europa leeft am Moment haaptsächlech tëschent europäesche Länner a mat Osteuropa. Electrolux geet nët op d’Philippinen, mee si geet an Ungarn. Ech hun de moijen nach vun der Goodyear gelies, déi soen, wa mer hei zu Lëtzebuerg mat de Léin nët erafgin, da gi mir an Däitschland oder a Frankräich. Do gët nët mat Malaysia gedroht, mee ‚t gët gedroht europa-intern. Do misst een sech europawäit kënne koordinéieren, den Iwwerbleck behalen, wat an deem Konzern leeft. Tëschend den eenzelne Betriber vu Goodyear an Europa, do gët ët ebe keen europäesche Betribsrot. Au contraire, d’Goodyearsdirektioune maachen alles, wat se nëmme kënne, fir ze verhënneren, dass d’Leit aus deene Betriber sech kënnen treffen.
Derbäi kënnt, dass mer mussen den Opbau vun de Gewerkschaften an Osteuropa ganz systematesch ënerstëtzen. Vläicht gin d’Ënerstëtzunge fir d’Gewerkschaften an der Drëtter Welt e bësse méi kuerz geschriwwen, well d’Hausdiir méi no as, an d’Hausdiir, dat as Mëttel- an Osteuropa. Mä dat as och eng Fro vu de Mëttelen, déis de hues.
"forum": Do as de GATT jo e wichtegen Enjeu…
Reding: An deem Sënn gesäit och déi international Gewerkschaftsbewegung d’Diskussioun iwert d’Sozialklauselen. Déi hun s’och probéiert opzewerfen. Mir hei zu Lëtzebuerg hun och un d’Regirung geschriwwen, a gesot, an den Accordën iwert de GATT misst och iwwer Sozialklauselen diskutéiert gin. Den EGB huet e ganzen Dossier doriwwer zesummegestallt. ‚T as eis bis elo nët gelongen, déi politesch Debatt doriwwer ze lancéieren, an dat as bedauerlech.
Op Dauer as dat eng geféierlech Situatioun, well bei de schaffende Leit opengkéier eng protektionistesch Mentalitéit opkomme kann. Ech erënneren do a Frankräich un d’Campagne "Achetez français" oder an Amerika un d’Campagne géint japanesch Autoen. Dat as sécherlech nët d’Léisung vum Problem.
"forum": Den Nationalismus an d’Friemefeindlechkeet huele jo och zu Letzebuerg zou…
Reding: Mir musse hei am Land wëssen, datt mer an enger Regioun liewen an dass mer mussen an enger grousser kultureller Vielfalt weiderliewen. All Réckschrëtt, deen do kënnt, as geféierlech. Dat muss een op alle Niveauë berücksichtegen. Dat geet un, wann ee falsch Sätz an d’Welt setzt, wann een zum Beispill an engem Saz iwwert de Chomage vun de Lëtzebuerger schwätzt, an an deem nemlëchte Saz vun deene ville Frontalierë schwätzt, déi hei op Lëtzebuerg schaffe kommen. Well dann ënerstellt een, dass d’Leit hei këng Aarbecht hätten, well mer Frontalieren hätten, déi hei an d’Land erkommen, an dat as esou simplistesch an esou national geduecht, dass de do jhust Friemenhaass dermat provozéiert, an de Problem nët léis. Och d’Gewerkschafter mussen do oppassen, well ët geet deenen och ganz séier iwwert d’Lëpsen, esou Sätz, wou nët ëmmer op d’Wieder opgepasst gët, déi ee seet.
Diego Rivera: "Moderne Industrie".
Mee fir op de GATT zréckzekommen: Sou wi och d’Ekologisten zu Recht Emweltklausel verlaangt hun, menge mir, dass een och Sozialklausel misst abauen. An dass een doriwwer eng Diskussioun mol misst ufänken. Mer brauchen eng politesch Optioun, wou mer soen, mir sin entweder fir e soziale Modell oder mer si fir e reng liberal-kapitalistesche Modell. An ‚t as dorëms, wou am Moment d’Debatt dréint, awer déi Debatt as diffus am Hannergrond a nët präzis genuch.
D’Strategiën vum Patronat
"forum": ‚T as opfälleg, wéi där Debatt deelweis ausgewach gët, an ‚t kann een sech froe virwat. Et as jo nët esou, dass d’Industri ouni all politeschen Afloss wär. Wann zu Lëtzebuerg d’Industriellefederation zum Beispill eng bestëmmte Meenung huet, da bréngt se ët jo och färdeg, déi Meenung an alle grousse Parteien zur Geltung ze bréngen. ‚T as also nët evident fir Idëen duerchzesetzen, déi deene Leit widderspriechen.
