Wellech Sëcherheet viru Kettenuewen
Interventioun vum CSV-Deputéierten Fränz Colling
Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
D’"forum"-Redaktioun muss zougin, dass se a Saachen Atomernergi e schlecht Gewëssen huet. Si hat zwar 1976 e seriösen a fundéierten Dossier géint d’Atemkraaftwierb Remersche virgelnegt an hat en Deel derzou bäigedroen, dass dee Monster nët gebaut gouf. Si war och vun Ufank u Member vum "Comité national d’action contre Cattenom", mä konnt och nët deem säi Wësserfolleg verhënneren. Nei Themen hun d’Redaktioun och ënner mël beschäftegt an di Gefor, di fir d’Land vun där 4×1300 Wyk-Zentral zu Kettenuenen ausgeet as an den Hannergrond getrueden. Leider. De PSI-Deputéierte J. Gremling gouf als eenzegen an der Chamber ni midd, d’Regirungop hir Verantwortung hinzuweisen. Bei senger leschter Interpellatioun de 7.12.1985 war aber dem CSV-Deputéierte Franz Colling säng Intervention op wamst su interessant a regirungskritesch, umt gelungenerweis vu kenger Zeitung ervirgestrach gouf. Mir drécken se hei of. Si geet vum (leider realistesche) Standpunkt aus, dass "Cattenom" nët mi ze verhënneren as; mël kënne mir Lëtzebuerger ons da schützen?
M.COLLING (CSV). – Ech wëll nëmme jhust analyséieren wat eis Garantiën sin an dësem Fall, wat eis Regirung bis elo gemaach huet a wat den Inhalt vun denen Garantiën as, déi mir bis elo vun den Fransouse kritt hun.
Ech hat bei enger anerer Interpellatioun mëng Ried ugefaangen mat der Fabel vun der Maus an dem Elefant. Ech kommen nach eng Kéier drop zréck, well et as eis effektiv gaangen wéi der Maus, déi mam Elefant spazéiere gangen as, a wou den Elefant op se getrëppelt huet. En huet dat gemiirkt an d’Maus huet sech eng Kéier gerëselt. Den Elefant sot: "Entschëllegt", an d’Maus äntwert: "Et as näischt, et hätt mir och kënne passéieren!"
Esou as et eis hei gangen an der Affär Cattenom. Mir hun eis uerg misse wieren, mä mir hate leider de Rôle vun der Maus erwëscht, a mir kënnen eis elo dréinen a kéiere wéi mir wëllen, d’Fransousen hu gesot: "Nous sommes en amont du fleuve". Dat seet alles. (…)
Ech hun eppes Interessantes matbruecht, wat ech gëschter a mëngem Courrier hat. Ech hun dat kritt vun der EDF-Aménagement Cattenom (numérotage 206, dispense de timbre). De Stat ënnerstëtzt déi Saach hei.
Et as eng Broschür, wou "Cattenom" drop steet "Informations" mat véier schéinen Tierm, an do steet derbäi: "A quoi servent les pots de geranium"?
Ech hun nach kee Pot de Géraniums vun 160 Meter Héicht gesinn. Wann ee wëllt d’Kiltierm mat engem Pot de géraniums vergläichen, da kënnt een éischter soën: "Venez tous voir le monstre nucléaire de Cattenom." Et muss een op d’Plaz kucke goën, fir effektiv sech kënnen ee Bild ze maachen.
M.GREMLING (PSI), interpellateur. – Dat as eng Désinformation! Et as schlëmm, wéi se de Geck mat de Leit maachen, an dat op ons Käschten!
M. COLLING (CSV). – Cattenom as ménger Menung no esou een Dinosaurier. Ech hat schon
Wellech Sécherheet viru Kettenuenen ?
geschwat vun deem Westumsdenken vun de Joren 1970 bis 1975. Effektiv huet Zentral elo schon d’Taille vun engem Dinosaurier kritt, deen dann eis Kanner an eis Kannskanner eng Kéier kucke gin.
