Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
(1936-1951)
Sonndes geet den Elio mat séngem Papp op de Futtball. "Kuck den Arbitter!" seet den Cesare. "Dee Schwaarzen!" Den Arbitter as dem Cesare Mascarotti
Roger Manderscheid
ti säi Kolleg aus der Galerie. All fënnef Minutte rifft den Cesare: "Elio, kuck den Arbitter!" Den Elio léiert, iwwert dem ganze Mätsch nëmmen op den Arbitter ze biichten. Déi 22 Spiller si jhust komesch Statisten, déi um Wues en drolegt Gerenns a Geplous opféieren, eng wëll Juegd vun engem Gol bei deen aner an nees zréck. "Firwat laachs de?" freet den Cesare. "De Ball!" kickelt den Elio. Hie ka séngem Papp dat nët richteg erklären. Hie fënnt et bosseg, wéi all déi Leit ëmmer nëmmen dem Ball nokrossen a wéi besiess mam Fouss draknuppen. "Hues de gesin, den Arbitter?" rifft den Cesare. Dann hält den Elio op mat Laachen a konzentréiert séch nees op den Arbitter. Dat as wéinstens derwäert. Den Arbitter mécht bei deem topege Geditz a Gehetz rondërem de Ball guer nët mat.
Hie rennt och nët wéi en Halwerweis hin an hir. Béckt de Kapp nët wéi e Stéier, dee séch op d’rout Duch geheit. Flitt nët an de Bulli, facht nët vu Roserei mam Tallek Fatzen aus dem Gras. Den Arbitter as wonnerbar roueg. Hie schwieft iwwert den Terrain. Hieft d’Ärem, wéi wa se Flilleke wären. Dréint op den Zéwespëtzen eng Pirouett wéi en Dänzer. Dabbert op eemol hannerécks mat enger onheemlecher Vitess! Pucht séch ni an d’Gewulls. Steet ëmmer op der Säit, wann d’Spiller séch grad wéinst dem Ball zerfuppen. Roueg op der Säit. Hien hopst am Hallefkrees rondërem dee sturazegen Trapp, liicht, kuckt iwwerdeems och nach op séng Auer, wéi bäilefeg, ruddert mam Aarm, "weider! weider!", wéi d’Spiller séch op eemol mat Hänn a Féiss aneneeverkrämpt hun. Wa sou eng Knujhel nët vum selwe lasspréngt, päift den Arbitter schaarf an hieft den Aarm an d’Lut. Poulriicht steet hien um Terrain. Weist mam Fanger d’Wollécken iwwert der Stad a léisst aus sénger Päif dee schéinste Kreesch sprangen. D’Spiller maache séch no alle Säiten ewech. Keen as sou kéng, iwwert den Arbitter ze maulen. Keen as sou kéng, dem Arbitter och nëmmen eng quokeleg Grimass ze schneiden.
Nom Mätsch humpelen d’Spiller zréck an d’Kabinnen. Dat as nét schéin ze kucken. Si gesin eraus wéi no enger Kläpperei. Déi eng hun d’Hiemer zerrass, déi aner d’Lasticker an de Strëmp verluer. Ee kippt mam Fouss stänneg ëm, well e Bëlles aus där anerer Equipe him de Schung vun der Fiescht erofgetrëppelt huet. Een aner blutt aus der Nues. Hie fiirt séch mat der bluddeger Hand iwwert d’Stir, fir de Schweess ewechzereiwen. Dee roude Saaft drëpst iwwert d’ganzt Gesiicht. Déi zwee Goolkipper si vun uewe bis ënne mat Bulli begladdert. Dräi Meter virum rietse Gol steet éiweg e Waasserpull. Deen dréchent souguer am déckste Summer nét aus. Kee Mënsch weess, wou dat Waasser hiirkënnt (laang nom Krich, wéi se de Futtballsterrain mam Bagger opgerappt hun, fir Appartementshaiser dropzebauen, hu s’erausfonnt, datt ënnert dem Gol erduerch eng al Waasserleitung gelaf as, déi jhust op där Platz gerass war a stänneg geséitert huet). Dee Pull virum rietse Gol as am ganze Land bekannt. All d’Goolkipper, vum Eislek bis erof an de Minett, bekräizege séch, wann e Mätsch op deem Terrain ugesot as. Si strëppe séch alt gläich en zwete Läpp iwwert den Tricot. Well et as sou sécher wéi Amen am Gebied, datt de Goolkipp iwwert dem Mätsch d’Fassad gemaach kritt.
