Näischt fir sensibel Séilen

Mediensplitter

Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

An Italien huet Enn Mee e Chefredakter démissionéiert. Dat as u sech keng aussergewéinlech Neiegkeet. Mee ëmmerhin goung et em déi respektabelst Zeitung am Land, de Corriere della sera. Offiziell sot de Chefredakter Ferruccio de Bortoli, hie wär “aus perséinleche Grënn” gaangen a well hien e bësse midd wär. E wéineg matgespillt huet awer wuel och, datt de Premierminister Silvio Berlusconi zanter laangem zimlech sauer iwwert de Corriere as.

Wéi ëmmer an Italien as d’Situatioun e bësse méi komplizéiert, wéi et no baussen ausgesäit. Wann e Chefredakter aus perséinleche Grënn démissionéiert, sollt ee virsichtig sin. Besonnesch wann de Mann, wéi am Fall vum Ferruccio de Bortoli, grad emol 50 Joer huet. D’Journaliste beim Corriere della sera ware jiddefalls esou irritéiert, datt si en Dag laang gestreikt hun an d’Zeitung sonndes nët um Kiosk ze kréie war.

Hannert de Kulisse heescht et nämlech, de Premierminister Silvio Berlusconi hätt de Kapp vum de Bortoli gefuedert. Hie selwer, deen zanterhier gäere Cavaliere della sera genannt gët, huet deklaréiert, hien hätt a kenger Form an dëser Affär intervenéiert. Sécher as, datt dem de Bortoli säi Successeur e Mann as, dee vill besser vum Reejhirungschef gelidden as. Mee op de Stefano Folli, deen zanter 12 Joer fir d’Mailänner Blad Commentairé schreift, méi e bequeme Chefredakter fir de Berlusconi gët, muss een ofwaarden.

De Corriere della sera steet nët am Ruff, dem Palazzo Chigi zu Roum besonnesch no ze stoen. Dat passt nët an d’Traditioun vum Blad, dat 1876 zu Mailand gegrënnt gouf a fir d’Classe moyenne aus der Lombardei geschwat huet. Mat 715.000 verkaften Exemplären as et déi gréissten Dages-

zeitung am Land. Séng politesch Linn kéint een konservativ-liberal nennen.

Virun der Invasioun vum Irak huet de Chefredakter de Bortoli e Leitartikel geschriwwen, an deem hie sech géint e Krich an domadder géint der Reejhirung hier Positioun ausgeschwat huet. Sauer opgestouss muss dem Berlusconi nach en anere Commentaire vum 15. Mee sin. Deemols hat den Doyen vun den italienesche Politologen, den Giovanni Sartori, d’Fieder an de Grapp geholl an op dem Politiker séng Angscht virun séng Riichter an op séng Iwwerzeegung, Ex-Kommuniste misst ee vun der Muecht ewechhalen, reagéiert: “Sou eppes huet de Mussolini gesot. Dir hutt keng Uersaach, fir Angscht ze hun. Ech dogéint schon.”

Fir eng sensibel Haut, wéi de Berlusconi nun eemol eng as, sin dat do natierlech haart Attakken. Do kann ee scho mol granzeg gin a säi politeschen Afloss spille loossen. Enn 2002 hat de Salvatore Ligresti, en Accolyte vum Reejhirungschef, probéiert, fir an de Conseil vun der RCS Media Group eranzekommen. Ëmmerhin gehéieren dem sizilianeschen Entrepreneur an Assurancéproprietär 5 Prozent vun der Gesellschaft, déi de Corriere della sera kontrolléiert. Mee déi aner RCS-Actionnairé waren dogéint.

Domadder gemengt as an éischter Linn den Cesare Romiti. Dee war mol President vu Fiat an huet elo 9,2 Prozent vun RCS. Da Fiat selwer mat 10,2 Prozent. An och nach d’Mediobanca mat 9,4 Prozent, déi souwuel dem Romiti wéi der Agnelli-Famill nosteet. Dobäi muss ee wëssen, datt de fréiere Patron vu Fiat, den Giovanni Agnelli, de Silvio Berlusconi ëmmer als Parvenü ugesin huet. Mee de Mann as an der Tëscht doud, a Fiat as an enger schwéierer finanzieller Nout. Vläicht brauch de Grupp vun Turin geschwënn eng staatlech Hëllef, fir z’iwwerliewen. An dann as et ëmmer gudd, wann de Locataire vum Palazzo Chigi engem gudd wëll. Wann een duerfir da mol e Chefredakter muss ersetzen…

Et as jo och nët grad esou, wéi wann déi italienesch Presse wirtschaftlech onofhängeg wäer. Der Agnelli-Famill gehéiert beispillsweis d’Turiner Zeitung La Stampa, dem Industrielle Carlo de

Romain Kohn

Als Geschäftsleit behëlt kee vun den Zeitungsproprietäre sech besser wéi de Berlusconi. Nëmme jhust: déi sin nët nach niewebäi Chef vun der Exekutiv a kontrolléieren och nët de legislative Pouvoir.

Am Ënnerscheed zu deenen aneren europäesche Länner geet d’Majoritéit, fir genee ze sin: 60 Prozent vun de Publicitéitsrevenuën an Italien nèt un d’Presse, mee un d’Televisioun.

Benedetti dat réimescht Blad La Repubblica an de Magazine L’Espresso. Jhust de Chef vu Forza Italia steet alt erëm mat eidlen Hänn do. Il Giornale gehéiert séngem Brudder Paolo an Il Foglio sénger Fra Veronica. An de Verlag Mondadori gët dirigéiert vu sénger Duechter Marina. Duerfir kontrolleiert Sua Emittenza déi 3 grouss privat Televisiounsprogrammer direkt an d’staatlech Rai indirekt.

Am Ënnerscheed zu deenen aneren europäesche Länner geet d’Majoritéit, fir genee ze sin: 60 Prozent vun de Publicitéitsrevenuën an Italien nèt un d’Presse, mee un d’Televisioun. Aus deem Gronn brauchen d’Zeitungen e staarke wirtschaftleche Grupp am Réck, wat hir journalistesch Onofhängegkeet a Gefoer ka bréngen. Als Geschäftsleit behëlt kee vun den Zeitungsproprietäre sech besser wéi de Berlusconi. Nëmme jhust: déi sin nèt nach niewebäi Chef vun der Exekutiv a kontrolleieren och nèt de legislative Pouvoir. Resp. setzen d’Geriichter ënner Drock, fir datt de Politiker Berlusconi nèt kann ënner Ëmstänn veruerteelt gin wéinst Affären, an déi de Geschäftsmann Berlusconi séngerzäit verwéckelt war.

Bis ewell huet de Corriere della sera ganz kritesch iwwert de Conflit d’intérêt vum Silvio Berlusconi geschriwwen. Mol kucken, op et ënnert deem neie Chefredakter dobäi bleift…

PS: Bei Reporters sans frontières fënnt een en exzellenten Dossier vom Soria Blatmann iwwert d’Mediësituatioun an Italien ënnert dem Silvio Berlusconi: "A media conflict of interest: anomaly in Italy":

http://www.rsf.org/article.php3?id_article=6392

(Fräie Micro um Radio 100,7 vum 11. Juni 2003)

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code