Wa Wuesstem an Technologie net duer ginn

D’Klimakris kann net duerch méi vum Nämlechte geléist ginn. Wuel awer doduercher, datt déi richteg Froe gestallt ginn.

Energie Transitioun, Eko-Effizienz a pollueur-­payeur – sou léisst sech déi national Klimapolitik zesummefaassen. Do ass och fir all Koalitiounspartner eppes dobäi: d’Transitioun ewech vu fossille Brennstoffer zu „erneierbarer“ Energie fir déi gréng, méi Effizienz a Produktivitéit fir d’DP, an eng Prise Sozialgerechtegkeet fir d’LSAP. De Problem mat dëser Klimapolitik ass, datt se dorobber beduecht ass, d’Liewe manner onnohalteg ze maachen. Dobäi bleift se awer vun d’Grënn vun dëser Onnohaltegkeet wäit ewech. Dat ze maache, géing nämlech heeschen, d’Roll vum Wuesstem am Lëtzebuerger Wirtschaftsmodell ze hannerfroen.

Fir de Premier – wéi kéint et och anescht sinn – kënnt eng wuesstemskritesch Klima­politik net a Fro. Wärend dem débat de consultation sur les propositions formulées par le Klima-Biergerrot leschten Oktober, beschreift de Xavier Bettel seng Visioun vun enger Klimapolitik, an dat ass eng, déi „net eng Politik géint de Wuesstem oder eng Politik géint d’Wirtschaft oder géint de Bierger oder déi verbitt“.1 Méi spéit a senger Ried seet en och „eng ambitiéis Klimapolitik packe mer och just, wa mer et fäerdeg bréngen, keng politique politicienne ze hunn“.2 Den Opruff keng politique politicienne ze maachen, ass awer selwer en Akt vu poltique politicienne. Am Fall vun engem Premier ass et en Opruff, d’Politik vu senger Regierung als „d’Leitnorm“ unzegesinn an hier philosophesch Fondatiounen net a Fro ze stellen. D’Energie Transitioun, Eko-Effizienz, a pollueur-­payeur – typesch eko-­modernistesch Fuerderungen – dat an näischt Aneres ass de Wee aus der Klimakris.

Eko-Modernismus: eng falsch Approche

Den Eko-Modernismus kann awer net d’Léisung sinn. Bei der ekologescher Modernisatiounstheorie geet et virun allem ëm d’Verdeedegung vum Status Quo.3 De Kär vun dëser Theorie ass, datt d’Industrialisatioun, technologesch Entwécklung, wirtschaftleche Wuesstem a Kapitalismus net nëmme kompatibel mat ekologescher Nohaltegkeet, mä och d’Viraussetzung dovunner sinn4. Eko-Modernist*innen hannerfroen net de mënschegemaachte Klimawandel, mä bestinn dorobber, datt de mënschlechen Erfannungsgeescht déi néideg technologesch Gadgeten erfanne wäert, fir datt d’Mënschheet hire Liewensstil net grondsätzlech hannerfroe muss.5 Déi vum Wuesstem an Technologie geschaafte Problemer kënnen duerch méi Wuesstem an Technologie geléist ginn. Déi eenzeg Konditioun: Béid musse „gréng“ sinn.

Fir de Premier kënnt eng wuesstemskritesch Klimapolitik net a Fro.

Säin Erfolleg huet den Eko-Modernismus dem Brundtland Rapport ze verdanken. Éier den eraus koum, war d’Diskussioun: „Ëmwelt oder Wirtschaft?“. Säit 1987 heescht et: „Ëmwelt a Wirtschaft.“ D’Zauberformel, fir de Planéit ze retten: „nohalteg Entwécklung“ duerch technologesche Fortschrëtt. Sou kann de wirtschaftleche Wuesstem mat engem Aen op d’Sozial­gerechtegkeet, d’Ëmwelt an d’Ekonomie weidergoen, ouni grouss Diskussiounen doriwwer, wat eigentlech d’Präferenz sollt sinn.6 Déi läscht Joerzéngte weisen, datt zu Lëtzebuerg – wéi a villen anere Länner – déi zwee éischt Pilieren zu Gonschte vun dem drëtte vernoléissegt goufen.7

© Carlo Schmitz

Dat den Eko-Modernismus d’Lëtzebuerger Klimapolitik fest am Grëff huet, ass keng grouss Iwwerraschung. Dës Approche passt am beschte bei eng neoliberal Politik.8 Nëmmen net ze grouss Welle schloen, kléng Reforme lénks a riets – dat ass de Wee no vir. Onkomfortabel Diskussiounen iwwert d’Iwwerkonsommatioun oder en Appell fir méi Sobrietéit duerch d’Kritik vun eisem gemittleche Liewensstil, dat wier dach vill ze politesch. Op energeetesch Transitioun, Eko-Effizienz a pollueur-payeur ze setzen, erlaabt et Regierungen an eenzele Persounen, op Ëmweltproblemer ze reagéieren (oder op d’mannst esou auszegesinn).9 De Betriber kënnt d’eko-modernistesch Strategie och geleeën. De Konsum zeréck ze schrauwe wier net gutt fir hire Portmonni. En neie Marché fir „nohalteg“ Produiten ze erschléissen, déi vun enger ëmweltbewosster Clientèle kaf ginn, par contre schonn.