Reding: De Problem as esouguer nach méi gravéirend. Déi Leit, déi d’Patronat hei zu Lëtzebuerg vertrieden, gin engem heiandsdo d’Impressioun, si hätte souwisou näischt méi ze soen, wann ee feststellt, wat se op nationalem Plang mat engem diskutéiren, an wou mer och nach prinzipiell d’accord sin. A wann een dann awer op den Terrain, an d’Betriber geet, gesäit ët ganz anescht aus, haapsächlech an den internationale Betriber. Déi spillen awer eng ganz grouss Roll. Well ‚t gët vill vun deene klengen a Mëttelbetriber geschwat, mä ‚t däerf een och do nët vergiessen, dass dat oft Zouliwwerer si vun deenen zentralen Industribetriber. An déi zentral Industribetriber gehéieren hei zu Lëtzebuerg quasi allegueren auslännesche Konzerner, déi a ville Länner vertratt sin.
Diego Rivera: "Klasseakampf".
Dat bréngt matt sech, dass mer eng komesch Situatioun kréien, dass ee nämlech u sech iwer Saachen hei schwätzt, wou awer d’Entscheedunge souwisou nët hei getraff gin. Dat dréckt sech och an der Organisationsstruktur vun de Betriber aus. Fréier sin déi grouss Konzerner higaangen a si hu gesot: do an deem Land hu mer e Site, wou mer allméiglech Saachen hirstellen, en integréierte Site. Haut gët och gesot, mir man en integréierte Site, mä awer rondrëm ee Produkt, dat hirgestallt gët. Wann een dann eng Fabrik hëllt, déi mégetweege 5 oder 6 Produkter hirstellt, dann as all eenzelene Produkt en eegenen integréierten business, wéi se dat nennen.
"forum": Wat as dann d’Konsequenz vun esou enger Opspaltung an de Betriber?
Reding: Jo, wann esou e business kee Profit méi bréngt, da seet de Konzern, da stousse mer en af. Sou dass d’also nët méi kanns soen, ok., op deem doe Produkt mëchs de elo mol e bëssen Defizit, mä op deem anere mëchs de nach e Risegewënn, an dat cent gläicht dat anert aus. D’Konsequenz vun der neier Politik as, datt den defizitären Produkt à terme nët méi hirgestallt gët. Haut stees de dann direkt virun där brutaler Alternativ: Entloossung oder d’Loun-
käschen ze drécken. Wann een dann awer iwwert d’Léin schwätzt, gët natiirlech vun de Léin vum gesamte Personal am Betrib geschwat, da gët nët nëmme méi geschwat vun deenen enge; wou mir och schlecht gestallt wären als Gewerkschaft fir elo ze soen, ma dann diskutéire mer lo jhust iwwert dee Fënneftel do vum Betrib, a mir diskutéiren nët iwwert de gesamte Betrib.
Do gët eng reell Erpressung gemaach, an do si mer och ganz schwaach. Wann e versicht, déi Froen eleng an engem Land ze léisen, as dat eng Illusioun. Do brauchs de schon e grousse Raum wéi d’EU, wou’s de dann awer misst eng global politesch-ekonomesch Approche hun, di géif gedeelt gi vun de Regierungen vun all deene Länner. An do si mer awer wäit ewech; au contraire, wann een d’Situatioun global kuckt as majoritär am Moment eng liberal-kapitalistesch Approche virherrschend. An doduerch sätzt déi Tendenz sech och am Ament duerch. Da si mer och erëm op dem politeschen Terrain, wou mir musse kucken, dass mer déi politesch Optioun an allen europäesche Länner fannen fir e soziale System, an nët fir e reng profitorientéierte System.
Ekologesch Erausfuederungen
"forum": Niewt de sozialen Erausfuederungen gët ët déi ekologesch: Wann ech an der Industri wëll méi ekologesch schaffen, dann huet dat ganz oft Inzidenzen, déi negativ ze si schéngen: Wann ech manner Auto fuere wëll, da bauen ech manner Autoen, an da gi ganz vill Leit an der Autosindustri aarbechtslos. Wann ech éirens méi deier Filteren abauen, da si manner Suen do fir d’Aarbechter ze bezuelen.
