Wéi ass et mam Geliichts bei den Nordliichter?
D’Éislek verännert sech.
Natierlech héieren ech Iech all soen: dat ganzt Land. Wat jo och stëmmt. Mä landschaftlech ännert sech am Norde vum Land am Moment leider sou villes, wat glat a guer net geplangt war an dach eng batter Realitéit ass. D’Fichtebëscher stierwen, well déi waarm an ze dréche Summeren deenen ellen zougesat hunn a warscheinlech nach weider zousetze wäerten. Dobäi kënnt dann och nach en ale Bekannten, de Borky, wéi e vläicht an engem Lëtzebuerger Kannerbuch oder an enger idiotescher Reklamm géif heeschen, wann ee mat sou eppes och nach Reklamm maache kéint. Also de Borkenkäfer, deen et sou wäit bréngt, dass déi Bëscher, déi am Prinzip Joerzéngte wuesse mussen, elo am beschte sou séier wéi méiglech verschwannen, well se souwisou schonn zum groussen Deel ofgestuerwe sinn. An e puer Joer sinn déi meescht vun deene futtisse Bëscher da verschwonnen an et muss ee sech un aner Landschafte gewinnen.
Mä dat si mer jo scho bal iwwerall am Land gewinnt, datt alles ännert, well mer fir de Wuelstand eebe villes a Kaf huelen, wat eis u sech natierlech ferrem op d’Strëmp geet. Beispiller? Méi héich Wunnpräisser, déi jo e Mënsch mat enger normaler Pai net an engem Liewe bezuele kann. Stau an domat Verspéidungen op eise Stroossen. Ëmmer méi Leit op de Quadratkilometer. Méi Kriminalitéit a méi Onsécherheet, woubäi ech mech op de Statec beruffen, dee mer an den Zuele vun 2020 seet, datt sech den Total vun de Strofdoten an deene leschten 20 Joer bal verduebelt huet.
Komme mer mol op méi positiv Ausblécker, well am Éislek sinn nach Suen ze verdéngen. Schränke mer eis Ausso direkt erëm an a soen: fir e puer Leit. Déi erkennt een dorunner, dass se all mat enger gëllener Nues rondrëm lafen, déi se sech verdéngt hunn. Dat si mat zimlecher Sécherheet d’Bedreiwer vun de Wandrieder, déi an deene leschte Méint mat deem permanenten, staarke Wand eng gutt Rentabilitéit musse gehat hunn. Déi Wandrieder mat 150 m Héichten hu bis elo eis Landschafte méi verännert wéi de Borkenkäfer dat jee fäerdegbrénge wäert. A mir wäerten do och nach net um Enn sinn. Mä wette mer, datt d’Fransouse Kettenuewen awer net zoumaachen!
Da laache mer eis awer och nach schif, wa mol e Minister seet, Dierfer méissten Dierfer bleiwen a Stied mol zu Stied ginn. Wéi kann en Duerf dat bleiwen, wat et schonn net méi ass? Do feelen d’Duerfentwécklungspläng, do ënnerschreift eng eenzeg Persoun eng Bautegeneemegung. An et ass, wéi et nach ëmmer war: fir verschidde Plaze brauchs de keng Ausbildung a keen Diplom. Gemengt ass, wéi kéint et anescht sinn, d’Politik op allen Niveauen. Mir kënnen natierlech deenen Zäite vum opgekläerten Despotismus vun enger Keeserin Maria Theresia notraueren, wou mer nach schéin Haiser opgeriicht hunn an d’Duerf eng Eenheet gouf. Haut mengt een, mir hätten den Despotismus, mä et feelt awer kräfteg un der Opklärung. Oder fir et op Lëtzebuergesch ze soen, wat et sou schéi vun der Long op d’Zong seet: eng ganz Partie Dierfer si verschass. An do kann ech eise fréieren ieweschten Denkmalschützer, de Georges Calteux, ganz gutt verstoen, deen de 5. Juni 2021 an engem zolitte Lieserbréif am Luxemburger Wort schreift: „comment est-ce possible d’autoriser une volumétrie, si démesurée et si disproportionnée, faisant l’effet d’un coup de poing en pleine figure? Beiler est à présent défiguré, à tout jamais, par une étonnante masse difforme.“
Beeler läit an der Gemeng Wäiswampech, wou 60% vun de Wieler a Wielerinnen bei engem Referendum dogéint waren, fir de Wämper Séi un eng Firma ze verlounen. Déi u sech zwee Séie si kënschtlech ugeluecht ginn. Wat dat viru Joeren un Zäit a Sue kascht huet, ween dat deemools bezuelt hat, oder wéi vill Leit leschte Summer do waren, well um Stauséi eng Reservatioun noutwenneg war, intresséiert anscheinend keen. Fir 25.000 € d’Joer ass de Séi elo vun 2021 u verlount. Also ronn 2.084 € de Mount. Do komme sécher e puer Locatairen hei am Land d’Tréinen an d’Aen, well déi Zomm, oder souguer nach méi, blechen der ganz vill fir eng Wunneng. An nach méi, wann ee bedenkt, dass de Bail op 99 Joer ofgeschloss gouf. A fir all déi, déi an der Pandemie eist Land, an natierlech besonnesch d’Éislek als Vakanzdestinatioun entdeckt hunn: Camping ass lo kee méi do. Cui bono?