Ween d’Debatt iwwert d’Zukunft vun der Industrie nogelauschtert huet, gesäit, wéi staark den Eko-Modernismus den Horizont vun dem, wat méiglech ass, vum Gros vun eiser politescher Klass am Grëff huet.10 Dem Serge Latouche säi Kommentar iwwert déi franséisch politesch Klass beschreift genee, wat op den Deel vun där zu Lëtzebuerg zoutrëfft: Den eenzege Wee zu Gléck an Zefriddenheet ass duerch méi Wuesstem, méi Produktivitéit, méi Kafkraaft a méi Konsum.11 Dëst ass ëmsou méi schued, well de Wirtschaftsministère mat der „Luxembourg Stratégie“ e Virstouss wot, den et erméigleche géing, iwwert verschidde Wirtschaftsformen ze diskutéieren. A Plaz den Discours ze sichen, ginn d’Meritter vun der akademescher Literatur iwwert d’décroissance an de Post-Wuesstem belächelt a vun op mannst zwou Parteien zum Tabu erkläert. Dobäi misst u sech den Eko-Modernismus belächelt an hannerfrot ginn.

„Grénge“ Wuesstem an Eko-Effizienz wäerten d’Klimakris net léisen

Fir dat den Eko-Modernismus Erfolleg huet, mussen zwou Rechnungen opgoen: 1) d’Ofkoppele vum wirtschaftleche Wuesstem vu sengem materielle Foussofdrock, an 2) eng gréisser Effikassitéit (an doduercher e méi kléngen Energieverbrauch) vun Technologien duerch zukünfteg Entwécklungen. Béid Dynamike berouen op falsche Verspriechen. Fir datt sech d’Iddi vun Nohaltegkeet duerch Wuesstem erfëllt, muss e wuessende PIB vu sengem Impakt op d’Ëmwelt of­gekoppelt ginn. Dem Decoupling debunkedRapport vum European Environmental Bureau (EEB)12 no ginn et awer keng empiresch Beweiser, datt esou eng Ofkopplung vu wirtschaftleche Wuesstem an Degradatioun vun der Ëmwelt stattfënnt. De Rapport kënnt esouguer zur Konklusioun, datt esou eng Ofkopplung och an der Zukunft héchst onwarscheinlech ass.

© Philippe Reuter / forum

Änlech gesäit et mat der Eko-Effizienz aus. Eko-Modernist*inne gesinn, datt d’Technologie fir vill Ëmweltschied verantwortlech ass. Gläichzäiteg gesi si den technologesche Fortschrëtt awer als d’Haaptléisung. Technologesch a wëssenschaftlech Entwécklungen hunn der Mënschheet et erméiglecht, Elektrizitéit ze produzéieren, Krankheeten ze heelen, Atomer ze splécken, an de Weltall ze reesen a Computer an den Internet z’erfannen, wisou sollten se am Kampf géint de Klimawandel keng Roll spillen? Natierlech maachen se dat. Elektroautoe si besser wéi déi mat Verbrennungsmotor. Wand- a Solarenergie si besser wéi Kuel, Gas a Mazout. D’Rejektioun vum Eko-Modernismus ass keng Rejektioun vun alle sengen Elementer, wuel awer vun der blanner Hoffnung, datt sech d’Léisung fir all d’Ëmweltproblemer hannert dem nächsten Eck verstoppt. Beispill carbon capture and storage: Déi haiteg Klimamodeller consideréiere spekulativ Technologien, déi sech op dem Niveau, wou mer se bräichten nach net bewisen hunn a maachen et esou méiglech, déifgräifend Mesuren ze evitéieren. Och wa sech géint aller Erwaardungen en technologeschen Duerchbroch manifestéiere géing, besteet nach ëmmer d’Gefor vun engem Paradox, deen den Ekonomist William Stanley Jevons schonn 1865 festgehalen huet. Entwécklungen an der Dampmaschinn hunn et erméiglecht, manner Kuel fir déi nämmlecht Aarbecht ze benotzen. D’Maschinn ass also méi „eko-effizient“ ginn. Anescht wéi ee menge kéint, ass doduercher net de Verbrauch vun der Kuel erofgaangen. De Géigendeel ass de Fall: D’Demande no Kuel ass geklommen. Bei Autoen ass de Jevons Paradox och ze beobachten. Méi effiziente Sprit-Verbrauch huet dozou gefouert, datt d’Leit méi weit konnte fueren an doduercher zum Schluss méi an net manner Bensinn verbraucht hunn. Et ass eng Vermëschung vun Iddien dovunner auszegoen, datt e méi effiziente Verbrauch och zu enger méi gerénger Consommatioun féiert.13

Fir dat den Eko-Modernismus Erfolleg huet, mussen zwou Rechnungen opgoen. 

