- Gesellschaft, Klima, Veranstaltung, Wahlen2023
Wann institutionell Blockagen de Klimaschutz bremsen
E Bäitrag vu forum zu One Planet Luxembourg
One Planet Luxembourg ass eng oppe Plattform, déi sech op Initiativ vum Nohaltegkeetsrot (Conseil supérieur pour le développement durable) am Virfeld vun de Gemengen- a Chamberwalen 2023 forméiert huet. Iwwer 800 Biergerinnen a Bierger an net manner wéi 107 Associatiounen, Institutiounen, Entreprisen an Acteuren aus der Solidarwirtschaft – dorënner och forum – hunn den Appell an d’Manifest vu One Planet Luxembourg ënnerschriwwen. Doranner heescht et, d’Gesellschaft misst Drock maachen, fir dass d’Politik sech hirer Responsabilitéit mat Bléck op d’Klima- an d’Biodiversitéitskris an déi domat verbonne sozial Erausfuerderunge bewosst gëtt. Sou verlaangen d’Signatairen, dass eng nohalteg Entwécklung an déi 17 Ziler vun der Agenda 2030, zu deenen d’Memberstaate vun de Vereenten Natiounen sech am Joer 2015 verflicht hunn, den zentrale Critère vun de politeschen Decisiounen op allen Niveaue ginn.
Am Kader vun der Campagne fir d’Chamberwale vum 8. Oktober hat One Planet Luxembourg de 26. September an de grousse Sall vun de Rotonden zu Bouneweg invitéiert. „Wat soen d’Parteien?“ huet et deen Owend un d’Adress vun de Politiker Christophe Hansen (CSV), Max Hahn (DP), Franz Fayot (LSAP), Sam Tanson (Déi Gréng), Sven Clement (Piraten) a Gary Diderich (Déi Lénk) geheescht. D’Moderatioun louch an den Hänn vum Norry Schneider (Nohaltegkeetsrot) a Laly Chivard (National Schülerkonferenz); Impulsreferater koume vum Claudine Felten (Natur & Ëmwelt), Gilles Hempel (Fondation pour l’accès au logement) a Pierre Lorang (forum).
Als Contributioun vu forum zu dëser Manifestatioun drécke mir eisem Mataarbechter seng Interventioun iwwert déi institutionell Blockagen, déi enger ambitiéiser Politik fir de Schutz vum Klima an der Biodiversitéit zu Lëtzebuerg am Wee stinn, hei an enger liicht erweiderter Versioun of.
***
Dat wat d’Generatioun vu mengem Fils a menge fënnef Niessen – a vill Generatiounen duerno – erwaart, ass net manner wéi schrecklech. Dee Chaos, dee virprogramméiert ass, wann d’Temperatur op der Äerd sech am Schnëtt ëm 3, 4 oder 5 Grad erhëtzt, ass onvirstellbar. An nawell ass dat déi Richtung, an där mir haut ënnerwee sinn.
Et héiert een alt, déi fräiheetlech Demokratië wieren net capabel, déi richteg Äntwerten ze ginn op déi grouss Defie wéi de Klimawandel oder d’Vernichtung vun der Biodiversitéit. Walen, Walkämpf an de Wiessel vun de Regierungsmajoritéiten géifen eng laangfristeg a konsequent Klimapolitik onméiglech maachen. Tatsaach ass, dass verschiddentlech Politiker an d’Verantwortung gewielt ginn, déi behaapten, de Klimawandel wier e grousse Bluff. Mat Bléck op d’Presidentschaftswalen an den USA dat nächst Joer kann et engem sécher Angscht ginn. An trotzdeem ass et falsch ze mengen, dass en autoritäre Regime oder eng Diktatur – an dësem Fall eng „Öko-Diktatur“ – et kéinte besser maachen. Eng Diktatur, souguer wann se vu sech behaapt, et nëmme gutt ze mengen, kann net funktionéieren. Diktatur funktionéiert ni.
Fir awer d’Vertrauen an eis Demokratie op Dauer ze garantéieren, muss d’Politik ophalen, d’Problemer klengzerieden an op d’laang Bänk ze drécken. Si muss, au contraire, d’Wourecht soen an alles ënnerhuelen, fir de Leit d’Ausmooss vun de Gefore bewosst ze maachen. Dat Verspriechen, dass z. B. hei zu Lëtzebuerg alles esou kéint weider goen, dass eise Liewensstil, eis Konsumgewunnechte net beréiert wieren, huet näischt, awer guer näischt mat de Realitéite vu muer ze dinn.
