Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

No allem, wat déi lescht Deeg passéiert as, muss ech folgendes bei den Artikel bäischreiwen, deen am Dossier iwwert ons Por publizéiert gët.

Wéi de Jupp viru bal 19 Joer als Paschtouer op Nidderaanwe koum, hat hien mam Här Bëschof Hengen zwou Saachen ofgemaach:

  1. hien as net installéiert gin, dat heescht de Bëschof konnt hien all Moment zreckruffen;
  2. hien hat d’Erlaabnis, verschidde nei Weer an der Pastoral auszeprobeieren (wat hie während 3 Joer um Institut Catholique zu Parais studiert hat).

Während deenen elo bal 19 Joer si mir zesummen e ganzt Stéck Wee gaang, hun eis Gedanke gemaach, wat d’Evangelien haut eis nach ze soen hun, wéi ee kann am 20. Joerhonnert Chrëscht sin. Dat hat och en Afloss op d’Manéier, wéi mir verschidde Sakrament ferieren (esou wéi et am Dossier-Artikel "Mir sin eng Por" kuurz beschriwen as).

Eng Kéier hate mir eis Positioun zum Thema éischt Kommunioun öffentlech erklärt an engem Bréif, dee mir un de Bistum an un déi dräi gréisst Zeitunge verschéckt haten (5.12.1987). An der "Hei elei, kuck elei"-Sendung vum 22. November 1987 hat eng Mamm dem Här Bëschof Hengen eng Fro gestallt zum Thema éischt Kommunioun zu Nidderaanwe a mir hun dorop hin eng Erklärung geschriwwen, firwat ët bei eis keng "feierlech Eischtkommunioun" méi géng gin. Et waren dorop hi nach verschidde Bréiwer an den Zeitungen, dorënner och e gréisseren Artikel vum Här R. Fisch (deemols Dechen zu Miersch) mat der Iwerschreift "Erste Kommunion mit oder ohne Fest" (L.W. vum 19.12.1987). Mir hun den Här Fisch op Nidderaanwe ageluden, fir mat him ze schwetzen. Zu Gespréicher mat anere Poren oder um Niveau vun der Diözes as et nët komm (wat den Här Fisch a sengem Artikel virgeschloen hat).

Am Wuert vum Här Erzbëschof F. Franck fir d’Faaschtenzäit 1991, iwwerschriwen : "De Fridde soll mat Iech sin!" steet op Säite 2 ënner dem Abschnitt "Kontakt a Gemeinschaft":

"Dës éischt Méint, wou mir zesummesin, wëlle mer matenee Kontakt ophuelen. Ech selwer versichen, nodeems ech 13 Joer am Ausland war, mech der lëtzebuerger Realitéit op en neits ze stellen. Dozou brauch ech Är Hëllef, op déi ech zielen. Op all déi Begéignongen awer, déi äis wäerten zesummeféieren, freën ech mech zudéifst…

Besonnesch freën ech mech awer och op eis Kontakter vu méi perséinlecher Aart an op eis Begéignongen um lokale Plang, an de Paren, bei de kiirchleche Mouvementer a Servicer. Well sin nët grad esou Begéignongen, wou den Dialog, d’Gemeinschaft an d’Frëndschaft wuessen, eminent kiirchlech Ereegnësser? Och Jesus Christus huet jo esou Begéignongen mat de Mënsche gesicht a gefieegt: mat den Apostelen a Jünger, mat senge Frënn Martha, Maria a Lazarus, mat deene Kranken, Aarmen a Schwaachen, mat groussen a klenge Mënschegruppen: doraus as seng Kiirch entstanen!…"

Donneschdes, den 25. Abrël 1991, war de Jupp bei den Här Franck bestallt. Hien hat gefrot fir de Porrot oder 1-2 Memberen däärfe matzebréngen, mee dat as nët gaang. Wéi de Jupp eis matgedeelt huet, dass hie soll séng Demissioun als Paschtouer vu Nidderaanwen areechen, well hien sech selwer an d’Kiirch géng onglaubwürdeg maachen durch séng Priedegten, Schreiwen an Handelen, du hu mir eis gefrot, wat dat fir eis als Por géng bedeiten. Samschdesmettes (27. Abrël 1991) hu sech 29 Leit zesummefonnt, fir en éischte Meenungsaustausch.

