Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Et war eng Premiere, d’Initiativ Enn September zu Esch/Uelzecht: d’„Assises culturelles“. Et war déi éischte Kéier am Land, datt eng Gemeng esou „Assises culturelles“ organiséiert huet, an deemno spillt d’Stad Esch eng Virreiderroll an deem Domaine.
Iwwer 50 Leit souzen e ganze Nomëtteg an der Escher Kulturfabrik a véier Aarbechtsgruppe verdeelt zesummen an hu sech Gedanken iwwer déi kulturell Situatioun zu Esch gemaach. „Le paysage culturel à Esch-sur-Alzette, ville universitaire: son état actuel et son développement“, waren dës éischt „Assises culturelles“ vun der Stad Esch iwwerschriwwen. Déi 50 Participante koumen aus alle Gesellschaftsdeeler, vun Esch a vun de Gemenge ronderëm, an esouguer Leit aus der Lorraine, vu Saarbrécken an Tréier hate sech ugemellt. De Beweis, datt dës „Assises culturelles“ och an der Groussregioun op Intressi gestouss sinn. Themen, déi an de véier Aarbechtsgruppen traitéiert goufen, waren: „Le rôle des institutions“, „L’apport individuel des acteurs culturels“, „L’intégration par la culture“ an „L’éducation à et par la culture“.
Wéi een no den Atelieren de Bols bei de Participante gefillt huet, sinn d’„Assisen“ och gutt ukomm. Eng vun de Gruppen trefft sech z. B. elo net nëmmen am Zwee-Joresrhythmus, mä huet schonn an zwee Méint en neie Rendez-vous. Dofir kann a muss een dës Initiativ vun der Stad Esch luewen. Nieft de Resultater vun den Aarbechtsgruppe geet et kloer ëm d’Signal, dat vun dësen „Assises culturelles“ ausgeet: E Signal un all aner Gemengen, sech un dëser Initiativ e Beispill ze huelen an e breeden Debat iwwer d’Kultur ze lancéieren, e kulturellen Debat op gesellschaftlichem wéi politeschem Plang.
A ville Gemengen ass Kultur kee Sujet, iwwer dee vill geschwat gëtt, an dee vill investéiert gëtt, fir dee sech vill intresséiert gëtt. Kleng Fester, e bëssche Freede-
feier hei, e Cortege mat Musek do, Fändele fir Nationalfeierdag, e Spektakel, mol méi mol manner gutt, akaaft an de Leit servéiert, e Kulturzenter, wou alles dra geschitt just keng Kultur, an deem keng Kreatioun realiséiert an dat kee Liewen huet: Dat ass am Fong déi kulturell Situatioun a ville Gemengen.
Da ginn et Gemengen, déi sech e Service culturel ginn, wou Suen dra gestach ginn, wou de Leit eppes gebuede gëtt, wou flott an intressant Affiché presentéiert ginn, dogéint ka sécher näischt gesot ginn. An awer ass dat och net dee richtege Wee. Et gi meeschtens just Evenementer proposéiert. Dës Servicer hunn e reng evenementielle Charakter, an de Begrëff Service des foires et fêtes passt meeschtens besser wéi Service culturel, well och hei a puncto Kreativitéit oder kulturell Experimenter net vill geschitt.
Derbäi kënnt nach eng gewësse Jalousie tëscht de Gemengen. Eng Gemeng wëllt déi aner iwwertrompen, wat dozou féiert, datt mer, fir d’Beispill vun deene sëlleche Centres culturels ze huelen, a lokalen oder regionale Kulturzenteren erstécken. Dofir hunn esou „Assises culturelles“ wéi zu Esch eng wichteg Bedeitung an hoffentlech huele sech vill Gemengen, mat oder ouni Service culturel, e Beispill un der Minettsmetropole a loosse sech op en Debat iwwer d’Kultur um lokalen a regionalen Niveau an, fir baussent der Stad neess e Raum vu kultureller Entwécklung ze schafen.
D’Gemenge sollen an deem Kontext der Populatioun iwwer de Wee vun der Kultur eng Méiglechkeet zur Integratioun bidden. Déi vill Diskussioune ronderëm Gebaier mussen endlech ad acta geluecht ginn, well et kann een et net dacks genuch widderhuelen: Et si genuch kulturell Infrastrukturen do, net all Gemeng brauch hiren eegene Kulturpalais.
