„Et ass e Student vun der Faculté des Arts vu Stroossbuerg. An e moolt ewéi e Gott. Net am art abstrait, wou een sech ëmmer refugiéiert, wann ee keng Nues ka molen, keng Hand an näischt anescht – näischt Figuratives kapabel ass, da mécht een abstrait. Hien net, hie mécht figurative, am Stil vum Raffael. E Genoss fir ze kucken! E groussen Talent, an d’ganz Land misst ganz frou sinn, esou e Mënsch elo als Künstler ze hunn.“

De Maître Gaston Vogel am Interview mam Jeff Dieschbourg, engem jonke Kënschtler, deen duerch d’Ausstellen op der Biennale d’Art Contemporain zu Stroossen an de Fokus vun enger Plagiatsaffär geroden ass, de 7. Juni 2022 op apartTV

*

„Ech hu keng Anung, wat do geschitt ass, an dat interesséiert mech am Fong och net. Mee ech fannen et problematesch, well een hei als Politiker – an Dir wësst dat – keng présomption d’innocence huet, mee eng présomption de culpabilité. An et bléift och ëmmer iergendeppes hänken an esou enger Geschicht.“

De Wirtschaftsminister Franz Fayot (LSAP) iwwert d’Affär Da Costa, de 16. Juni 2022 op radio 100,7

*

„Dat war awer vun Ufank un e fäerdegen Dossier, deen de Secteur dohigeluecht kritt – Dir musst Iech dat virstellen, wéi Politik am Gemengerot, wou da letztendlech just nach kann decidéiert ginn, ob mir am Blummebac virun der Maison Relais Geranien oder Tulpen drasetzen.“


De Luc Emering, President vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, iwwert Agrarpolitik, Reformen an den Dialog tëscht der Landwirtschaft an der Regierung, den 20. Juni op RTL Radio

*

„Et gëtt ëmmer gesot, ech hätt gesot, dat wär ‚Chefsache‘ – dat hunn ech ni gesot;
dat hutt Dir erfonnt.“


De Jean-Claude Juncker iwwert de Logementsproblem, am Background-Gespréich op RTL Radio, de 25. Juni 2022

*

„Par Definitioun ass e räicht an dynamescht Land eent, wou de Logement deier ass.
An dofir ginn ech dovunner aus, datt de Logement zu Lëtzebuerg och weiderhi wäert deier sinn.”


De Michel-Edouard Ruben vun der Fondation IDEA och iwwert d’Situatioun vum Logement zu Lëtzebuerg, zit.n. rtl.lu, den 28. Juni 2022

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code