Autorennotiz:

Guy Engels

Artikel dieses Autors:

Concertssaison 2011/2012

Kulturchronik

Et deet sech eppes an der klenger Lëtzebuerger Musekswelt, Changementer — déi eng méi grouss, déi aner méi kleng —, déi al Gewunnechten op d’Kopp geheien, Zeeche vun Upassungen un e scheinbar nach ëmmer neit Ëmfeld sinn. Den Zesummeschloss Rencontres musicales Luxembourg gëtt et net méi. Wat sengerzäit als eng gemeinsam Plattform tëscht dem Philharmoneschen …

Diesen Artikel als PDF ansehen. (0.13 MB) 0.13 MB

Musik, Marketing & Gehälter

Am September huet d’Philharmonie hier Saison 2010/2011 opgemaacht — an dat wéi gewinnt mat engem musekaleschen Topevenement. Éischten Invité am Concertshaus um Kierchbierg war de Gustav-Mahler-Jugendorchester ënnert der Leedung vum Herbert Blomstedt. Solist war de Bariton Christian Gerhaher, deen dem Mahler seng Lieder eines fahrenden Gesellen interpretéiert huet. Als zweete Komponist huet sech en anere …

Diesen Artikel als PDF ansehen. (0.08 MB) 0.08 MB

Fusioun Philharmonie-OPL

Der Kulturministesch hir Conclusiounë ware sech z’erwaarden, an och wa nach ëmmer äifreg vu verstäerkte Synergie geschwat gëtt — eigentlech leeft alles op eng Fusioun vun der Philharmonie an dem Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg eraus. Eng nei gemeinsam juristesch Struktur, wéi se a spéitstens 18 Méint soll realiséiert sinn, kann näischt anescht bedeiten. Um Enn vun …

Diesen Artikel als PDF ansehen. (0.14 MB) 0.14 MB

Lokomotiv

D’Saison 2009/2010, déi lues awer sécher op en Enn geet, war alt nees emol eng ganz intressant an och eng spannend. Spannend war an deene leschte Woche vrun allem d’Fro, watfir ee Zeenario sech déi islännesch Äschewollek nees géing ausdenken, fir och am Museksliewen ee gehéieregen Duercherneen ze provozéieren. Op musekaleschem Niveau konnt ee sech …

Diesen Artikel als PDF ansehen. (0.27 MB) 0.27 MB

Nationalbibliothéik www.bnl.lu

Fir d’éischt déi positiv Nouvelle: d’Nationalbibliothéik huet hier Internetsäit opgefrëscht. Virun e puer Woche gouf déi aktualiséiert Versioun vu www.bnl.lu offiziell presentéiert. D’Offer ass elo nach méi breetgefächert a beschränkt sech net nëmmen op d’Sich no Bicher. De Benotzer vun der Internetsäit gëtt iwwer Manifestatioune vun der Nationalbibliothéik informéiert, hie gëtt gewuer, wann nei Publikatiounen …

Diesen Artikel als PDF ansehen. (0.12 MB) 0.12 MB

Pro a contra Abonnementsconcerten

Dës lescht war an der Süddeutschen Zeitung en intressante Pro a Contra iwwert de System vun den Abonnementsconcerten ze liesen. Abonnementsconcerte sinn eigentlech eng Ierf- schaft aus dem 19. Joerhonnert, wéi d’Concerts-wiesen ëffentlech an zum Deel och demokratesch ginn ass. Aus den Hänn vum Adel ass d’Kulturliewen an d’Responsabilitéit an och d’Finanzéierung vun der Bourgeoisie …

Diesen Artikel als PDF ansehen. (0.12 MB) 0.12 MB

D’Fête de la musique nei iwwerdenken

Loosse mër vläicht emol ë bësse stëppelen an einfach behaapten, datt de Label Fête de la musique mëttlerweil en Allerweltslabel ginn ass, eng Marque, ënnert däer sech alles verpaken a verkafe léisst, wat mat Musek ze dinn huet. Dat muss guer net schlecht sinn, a mir sinn doudsécher ee vun deene Leschten, déi géifen ee …