Wat ass d’Éislek iwwerhaapt? Vum geologesche Standpunkt aus ass et deen Deel vum Land, wou Schifersteen ass, an zu Ierpeldeng-un-der-Sauer kritt een dat duerch e klengt Schëlt ugewisen, wou deen Deel ufänkt, wann een no Norde fiert. Datt do fréier net vill op deem stengege Buedem gewuess ass, gesäit een, well de Rescht vum Land Guttland genannt gëtt. Et ass net verwonnerlech, datt besonnesch am 19. Joerhonnert eng ganz Partie Leit erof an de Süde vum Land gezu sinn, wéi do d’Schmelzen opgoungen an domat Aarbechtsplazen. Et soll een awer och soen, datt grad dat Offallprodukt vun der Eisenindustrie, d’Thomasschlaken, dem Éislek erlaabt hunn, och eng Agrarlandschaft ze ginn, nodeems den Emile Metz an de Jean Meyer déi Lizenz den 20. Abrëll 1879 kaaft haten.
D’Éislek läit méi héich wéi de Rescht vum Land, sou am Duerchschnëtt 400 bis 500 Meter iwwer dem Mieresspigel, wou d’Guttland duerchschnëttlech op 200 bis 300 m läit. Natierlech mécht dat een Ënnerscheed an den Temperaturen, soudatt et an der Reegel e bësse méi kal am Éislek ass, wat een natierlech besonnesch am Wanter mierkt, wou do scho méi dacks Schnéi läit. Den Éisleker (an natierlech d’Éislekerin, fir datt mer awer elo beim Gendern – ass dat schonn e Lëtzebuerger Wuert? – keng fléie loossen), ass, oder vläicht besser war, domat also scho klimatesch e bësse méi ofgehäert. Vläicht ass en och méi zougeknäppt wéi déi aner Lëtzebuerger, mä wee soll em dat verdenke bei där Keelt.
Politesch gesinn fänkt d’Éislek schonn e puer Kilometer méi südlech un. Do gëtt elo ferrem dru geschafft, fir déi Nordstad endlech ze realiséieren, vun där den Adrien Ries schonn 1973 geschwat hat. Also séchert sech dann déi wuel gréisste Stad am ieweschten Deel vu Lëtzebuerg den Titel Norden, obschonn se eigentlech guer net am geologeschen Norden läit. Mä ob dat iwwerhaapt eppes gëtt, steet jo nach an de Stären. Ëmmerhin wëllen déi Gemengen 125 Milliounen, fir datt se fusionéieren. An d’Biertrenger Schlass hu se scho mol direkt net kritt. A wourun et elo nach iwwerall happere kann, wee weess? Wat hat ech scho méi iwwert d’Politiker gesot …?
