forum_C: „SIXTY8“ vum Andy Bausch

Den Andy Bausch huet sech ëmmer schon als Geschichtenerzieler verstanen. Vläicht huet de Staatsminister Bettel dëst och gemengt, wann en dem Bausch an engem Tweet (26.09.2017) „Merci fir dei ennerhaalsam a witzeg Geschichtsstonn“ seet. Well eppes ass ganz kloer: eng historesch Erklärung an Interpretatioun vun enger Epoche kritt een am Bausch sengem Sixty8 net presentéiert. An typescher Bausch-Manéier hëlt een als Spectateur hei éischter Deel un enger gehuewener Bistrosronn. Ee filmescht Stilmëttel wéi  de Split Screen setzt d’Charakteren (d’Zäitzeien) zesummen an d’Bild, sou datt den Androck entsteet, si géingen op hier géigesäiteg Discourse reagéieren. Dat verstäerkt d’Gefill, et géif ee mat hinnen um Staminee ze sëtzen. Dat ass u sech net wierklech ee Problem, mee et verléisst een de Film awer e bëssi onschlësseg. Ëm wat goung et dann hei eigentlech? Aus verschiddenen Erënnerungen entsteet ee Collage, deen een Zäitportrait vun der 68er Beweegung, déi a Lëtzebuerg éischter ëm 1971 stattfonnt huet, erëm vermëttele soll.


(c) PTD

Sou ee Portrait op Basis vun Interviewen ass natierlech fragmentéiert; d’Erënnerunge sinn deels flou, vu Nostalgie oder Regrets gekennzeechent, gedroe vu Selbstironie oder ­duerstellung. D’Stëmme vermëschen sech, ouni grousse Widdersproch, a ginn och net duerch Historiker oder Archivbiller ‘gestéiert’. Amplaz d’Lächer an der Narratioun offensichtlech ze maachen, gëtt probéiert, si duerch Reenactment-Zeenen ze fëllen, sou datt d’Resultat glatgebiischt wierkt. Eng Rahmenerzielung (schwaarz-wäiss gefilmt) soll dem Ganzen eng Struktur ginn. Sou gëtt bei all neiem Kapitel een Typ vum Spëtzeldéngscht gewissen, deen op senger Schreifmaschinn probéiert, Evenementer thematesch zesummenzefaassen. Allerdéngs ass hie selwer ee Figment vun der Erënnerung vun engem Zäitzeien, wat déi absolut Autoritéit vun den Interviewte betount.

De Film taascht sech iwwert de Mee 68 zu Paräis an dem amerikanesche  Protest géint de Vietnam-Krich erun u Lëtzebuerg, wou an der Musek- a Konschtzeen éischt Indizie vu Protest opkommen. Tëscht den Zeile kritt een hei sozial Spannungen tëscht den “Bourgeoisen” an der “Bohème”, virun datt si zu “Bobos” zesummegeschmolt sinn. “D’Stonn vun der Fra / Monique Melsen” ass dat schwächste Kapitel, wou d’Monique Melsen (Eurovision 1971) den Iwwergank méscht zu de Schülerprotester, der Assoss (Association générale des Etudiants du Luxembourg) an dem Comité Vietnam.

De Bausch seet a senger Pressemapp, datt hie wollt e Film iwwert eng Jugend maachen, “déi sech eng eegen Identitéit sicht an déi bestoend Verhältnisser a Wäerter vun eiser Gesellschaft a Fro stellt”. Wat an de fragmentéierten Erzielungen awer ganz kloer erauskléngt, ass d’Onméiglechkeet vun engem homogenen Narrativ iwwert dës Zäit, an esou och d’Onméiglechkeet, sech eng positiv Identitéit – déi iwwert eng Ofgrenzung vum ‘Ancien Régime’ erausgeet – opzebauen. Et ass kee Wonner, dass Filmemaacher ewéi de Garrel an de Bertolucci, déi selwer Deel vun der Beweegung a Frankräich waren an dës Erfarungen a spéidere Filmer opschaffen, sech ganz kloer fir d’Formstruktur vum Dram an der Poesie entscheeden. Si erkennen, datt et keng homogen Beweegung 68 gouf, mee ganz ënnerschiddlech Erliefnisser a subjektiv Erënnerungen. Si hunn och verstanen, datt et am Fong keng Sprooch gëtt, fir iwwert eng Zäit ze schwätzen, déi hir Valoriséierung am “dogéint” opgebaut huet.

Hei läit awer paradoxerweis déi subtil Stäerkt vum Film, an enger Expositioun vun der Onméiglechkeet, sech konkret an engem Narrativ vun dësem Event, dat jo u sech kee war, anzeschreiwen. Bei der 68er Beweegung handelt et sech och ëm e retroaktiv konstruéierte Mythos am Sënn vum Barthes. Et kritt ee séier mat, datt 68 als een Zeechen ouni Referenz retrospektiv opgebaut gëtt, an de Film illustréiert den Zäitportrait als Assemblage vu fragmentareschen Erliefnesser. Dëst wëll op kee Fall heeschen, datt des Zäit keen Opbroch duergestallt hätt, mee éischter datt den Opbroch keng alternative Sprooch konnt entwéckelen.