Onendleche wirtschaftleche Wuesstem ouni Ëmweltschied ass dohier genau sou fragwürdeg wéi d’Reduktioun vum Resourceverbrauch duerch eng méi grouss Effikassitéit. Den Eko-Modernismus huet awer nach een anere wonne Punkt – en ignoréiert komplett d’Roll vu Muecht a Resourceverdeelung. Duerch e Fokus op technokratesch Moossname läit den éischte Bléck op der Form vun de Moos­namen. Weem dës Entwécklung ze Gonschte komme soll, ass zweetrangeg. Zemools well Lëtzebuerg nach ëmmer un d’Märche vun trickle-down economics ze gleewe schéngt. De Wuesstem, deen der Finanzplaz an den décke Portemonnaien ze gutt kënnt, wäert schonn duerch all Sozialschicht erofsickeren a sou ka jiddereen*t dovunner profitéieren. Wirtschaftleche Wuesstem ass d’Zutat, déi de Kuch ëmmer méi grouss mécht. Wann de Kuch méi grouss gëtt, da gëtt och jidderengem säi Stéck vum Kuch méi grouss. An dem Fall ass et och méi egal, wann d’Stécker verschidde Gréissten hunn. Ouni Wuesstem ass sou eng Situatioun awer schwéier ze verdeedegen an d’Fro vu sozialer Gerechtegkeet an der richteger Verdeelung vun de Ressourcen an dem Räichtum (also dem Kuch) réckelt an de Vierdergrond. De wirtschaftleche Wuesstem ass dohier net de Garant fir de Sozialfridden an d’Medezin fir all ekonomesch, sozial an ekologesch Problemer, mä d’Barrière, déi enger Debatt doriwwer, wéi e sozial-ekologesche System gewollt ass a gebraucht gëtt, am Wee steet.

Ze vill fir déi Wéineg, ze wéineg fir déi Vill

D’Klimakris ass net nëmmen op ze vill Zäregasen an der Atmosphär zeréckzeféieren. Ween de politeschen Diskurs zu Lëtzebuerg verfollegt, kéint dat awer mengen. D’Zil vun der Klimapolitik ass d’Reduktioun vun den Zäregasen, an deem d’Produktioun, mä haaptsächlech d’Konsumgewunnechte, verännert ginn. Alles anescht kann onverännert bleiwen. De wirtschaftleche System, deen d’Produktioun vun dësen Zäregasen undreift, gëtt net déifgräifend a Fro gestallt. Fir d’global Erhëtzung ze stoppe, misst awer grad do den Hiewel beweegt ginn. De Klimawandel ass d’Resultat vun engem System vun Ausbeutung vu Planéit a Mënsch, Extraktioun aus dem Globale Süden zu Gonschte vum Globalen Norden an der Opfaassung, datt de Wee zum kollektive Wuelstand duerch private Profit geet. Bei der Klimakris geet et net nëmmen ëm naturwëssenschaftlech Reaktioune, mä och ëm sozial Realitéiten. Et geet ëm Leit, déi an der Géigend vun de Fabricke wunnen, déi hir Loft an hiert Waasser verpeschten. Et geet ëm Leit, déi keng ëffentlech Parken a schlechten ëffentlechen Transport an de Géigenden hunn, an deenen se liewen. Bei der Klimakris geet et ëm Leit, déi kierperlech a mental ustrengend Lounaarbecht verriichte, fir datt eng global Minoritéit am Iwwerfloss liewe kann. De globale wirtschaftleche System, ugedriwwe vun engem onersättlechem Honger no ëmmer méi, beschränkt sech net op d’Wirtschaft – e bestëmmt och d’Relatiounen, déi mir ënnert eis hunn.14 Eng eko-modernistesch Klimapolitik, zentréiert op grénge Wuesstem an technologeschem Fortschrëtt, consideréiert dës net.

