„Sënnvoll heescht fir mech hei ganz kloer am Sënn vum Patient.“
Den Dr. Marc Berna, Direkter vun den Hôpitaux Robert Schuman, iwwert d‘Verbuet vun der Ouverture vun enger IRM-Praxis am Centre Médical zu Gréiwemacher, den 1. Abrëll op RTL Radio
*
„Mir wëllen hei keen zweete Maart schafen, wou mir esou Strukturen
ausserhalb vun de Klinicke – komplett privat – ubidden an eng
Konkurrenz zu de Klinicken duerstellen.“
Den Dr. Marc Berna am selwechten Interview
*
„Dat ass Quatsch.“
Dem LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo seng Reaktioun op de Virworf vun déi Lenk, d’LSAP hätt bei den Tripartite-Gespréicher gekuscht, den 9. Abrëll 2022 op RTL Radio
*
„De Charel Goerens huet heiansdo, am Kommentéiere vu Virgäng déi baussent eise Grenze passéieren, en Hang zum Pathos, dee mir ofgeet.“
Dem Frank Engel, Spriecher vun der neier Partei „Fokus“, seng Reaktioun op dem DP-Europadeputéierte Charel Goerens seng Ausso, dass d’Presidentschaftswalen a Frankräich fir Lëtzebuerg politesch méi wichteg wiere wéi d’Chamberwal 2023, den 12. Abrëll 2022 op Radio 100,7
*
„Ech mengen, datt d’Marine Le Pen – jenseits vun all Kampfrhetorik, déi et reegelméisseg un den Dag leet – eigentlech eng vernunftbegaabte Fra ass.“
De Frank Engel am selwechten Interview
*
„Das ist kein Spielplatz, sondern eine zone de loisir.“
Simone Beissel (DP), Mitglied des Schöffenrats der Stadt Luxemburg, über die Planung eines weiteren Spielplatzes in der Rue Gellé in Bonneweg. Das Neugestaltungsprojekt sorgt trotz vermeintlicher Bürgerbeteiligung für Unmut bei den Einwohner*innen, zit.n. Luxemburger Wort vom 25. April 2022
*
„Firwat net elo soen: ‚Stopp! Mir maachen näischt.
Mir maachen elo mol näischt‘?“
D’Sekretärin vun der Suessemer Biergerinitiativ (BIGS), Patrizia Arendt, am Kontext vun der Lutte géint eng Ëmgeeungsstrooss, déi d’Nopeschgemeng Käerjeng entlaaschte soll, den 22. Abrëll 2022 op Radio 100,7
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