Reding: Dat stëmmt kuurzfristëg. D’stëmmt ménger Meenung no awer nët mëttelfristeg. Bei der Autosindustri wëll ech drop hiweisen, dass d’IG Metall an Däitschland sech vrun engem oder zwee Joer ganz intensiv domadder beschäftegt huet a Modeller entwéckelt huet, wéi d’Aarbechtsplazen an deem Industrizweig kënnten erhale bleiwen, och wann den Individualtransport zréckgeet. Dann hues de natiirlech Konversiouszäiten, wou’s de dech ëmstells vun deem engen op dat anert. ‚T as ëmmer eng Zäitfro, wivill Zäit hues de fir dech ëmzestellen, dass de dat kanns sozial esou organiséieren, dass do derbäi nët Leit ënnert d’Rieder kommen.
Mëttelfristeg denken ech, datt sech Ëmstelle lount, an dass ët och ekologesch nei Terrainë gët, wou’s de nei Aarbechtplaze kanns schafen. An ech denken do nët nëmmen u Reparatur un der Ëmwelt, mä du kanns och an Ëmwelttechnologien oder an ëmweltfrëndlech Produkter investéieren a nei Produktiounen opbauen. Eng Firma wéi Arthur Anderson hei zu Lëtzebuerg huet jo déi Idee iwerholl an e Modell entwéckelt, an déi si jo lo ganz bestëmmt nët am Verdacht, dass se nët maartwirtschaftlech-kapitalistesch géife räsonnéiren. ‚T as fir mech ee vun de Beweiser, dass Aarbechtsplazen och am industrielle Beräich ënner Ëmweltgesichtspunkter kënnen opgebaut gin.
Viru Joren war d’Diskussioun zu Wolz, iwwert d’Eurofloor mat dem PVC. Déi ganz Diskussioun war vill méi komplizéiert wi dass ët elo nëmmen drëm gaange wär, watfere Produkt, datt se géngen hirstelle.
Mir hun deemools am Comité mixte an och rondérem gesot, wann nei Investitioune kommen, da muss een och drun dénken, dass ee vläicht och mol aner Produkter hirstellt déi nët op PVC-Basis sin. Well do as eng Entwécklung do, an ‚t soll ee virausdenken dohinner, well soss sin déi Aarbechtsplazen do à terme och a Gefor. Ech stelle mat Freed fest, dass de Betrib ufänkt, dat ze gesin, an dass se och ufänken an d’Recherche an an d’Entwécklung vu Nét-Chlor-Plastikken ze investéiren. An domadder si fir mech d’Aarbechtsplazen an deem Betrib och méi ofgeséchert wéi wa se dat nët géife maachen a mer kommen dann awer méi a Richtung vun eppes ekologesch Verantwortbaren. Duerfir méngen ech nët, dass dat mëttelfristeg esou e Problem as, au contraire, dat as mëttelfristeg eng Chance.
Ech méngen awer wann de Betrib haut een anere Wee geet, dann nët well mir dat lirgendwann eng Kéier gesot hun, mee well eng Entwécklung am Konsum stattfond huet. An zwar duerch eng Bewosssteinswerdung, déi vill Leit hun, dass se soen, mier kafen keng esou Produkter méi, mir hätte gären aner Produkter. A vun dohier as ët am Endeffekt en Zesummespill vu villen Facteuren, déi obengkéier eng Entwécklung an eng aner Richtung bréngen. Well e Betrib kuckt primordial mol dono, ob e seng Produkter afgesat krit an ob e vill Sue kann dermatt verdingen oder nët, dat as reng mikroekonomesch ganz kloer.
"forum": Musse mer dann iwerhaapt Industri hei zu Lëtzebuerg hun, déi ëmmer ekologesch Probleemer opwerft? Mir hu jo och de Finanzsecteur, dee sowi-sou am meeschte Bénéfice ofwerft. An ‚t gouf bis elo nach keng Bürgerinitiative géint nei Banken, well déi maache jo keen Dreck.
Reding: Mir sin der Meenung, dat mer e seriöt industriellt Standbeen brauchen, dass ët nët guld as, eng reng Dingschtleeschungsgesellschaft ze hun, mee dass d’och eng Produktioun brauchs. Mee do solle gezillt mol méi Efforté gemaach gin, an der Wirtschaftspolitik och an Emweltberäicher eranzegoen. Do misst een och mol d’ganzt Emfeld kucken, wat een do misst ronderëm d’Produktioun selwer als Konditoune schafen an engem Land oder enger Regioun.
