melody an annabell
Notizen iwwer dem Roger Manderscheid séng Erzielung "feier a flam"
Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Notizen iwwert dem Roger Manderscheid séng Erzielung "feier a flam"
Roger Manderscheid, Feier a Flam,
Editions PHI, Iechternach 1995,
510 Säiten, 1250 F.
Maggy an Nadine. Katja a Mea. Line a
Rita an esou weider. An zu gudder lescht
dat schéinst, dat bescht, d’grouss Léift,
d’Astrid. Ét gin d’ér Frae vill, déi dem
Christian Knapp (geruff Chrëscht) a sén-
ge jonke Joren iwwert de Wee lafen, séch
a séng onbehollef Ärem drécken, ouni
awer säin "onverschuimt verlaangeren no
léift" z’erfëllen. Dat eleng bréngt d’Astrid
fäerdeg, nëmmen d’Astrid a soss kee wéi
d’Astrid huet de Schlëssel fir dem
Chrëscht säi ganz perséinleche siwwenten
Himmel. Oder soll ech soe fir säi sechs-
ten, well – mengt de Chrëscht – "de siw-
wenten himmel as nët vun dëser welt".
De "schacko klak", éischt Buch aus dem
Manderscheid sénger Trilogi, erzielt
d’Kandheet vum Izeger Plakapp Christian
Knapp, de "papagei um käschtebam" séng
Erliefnisser an der Nokrichszäit. A sén-
gem neie Roman "feier a flam", deen am
Oktober ’95 bei den "Editions Phi" eraus-
koum, beschreift de Roger Manderscheid
d’fofzeger Joren. Déi Etapp am Chrëscht
séngem Liewen, wou hien no Léift sicht,
no Sexualitéit, nom Sënn vum Liewen, no
engem Beruff, no kënschtleresche Méig-
lechkeeten, no Fräiheet an no Gléck.
Hannert der Figur vum Christian Knapp
verstoppt séch heiansdo, dacks, däitlech,
verschwomm, direkt, diskret, den Auteur
selwer. Erëm eng Kéier presentéiert hie
keng eendeiteg Biografi, mee eng nei er-
fonnte Würklechkeet, wéi hien dat beim
"papagei" am Virwuert erkläert huet. Dës
Mëschung aus perséinlech Erlieftem a Fik-
tioun beréiert, intresséiert a verféiert de
Lieser och nach no bal 1500 Säite Christi-
an Knapp. Einfach esou, ouni datt de Man-
derscheid muss zréckgräifen op Sensatiou-
nen oder spannend Aktiounen.
Bei "feier a flam" fënt een direkt am
Ufank en Ënnerscheed zu deenen éischte
Bänn. De "schacko klak" an de "papgei
um käschtebam" sin nët nëmmen, mee
awer och historesch Zäitdokumenter iw-
wer d’Vir-, d’Krichs – an d’Nokrichsjoren.
Am neie Roman spillt den historesche
Kontext nëmmen d’zweet Gei, d’Haaptthe-
ma dréit séch klor an däitlech ëm d’pers-
éinlech Entwécklung vun engem jonke
Mënsch an de mëffege fofzeger Joren.
Souguer beim Militär, wou de Chrëscht
Reserveoffizéier war, schwieft dat Poli-
tescht verwëscht am Hannergronn. Virun
allem perséinlech-ethesch Froen dréien
dem Chrëscht duerch de Kapp: Wat soll
dat Schéissen? Wat huet en Artist an en-
ger Uniform verluer? Wéi soll hien dat Ka-
säreliewen aushalen? An och d’Ursaach
fir dem Chrëscht séng Freierei mat der Ar-
méi gët perséinlech motivéiert: Hie gouf
aus Expressegkeet Zaldot, fir séch géint
säi Papp durechzesetzen.
Amplaz no lénks an no riets
auszedeelen wéint sénge
ville Schwiregkeeten, gräift
den Auteur no d’ér
sympatescher Waff vum
Humor a riicht se géint séch
selwer.