D’Fläch vum Éislek mécht ongeféier een Drëttel vum Land aus, mä huet awer nëmmen 9 Deputéierten an der Chamber zegutt. An natierlech mécht dat heiansdo ganz béist Blutt, well 9 jäizen nun einfach net sou haart wéi 51. Och wann elo touristesch opgerëscht gouf a gëtt, an de Slogan „Éislek. Mir sinn uewen“ warscheinlech scho jidderengem begéint ass, kënnt dach awer sou muench, oder solle mer net awer soen all Decisioun dach schlussendlech vun „uewen erof“, also vun der Regierung. An datt déi uewen am Land dat net ëmmer sou begeeschtert ophuelen, kann ee sech jo och virstellen. Mä déi Zäiten, wou nach iwwert de FLÖ geschwat gouf (Dir wësst net, wat gemengt ass? De Front pour la libération de l’Ösling), déi waren nach am leschte Joerdausend. An och de Frënd Jang, dee mer, nach net sou laang hier, houfreg e privaten Nodrock vum berüümten Autocollant aus dem Joer 1983 geschenkt hat, huet scho säin Haus am Éislek verkaaft a wunnt elo a Frankräich.
Mä war dann net uewen am Éislek iergendwann awer eemol eppes, wat dat ganzt Land opgewullt huet? Wou déi Éisleker sech géint Ongerechtegkeet opgereegt hunn, awer ganz fatzeg? Dach, och mir hate virun 223 Joer eise „Bauernkrieg“, deen als Klëppelkrich an eis Geschichtsbicher agaangen ass. Wann een awer elo mol haut géif d’Geschichtskenntnisser vun de Lëtzebuerger teste géif, wat dann deemools den Ausléiser vun deem bluddegen Opstand war, kéim warscheinlech séier déi grouss Erniichterung, well schonn d’Erënnerung un den Zweete Weltkrich no 76 Joer staark zréckgaangen ass, obschonn am Éislek mat Honnerte vun Denkmäler nach drun erënnert gëtt, a besonnesch natierlech un d’Rundstedt-Offensiv am Dezember 1944. Wann een da mol no dem Denkmal vum Klëppelkrich froe géif, wéissten der wuel net allze vill, datt dat zu Clierf steet, an zwar net wäit vun der Abtei. Natierlech huet déi Uertschaft am Oktober 1798 eng Roll gespillt, wou den Opstand géint d’franséisch Besatzung lassgoung. An natierlech waren dat Helden a menger Kandheet – mäi Papp war schliisslech va Cliärref. An dee gréissten Held war natierlech de Schéifermisch vun Aasselbuer, de Michel Pint, deen am Alter vu 25 Joer um Glacis den 20. Mee 1799, nomëttes ëm Véierel bis fënnef, duerch d’Guillotine higeriicht gouf. Woubäi d’Fransousen en och nach falsch als Michel Pintz an hirem Rapport vum 1er prairial am Joer 7 vun der Franséischer Republik genannt hunn. An 29 aner Opstännescher ware virdru schonn higeriicht ginn. Ass alles laang hier, kann een dozou soen. Mä wat hunn déi joerzéngtelaang fir eng Virbildfunktioun gehat, besonnesch fir d’Éisleker, a wéi dat Denkmal vum Klëppelkrich beweist, méi spéit sécher fir dat ganzt Land. Well fir dat opzeriichten, goufen am ganze Land Sue gespent … do ware bal 100 Joer zënter dem Opstand vun de Bauere vergaangen! A goufe bis dohin eigentlech bal nëmmen Denkmäler fir Adleger opgeriicht, sou war dat schonn e ganz grousse Schratt, fir elo einfach Leit ze wierdegen, déi och nach dee Krich a ganz kuerzer Zäit géint déi deemools wuel beschten Arméi vun der Welt verluer haten. Den deemolege Statsminister Paul Eyschen huet dorop gehalen, fir déi Spendenaktioun ze starten, an dem Batty Weber säin Drama „De Schěfer vun Aasselburn“, dat den 20. Juli 1898 fir d’éischte Kéier opgefouert ginn ass, huet natierlech immens vill Zousproch bei de Leit fonnt. Do gesäit een, datt sech Lëtzebuerg verännert hat an deem Joerhonnert no dem Klëppelkrich. Et war an där Zäit en eegestännegt Land ginn, et huet sech eng eege Sprooch mat enger eegener Literatur entwéckelt, wéi mer dat mat eise „Klassiker“ Dicks, Lentz a Rodange gesinn. Mä virun allem stoung et och wirtschaftlech elo op festem Buedem, besonnesch mat der Eisenindustrie am Süde vum Land.