Diesen Artikel als PDF ansehen. (0.11 MB) 0.11 MB

Kris an OPL

An Amerika, do wou d’Kultur ze soe ganz vun der Privatwirtschaft ofhänkt, kritt se d’Konsequenze vun der Kris och am däitlechsten ze spieren. Operenheiser ginn zougemaach, Orchesteren entloosse Museker, an de Produktioune gëtt gespuert. Den Dirigent vum Houston Symphony Orchestra, den Hans Graf, huet eis an engem Gespréich verroden, datt et fir déi nei Saison …

Diesen Artikel als PDF ansehen. (0.11 MB) 0.11 MB

Iwwert d’Finanzéiere vu Kultur zu Lëtzebuerg

Ronn 1,9 Milliounen Euro Boni huet d’Philhar-monie am Joer 2007 gemaach. Opgrond vun dësem zolitten Iwwerschoss freet d’Anne Brasseur, ob et net ubruecht wär, de Loyer fir déi einheimesch Orchesteren — Philharmoneschen Orches­ter Lëtzebuerg, Solistes européens a Musiciens — no ënnen z’adaptéieren? D’Kulturstaatssekretärin Octavie Modert äntwert der DP-Deputéierten, datt de Budget vun der Philharmonie differenzéiert …

Diesen Artikel als PDF ansehen. (0.09 MB) 0.09 MB

75 Joer OPL

Mat senge 75 Joer steet den OPL nach voll am Saaft an ass bei beschter Gesondheet. Kuckt een esou duerch d’Reien, da kënnt et engem vir, wéi wann den Orchester e Becher voll aus dem Jungbrunne gedronk hätt. Vill jonk an nei Gesiichter erbléckst een hannert de Pulter, Museker, déi eréischt zanter kuerzem hire Concours …

Diesen Artikel als PDF ansehen. (0.10 MB) 0.10 MB

Muséksfestivalen

D’Lëtzebuerger Musékszeen ass an deene leschte Joren zolitt a Bewegung geroden. Vun engem Äerdbiewen ze schwätze wär vläicht e bëssen iwwerdriwwen. Mä vun Zäit zu Zäit gëtt et Stéiss, Verwerfungen, déi d’Musékslandschaft nei gestalten. Affer vun dëser kulturpolitescher Tektonik sinn nach ewell gären déi sëlleche Festivalen oder och verschidde Concertsreien. Jorelaang zum Beispill huet de …

Diesen Artikel als PDF ansehen. (0.10 MB) 0.10 MB

E Musée op den Dräi Eechelen

Wéini geet de Musée op den Dräi Eechelen op, kee weess et! Wat gëtt an deem Musée gewisen, dat ass nach net richteg — oder nach ëmmer net gewosst? Deen neien, nach ëmmer eidele Musée ass scho bal esou al ewéi Methusalem, deen Androck kann een op alle Fall hunn, wann een zréckkuckt a bedenkt, …

Diesen Artikel als PDF ansehen. (0.10 MB) 0.10 MB

Quo vadis CMNord?

Vum Hierscht u ginn d’Stëmmen am Ettelbrécker Conservatoire nei verdeelt. Dirigenten aus de Gemengen Ettelbréck an Dikkrech hunn dat esou décidéiert. D’Bierger aus hiren Uertschafte spillen elo déi éischt Gei. Wien aus den Nopeschgemengen nach wëllt mat an den Orchester kommen, dee muss kräfteg derfir berappen. Dat gefält net nëmmen deene betraffene Leit net, mä …

Diesen Artikel als PDF ansehen. (0.10 MB) 0.10 MB

D’Realitéit vum Concertsbetrieb

Eigentlech heescht et jo «Et kann ni Musek genuch ginn» — ee Saz, dee mir mat zwou Hänn ënnerschreiwen. Dat ass een Ideal, dat ee sech als Ziel ka setzen. Nieft deem Ideal gëtt et awer och d’Realitéit, d’Realitéit vum Concertsbetrieb am klenge Lëtzebuerg, an engem Land, dat ee ganz begrenzte Réservoir u Publikum fir …

Diesen Artikel als PDF ansehen. (0.11 MB) 0.11 MB