Mat 3 offiziellen Amtssproochen an enger wuessender Internationaliséierung vun der Gesellschaft ass Lëtzebuerg op institutionellem, individuellem a gesellschaftlechem Niveau duerch eng komplex Méisproochegkeet gekennzeechent. Meng Fuerschung ënnersicht dobäi, wéi dës sproochlech Situatioun vun de Frontalier*ère wouergeholl gëtt, wéi eng Auswierkunge se op hiren Alldag huet, a wéi si mat dëser sougenannter Polyglossie ëmginn. Mäi Projet reit sech domat an d’Soziolinguistik an, e Volet vun der Linguistik, dee sech op de Gebrauch an d’Perceptioun, a manner op d’Form vun der Sprooch fokusséiert.
Fir d’éischt ass et wichteg ze erwänen, dass ech mat an iwwer Leit fuerschen. An dësem Fall handelt et sech ëm Grenzgänger*innen, déi ronn 45 % vun der Lëtzebuerger Aarbechtsbevëlkerung ausmaachen. Bis elo war et esou, dass virun allem Residentë mat der Lëtzebuerger Nationalitéit an/oder Lëtzebuergesch als Éischtsprooch Fuerschungsgéigestand waren. Duerch hir linguistesch an ekonomesch Wichtegkeet fir de Grand-Duché ass et awer essenziell, dass och Frontalier*èren a sproochlecher Hisiicht ënnersicht ginn. Ëmmerhi spille Franséisch an Däitsch wéinst de Grenzgänger*innen hirer Präsenz och an alldeeglechen Interaktiounen hei am Land eng zentral Roll, bezéiungsweis kuerbelt dëse Grupp eis Wirtschaft mat hirer Aarbechtskraaft an hire Steieren un.

Dono muss betount ginn, dass hir Perceptioun an d’Bewäertung vun der sproochlecher Situatioun wichteg Fuerschungsaspekter sinn. An dësem Kader kënne Sproochastellungen een Indikator dofir sinn, wéi et dëser Grupp hei am Land geet, a se kënnen esou d‘Sproochepolitik beaflossen. Dat bedeit, dass duerch Sproochastellunge Besoinen an eventuell Problemer vun enger wichteger Grupp gehéiert kënne ginn. A verschiddenen Etuden aus de leschten 10 Jore konnt well sproochlech Diskriminatioun géint si erfuerscht ginn. Och déi komplex Méisproochegkeet am Land kann zu ideologesche Konflikter féieren. An deem Kontext goufen nach linguistesch Strategien, fir duerch den Alldag ze kommen, vun den dacks manner méisproochege Frontalier*ère ënnersicht. Dofir dokumentéieren an analyséieren ech, wéi dëse Grupp déi verschidde Sproochen zu Lëtzebuerg, d’Méisproochegkeet an Handlunge mat Sprooche wouerhëlt a bewäert.
Bei menger Datenerhiewung hunn 372 Grenzgänger*innen op ee Froebou zu genau dësen Theemen esouwéi zu hirem Wëssen iwwert déi sproochlech Situatioun hei am Land geäntwert. Des Weidere sinn 19 Persoune vu mir interviewt ginn. Mat der Hëllef vu statistesche Programmer an Tester quantifizéieren ech d’Äntwerten aus dem Bou an ech ënnersichen, wéi eng Faktoren, wéi z. B. Alter, Aarbechtssecteur oder Residenzland, Afloss op d’Astellungen hunn. D’Interviewe ginn transkribéiert a mat Hëllef vun Textanalysmethoden ënnersicht. Hei versichen ech, d’Zuelen aus dem Bou mat méi déifgrënnegen Ausféierunge vu mengen Testpersounen ze verstoen esouwéi Grënn an Discoursen erauszeschaffen. Ech ginn de Projet also mat enger sougenannter mixed-method approach un, vu dass ech quantitativ a qualitativ Verfuere benotzen.
Wärend d’Méisproochegkeet als immens praktesch an noutwenneg jugéiert gëtt, trieden och vereenzelt Fäll op, wou Frontalier*ère sech vun de sproochlechen Ufuerderungen ënner Drock gesat fillen, oder sech duerch Gruppebildung ënnerhalb enger Sproochegemeinschaft ausgeschloss gesinn. Hei ass zum Beispill déi méisproocheg Praktik vum „Konvergéieren“, an dësem Fall wa Residentë sech konstant un d’Sprooch vun hirem Géigeniwwer upassen, eppes, wat engersäits vu Grenzgänger*innen zwar praktesch fir d’Erreeche vu kommunikativen Ziler bewäert gëtt, anerersäits awer als Hindernis, fir d’Sprooch ze léieren, beschriwwe gëtt.
Ausserdeem konkurréiert virun allem d’Franséischt mam Lëtzebuergeschen. Vill Befroter sinn der Meenung, dass dat Lëtzebuergescht méi present am Land soll sinn. Kloer gëtt awer och, dass éischter Franséisch als nëtzlech am Alldag bewäert gëtt, an do Lëtzebuergesch an der perséinlecher Liewenswelt eng éischter ënnergeuerdent Roll spillt. Trotzdeem fanne si, dass formelhaft Sätz op Lëtzebuergesch hëllefen, fir sech ze verstännegen, a fir sech vun de Residenten akzeptéiert ze fillen. Éischt statistesch Analyse confirméieren z. B. och bekannt regional Ënnerscheeder: Leit, déi am Norden oder am Oste vum Land schaffen, huelen d’Méisproochegkeet an hirem berufflechen Alldag als manner hëllefräich an do besonnesch Däitsch als nëtzlech wouer. Des Weideren trieden an hiren Erzielungen opfälleg redundant Musteren op, wéi z. B., dass d’Situatioun hei am Land gäre mam eegenen Heemechtsland verglach gëtt.
Dës sinn nëmmen éischt Resultater an et leien nach vill spannend Daten op menger Festplack, déi dorop waarden, analyséiert a berechent ze ginn. An och meng Positioun als Fuerscher dierf net einfach sou onkritesch higeholl ginn. Esou konnt ech a mengen Date méi wéi eemol feststellen, dass ech als Persoun mat Lëtzebuergesch als Éischtsprooch meng Interviewpartner*inne beaflossen. Ech si gespaant, wéi eng Erkenntnisser nach op mech waarden.
De Lou Pepin huet e Bachelor an der Germanistik zu Wien an e Master am Enseignement secondaire mat Spezialiséierung op Däitsch op der Uni Lëtzebuerg ofgeschloss. Aktuell mécht hien en Doktorat an der Lëtzebuergescher Sproochwëssenschaft a befaasst sech haaptsächlech mam sozialen Impakt vu Sproochen.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