Den 30. August 1942 sinn da wuel Vergläicher mat dem Klëppelkrich komm. Haten déi Éisleker Baueren deemools och géint d’Anzéiung vun de Jongen an d’franséisch Arméi gekämpft, sou war no der Verkënnegung vun der Wehrpflicht duerch d’Nazien de Widerstand a Lëtzebuerg sou grouss, datt et den 31. August zu engem Generalstreik koum, deen och brutal vun den däitschen Okkupante niddergeschloe gouf, well och do, grad wéi am Klëppelkrich, vill Leit higeriicht goufen. Dobäi kann ee souguer och nach souwäit eng Parallel zéien, datt de Generalstreik och am Éislek lassgaangen ass, nämlech zu Woltz, wou haut dat nationaalt Streikdenkmal steet. Dee selwechten Dag gouf quasi iwwerall am ganze Land gestreikt an den Naziregimm huet vum 1. September un e Standgeriicht aberuff, wat 20 Lëtzebuerger zum Doud veruerteelt huet.
Nom Zweete Weltkrich goung et wirtschaftlech biergop, Europa huet ugefaang lues a lues zesummenzewuessen, an da ginn op eemol Heldemythen obsolet. Oder et brauch een da vläicht aner Virbiller. Haut am Joer 2021, méi wéi e Joer no där Pandemie, déi eis vläicht fir d’éischt erëm zënter Joerzéngte gewisen huet, datt et vun haut op muer op eemol ganz aneschters goe ka wéi gewinnt, sti mer eigentlech nach guer net sou schlecht do, och wa mir nach wuel laang net iwwert de Bierg sinn. Och wa mer dee Virus an de Grëff kréien, kann ee beim Klimawiessel wuel e manner gutt Gefill hunn. Mä nach eemol kuerz zréck bei de Klëppelkrich. Déi leschte Kéier, wéi ech dem Schéifermisch begéint sinn, war am Summer 1979 bei engem historeschen Ëmzuch zu Aasselbuer. Et war eng ganz flott Stëmmung virun 42 Joer am Ardenner Duerf, wat ech nach op mengen Diae vun deemools gesinn. „Mir kanne net ligen“ (Mir kënnen net léien): deen Aussproch vum Michel Pint gouf natierlech virop gedroen. Mä mam Wuelstand ass et zënterhier ëmmer nach weider an d’Luucht gaang. D’Helde ginn da séier vergiess, wann ee se net méi brauch. „Unglücklich das Land, das Helden nötig hat“, léisst de Bertolt Brecht säi Galilei soen. An deem Sënn wiere mer haut da wuel iwwerglécklech. Dobäi kënnt, datt d’Historiker haut eng aner Siicht vum Klëppelkrich hunn, well jo awer de Fransousen hir „Liberté, Égalité, Fraternité“ grad deene klenge Baueren deemools eppes bruecht huet. Opgestëppelt ware se scho gi vun deene Leit, déi deemools Privilegien agebéisst hunn. Ware se dann net awer domm gewiescht, fir sech do aspanen ze loossen? Verluer hate se de Krich och ganz séier. A wie wëllt haut nach eppes mat Loser ze dinn hunn?
Datt den Éisleker Mënschentyp sech scho verännert muss hunn, ass jo eigentlech bedéngt, well d’Bauplazen an d’Wunnengen am Éislek dach nach bësse méi bëlleg sinn, a well sech vill Leit elo keng Wunneng méi no bei der Stad leeschte kënnen, komme se alt an den Norden – oder ginn direkt an d’Ausland. Déi „Vëlkerwanderung“, zesumme mat engem ganz héijen Auslännerundeel an eiser Populatioun, verännert wuel och d’Mentalitéit vun den Nordmänner a -fraen. A sécher wäerten déi schéin Éisleker Dialekter lues a lues wuel ausstierwen, wa méi Bäigepraffter do wunne kommen.