Doriwwer eraus wollt de Chrëscht nach
vill méi en zéie Batz aus sénger Kandheet
lassgin. Mee Lëtzebuerg wor Lëtzebuerg
wor d’kathoulesch Kiirch an "hie blouf
mat zéie seler ugestréckt un déi chrëscht-
kathoulesch welt vu sénger mamm". No
villem Struewele gin d’Seler labber, an
d’Léift fir séng Mamm bleift awer erhal.
Sou staark, datt de Chrëscht dacks mengt,
hie wëllt an all Fra e Stéck vu sénger
Mamm erëmfannen. Eng Problematik,
mat d’ér hie bestëmmt nët eleng do steet
op dëser Welt!
A scho si mer erëm bei de Fraen, ëm déi
séch alles dréit an dësem Buch an dat den
Auteur souwisou der anerer Halschecht
vun der Mënschheet, der weiblecher, ge-
widmet huet. Wat nët heescht, en experi-
mentéierten Amant géing hei charmant a
routinéiert iwwer séng Aventure poteren!
De Chrëscht as kee Casanova – héchstens
en onbehollefen "casanööfchen" – an op
séngem Wee bei d’Fraen trëllt hien iwwer
Steng a Knuppen. Hie begéint dem Mag-
gy, dem Nadine, dem Melody, dem Rita
an deenen aneren mat enger Mëschung
aus Bewonnerung, Verlaangeren, Angscht
a Loscht. Heiansdo mat Kurajh, dann
erëm zerrass an zréckhalend, duerno be-
geeschtert… Eng Entwécklung eben, wéi
ët se milliounemol gët, banal a simpel, an
awer spannend an iwwerraschend a kom-
plizéiert wéi d’Liewe selwer.
Amplaz no lénks an no riets auszedeelen
wéint sénge ville Schwiregkeeten, gräift
den Auteur no d’ér sympatescher Waff
vum Humor a riicht se géint séch selwer.
Steet hien erëm eng Kéier mat sénger gan-
zer Onsécherheet virun enger neier Affair,
tituléiert hie séch mat deene schéinsten
Ausdréck: de "casanööfchen", den "don
quiettschotto", de "kathouleschen erotik-
forscher", – "en eefalt hätt nët anescht aus-
gesinn". Vill Avance gin dernieft, vill Bee-
sen, sou och déi hei:
"virum häus, awer hannerwands, krut de
chrëscht vum line eng bees op all bak an
nach eng op säi schnëssstéck an hien huet
ugestrengt probéiert, och ëm line eng
bees, eng sou liicht an eng sou verspillten,
wéi e loftball, op d’lëpsen ze placéieren.
leider gung déi dernieft, an de loftball,
oder d’bees, as d’lut äus geklunschelt an
deen äisegen novemberhimmel dorobber."
Mat engem A kräischen, mat deem anere laachen; sou kënnt e weider am Liewen, op der permamenter Sich nom Meedchen aus den Dreem. Sou léiert de Chrëscht zum Beispill eng Hollännerin kennen, ouni kathoulesch Virbelaaschtung, an hie gët gewuer: "d’rita konnt am bett franséisch schwätzen ouni och nëmmen dee ge-réngste feeler."
Frae wéi d’Rita an och d’Melody hun hir waarm Plaz an dësem Buch an hëllefen dem Chrëscht, séng verklemmte Moralvirstellungen no an no d’Baach rofzeschékken. Nët sou einfach an de fofzeger Joren, wou ëmmer rëm "de pol leuck op radio lëtzebuerg gedeedegt huet wéi e maschinnegwir." Wou de Chrëscht wéi geckeg "no weiblechkeet" verlaangert huet a wou op eemol d’Astrid opdaucht, zréckhalend am Sex a geprägt vum Zäitgeescht, mee déif bannendran natiirlech an onkomplizéiert, hongreg op d’Liewen an awer nach mat engem Fouss hallef an de Kannerschong.