Et gët ënner nëmmen iwwer Sécherheet geschwat. Dat erënnert mech e wéineg un déi grouss Konferenz iwwer Fridden a Sécherheet an Europa.
Et as nach ni esouvill vu Sécherheet geschwat gin wéi dee Moment, wou d’Leit wiirklech d’Impressionun hun, dass keng Sécherheet méi do as.
Dofir as déi ganz Sécherheetsdiskussioun am Kader vun de Kernkraaftwierker enorm verdächteg. Ech brauch nët vu Sécherheet ze schwätzen, wann dee Problem sech nët stellt.
D’Fransousen hun systematesch hir Kernkraaftwierker op d’Grenze gesat. D’Commission des Communautés européennes huet eng Rei Regelen festgesat, déi aber leider nët agehale gin, well et éischens nach keng Décision vum Conseil des Ministres as an zwetens nach ënner nëmmen um Niveau vun där Kommission bliwwen as, esou, dass déi Garantiën, déi vun där Säit kommen, och nët ganz bindend sin.
Den Mär Dondelinger huet d’Fro gestallt: Wat passéiert wann zu Cattenom wiirklech e gravt Akzident géing passéieren?
Dat éischt, wat gemaach géing gin, dat as, dass d’Auslänner hir Grenzen géingen zou maachen.(…)
A mir wären an eisem Land agespaart. Deen Territoire, deen infektéiert gët, dee muss ee limitéieren.
Eng aner Saach, déi ech sécher weess, dat as wourop eng SS2o geriicht as. Sous garantie op Cattenom. Nët op d’WSA-Lager zu Betebuerg.
Ech hu gelies, dass déi éischt Ziiler, déi vun den SS2o ugepeilt gin, d’Kernkraaftwirker sin.
Mme LENTZ (CSV). – Den Mär Bisdorff wiert sech do dergéint!
M. COLLING (CSV). – Ech hun an Exposé budgétaire vun den Affaires étrangères a vun der Ried vum Här Staatsminister gelies, (…) dass do een Accord getraff gi wär iwwert en Echange d’informations en cas d’accident.
Atomix Nr. 34
Wat an deem Accord dra steet as äusserst interessant:
"Accord entre le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg et le Gouvernement de la République Française relatif aux échanges d’informations en cas d’incident ou d’accident pouvant avoir des conséquences radiologiques.
Considérant la nécessité d’assurer l’efficacité de leurs dispositifs respectifs de protection des populations en cas d’incident ou d’accident pouvant avoir des conséquences radiologiques:
Article 2: Les parties contractantes mettent en place et maintiennent en service un système approprié d’information mutuelle.
Article 3: En particulier, des centres d’alerte.
Article 4: … à maintenir la liaison entre les centres d’alerte…
Article 5: … 24 heures sur 24."
Et gët souguer e Computer mat agebaut, da kann et schon nët 24 Stonnen op 24 fonktionnéieren. Ech weess dat aus Erfarung.
Weider sollen déi Statiounen minimum eemol am Joer getest gin. Ech géing soën, dat as phantastesch. Da mussen se jhust nach de Stëbs erofmaachen an de Rascht eraushuelen, fir dass dann och wirklech nach alles fonktionnéiert.
Et soll een eng Mesüre virgesinn, dass "informations erronées" aus dem System sollen erausgeholl kënne gin, dass een se also kann zréckruffen. De Contenü vum Message, dat gët och gesot: Date, heure, nature, cause de l’événement, évolution météorologique an esou virun.
Et gët och gesot, dass zwee Korrespondenten op all Säit kënnen ernannt gin, wann do eppes passéiert, an dass den Accord eréischt dénoncéiert gët "pour la durée du fonctionnement de la dernière centrale nucléaire située en région frontalière franco-luxembourgeoise."
Firwat hun ech dat gesot? Ech hun et och e wéineg op engem ironeschen Toun gesot, well ech mengen, dass deem Accord hei praktesch iwwerhaapt näischt bréngt. E bréngt jhust dat, wat den absolute Minimum as, dass mer iwwerhaapt gesot kréien, dat eppes geschitt as.