Ech denken, datt dat Thema, wat am Alldag am Norde vu Land am meeschten diskutéiert gëtt, den Ausbau – oder soe mer besser Ëmbau – vun der Dräispuereger ass. Fir all déi Leit, déi mat deem Begrëff näischt ufänke kënnen (a sech natierlech dofir schumme sollten): dat ass d’N7, also d’Route nationale 7, déi vu Lëtzebuerg iwwer Ettelbréck erop bis op d’Schmëtt bei déi belsch Grenz féiert. De grénge Verkéiersminister Fränz Bausch mengt, et geet duer mat deenen dräi Spueren; déi Leit, déi se awer all Dag fueren, hätten am léifste véier Spueren, well se schliisslech séier op d’Aarbecht an och erëm heem wëllen. A gewass kéint een op véier Spuere méi séier (a vläicht och méi sécher) fueren. Et ass net, datt elo net gebretscht géif (ausser natierlech bei de fixe Radaren), mä heiansdo ass schonn e Camion virop oder och alt mol en Trakter. A well déi zougelooss sinn, däerfen eigentlech och Veloen do fueren. Iwwerhaapt musse mer op déi nach an engem aneren Zesummenhang zréckkommen. A bei all deene ville Velosfuerer ginn et dann och Stëmmen, déi quasi nach eng 5. Spur wëllen, well e Veloswee erop an d’Éislek seng richteg Berechtegung hätt. Anscheinend ass jo och eng Piste cyclable do am Projet mat dran, wéinstens vun Houschent op d’Houschter-Déckt. (Niewebäi gesot gëtt et op där Plaz souwisou am Moment op béide Säite vun der N7 e goudronéierte Wee …) Op der aner Säit stellt sech do awer d’Fro, ween sech dann an den Ofgase vun dausenden Autoen do wuelfillt. An der Rei, wa mol bis wäit iwwer 90 % vun den Autoen elektresch fueren. Bis dohi leeft awer nach vill Waasser d’Baach an, a wann déi Velospist da bis fäerdeg ass, sinn Autoe mat Verbrennermotore souwisou Oldtimer.
Sou ass et da fir d’Velosfuerer wéi iwwerall am Land: du kriss bei engem neie Velo e Subsid, mä wou s de fuere solls, ka keen der soen. An da begéint ee se, oder op d’mannst eng geféierlech grouss Zuel, op eise Stroossen als däischter gekleete Ninja-Kämpfer – onsiichtbar fir d’Autosfuerer –, déi sech wuel a geheimer Missioun gleewen, well se op kee Fall opfale wëllen, wat hinne leider ze vill gutt geléngt. Wann ee gesäit, datt mer eng gréng Partei elo schonn an enger zweeter Legislaturperiod hannerteneen hunn an einfach näischt fir d’Velosfuerer geschitt, déi an der Pandemie zu ëmmer méi gi sinn, freet ee sech, wou déi gréng Mobilitéit da bleift. Vun engem Tram an der Haaptstad ka sech am Éislek keen och nëmmen e puer Honnert Meter féiere loossen. A well jo bal all Feldwee am Land goudronéiert ass, huet een als Optimist geduecht, dass déi vläicht liicht zu Radweeër hätten ëmfonktionéiert kënne ginn, wann een do am Ministère e puer Kënneger op sou een Dossier gesat hätt, déi déi Nieweweeër geschéckt ze verbanne wéissten.
Ech hunn awer selwer erlieft, dass am Éislek vun haut op muer wéi duerch en Zaubertrick eng Velospist entstanen ass, obschonn et eng Schotterstreck, also bei Wäitem näischt fir Courseveloen ass. Sou e Schëld, dat eng Velospist iwwerhaapt zu sou enger mécht, erméiglecht dat vun haut op muer, wat anscheinend bei wierklech gudde goudronéierte Weeër net de Fall ass. Et feelt nach just do eng feierlech Aweiung, mä no de Corona-Zäite kann een dat jo och nach nohuelen.
A fir beim ëffentlechen Transport ze bleiwen: en ass lo gratis, dat ass dat Bescht, well soss géife sech nach vill méi Leit beschwéieren. Dem geschenkte Gaul kuckt ee bekanntlech net an d’Maul. De 5. Juni weist awer och nach e Lieserbréif am Luxemburger Wort drop hin, dass een am Éislek och mam Zuch déck am Nodeel ass, well d’Zich nëmmen eegleiseg duerch d’Tunnelle fuere kënnen. Fält also een Zichelchen en panne, blockéiert deen d’Streck, an et geet glat näischt méi an d’Leit ginn aus dem Zuch geworf (ech beruffe mech op dee Lieserbréif!). Op verschidde Garen am Éislek hält nëmmen all Stonn en Zuch – virausgesat, et gëtt natierlech keng Pann. Busse fueren do och laang net sou heefeg vun Duerf zu Duerf. Dir mierkt et: ouni Auto leeft do eigentlech net grad vill.