Hei sicht eng Jugend eng Identitéit, déi sech géint Autoritéit forméiert. Dës Beweegung léint sech divers Konzepter aus anere Kulturen a Kontexter. Dat prägnantste Beispill ass dann déi “rout Bibel”, dem Mao Tse-tung seng “Worte des Vorsitzenden”, déi vun de Jonken zwar an der Boxentäsch gedroen, mee net gelies gouf. Sou versteet sech dann och séier, datt déi sougenannte Revolutioun hier Valoriséierung deelweis grad duerch d’Autoritéite krut. Déi relativ louche Geschicht, wou zwee Membere vun der Sûreté op eemol an de Stroossendéngscht versat goufen, bleift ongekläert stoen am Bausch sengem Film. Et kann een unhuelen, datt d’Sûreté selwer realiséiert huet, datt se duerch Aktioun dem Protest Liewe ginn. Als Historiker kann ee just hoffen, datt d’Analys vun den Archiver vum SREL – wéi si versprach gouf – de Geheimdéngscht als Akteur méi verständlech méscht. De Film bleift awer bei Clins d’oeil a naiver Verwonnerung stoen. Sou schéngt de Lucien Blau méi erstaunt, datt seng Mamm eng Kéier näischt gekacht hat, wéi datt d’Police seng Eltere verhéiert.

Dem Bausch seng dach éischter traditionell filmesch Erzielmanéier struewelt mat dem Contenu, deen sech géint traditionelle Konformismus opbeemt, an dobäi eng nei Zort vun Dogmatismus produzéiert. Et gëtt oft widderholl, datt d’68er an hier Epigonen sech géint een autoritären Discours gestallt hätten, deen hei am Land net nëmmen duerch eng bourgeois Norm, mee och duerch de Poids vun der Kierch representéiert gouf. Wéi patriarchalesch deen Discours war, an zum Deel och bliwwen ass, weist de Film och, allerdéngs op eng méi subkutan Manéier. D’“Stonn vun der Fra” schéint sech an enger Bewonnerung fir weiblech Formen ze resuméieren. Wann d’Berthe Lutgen weist, wéi hier Konscht z. B. eng sexistesch Reklamm vun engem Fraenhënner mat dem gebéckte Réck vun enger Hausfra konfrontéiert, bleift de Bléck vun der Kamera op der sexistescher Reklamm hänken. Och hätt een sech gewënscht, datt d’Ufäng vum moderne Feminismus a weiblecher Selbstbestëmmung, déi ganz kloer an dëser Zäit louchen, méi kloer erausgeschafft gi wieren. Dem Guy Peiffer säin Zitat iwwert de Planning Familial, datt “jo ëmmer scho gebimmelt gouf”, steet onglécklech kontextlos am Film an ënnersträicht, datt sech an dem Bausch senger Bildsprooch och net vill geännert huet. Miss-Wahlen a Gogo-girls gouf et scho laang virun der ‘révolution sexuelle’ an hunn domat näischt ze dinn. “Gewibbelt a gewabbelt” hunn d’Miniräck, schwäermen déi al Hären. Si ignoréieren, datt op den Archivbiller just Meedercher ze gesi sinn, déi praktesch d’selwecht ugedoe sinn an d’selwecht Coiffuren hunn wéi si.

Hir eege laang Hoer waren awer een Zeeche vu individueller Rebellioun an d’Jugendbeweegung huet effektiv eppes opgebrach, wat sech an den 1970er an 1980er entwéckele konnt: MLF, Friddens-, Drëttwelt- an Anti-AKW-Beweegunge foussen op 68. Mee hiren Afloss schéngt schwéier gräifbar: an der Consdorferscheier gëtt lo näischt méi futti geschloen, mee Fitness gemaach; d’Fils-à-papa, déi am Dany Cage gekifft hunn sinn haut Affekoten a Riichter.

Dës Realitéit schéngt am Bausch sengem Film duerch. Géint Schluss sëtzen dann och seng Interview Partner relativ resignéiert an hire respektive Büroen a Stuffen a fannen net déi richteg Wieder fir hir Erzielungen op e Schlusspunkt ze bréngen. Vläicht ass dës Onméiglechkeet vun engem alternativen Discours och dorobber zeréckzeféieren, datt den Opbroch haut nach als Echo existéiert. Hei feelt am Bausch sengem Film ganz kloer e Bezuch op eis Zäit an den dominanten Afloss vun dësem 68er Opbroch. D’Erzielunge vun de Personnagen, esou interessant se un a fir sech och sinn, verléieren hir Relevanz, well si an engem Vakuum gefaange sinn, net nëmme wat hier Zukunft ugeet, mee och well de Lien zur Vergaangenheet feelt. Et hätt een sech och een Zäitzeien aus der Nokrichsjore gewënscht an esou d’Erliefnesser vun enger Generatioun, déi net verstanen huet, wéisou Stabilitéit zu engem Gefill vu Gefaangesi bei der Jugend gefouert huet.

 

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code