All Kéier, wann e Spiller mam Ball an de Stroofraum fatzt, weess de Goolkipp, wat op hien duerkënnt. Well et léisst kee Balltrëppeler séch de Spaass entgoën, mat zwee Féiss an de Pull ze sprangen, datt et sprutzt bis iwwert déi iëwescht Lat vum Gol. Dack huet de Goolkipp no sou engem expressege Spronk där Bullisflaatschen an d’Aë kritt a ka jhust nach blann rondëerem séch fachen. De Spiller huet da wonnerbar Zäit, de Ball gemitterlech iwwert d’Goollinn ze schären. Méi wéi ee Goolkipp verléiert duerop d’Nerven an hault wéi e Wollef an enger Vollmoundnuecht. Een huet souguer eng Kéier séng Goolkippskap an d’Waasserlach geklaakt, séng Händschen hannert de Gol an de Pesch gejhummt, an as matzen an der zweter Halschent sénger Wee gaang.
D’Arbitter probéieren, de Spiller déi Naupen auszedreiwen. Virum Mätsch kréien d’Stiermer ageschäärft, schéin e Bou rondërem d’Waasserlach ze maachen. Soss géife s’e Concert héieren op dem Arbitter séngem Instrument. Mee da laachen d’Spiller nëmmen. Well néirens am Réglement steet geschriwwen, et wär verbueden, de Ball duerch e Pull ze rullen. Et päift och ni en Arbitter, wann et am Waasserlach dauscht. Zevill gär géife s’eng Regel aus dem Hutt zauberen, fir dem Bulliskrich en Enn ze maachen. Déi Häre vum Futtballverband kommen och alt den Terein inspizéieren an dreën dem Veräin, d’Equipe géif fir e ganzt Joër gespaart, wann dat Waasserlach nét de Sonnden drop verschwonn wär. Da gin e puer Schubteimere mëlle Suebelbuedem an d’Lach geschott a festgetrëppelt. Mee sonndes glënnert d’Bulliszopp nees virum rietse Gol.
Nom Mätsch humpelen d’Spiller gepierpelegt, gestrummt an zerschannt zréck an d’Kabinnen. Als leschte kënnt den Arbitter iwwert d’Mëttellinn geschréckt. Op der flaacher, rietser Hand huet hien de Ball leien. Ee vun den Assistenten huet de Ball fir ‚t éischt un engem Putsch Gras proppergeriwwen, ir den Arbitter e gereecht krut. Op dem Arbitter sénger schwaarzer Uniform entdeckt den Elio kee Fleck, kee Rass, mol keng falsch Fal am Stoft. Den Arbitter klëmmt aus där Bullisschluecht eraus, wéi wann hie frësch vum Coiffeur kéim. "Gutt, Menn!" rifft den Cesare, an den Arbitter wénkt ganz liicht mat zwee Fangere vun der lénker Hand. Dem Elio säin Häerz hummert bis erop an den Hals. "Has de gesin, den Arbitter?" seet säi Papp a klappt him op d’Schëller. Mat zéng Joer seet den Elio zu séngem Papp: "Ech gi gär Arbitter!" Den Cesare laacht a seet: "Fir ‚t éischt léiers de mol schaffen!"
Guy Rewenig
Extrait aus dem neie Roman "Grouss Kavalkad", Editions Phi, 270 Säiten, 850 F, 1. Oplo (1 000) März 1991, 2. Oplo Juni 1991
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!