- Gesellschaft, Kultur, Politik
The Happy End of Democracy
Letzte Szene aus dem Informationsspektakel Expo 2020 Dubai
Im September dieses Jahres mit einer urbanen Intervention auf der Stäreplaz angekündigt (siehe Foto), setzte das Kollektiv Richtung22 seine Kritik an der luxemburgischen Beteiligung bei der Expo 2020 in den Vereinigten Arabischen Emiraten mit einem „Informationsspektakel“ fort, das Ende September an fünf Abenden im hauptstädtischen Théâtre du Centaure aufgeführt wurde. Von der Tages- und Wochenpresse negativ bis neutral rezipiert, brachten die Aktivist*innen durchaus eine bitterböse, messerscharfe und exzellent recherchierte Produktion zur Aufführung. Wer sich davon nachträglich überzeugen will, kann das Script mit zahlreichen Quellenbelegen bald auf der Homepage des Kollektivs nachlesen. Wir drucken hier die letzte Szene ab, in der sich in einem Gespräch zwischen Maggy Nagel, Luc Frieden, Etienne Schneider und einer*m Staatsbeamtin*en am Ende verdichtet, was die Menschen (zumindest einige von ihnen) in den Augen vieler globaler Entscheidungsträger*innen wirklich glücklich macht.
Szene 11: The Happy End of Democracy
Beamt*in: (Stoung weider virun de Biller) Batter. Madamm Nagel, ech mengen, wa souguer dës Kënschtlerin net just eise Branding an eis Moral, mee och eis Handlungen entlarve konnt, hu mer nees ee Problem. A sou lues sinn ech um Enn mat mengem Latäin. Ech gesi wierklech bal kee Wee méi, dass mer eis mat eisem Pavillon zu Dubai nach erausriede kéinten.
Nagel: (fänkt un d’Biller ofzebauen) Firwat déi Suergen? Sou Konscht bréngt eis héichstens positiv Press. Mir als selbstkritescht Land maache Konscht mat Usproch – dat gehéiert zum Liewensstandard vun eiser Clientèle dozou. An zwee Deeg ass dat da vergiess. Wat bleift, ass eis positiv Handlung, dass mir souguer kritesch Konscht zu Wuert komme gelooss hunn. Wie kann eis lo nach ee Virworf maachen?
Beamt*in: Si Dir sécher, dass mer déi dote Konscht net zenséiere mussen? An vläit och am beschten d’Press direkt mat? Schlussendlech schéngt mer dat awer dat effektivste Mëttel ze sinn, an den Emirater klappt dat a mir hunn hei och an eise Gesetzer schonn eng gutt Basis.
Nagel: Zenséieren? Firwat? Lies dir dach duerch, wat d’Press geschriwwen huet, keen eenzegt kritesch Wuert.
Beamt*in: Dat heescht mir si mat allem duerchkomm?
Nagel: Jo. (Raumt dat lescht Bild fort, hannendru steet de Friederatu) Ahhh, vreck, hues du mech lo erféiert.
Friederatu: Ass d’Bühn lo fräi? Mir bräichten déi vir e Meet-the-Company-Apéro.
Nagel: Jo kloer, eis Show ass eriwwer, d’Press huet hier Artikelen, eise Pavillon kritt säi Moment to shine. Dir kënnt lo heibanne lassleeën.
(Nagel a Beamt*in verloossen d’Bühn)
Friederatu: Woren déi ganz Emotiounen, dat ganzt Hin an Hier dann lo wierklech néideg? Mee si hu Recht, et ass eng nei Zäit an t’ass wéi ëmmer, wien sech als éischt upasst, huet gewonnen.
Schneider (erwäscht): Luc?
Friederatu: Etienne, so mol, wat ass da mat dir geschitt?
Schneider: Luc, du haass awer Recht.
Friederatu (Hëlleft dem Schneider opstoen): Ech hat Recht?
Schneider: Dass de Versuch, eis Visioun ze weisen, net klappt. Ech weess mol net, wat eis Visioun soll sinn, wat eist Zil ass, wat dem Scheich säin Zil ass, wat all déi Grouss undreift, firwat all dat geschitt, wat geschitt.
Friederatu: Wéi?
Schneider: Ma ech weess einfach net, firwat mir dat Ganzt maachen.
Friederatu: Oh Etienne. Vläicht enttäuschen ech dech elo, mee d’Äntwert ass zimlech banal.
Schneider: Banal?
Friederatu: Natierlech geet et ëm de Fric.
Schneider: Dat kléngt lo wierklech no engem plompen Enn fir dëst Stéck.
Friederatu: Et ass, wéi et ass. Eise Pavillon steet zu Dubai wéinst dem Fric, net well mer Wäerter vermëttele wéilten, eis Heemecht weise wéilten oder do iergendeppes mat Nohaltegkeet starte wéilten. Mir mussen nei a méiglechst räich Cliente fannen, also fuere mer do erof. An dem Scheich geet et och ëm Fric, dee muss fort vum Ueleg, also investéiert hien a mécht méiglechst vill Reklamm fir säi Land fir Déngschtleeschtungsfirmen erof ze kréien.
Schneider: Also näischt mat Moral, Demokratie…
Friederatu: Demokratie ass ee Gepäckstéck, wat mer iwwer Bord geheien, wa mer et net méi brauchen oder wann et ze schwéier gëtt.
Schneider: Eis Visioun ass de Fric.
Friederatu: An et féiere vill Weeër bei de Fric. Mir huelen lo net méi den diskrete Wee vum Sound-of-Silence, mee dee vum Let’s-make-it-happen Lëtzebuerg. An och de Scheich probéiert et iwwert d’Kommunikatiouns-Schinn, well et haut net méi just drëms geet, fir fir d’Industrie attraktiv ze sinn, mee fir räich Leit. D’Personal vun der Chefetage vun engem Konzern muss ee gewëssenen Niveau de vie gebuede kréien.
Schneider: Dat mécht alles Sënn.
Friederatu: Eis Länner si sech immens ähnlech, dat betount d’Chambre de Commerce jo och ëmmer. An alleguerten deene wichtege Rankings, deenen, déi weisen, wat zielt, ass Lëtzebuerg jo och zesumme mat den Emirater vir mat dobäi. Zum Beispill am World Happiness Index, deen de Visionär Jeffrey Sachs fir d’Vereenten Natiounen opstellt an deen souwuel an den Emirater wéi hei vun eiser Regierung héich ugesinn ass. Happiness kann ee berechnen, a gleef mer, Demokratie, Mënscherechter a Konschtfräiheet sinn net déi Saachen, déi d’Leit happy maachen. De Fric schonn.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