Genuch ass gutt genuch

An all Beräich ass et der Politik wichteg, Lëtzebuerg ze diversifizéieren, wisou dann net och a sengen Denkweisen? Krampfhaft u méi Wuesstem als Léisung fir d’Problemer, déi de Wuesstem iwwerhaapt réischt geschaaft huet, festzehale, wäert d’Klimakris net léisen. Esou eng „Flucht nach vorne“ léist déi aktuell gesellschaftlech Problemer, wann iwwerhaapt, nëmmen iwwerflächlech. Se berout op der Hoffnung, datt, wann d’Zäit kënnt fir de Verband ze wiesselen, eng nei bëlleg Reparatur zur Verfügung steet oder et un aneren, zukünftege Generatiounen ass, fir d’Zopp auszeläffelen a sech mat der Fro vum Lëtzebuerger Wirtschaftsmodell ze ploen. Dës Fro muss haut gestallt ginn, net fir de Leit Angscht ze maachen a fir xenophob Zwecker auszenotzen, mä fir Lëtzebuerg an e Virreider vun enger nei Form vu Gesellschaft ze verwandelen. Jo, dat géing och heeschen, datt een sech net den Iddie vun der décroissance an dem Post-Wuesstem vun Ufank u verschléisst, mä sech awer vun der multitude vun alternative Wirtschaftsforme – wéi zum Beispill der Suffizienz-Ekonomie, der Doughnut-Ekonomie, oder och der Post-Wuesstemsprosperitéit – inspiréiere léisst. Dës Visioune konzentréiere sech op eng gerecht Verdeelung vu Räichtum, Akommes an Aarbecht, Kooperatioun a Care-Arbecht, dem lokalen Niveau an der demokratescher Participatioun.15 D’Zil vun der Wirtschaft sollt et sinn, jidderengem e gudden Niveau vu Grond­bedierfnesser op eng ekologesch, nohalteg, lokaliséiert a sozial-gerecht Manéier ze garantéiere, ganz nom Motto: „genuch, fir jiddereen*t, fir ëmmer“.

An all Beräich ass et der Politik wichteg, Lëtzebuerg ze diversifizéieren, wisou dann net och a sengen Denkweisen?

Eng wierklech ambitiéis a couragéis Klima­politik, fir déi de Premier Xavier Bettel anscheinend asteet, brécht den Tabu a stellt de wirtschaftleche Wuesstem a Fro. Nëmme wann esou eng Debatt gefouert gëtt, kann och en neie Lëtzebuerger Modell erfonnt ginn, deen net vum Wuesstem ofhänkt an an enger Kris stécht, wann et kee Wuesstem gëtt, mee och, wann et es gëtt.  

1 https://www.chd.lu/sites/default/files/2023-04/CRO_2_2022-2023_Internet.pdf (all Internetsäiten, op déi an dësem Bäitrag verwise gëtt, goufe fir d’lescht de 24. Abrëll 2023 opgeruff).

2 Ibid.

3 John Bellamy Foster, „The Planetary Rift and the New Human Exemptionalism: A Political-Economic Critique of Ecological Modernization Theory“, an: Organization & Environment Vol. 25, Nr. 3 (2012), S. 211-237. 

4 Richard York an Eugene A. Rosa, „Key Challenges to Ecological Modernisation Theory“, an: Organization & Environment Vol. 16, Nr. 3 (2003), S. 273-288. 

5 https://climateandcapitalism.com/2015/05/19/hijacking-the-anthropocene

6 Michael Keary, „The New Prometheans: Technological Optimism in Climate Change Mitigation Modelling“, an: Environmental Values Vol. 25, Nr 1 (2016), S. 7-28.

7 Sylvain Hoffmann, S. (2021, January 7), „Le social et l’écologie : les deux faces d’une même médaille“ a : forum Nr. 413, S. 45-47.

8 Alexander Dunlap a Louis Laratte, „European Green Deal necropolitics: Exploring ‘green’ energy transition, degrowth & infrastructural colonization“, a: Political Geography Vol. 97 (2022), S. 1-17.

9 https://samuelalexander.info/wp-content/uploads/2017/02/A-Critique-of-Techno-Optimism-Samuel-Alexander.pdf

10 Interpellation de M. Laurent Mosar au sujet des perspectives de développement de l’économie luxembourgeoise (23. Mäerz 2023).

11 http://www.hartford-hwp.com/archives/27/081.html

12 https://eeb.org/wp-content/uploads/2019/07/Decoupling-Debunked.pdf

13 William Stanley Jevons, The Coal Question. An Inquiry Concerning the Progress of the Nation and the Probable Exhaustion of Our Coal Mines, Macmillan, 1865.

14 https://newleftreview.org/issues/ii127/articles/nancy-fraser-climates-of-capital

15 Lily Paulson a Milena Büchs, „Public acceptance of post-growth: Factors and implications for post-growth strategy“, an: Futures Vol. 143 (2022), S. 1-15.


Den Elisha Winckel ass a sengem leschte Semester vu sengem Master-Studium zu New York, wou hien Environmental Policy and Sustainability Management op The New School studéiert. Op Instagram ass hien och ënnert @watermelonactivist als Klima-content creator an educator aktiv.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code