An hien, deen "ët bei de fraleit einfach nët bruet huet", land mam Astrid am bois des amoureux a léisst séch verféiren – romantesch, fräi, verléift a jonk. Domat huet de
Roman säin Happy-End, mee ‚t as kee pechegen, séisse Schluss. No dräi Bänn kenne mir de Chrëscht elo gutt genuch, fir ze wëssen datt säi Sichen a säin Nodenken ni wäerten ophalen, och wann Zäite vu Rou a vu Gléck séch dertëschend drécken.
Bei "feier a flam" halen Eescht a Spaass séch d’Balance. De Roman as eescht, well en der Verletzlechkeet an der Sensibilitéit vun de Mënschen notréppelt, hirem éiwege Struewelen op dëser Welt. Spaass mécht d’Geschicht a läit an der Geschicht, well iwwerall Humor ervirblëtzt an d’Méiglechkeet, iwwert séch selwer ze laachen, heiansdo batter, heiansdo ganz liicht a fräi. Och d’poetesch Sprooch, déi dem Manderscheid säi Schreiwen ëmmer charakteriséiert, verléiert un erhabener Grandezza duerch humoristesch Gedankegäng a witzeg Wuertkreatiounen.
Iwwerhaapt, d’Sprooch! Si as nët nëmme lyresch, fléissend, räich an opulent, si stécht iwwerdeems voll mat Iwwerrasschungen. Den Auteur erfënt en erotesche Vokabular, deen äisen dräi oder véier lëtzebuerger Wierder aus dem sexuelle Sproochgebrauch nei Dimensioune setzt.
Do dernieft komme vill vum Manderscheid séngen Ausdréck direkt aus de fofzeger Joren an ‚t huet e se scho laang nët méi héiren. Eng Sprooch, déi aus dem Wanterschlof erwächt an déi nostalgesch Pointe setzt.
E bësschen artifiziell, e bëssche manieréiert wirken eng Rei vun Dialoger, déi de Chrëscht mat sénger jëtzeger Fra féiert an, vir am Buch, mat séngem Frënd Gatt. Gestéiert hu méch och laang Beschreiwungen iwwert d’Kasärelewen an iwwert d’Aarbécht bei der Bunn, déi der allgemenger erzielerescher Qualitéit vum Buch hannendrun hippen.
De Roger Manderscheid soll mer ët nët iwwelhuelen, wann ech an dësem Kommentar op d’Tëppelen iwwerm "au" verzichten. Obwuel ech un d‘ lëtzebuerger Schreifmanéier gewinnt sin, huet de grammatikalesch korrekten "äu" méch dacks beim fléissenden, harmonesche Liesrhytmus ënnerbrach, deen zu dësem Buch gehéiert wéi d’Flam bei d’Feier.
Nicole Paulus
ein forum für das gute buch
Ihre Zukunft liegt im Buchhandel?
Die "Librairie Krautmaart", seit einem Jahr in der Oberstadt präsent mit dem Schwerpunkt auf deutschsprachigen Büchern, sucht eineN
Buchhändler/Buchhändlerin
anfangs für 15-20 Stunden. Ein kurzfristiger Ausbau der Stundenzahl und ein mittelfrisitger Einstieg als PartnerIn der Buchhandlung sind angestrebt.
Eine Ausbildung als Buchhändler/in ist ein Vorteil, aber nicht Voraussetzung. Kenntnis des Luxemburger Kontextes, besonders des Schulbereichs, vielfältiges Interesse an verschiedenen Buchsortimenten und Spaß an der fachlichen Kundenbetreuung sind die wichtigsten Eigenschaften.
Schriftliche Bewerbungen bitte an die Buchhandlung.
Librairie
um
Krautmaart
15, rue du Marché aux Herbes
L-1728 Luxembourg
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!