Dofir zréck zur N7. Do quäle sech Frontalieren an Einheimescher all Dag duerch Uertschaften, déi souwisou am ganze Land, also och am Éislek, ëmmer laange Schläich gläichen, well een net rondrëm déi Duerfer fuere kann. A wou fréier vläicht eng Ëmgéiungsstrooss war, sinn am Laf vu Joerzéngte sou vill Baugeneemegungen ausgestallt ginn, datt et elo natierlech keng méi ka sinn. A lo kënnt dann d’Léisung mat Tunnellen, déi gebaut solle ginn. Wann dat alt keen un eis faméis A7 erënnert, wou mer duerch dauernd Entretiensaarbechten dach net duerchfuere kënnen an d’Vitesse natierlech erofgesat gëtt. Mä souwisou gëtt iergendwann d’Dräibunn jo definitiv méi breet gemaach – fir eng Dräibunn ze bleiwen. An da fuere mer all do just nach 90 km/h, an zwar iwwerall. Also déi puer Plaze mat 110 verschwannen dann. (Vläicht well do souwisou ze vill séier gefuer gëtt?)
Déi Houser wäerten opootmen, wa se deen Trafic endlech lass sinn, mä mir wësse jo, wa vun offizieller Säit 2026, also a fënnef Joer, gesot gëtt, klappt et vläicht an zéng Joer. Wat an aneren Uertschaften, z.B. Houschter-Déckt, Hengescht, Wäiswampech geschitt, konnt ech leider nach net erausfannen. Mä do sollt keen ze optimistesch sinn, datt einfach Léisunge liicht ze fanne wären. Déi gréissten Oppositiounspartei hat iwwregens den Ausbau vun der N7 op véier Spueren an hirem Walprogramm vun 2018 stoen an huet awer am Norden 1,46 % Stëmmen manner kritt wéi déi Wal virdrun.
An nach dat hei: d’Ettelbrécker Gare gëtt ofgerappt. An iergendwann buddele se zu Ettelbréck (wat da wuel net méi Ettelbréck heesche wäert) och en Tunnel fir eng Ëmgéiungsstrooss. Aner Méiglechkeete wéi an den Underground ze goen, bleiwe gläich néierens, well alles zougebaut gouf.
Dat an nach sou villes leeft elo ënnert dem Titel „Mobilitéitskonzept Leitbild Nordstad 2035“. Dir wësst da Bescheed (oder och net) sou an 30, 40 Joer …
An op der westlecher Säit vum Éislek iwwerhëlt elo e Ranger, woubäi ech mer do mat menger Cowboy-Romantik natierlech en Texas Ranger virgestallt hat, wat jo bei de Wilde Weste passe géif. Et ass awer en Naturpark-Ranger an e soll sécher do mol alles riichten, wat sou vu kromme Saache gedréint gëtt, well sech déi ondisziplinéiert Dagestouristen am Summer do alles Méigleches eraushuelen, vum Zouparke vu Garagen an Zougangsweeër bis zum Leieloosse vun Tonne vun Offäll an der Natur. (Vläicht wieren och Dousen a Plastiksfläsche iwwerall manner ze fanne mat engem Pfandsystem wéi an Däitschland …?) An duerch déi extrem warem Summere vun de leschte Joeren an nach dobäi déi Pandemie, wou keen an d’Ausland reese konnt, muss een och dëst Joer seng Plaz um Stau reservéieren, an zwar vun dësem Joer u fir all Dag, wou ee sech do op de Strand (also op d’Wiss) leeë wëll. Spontan Entscheedungen, fir mol einfach sou erop an d’Éislek ze kommen, fir do an d’Waasser ze sprangen, sinn also net méi ubruecht.
Mä dëse Summer duerfe mer jo erëm an d’Ausland an d’Vakanz, da wäert et uewen am Land souwisou méi roueg sinn.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