Da muss ee sech Gedanke maachen, wéi een déi Emstellungsprozess, di giffe kommen, an den eenzelne Betriber kann organiséiren. Mir hu Betriber, déi kënnen ët finanzéieren, well se gesond si, mir hun awer och Betriber, déi hätten ekonomesch Problemer. Mir hun do als OGBL an der Zäit d’Iddi lancéiert, op een nët misst e Fong schafen, wou Betriber, déi sech wëlle besser Emweltstandardé gin, an déi awer nët déi Mettelen hun, fir dat kënnen direkt ze maachen, wou een deene Geld ka gin, entweder zënslos, oder mat niddregen Zënsen. ‚T huet ee Betriber, déi en Defizit man iwert e puer Joer eraus, oder di ganz minim Bénéficer man, di jhust duergin fir déi Investissementer ze man, déi einfach bluttnoutwendeg si, fir dass de Betrib sech kann halen. Et wees en awer, dass ët och noutwendeg wär an d’Emweltrendlechkeet z’investéiren, sowuel direkt elo fir Emweltschied ofzebauen, déi se maachen an awer och fir d’Zukunft vun dene Betriber. ‚T misst een deene Betriber eng Chan-
ce gin, an déi hun se nët. Besonnesch nët, wanns d‘-eng geckeg Zënspolitik hues um Geldmoart. Well ‚t as nët normal, dass de méi Suen erauskris, wanns de Suen op eng Bank setz, wéi wanns de s’investéiers fir eppes Produktives ze maan. A méngen An as dat nët normal. ‚T as vläicht ekonomesch z’erklären, mee ‚t as awer nët normal.
Fir eng volontaristesch Wirtschaftspolitik
"forum": Du plädéiers also fir méi eng volontaristesch Wirtschaftspolitik?
Reding: Eng Wirtschaftspolitik, déi zukunftsorientéiert as, an déi nët au jour le jour einfach kuckt, wéi kréie mer erëm en Ersatz fir eppes wat verschwënnt, mä och watfir en Ersatz. Musse mer dat nët méi laang am viraus plangen? Do brauch ee vläicht och méi Instrumenter. Ech méngen och, ët as e schwéire Mätch, den e Politiker muss man, e muss och déi Mëttelen a senge Ministären hun, vu Qualifikatioune, vu Leit, fir och systematesch kënnen an déi Richtung ze goen. Well do geet ët mam gudde Wellen eleng nët duer. An ‚t as nët eppes wou’s de einfach esou dekreteiers an dann as ët vun haut op muar esou, ‚t as schon en Asaz iwwert eng länger Period do erfuerdert.
"forum": Mee as ët dann iwerhaapt esou, dass d’Politiker dat plangen? As ët dann nët esou, dass d’Planung haut an den ieweschte Stäck vun de grousse Konzerne gemaach gët, an dass mir jhust nach nokucken. An d’Politiker dürfen do d’Betriber aweihen, wou neier opgemach gin oder do matkräische goen, wou se zou gemach gin.
Reding: Jo a nän. Jo an deem Sënn, dass sécherlech grouss Konzerner e ganz grousse Pouvoir hun. An dee kann iwwert de Pouvoir vun enger Regioun oder vun engem Land erausgoen. ‚T as ganz evident, dass e Konzern wi Goodyear oder Du Pont de Nemours méi mächteg as wéi d’Lëtzebuerger Land. Op där anerer Säit mierkt een awer och, dass och esou grouss Konzerner beaflosst gin duerch d’politesch Entwécklung an d’opinion publique.
Do gesäit een, dass déi positiv Astellung zum Emweltschutz d’Geschäftsverhalen vu munche Manager beaflosst. D’politesch Debatt spillt schon eng Roll, awer nët direkt, an deem Sënn, dass ee sect, mir kréien dat doten elo imposéiert. Mä ‚t as eng Vielfalt vun Initiativen, déi e Géigegewiicht duerstellen, wou dann och e Geschäftsmann drop reagéiert.
Ech wëll awer och nach soen, datt e sech nët muss domadder offannen, dass een eng Entwécklung huet, wou d’Politik par rapport zu de réne wirtschaftlechen Iwwerleeungen zréckgeet. Mee dass en och vläicht do misst méi eng volontaristesch Politik rëm an de Viirdergrond réckelen.
"forum": forum seet Merci fir den Interview.
Den Interview mam Jean-Claude REDING, Member vum Exekutivbüro vum OGBL, gouf gefouert vum RK.
‚T as ganz evident, dass e Konzern wi Goodyear oder Du Pont de Nemours méi mächteg as wéi d’Lëtzebuerger Land. Op där anerer Säit mierkt een awer och, dass och esou grouss Konzerner beaflosst gin duerch d’politesch Entwécklung an d’opinion publique.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!