Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Claude
Mangen

War d’Vollek 1995 engersäits nach hongereg no enger grousser Kulturoffer, anersäits skeptesch wat d’Kulturjoer der Stad an dem Land géif brén-gen, ass 12 Joer méi spéit eng aner Stëmmung ze spieren. D’Gloscht op Neies an Ongewinntes krut de Public zanterhier gestëppelt a schéngt puppsat. D’Vertrauen an eng grouss kulturell Offer ass do, an et kuckt een éischter geloossen op déi nächst 12 Méint. D’Vollek, wat um Ouverturesweekend am Dezember vun deene sëlleche Manifestatioune profitéiert huet, erwaart sech vum Kulturjoer 2007 eppes anescht wéi déi politesch Responsabel aus der Groussregioun. Dat war kloer an däitlech op der feierlecher Ouverture an de Rotonden erauszehéieren. D’Kulturjoer ass fir d’Politik eng eemoleg Geleeënheet, fir eng ganz Regioun, déi historesch gesi glad a guer näischt verbënnt, ma villméi trennt, zu engem Ganzen um Altor vun der helleger Globaliséierung ze verschmëlzen. Lëtzebuerg ass Häerz an Zentrum vum Ganzen. Dës Ambitioun war onmëssverständlech erauszehéieren. Fënnef Regiounen, véier Länner mat dräi Sproochekommunautéite vun uewen erof ze verbannen, schéngt eng Utopie ze sinn. De politesche Wëllen ass allerdéngs héich motivéiert, fir aus dëser abstrakter Eenheet eppes Reales entstoen ze

loossen. Souguer déi virun 800 Joer a Rumänien ausgewandert Famill ass derbäi, fir datt een net sou eleng an esou kleng ass.

De Premier Juncker stellt zu Recht a sengem Discours fest « La Grande Régioun manque cruellement d’identité ». Muss se iwwerhaapt eng hunn? A weider sot de Premier a senger Ried: „Luxemburg und Großregion, Kulturhauptstadt 2007 wird dazu beitragen, die Menschen einander näher zu bringen und das Zusammengehörigkeitsgefühl bei den etwa 11 Millionen Einwohnern der Großregion zu verstärken“. Wéi real ass de Wonsch bei 11 Milliounen Awunner aus der Groussregioun, zesummen ze gehéieren an eng gemeinsam Identitéit ze fannen? Frot Iech dat dach mol selwer.

Sinn d’Land a senge Grenzregiounen an enger Identitéitskris oder nëmmen hir gewielte Vertrieder? Sécher bitt d’Kulturjoer 2007 d’Méiglechkeet de kulturelle Räichtum an d’Vielfalt vun eisem Grenzraum z’entdecken, Kontakter ze knëppen, sech auszetauschen a besser kennen ze léieren. Natierlech ass eng Partnerschaft mat Sibiu a Rumänien eng wichteg Geleeënheet, gemeinsam historesch Wuerzelen nei z’entdecken an eng Ouverture vum Oste vun Europa ze fannen.

Fir vun do aus op eng Wierkstat fir de Bau vun Europa ze schléissen a sech als Visionär vun engem Europa der Regiounen opzespillen, ass eng Grëtz iwwer d’Ziel erausgeschoss. Dat erënnert un déi schréi Vullen an opgeblose Phantasiekäpp, déi den 9. Dezember vun der Gare an d’Uerwerstadt gestelzt sinn, oder un dat iwwerdimensionalt Voodoo-Framënsch Octavia mat senge véier Brëscht, dat wéi eng Lumière dem Public de Wee gewisen huet.

Illusiounen déi dreeme loossen a mathuelen a Phantasiewelten.

Kulturkronik um radio 100,7 all dënschdes um 07.55 an 12.50

Kulturkronik vum 12.12.2006

De Claude Mangen ass Coordinateur vum Programm vum radio 100,7.

Werbung in der Großregion: Kulturjahr 2007 in Saarbrücken

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code