D’Haaptresultat vun den Escher „Assises culturelles“ ass et, datt jidderee sech iwwer d’Wichtegkeet vun dëser Demarche eens ass, an datt d’Diskussioune weider goe sollen. ♦
Jean-Claude Majerus
Kulturchronik vum 28.9.2010
Magazin
Seligsprechung von Papst Johannes Paul II. noch nicht sicher
Johannes Paul II. wird vorerst nicht selig gesprochen. Nach Informationen des Publizisten und Vatikanisten Hans-Peter Oschwald ruht das Verfahren um die Seligsprechung des 2005 verstorbenen Papstes. Grund ist offenbar ein besonders gravierender Fall sexuellen Missbrauchs, den Johannes Paul verschwiegen habe: Der aus Mexiko stammende Gründer der Legionäre Christi, Pater Marcial Maciel zeugte nicht nur mehrere Kinder, sondern verging sich auch an jungen Mitgliedern seiner Legionäre Christi. Johannes Paul II. und sein Kardinalstaatssekretär Angelo Sodano sollen darüber informiert worden sein, hätten jedoch ein Vorgehen gegen Maciel verhindert, weil dieser die Kirche der Armen sowie die Befreiungstheologie wirkungsvoll bekämpfte. „Niemand würde gerade heute Verständnis dafür aufbringen, dass ein Papst seliggesprochen wird, der so einen schweren Fall von Missbrauch, wie er bei Maciel belegt ist, deckte“, verlautet aus der römischen Kurie.
Rücktritt aus Protest gegen Kurie
Agostino Marchetto, Flüchtlingsbeauftragter des Vaktikans und Sekretär des Päpstlichen Migrantenrates, trat überraschend von seinem Amt zurück. Der siebzigjährige Erzbischof hatte wiederholt den brutalen Umgang Italiens mit Bootsflüchtlingen aus Afrika als Menschenrechtsverletzung kritisiert. Dies stieß jedoch bei Berlusconi-freundlichen Kurienkardinälen auf Unwillen und Widerstand. Zuletzt protestierte Marchetto gegen die Ausweisung von Roma aus Frankreich. Vatikansprecher Frederico Lombardi SJ hatte dagegen bei verschiedenen Gelegenheiten erklärt, Marchettos Positionen seien nicht die offizielle Haltung des Vatikans. Papst Benedikt XVI. stärkte Marchetto nicht den Rücken, sondern nahm dessen Rücktritt unverzüglich an.
(Quelle: Publik-Forum 18, 2010, S. 8)
Am 20. Oktober nahmen Mitglieder von forum von der Fondation Alphonse Weicker den „Prix du progrès économique durable“ entgegen. Foto: Viviane Thill, Paul Meyers (FAW), Bernard Thomas, Lynn Herr, Jürgen Stoldt, Kik Schneider (FAW), Carlo Thill (FAW), Thomas Köhl, Michel Pauly
forum
Für Politik, Gesellschaft und Kultur
Gegründet: 1976
Herausgeber: forum ASBL
Durchschnittliche Auflage: 1900 Exemplare
10 Ausgaben im Jahr
ISSN 1680-2322
Ständige Mitarbeiter
Jean-Paul Barthel, Olivier John, Thomas Köhl, Michel Pauly, Christina Schürr, Jürgen Stoldt, Viviane Thill, Jean-Marie Wagner
Koordination
Lynn Herr, Bernard Thomas
Autoren dieser Ausgabe
Ragnhild Barbu, Ingrid Brühwiler, Marc Keup, Sonja Kmec, Cristian Kollmann, Thomas Kolnberger, Frédéric Krier, Thomas Lenz, Jean-Claude Majerus, Pia Oppel, Michel Pauly, Anne Rohstock, Malick Seck, Geert Thyssen, Ben Toussaint, Daniel Tröhler, Peter Voss
Interviewpartner dieser Ausgabe
Michel Lanners, Christophe Schiltz, Sam Tanson, Adrien Thomas
Originalillustrationen
Olivier John, Carlo Schmitz
Foto Cover
Photothèque de la Ville de Luxembourg
Druck
c.a. press, Esch/Alzette
Namentlich gezeichnete Artikel geben nicht unbedingt die Meinung der Redaktion wieder. Nachdruck und elektronische Verbreitung von forum-Beiträgen nur mit ausdrücklicher Genehmigung.
© 2010 by forum ASBL
Bezugspreise
Einzelheft … 6 Euro
Jahresabonnement … 50 Euro
Jahresabonnement im Umschlag … 62 Euro
Studenten, Arbeitslose und Geschenkabonnements … 38 Euro
Jahresabonnement im Ausland … 62 Euro
Überweisungen auf das forum-Postscheckkonto
IBAN LU83 1111 0611 5444 0000
mit dem Vermerk „Neuabo ab (Monat)“
und vollständiger Adresse.
Wir danken der forum-Fördergemeinschaft und dem Kulturministerium für die finanzielle Unterstützung.
1, rue Mohrfels
L-2158 Luxembourg
Tel.: 42 44 88
E-Mail: forum@pt.lu
Bürozeiten: Montag bis Freitag, 9-12 Uhr
www.forum.lu
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!