Wéivill Wuelstand wëlle mer (… zu Lëtzebuerg)?
oder: de Mythos vum "Hochdruckreiniger"
Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
oder: de Mythos vum "Hochdruckreiniger"
Zu dësem Thema war en Diskussionsowend organiséiert gin am Kader vum 4. ökumenesche Forum "Chrëschte fir Gerechtegkeet, Fridden an d’Erhale vun der Schöpfung". Un der Diskussioun hun deelgeholl de Norbert Campagna, deen de philosopheschen Aspekt sollt belichten, de Camille Gira, Buergermeeschter vu Biekerech, deen aus senger Erfahrung um Terrain geschwat huet, an d’Viola Kennert, protestantesch Pastorin als Vertriederin vun der ökumenescher Bewegung. Eise Wuelstand as kritesch hannerfrot gin, mä et sin och eng ganz Partie konkret Virschléi gemaach gin fir dass de Wuelstand eis Welt nët weider zerstëiere soll. Hei e Résumé vun dësem ganz interessanten Owend.
Et kann een d’Iwwerleeungen iwert de Wuelstand an e ganz aktuelle Kontext stellen: d’Nordstrooss an de Gréngewald. De Minister Goebbels huet nämlech bei Geleënheet vun enger Table ronde mat Emweltschutzorganisationne behaapt, dass, "wa mer eise Wuelstand wëllen halen, dass mer da missten Industrië bauen", dat heescht natiirlech och Infrastruktur schafen, wéi zum Beispill Stroosse bauen. Weider huet e gemengt, "dass jo kee Lëtzebuerger bereet wär, 1000 Frang manner ze verdingen." D’Iertémer, déi sech an desen Aussoe verstoppen, waren den Ausléiser, fir eng Grondsazdiskussioun iwert de Wuelstand unzeregen.
Et muß fir d’alleréischt emol festgehal gin, daß eise sougenannte Wuelstand op Käschten vun dräi Niveauen opgebaut as: vun der Drëtter Welt, vun der Emwelt a nët zuläscht vun eis selwer. Also stellt sech d’Fro nei: Wivill Wuelstand kënne mer eis nach erlaben? Mä fir dorop ze äntweren, muß eng aner Fro geklärt gin: Wat as eigentlech Wuelstand? Heescht dat: alles hun, wat ee brauch oder méi hun, wéi ee brauch. Mä wat brauch een dann eigentlech? An hei si mer op engem kritesche Punkt ukomm.
Selbstverständlech wëlle mer nët "zréck op d’Beem". Mir kënne nët méi op eng Rei Errungenschafte vun der Technik verzichten. Villes, besonnesch och am Haushalt, huet eis d’Liewen erlichtert. Mä elo geet et wiirklech drëm, wéi ee mat gewësse Saachen ëmgeet an ze ënnerscheeden, wat ee brauch a wat nët.
Um Beispill vum "Hochdruckreiniger" soll gewise gin, wou mer krank sin. Mir kafen eis esou en Apparat, well e grad an der Reklam as oder/an well de Noper och een huet. Dat gehéiert sech haut eben, esou en Apparat ze hun. Zwou Saachen lafen hei falsch. Eischtens solle mer eis nët vun de Reklamme falsch Bedürfnisser schafe loossen an zweetens, wann de Noper schon een huet, firwat kënne mer e nët mat him deelen, wou een dach esou eng Maschin nëmmen all 10 Joer eng Kéier brauch. Den Individualismus an den Egoismus si leider eng Begleiterscheinung vum kapitalistesche System. D’Leit missten also léieren, mateneen ze deelen an sech och op wesentlech Saachen ze beschränken.
D’Konsumorgien am Fernseh, wou mat all méiglechen Artikele Spillercher gemaach gin, sin eng Frechheet vis-à-vis vun alle Leit, deenen et schlecht geet. De Comble as, wann een och nach eng Rees an e Land gewënnt, wou d’Aarmut ganz grouss as. Mä d’Wirtschaft muß lafen. Wa mer alles hu, wat mer brauchen, musse mer eis et oft nei kafen an och e ganze Koup Saachen, déi een eigentlech nët bréicht. An hei komme mer op eng weider Ligen vun eisem Wuelstand. De Wuelstand vun engem Land gët gemooss um Bruttosozialprodukt. Dat magescht Wuert vum "Wirtschaftswuestum" zirkuléiert. Et muss ëmmer biirgop goen.
