‘t sief dann…
10. Abrëll. 16.38’00“ Auer. 48°52’34,0″ N 2°21’29,6″ O Mäin Numm ass François, an ech weess net, wat ech hei soll. Dass mir äis elo net direkt mëssverstinn, ech mengen „hei“ net am Sënn vun „an dësem präzise Moment op genee dëser Plaz“, mä iwwerhaapt oder wéi et esou schéin heescht „global“. Dat Wuert kënnt ëmmer …