Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Lex Folscheid
Zwanzeg Joer ass et hier, dass d’Lëtzebuerger zu Oochen de Karlspräis kritt hunn. Ënner anerem wéinst hirem Beitrag zur Vëlkverestännegung an Europa an hirer grousser Toleranz vis-à-vis vun auslännesche Matbierger. D’Lëtzebuerger als tolerant a weltoppen Europäer. Esou gesi mir äis gären.
Quasi onbemierkt ass awer bliwwen, dass en anere Karlspräisträger an iwwerzeegten Europäer viru kuerzem un dat Bild kraze gaangen ass. De Statsminister Jean-Claude Juncker sot a sengem Fernsehinterview fir Neijoersdag, dass him d’„Ofleenung vun aneren“ an „d’Roserei vis-à-vis vun Net-Lëtzebuerger“ ënnert de Jonke géing Suerge maachen.
Dobäi huet den Här Juncker vläicht un eng Situatioun geduecht, déi him an engem Stater Lycée passéiert ass. Eng Schülerin hat sech bei enger Konferenz mam Premier doriwwer beschwéiert, dass si als Lëtzebuergerin an enger Lëtzebuerger Schoul virun engem Lëtzebuerger Politiker misst
franséisch schwätzen. D’Schüler vun Thionville, déi och zu där Diskussionsronn iwwert Europa invitéiert waren, wäerte sech gewonnert hunn, dass se vergiess goufen. Nach méi gewonnert wäerte se sech awer hunn iwwert den Applaus, deen déi Schülerin vun hire Matschüler kritt huet.
Et gëtt nach keng Etude doriwwer, wéi verbreet déi „Roserei vis-à-vis vun Net-Lëtzebuerger“ an „Ofleenung vun aneren“ zu Lëtzebuerg ass. Dat heescht awer net, dass mir esou laang de Kapp an de Sand kéinte stiechen. D’Indicé sinn do, a mir sollte se eescht huelen.
Virun zwee Joer huet eng Radiosemissioun iwwert d’Lëtzebuerger Asylpolitik op RTL fir Opreegung gesuergt, well d’Nolauschterer reieweis ugeruff hunn a gefuerdert hunn, et sollt een d’Flüchtlingen aus dem Land geheien. An de Commentairé gouf d’Schold herno e puer Auslännerfeinde ginn, déi awer net representativ fir d’Lëtzebuerger Bevëlkerung wieren. Vun deem representative Lëtzebuerg huet deen Owend awer keen den Telefon an de Grapp geholl fir unzeruffen an d’Flüchtlingen a Schutz ze huelen.
Viru kuerzem huet d’Online-Redaktioun vum Lëtzebuerger Wort eng ähnlech Erfahrung misse maachen. An hirem Internetforum goufen esou vill auslännerfeindlech Beitrag geschriwwen, dass se en aus Angscht viru juristesche Konsequenzen hu missen zoumaachen.
D’Diskussiounen iwwert „d’Auslännerproblematik“ geet elo weider an engem anere Forum. An den Tenor vun de Wuertmeldungen ass meeschtens deeselwechten. D’Frontaliere klauen ons d’Aarbechtsplazen, d’Portugiese si faul an integréiere sech net, vun de Kapverdianer guer net ze schwätzen, an d’Jugoslawen sinn all Krimineller.
Dohannert verstoppt sech eng Angscht, vun den Auslänner iwwerschwemmt ze ginn an déi eegen Identitéit ze verléieren. Et wier een „net méi Här am eegenen Haus“, gëtt gesot, an d’Lëtzebuerger géingen duerch déi vill Auslänner „diskriminéiert ginn“.
Sinn dat Aussoe vun toleranten, weltoppenen Europäer? Nee, wa mir tolerant a weltoppen Europäer wieren, da géinge mir äis bekennen zu enger multikultureller Gesellschaft. Mir géinge soen, dass Lëtzebuerg faarweg a lieweg ass mat senge villen Natiounen, an dass grad déi Vielfalt eis Identitéit ausmécht. Wa mir net méi bereet sinn, dat ze soen, da sollte mir och esou éierlech sinn, an all déi Präisser zréckginn, déi mir als iwwerzeegten Europäer kritt hunn.
forum 122 (1990)
Fräie Micro um radio 100,7 all möttwochs um 7.50 an 12.50
Fräie Micro vum 21.3.2007
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!