Un engem Beispill soll gewise gin, dass hei eppes nët stëmmt. Wann an engem Land vill Medikamenter verkaf gin, wüsst d’Bruttosozialprodukt. Mä et weist och, dass d’Leit an esou enger Gesellschaft ëmmer méi krank sin. Et muss och festgestallt gin, dass d’Leit an engem "wohlhabende" Land wéi Lëtzebu-
erg nèt onbedéngt ganz glécklech sin; éischter de Contraire trèfft zou. Et kann een dat ënnert anerem um Verbrauch vu Berouegungsmèttele noweisen. Mä dat stellt een eréischt richteg fest, wann een un d’Fassad kraze geet an d’Gléck nèt eleng mat engem volle Portemonni gläichsetzt. Et muss een de Leit kloer maachen, daß se am Fong nèt méi hun, och wann et esou ausgesäit. Wa jiddereen zwee Autoën huet, an also mengt, vill ze hun, an dann am Stau steet an Ofgasen anotemt, dann huet e guer nèt méi esou vill. Liewensstandard däerf nèt mat Liewensqualitéit verwiesselt gin. Dräi Autoë pro Famill as en héije Liewensstandard, mä durch all Nodeeler vum Auto hëllt d’Liewensqualitéit of. D’UNO huet e neit Miessinstrument geschaf, den "Index of sustainable economic welfare". Wann d’Bruttosozialprodukt 30% klëmmt, kann dësen Index eng Baisse vun 12% verzeechnen.
Och an de Gemenge si vill Leit der Meenung, eng Gemeng misst wuessen, an esou gi weider Lotissementer geschaf. Mä ënnert dem Stréch notzt et jhust dem Promoteur an et bréngt eng Rei Problemer, vun der Infrastruktur bis zu der sozialer Integratioun. Politiker si gefuerdert, ganz einfach emol "nee" ze soen an e verstännege Wuestum unzestriewen. Vläit kéint een d’Leit och emol froen, wat si da wiirklech wëllen: 5% méi an der Pei, fir dass een sech en Hochdruckreiniger ka kafen, deen een eigentlech nèt brauch, oder 5% manner schaffen bei gläicher Pei. Sou kéint
een och dem Problem vun der Aarbéchtslosegkeet begéinen. Ech verweisen hei op e ganz interessant Buch vum Wilhelm Haller (Die heilsame Alternative. Jesuanische Ethik in Wirtschaft und Politik, Peter Hammer Verlag, 1989), dee probéiert, opzeweisen, wéi een d’Ökonomie mat jesuanesche Prinzipie ka vereenegen.
Zum Schluss kann ee festhalen, dass mer keng gesond Liewesphilosophie méi hun. Mir missten eis zréckbesënnen op dat Wesentlecht, de Wäert vun de Saachen nei entdecken, ouni dass se onbedéngt ganz deier oder rar gin am Sënn vum Erich Fromm séngem Standardwierk "Haben oder Sein". Virun allem awer feelt et eis un engem Konzept, un enger Visioun fir d’Zukunft: Wéi e Lëtzebuerg, wéi eng Welt wëlle mer? Dass mer esou wéi am Moment nèt kënne weiderfueren, gët eleng schon doduerch beluecht, dass eis Rohstoffreserve begrenzt sin, wéi den Dennis Meadows et scho virun 20 Joer a séngem Buch "Die Grenzen des Wachstums" nogewisen huet. De Mënsch steet virun der grousser Erausfuerderung, séng Astellungen z’änneren oder ënnerzegoen. Vläit geet et duerch vill kleng Schrëtt nom Motto "Global denken, lokal handelen". Eng Rei Virschléi kann een an dësem Artikel erëmfannen, mä schlussendlech sin si nëmme vu Notzen, wa se eng Bewosstsäinsverännerung mat sech zéien.
Bert Hoscheit
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!