Vill vun eis wëssen dat, an nawell schénge mir ze akzeptéieren, dass den ekologesche Foussofdrock vu Lëtzebuerg, direkt hannert deem vu Katar, deen zweetgréissten op der Welt ass. Dass eise Verbrauch vun natierleche Ressourcen esou grouss ass, dass déi ganz Mënschheet bal 8 Planéite bräicht, wann se géif esou liewe wéi mir Lëtzebuerger.
Awer et geet net nëmmen drëm, d’Wielerinnen an d’Wieler, d’Biergerinnen an d’Bierger dovun z’iwwerzeegen, dass de Wandel séier komme muss. Mir mussen och eis Institutioune fit maachen, fir dass mir am Kader vun eisem demokratesche System konkret Resultater erreechen.
Eis Verfassung baséiert trotz där grousser Reform nach ëmmer op engem Proprietéitsrecht, dat wéi am 19. Joerhonnert quasi sakrosankt iwwer allen anere Rechter steet. Op d’mannst huet sech de Staat mam Artikel 41 elo Ziler gesat, déi méi wäit reechen. Hie verflicht sech zum Ëmwelt- an Naturschutz, zur Nohaltegkeet, zur Erhalung vun der Biodiversitéit. Hie wëll d’Besoine vun den haitegen an zukünftege Generatiounen am Bléck hunn, de Kampf géint de Klimawandel féieren an d’Zil vun der Klimaneutralitéit erreechen. Dat si schéi Wieder, mä wäerten d’Chamber, d’Regierung an och d’Geriichter dës nei konstitutionell Instrumenter notzen, fir endlech d’Gemeinwohl, de „bien commun“, iwwert d’Privateegentum ze stellen? Leider sicht een e Saz wéi deen aus dem däitsche Grondgesetz – „Eigentum verpflichtet“ – am neie Verfassungstext ëmsoss.
Zanter Joerzéngte gëtt eng Reform vum Staatsrot gefuerdert – och sou e Relikt aus dem 19. Joerhonnert, dat konsequent d’Interessie vu Proprietären a Promoteure verdeedegt. Sécher leescht de Staatsrot gutt Aarbecht bei der formaler Verbesserung vun de juristeschen Texter. Mä op där anerer Säit mëscht hien sech ëmmer rëm gär an d’Politik an a bremst bei wichtege Reformen.
De Sozialdialog ass e feste Pilier vum Lëtzebuerger Modell. Well eng nohalteg an enkelgerecht Entwécklung awer op deenen dräi Komponenten Ekonomie, Soziales an Ekologie berout, sollten a Gremie wéi der Tripartite oder dem Conseil économique et social och déi natierlech Ëmwelt an déi zukünfteg Generatiounen eng Stëmm kréien. Net zulescht muss hei d’Fro vum Wuesstemsmodell a vum Wuesstemsdilemma bei der Finanzéierung vun eise Sozialsystemer op den Dësch.
Och d’Autonomie vun de Gemenge passt an hirer haiteger Form net méi an d’Zäit. Wann 100 Gemengen hir eege Bautereglementer a PAGe schreiwen dierfen, wäerte mir ni eng klimaverträglech Landesplanung mat manner Buedemverbrauch a Flächeversigelung kréien.
Dëst féiert eis da bei d’Duebelmandater: E Land, dat vu Buergermeeschtere regéiert gëtt, ass zur Immobilitéit verdaamt. Mir brauchen deemno endlech eng propper Trennung vun nationalen a kommunale Mandater.
D’Gouvernance an der Regierung huet an de leschte Jore Fortschrëtter gemaach. Mä si muss nach weider verbessert ginn. Dat Silodenken an déi jalous Konkurrenz tëscht de Ministère kënne mir eis net méi leeschten. Déi nächst Regierung brauch Forme vu koherenter Zesummenaarbecht mat, méiglecherweis, engem neien Organigramm vun de Ministèren. Oder, alternativ, si deklaréiert de Klimaschutz, d’Biodiversitéit an d’Transitioun zur Chefsaach.
An nach eppes ass wichteg an dësen Zäite vum real existéierende Klimanoutstand, deen d’Europaparlament schonn 2019 ausgeruff huet: Majoritéit an Oppositioun an der Chamber mussen zesummeschaffen, Hand an Hand, oppen an éierlech, fir Lëtzebuerg virunzebréngen an d’Bierger dovun z’iwwerzeegen, dass dëse Wee, dësen Effort iwwerliewensnoutwenneg ass.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