Ech hätt léiwer en Accord, dass mir als Lëtzebuerger kënnte bei de Fransousen déi Mesüre selwer
maachen, an dass d’Fransousen eis déi Installatione géiwe bezuelen. Dat wir op alle Fall…
Mme FLESCH, Ministre des Affaires étrangères.-
Dat as eng aner Saach!
M. COLLING (CSV). – Jo, mä ech wir awer frou, wann der géingt dozou Stellung huelen. Wann si eis keng Informatioune gin, da kréie mer och keng. Mir sin also op si ugewisen. Ech sin der Menung, dass mir eis egen Installatiounen sollen dohinnersetzen, eis Détecteuren dohinner opstellen, dat kënne roueg Robotere sin, mä dass een déi géng 24 Stonnen op 24 bedreiwen, an dass mir dodurch eis egen Informatiounen géinge sammele goën. Dat wir op alle Fall méi sécher.
Wat nach festgeluegt gin as, dat as d’"norme en matière de réchauffement des eaux de la Moselle." Dat as och ee ganz wichtege Punkt. Wann d’Temperatur vum Muselwaasser an d’Luucht geet, da kréie mer vläicht nach méi déck Fësch; jhust wann se zevill an d’Luucht geet, da gin d’Fësch direkt gebroden. Bei 30 Grad, da gët et direkt eng Friture. Dat as e wichtege Punkt, deem ëmmer nees zitéiert gët. Dat muss geregelt gin.
Dat anert as d’"restitution de perte d’eau par évaporation". Do hun se jo ee Séi gebaut. Si sin och amgaangen iwwer d’"responsabilité civile nucléaire" ze diskutéieren. Do wir ech allerdéngs interesséiert, Mme Minister, wann Der eis doriwwer méi Informatioune kënnt gin. Sou wäit wéi ech fir de Moment renseignéiert sin, as fir de Moment keng, sief et Assurance- oder Réassurance-Gesellschaft, déi de "risque nucléaire" assuréiert. Dat as e Risiko, deem nët assurabel as, respektiv kee wëllt assuréieren, well, wann effektiv wirklech eng Kéier eppes passéiert, da musse ganz anner Moosstief agesat gin.(…)
Wat de Finanzement vum Dispositif d’alerte ugeet, do muss een och emd soën, ween dat da bezuellt. Mir wiren och frou, wa mer de Projet du plan d’alerte et de secours kënnte kréien. Anscheinend besteet do een. Et wär gutt, wa mer dat an der Kommission kënnte kréien. Mir hu jo eng Kommission an der Chämber, déi sech mat deem Problem ofgët. Et wär gutt, wa mer eis dee Plan ORSEC, deem op d’Lëtzebuerger Verhältnisser baséiert, kënnten ukucken.(…)
Am Exposé budgétaire vum Innenminister steet eng ganz Rei vun Informatiounen iwwer d’Protection civile. Ech wëll lech dat och nët virenthalen, notamment wat de Réseau d’alerte hei zu Lëtzebuerg ugeet. Laut dem Réseau d’alerte soll e Réseau de sirènes an enger Zone d’impact vun 25 Kilometer opgestallt gin, wou 100% vun der Population kann erreecht gin. All bestehend Zirenen sollen och kënnen un dee Réseau ugeschloss gin.(…)
Weider soll eng Konventioun mat RTL gemaach gin, dass mer d’Méiglechkeet hun, fir 24 op 24 Stonnen Message kënnen iwwer de Radio auszestralen hei zu Lëtzebuerg, fir dass jiddferee kann héieren, wann eppes passéiert, an dass jiddferen do soll informéiert gin.
E véierte Punkt as d’Mise à disposition vu Comprimés d’iodure de potassium. Do gët gefrot, ob een de Menagen déi soll gin, wou d’Gefor as, dass bei der grousser Botz se eventuell an der Dreckskëscht landen, oder dass d’Kanner se iessen, wann se se fannen, oder ob déi den Autorités locales solle verdeelt gin.
