Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

De Koschter, grad wi den Här Bëschof, den LW-Direkter, de Lambert Schlechter a wuel nach vill aner Leit, wor erschreckt, wi en dem Josy Braun säin Artikel am tageblatt vum 25. Juni 1977 gelies huet, wou en de Poopst Paul VI. mam Idi Amin zesumme wëllt oofsetzen a praktesch gläichstellt. Wann de Koschter och de sarkasteschen Toun ka verstoen, su mengt en awer, och deen hätt Limiten, fir dass e kann als sollechen eescht geholl gin. Et fannen sech och objektiv Feeler an deem Artikel (z.B. dass de Poopst de Fall Lefèbvre héichgespillt hätt – wu dach eendeiteg d’Massemedien dodru Schold sin.)

Méi schlëmm fënnt de Koschter awer, dass den Här bëschof et fir néideg fonnt huet, ausgerechent op dësen Artikel öffentlech matt engem Protestbréif ze äntwerten. Wéi oft goufe schon an där Zeitung, di vun sech behaapt, der Kiirch nozeston, Chrëschten an Nët-Chrëschten duerch den Dreck gezun oder lächerlech gemat, ouni dass den Här Bëschof öffentlech dogéint protestéiert hätt!!? Dem Här Bëschof säi Protest am ‚t‘ schéngt dem Koschter dofir onglaafwierdeg.

Vrun e puer Wochen konnt e gewëssen ‚Argus‘ am LW behaapten, d’Schlussprozessioun wär eng eenzeg grouss Manifestatioun géint d’Regierung gewiescht, ouni dass d’Bistum dësen ongeheierlechen parteipolitesche Mëssbrauch vun engem reliéise Fest iirgendwéi richtegstelle gelooss hätt. Haut protestéiert den Här Bëschof eenzeg an eleng géint en Ausrutscher am tageblatt. An der Synodevierlag iwert ‚Glaw a Politik‘ schéngt (dem Koschter wéinegstens) eng aner Haltung gefuerdert ze gin. GAG

De Koschter as frou, dass d’Iddi vun enger erweiderter Redaktiounskonferenz esou groussen Uklank fonnt huet (vgl. forum 16, läscht Säit). E wär awer frou, wa fir déi näxte Kéier (13.9.77) sech géif méi wéi een umällen (Tel. 269 75). ‚Der Leser sind viel, aber der Mitarbeiter wenige!‘ (Goethe o.ä.)

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code