Mir versti nët, wéi kann esou séier esou eng Décisioun geholl gin, ouni mol e Gespréich ze féieren. Et kann een nët en Artikel oder eng Meenung einfach veruurteelen, ouni iwer d’Uersaachen an d’Problemer ze schwetzen, déi zu dëse Positioune geféiert hun. Et war eis wichteg ze weisen, dass de Jupp nët eleng do steet, mee dass hien e Member vun eiser Gemeinschaft as. Mir si bereet, dem Här Franck ze hëllefen, "sech der lëtzebuerger Réalitéit ze stellen" (cf. Faaschtebréif) an hun Him duerfir e Bréif geschriwwen, wou mir Hien op Nidderaanwen alueden. Dëse Bréif as Sondesowes (28.4.1991) an der Haaptpost ageheit gin a war ënnerschriwwe vun 144 Erwuessener aus der Por.

De Jupp hat viru bal 3 Joer séng Pensioun gefrot aus der Iwwerléung, das hien och mat manner Suen zefridde wär; hien hat sech deemols awer bereet erklärt, souwäit him séng Gesondheet ët géng erlaben, sech weider ëm d’Por ze bekëmmeren.

Deen Eclat do war also ganz iwerflësseg, e weist, dass se am Bistum nët wëssen, wat um Terrain leeft. Wat heeschen dann esou Wieder wéi "Begéignongen um lokale Plang wou den Dialog, d’Gemeinschaft an d’Frëndschaft wuessen", wären "eminent kiirchlech Ereegnësser" (cf. Faaschtebréif)?

Deen Eclat do war also ganz iwerflësseg, e weist, dass se am Bistum nët wëssen, wat um Terrain leeft.

Här Franck, Äre Leitsproch as "Ut unum sint", fir dass mer eens solle sin. Mee op déi do Manéier geet ët nët.

Déi Virwërf, déi dem Jupp gemaach gin, betreffen nët direkt d’Por, an duerfir froen ech mech, firwat ët him nët erlaabt wär, och wann hien d’Pensioun huet, nach e Stéck Wee mat eis ze goen. A mengen Aë wär dat vum pastorale Plang eng gudd Léisung, well ët géng eventuell erlaben, en Iwwergank ze schafen zu enger neier Situatioun. Wann z.B. e Geeschtlechen zoustänneg gët fir e puer Poren, géng dat erlaben, dass elo nët e staarke Broch wär, mee dass mer eis géngen kenneléieren, zesummeschaffen an no a no zesummen ennerwee wären. Mir kënnen nët einfach dee Wee elo zréck goen, op deem mir schon esou laang ënnerwee sin. A fir eis Kanner hu mir bei hirer Daf en Engagement geholl, a mir sin hinnen an eis ët schëlleg, dass mer probéiere weiderzefueren. Et sin ëmmerhin op d’mannst 50 Kanner ënner 12 Joer.

Et si natiirlech no dësen Evénementer ganz vill Reaktioune komm, vu Bestierzung, Roserei bis zur Iwwerléung aus esou enger Kiirch auszetrieden. Verschidde Leit soen, dass si duerch d’Por erëm zum

Wer seine Betroffenheit schriftlich äußern will, kann seine Reaktion richten

  • an den Herrn Erzbischof, 3, avenue Marie-Thérèse, L-2132 Luxembourg
  • an Pfarrer Jupp Wagner, 130, route de Trèves, L-6940 Niederanven
  • an die Pfarrei Niederanven, 130a, route de Trèves, L-6940 Niederanven
  • an unsere Redaktion, die sie dann weiterleitet.

Es wäre sinnvoll zu präzisieren, ob das Schreiben veröffentlicht werden darf. "forum" plant, gegebenfalls eine Sondernummer mit Reaktionen zur Amtsenthebung von Jupp Wagner zu veröffentlichen.

Inzwischen zirkulieren auch auf Initiative des Info-Video-Zentrums Unterschriftenlisten mit der Bitte an den Erzbischof, von diesem

Glawe fonnt hätten a fille sech elo widder de Kapp gestouss. Wéi een un den Ennerschriften gesäit, gehéieren eng Rei Leit zur Por, déi nët do wunnen, mee déi op iergendeng Manéier Kontakt font hun an ët wichteg fannen matzemaachen.

Här Bëschof, "Ut unum sint", as dat Ärt Uleies?

Josée (29. Abrël 1991)

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code