Et soll och e Plan d’intervention et de secours opgestallt gin. Do wär ech frou, wann een dee Plang kënnt gesinn.
Weider gët eng Kollaboratioun tëschent dem Service national de la Protection civile an der Division de la Radioprotection de la Santé virgeschloen. Do sin och anscheinend schon eng 30 volontaires NBC ausgebild gin. Och do wäre mer frou, wa mer kënnten héieren wéi de Stand as durch de Ministère de l’Intérieur oder durch de Ministère de la Santé. De Service vun der Radioprotection as jo dem Ministär vun der Santé ënnerstallt.
An engem Rapport aus dem Joer 1979, deen heescht "Strahlenschutzrecht in den Mitgliederstaaten der Europäischen Gemeinschaft", publizéiert vum Werner Bischof an Norbert Pelzer, steet dran, dass eis Legislatioun, wat de Strahlenschutz ubelaangt – et war 1979, et as méiglech, dass entretemps nach dat eent oder dat anert derbäikomm as – um Stand as, wou d’Belsch 1963 waren. Dat heescht, do hu missen eng ganz Rei vu Mesüre geholl gin. (…)
"Innerbetriebliche Strahlenschutzvorschriften" gët et keng an "ärztlech Überwachungen" vun den Aarbechtskräften gët et anscheinend och keng! (…)
Ech géing awer nach gären op eppes agoen, an zwar wat fir de Moment an der Diskussion as am Conseil "relatif aux problèmes radiologiques transfrontaliers."
Do gët d’Kommission dem Conseil eng Note a si beschwéiert sech zum Beispill dran, dass d’Konzeption vun de Kernkraaftwierker an de Länner verschidden as. Mir wëllen also eng Harmonisation maachen. Et as jo logesch, ech ka kee Kernkraaftwierk exportéieren. D’Sécherheetsvirschriften si komplett verschidden, zum Beispill dass et an Däitschland muss flugzeugabsturzsécher sin, während a Frankräich dat nët de Fall as. Dat heescht, et as kee Blindage do. Dat kann een d’ailleurs och mat anere Mëttelen méi liicht sprengen. Et muss een dat ëmmer mat arechnen, dass en Terrorist eventuell kann eis ënner Drock setzen an e seet, ech sprengen Iech Är Atomzentral an d’Luucht.
Et gin och keng Normalisationvirschriften iwwer radioaktiv Ofwässer. Vun engem Land zum aneren variéiert dat ëm de Facteur lo.
Et gët och keng normaliséiert Virschriften iwwer d’Limite d’irradiation vun de Leit, déi an der Emgebung vun der Kernkraaftwierker wunnen.
De Problem vun de Käschten, déi entstinn, wann een an engem Land e Kernkraaftwierk baut, déi dat beim Noper ervirrifft, as och bis elo nët geregelt. Do entsti ganz grouss Fraien sief et nëmmen déi Mesüren, déi mer scho genannt hun. D’Iwwerwaachung vun der Loft, vum Waasser, d’Chaine alimentaire an och de Plan régional de secours et d’alerte, dat si lauter Punkten, déi mer opgezielt hun. Do misst de Prinzip vum "polueur potentiel = payeur" applizéiert gin. (…)
All zentraliséiert Solutioun vum Energieproblem hun ech mech ëmmer opposéiert. Ech mengen, dass och an Zukunft aner Solutiounen kënnen agesat gin. Déi lescht Bemiirkung war natiirlech a méngem perséinlechen Numm, an nët als mandatéierte Spriecher vu ménger Partei.
Ech soën Iech villmools merci.
Wee wëllt noliese, wéi moer der Außeministerin C. FLESCH hir Entwert op dës Froe wor, brauch se nëmmen am Chambersbliedche nozesichen…
In: Chambre des Députés. Compte rendu des séances publiques. Session ordinaire 1983/84, No.9, coll. 1384-88 (cf. 1398-1400).
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!