Wou d’Eislek ufänkt

Bierger. Schnéi. Alles Baueren. An d’Leit schwätzen all sou komesch. Dat ass keng Opzielung iwwer Éisträich, mee eng Réi vun de Klischeeën, déi een ze héiere kritt, wann een d’Wuert „Éislek“ seet. An et sinn net nëmmen déi komesch Virstellunge vun engem héijen Norden, deen eng romantesch Fantasiewelt voll mat seelenen Déieren an Schnapsbrennereien soll sinn, déi een beschäftegen. Et ass virun allem d’Fro, wou d’Éislek dann ufänkt, déi dacks zu hëtzegen Diskussioune féiert. Hanner Walfer. Hanner Beetebuerg. Dat sinn déi klassesch Äntwerte vu Leit, déi entweder ronderëm d’Stad oder am Minett wunnen. Natierlech ass an deenen Äntweren eng gewëss Portioun Humor, mee sou richteg kloer schéngt d’Äntwert net ze sinn.

Wou leit et dann elo?

D’Éislek, dat ass am Fong de Numm vun enger geologescher Formatioun, déi „rhäi-
nesche Schifer“ genannt gëtt. Dat ass sou blo-schwaarze Steen, dee gären an dënne Schichten ofbrécht. An eise Nopeschlänner heescht dat „Mittelgebirge“, dat mir Éislek nennen; Ardennen oder Eifel. Entstanen ass dat iwwregens am ënneschten Devon, also viru ronn 416 Millioune Joer. Do war d’Éislek ee flaacht Mier. Dunn koum et zu geologesche Faltungen, de Botter ass deier ginn, d’läscht Joer gouf et e Referendum, a sou weider. Hale mir eis net ze vill mat langweilege Detailer op.

Mir wëssen elo also: Mir musse kucken, wou Schifer ass, fir erauszefannen, wou d’Éislek ass. Den éischte Bléck op eng geologesch Kaart verréit eis dann, datt dat ganzt awer e bëssi méi komplizéiert ass, wéi een gemengt hat. Zum Gléck musse mir eis als Laien trotzdem net op eng psychedelesch gefierfte Kaart verloossen. Mir mussen och net de Spuert huelen an hoffen, datt mir no e bësse Gruewen erausfannen, wat dann elo fir ee Steen eisen Ënnergrond bilt. Et gëtt quasi eng offiziell Definitioun vun der Linn, wou d’Éislek ufänkt: D’Linn, déi d’Éislek vum Guttland trennt, ass sech relativ einfach ze verhalen, well déi zwou Uertschaften heesche quasi d’selwecht. Am Westen ass et d’Uertschaft Rued an der Gemeng Ell, déi d’Grenz mécht. An am Osten ass et Roth an der Our op der däitscher Säit ënner Veianen.

Dat ass vläicht elo bëssi komesch, denkt dir. Well dat ass keng riicht Linn vu Westen no Osten, mee eng, déi queesch
duerch d’Land geet. An domadder kommen ech bëssen op de Punkt vun der haiteger Episod, deen och op dem Fändelche vun engem Yogi-Téi hätt kéinte stoen: Et ginn am Liewe vill manner riicht Linnen, wéi een dat kéint mengen. D’Éislek fänkt nu mol eben net un engem gewësse Breetegrad un.

Leider ginn et do natierlech Géigenargumenter. Vill Leit verwiesselen „de Norde vum Land“ mam Éislek an sinn dofir der Meenung, datt zum Beispill alles, wat am Wahlbezierk Norde läit, an d’Éislek fale misst. Oder datt Nimm wéi „Nordstad“ e kloren Indice dofir wieren, datt dat am Éislek léie géif. Dat ass leider alles net ganz richteg. An och op der A7, der „Nord
strooss“ gëtt et een brongt Schëld wou „Éislek“ drop steet. Dat steet op der Héicht vu Colmar-Bierg, also südlech vun eiser Rued-Roth-Linn. Bon, déi brong Schëlter op den Autobunnen si jo am Fong just dofir do, datt een laanscht fiert an sech denkt „Ah flott, hei ass also dat an dat“ a vläicht bëssi vum Gas erof geet fir riets a lénks d’Landschaft ze kucken an sech ze froen, ob een dann elo eppes Wichteges verpasst hutt.

Jo, léif Generatioun Y: Dat mat der „Fear of Missing Out“ hu net mir erfonnt. Dat hunn déi Leit erfonnt, déi déi brong Schëlter op d’Autobunnen an der ganzer Welt gesat hunn. A well een op enger Autobunn dann awer séier fiert, ginn déi Schëlter ëmmer e puer Kilometer virun dem, wat se eigentlech weisen, opgestallt.
Sou einfach ass dat.
Déi konkret Situatioun

De Norde vum Land, a besonnesch d’Éislek, ginn dacks sou bësse vergiess. Do sinn schéi Naturparken, d’Tourist_inne ginn do Schlässer ukucken an eng Kéier am Joer ass zu Wolz e Festival. A soss? De Fait, datt de neisten urbane Projet – déi sougenannte Nordstad aus de Gemenge ronderëm Ettelbréck an Dikrech – net am Éislek läit, seet villes. Ween am Éislek wunnt an op d’Uni Lëtzebuerg studéiere wëll goen, muss sech entweder op vill Stonnen am Auto oder nach méi Stonnen am Zuch astellen. Oder sicht sech eng bëlleg Wunneng am Minette. Haha, pardon, dat war natierlech e Witz. All Kand weess, datt et zu Lëtzebuerg guer keng bëlleg Wunnenge gëtt.

Ee Grond, wisou d’Éislek vläicht dacks vun der Politik vernoléissegt gëtt, ass de Fait, datt vun eise 60 Deputéierten der ganzer 9 aus dem Bezierk Norde kommen. An déi grouss Populatiounszentren an dem Bezierk leien zum groussen Deel mol net am Éislek. Vill Infrastrukturprojete ginn am Zentrum oder am Süde vum Land ëmgesat. Do wunne jo schliisslech vill Leit. Dat féiert awer dozou, datt déi wéineg, déi am Éislek wunnen, ëmmer méi wäit Weeër (am Auto) op sech huelen. Déi politesch Konzentratioun op de südlechen Deel vum Land ass also weder nohalteg, nach ekologesch. Iwwregens gouf et eng Ëmfro, no där 70 Prozent vun de Lëtzebuerger_innen fir een eenheetleche Wahlbezierk wieren.1 Dat kéint déi Dynamik vläicht e bësse bremsen. Mee iergendwéi wollt déi Fro keen an engem Referendum stellen. u

Dëst ass een Episod (7.3.2016) vum Blog Angscht a Schrecken.
(https://www.angschtaschrecken.lu/2016/03/07/wou-d-eislek-ufaenkt/)

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code