Wouru fuerscht Dir?

Wouru fuerscht Dir? Melissa Mujkić

Mir all waren emol jonk a wëssen, dass een als Jugendlechen en anere Stil huet, fir ze schwätzen. Säit dem Ufank vu mengem Fuerschungsprojet am Oktober 2022 mierken ech ëmmer erëm, dass dëst en Theema ass, dat eng grouss Opmierksamkeet erreegt, sief et bei Persounen, déi selwer jonk sinn, mat Jugendleche schaffen, Kanner an deem Alter hunn, oder an de Medien. Net ze vergiessen ass awer och d’Wëssenschaft, déi d’Jugendkommunikatioun als Fuerschungsberäich vun der Linguistik ugesäit. Ma wéi gesäit et konkreet aus, wa sech eng Linguistin (wéi ech) fir de Sproochgebrauch vun de Jonken ume1 begeeschtert an sech an hirem Beruff domat auserneesetzt? 

An éischter Linn uerdent sech meng Dokteraarbecht an de Beräich vun der Lëtzebuerger Linguistik an. De Fokus läit op der digitaler Jugendkommunikatioun, d. h., ech kucke mer un, wéi déi Jugendlech an informellen Chats wéi zum Beispill op WhatsAppmatenee kommunizéieren. Wat do produzéiert gëtt, analyséieren ech op verschiddenen Niveauen (ë. a. Wierder, Sazzeechen, Sazbau, Elementer aus frieme Sproochen, Emojis) am Detail. Déi éischt Resultater, déi mir bei menger Analys besonnesch an d’A gestach sinn, wëll ech Iech net virenthalen, dofir stellen ech der hei e puer vir. 

Déi kreativ Schreifregësteren an der digitaler Kommunikatioun gesäit ee schonn unhand vu grapheematesche Reduktiounen (Ofkierzungen): Wann ech z. B. op meng Fro, ob alles an der Rei ass, „Ez brt als Äntwert kréien, da kann ech mer sécher sinn, dass effektiv alles easy (realiséiert als: ez, ezz, eze, ezy)assan ech däi brate sinn(realiséiert als: brt). D’Form brate fënnt eenam Bosneschen, Kroateschen, Serbeschen an am Montenegrineschen a bedeit „Brudder“. Dobäi stieche mir als Linguistin d’Ewechloosse vun de Vokaler am Wuert brate an déi kreativ a verkierzt Versioun vun easy ervir. Bei Begrëffer wéi delulu2, NPC3 oder sus4 erkennt een allerdéngs, dass vill Elementer aus der Online- a Gaming-Welt stamen, déi souzesoen hir eege Sphär duerstellt. Och um lexikaleschen Niveau kann (a muss) ech nach esou munches vun de Jonke bäiléieren. Cringe géifen se elo soen oder denken, wann ech mat mengem „yow bro, alles ez“ krampfhaft versiche géif, mech ënnert déi Jonk ze mëschen. Mee ass et net grad interessant, wa sech eng méi oder manner jonk Fuerscherin mat der digitaler Lëtzebuerger Jugendkommunikatioun beschäftegt, an domat dem jugendleche Sproochgebrauch eng Visibilitéit an der Wëssenschaft bitt? An een als Erwuessene soumat eppes vun hirem Jargon bäiléiere kann? Menger Meenung no sollt dat definitiv esou sinn.

Mäin Alldag als Fuerscherin besteet aus Ofwiesslung, Freed, Erfolleg, awer och aus esou munchen Erausfuerderungen. Besonnesch gutt gefält mer u menger Aarbecht, dass ech en interaktiven Austausch mat de Jonken hunn, déi selwer immens un dësem Projet an un de Resultater interesséiert sinn. Fir linguistesch Analysen ze maachen, mussen awer och Donnéeë virleien a grad d’Rekrutéierung vun de Jonke mat hire sou genannten „Chat-Spenden“ huet sech am Laf vum éischte Projetsjoer als eng grouss Challenge erausgestallt. Trotz allem ass et mer duerch motivéiert an engagéiert Enseignante*ën, Educateur*tricen a perséinlech Kontakter gelongen, d’Chatsammlung, de sou genannte Korpus, lues a lues opzebauen.

Cringe géifen se elo soen oder denken, wann ech mat mengem „yow bro, alles ez“ krampfhaft versiche géif, mech ënnert déi Jonk ze mëschen.

Wichteg ass hei ze betounen, dass mäi Projet ouni d’Ënnerstëtzung vun de Jonken a vu Persounen, déi gutt Kontakter zu hinnen hunn, net realisabel wier, well d’Jugend-Chats als zentral Datequell fir meng Fuerschungsaarbecht fungéieren, a soumat essenziell fir de ganze Projet sinn. Wien nach matmaache wëll, ka sech ganz gär bei mir per E-Mail (melissa.mujkic@uni.lu) mellen, well nach sinn ech mat der Datesammlung net fäerdeg a si frou iwwer all „Chat-Spend“ vu jonke Leit tëscht 12 an 19 Joer. Dës Phas huet sech iwwerdeems och doduerch an d’Längt gezunn, dass WhatsApp deen eenzege Messengerdéngscht war, op dee sech mäi Projet uganks baséiert huet. Dunn hunn ech wärend der Datesammlung um Terrain misse feststellen, dassdës digital Kommunikatiounsplattform ënnert de Jonken ëmmer méi an den Hannergrond geréit a sech dat als eng methodesch Problematik erwisen huet. Duerch d’Abezéie vun Chats vu Snapchat, Instagram, TikTok anTeamskonnt dat awer einfach geléist ginn. D’Kombinatioun aus ville verschiddenen digitale Medien däerf a menger Dokteraarbecht net ignoréiert ginn, well déi alldeeglech, informell, digital Kommunikatioun plattformiwwergräifend stattfënnt.

Den Ament kann ech op jidde Fall soen, dass ech gespaant sinn, wou mech meng Fuerschung nach hibrénge wäert a wat et nach am Sproochgebrauch vun deene Jonken ze entdecke gëtt.  


D’Melissa Mujkić huet no hirem Bachelorstudium an der Germanistik an an der Franko-Romanistik op der Universität Augsburg an hirem Masterstudium an der Däitscher Philologie op der Universität Wien en Doktorat um Institut fir Luxemburgistik op der Universitéit Lëtzebuerg ugefaangen. Säitdeem beschäftegt si sech intensiv mat der Lëtzebuerger Jugendkommunikatioun an den digitale Medien.


1 D’Wuert „ume“ gëtt vun de Jonken als Steigerungspartikel benotzt, Bedeitung: vill, mega, déck.

2 „Delulu“ steet fir „delusional“, Bedeitung: eng Persoun, déi Wanvirstellungen oder Illusiounen huet.

3 „NPC“ steet fir „non-playable character“, Bedeitung: eng Persoun, déi am Hannergrond ass a keng eege Meenungen huet.

4 „Sus“ ass eng Ofkierzung a steet fir „suspicious“, Bedeitung: verdächteg. 

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code