D’ADR ass eng jonk Partei, mat just 30 Joer. D’ADR ass entstanen aus engem Grupp vu couragéierte Leit, déi virun dräi Joerzéngten endlech fir Rentegerechtegkeet zu Lëtzebuerg gesuergt huet. Vun hire soziale Wuerzelen huet si sech weiderentwéckelt zu enger sozial engagéierter, un de Wäerter vum Land orientéierter Partei.
D’ADR schwätzt eng kloer Sprooch a fäert net, couragéiert an onbequem Positiounen ze vertrieden. Esou ware mir déi eenzeg Partei, déi sech beim Referendum am Joer 2015 kloer mat 3 × Nee positionéiert huet. D’ADR huet gewisen, datt si fillt, wéi d’Leit dobaussen denken. D’ADR ass net ofgehuewe vun de Suergen an dem Uleies vun den einfache Leit dobaussen. Mir denken net, wéi d’Majoritéit an der Regierung, datt et alle Leit zu Lëtzebuerg formidabel geet. Ronn 100.000 Leit liewen zu Lëtzebuerg ënnert der Aarmutsgrenz. D’ADR setzt sech Dag fir Dag an, datt och déi Leit, deenen et manner gutt geet, net an de Vergiess geroden. Mir proposéiere konkret Léisungen, fir alle Leit, déi hei am Land liewen, eng Zukunft vum Wuelstand a vun der héijer Liewensqualitéit ze bidden. D’ADR steet fir eng laangfristeg, um Wuel vun der Jugend orientéiert Politik. Mat eis an der Regierung gi keng Walkaddoe verdeelt mat Suen, déi net do sinn. Mir schwätzen eis fir eng Budgetspolitik aus, déi net um Bockel vun de kommende Generatiounen ausgedroe gëtt.
D’ADR war déi éischt Partei, déi erkannt huet, datt duerch de strammen an onkontrolléierte Wuesstem, dee mer am Moment hunn, all eis Problemer, wéi z.B. am Beräich vun der Mobilitéit an dem Logement, nach weiderhi verschäerft ginn. D’Wuesstemsdebatt ass mat komplexe Froe verbonnen, an d’ADR scheit net dovun zréck, dës onbequem Debatt oppen ze féieren. Mir schaffe konkret Léisungen aus, wéi mer e liewenswäert Ëmfeld fir all Bierger erhale kënnen; en Ëmfeld, wou ALL Bierger sech d’Wunne leeschte kann, en Ëmfeld, wou d’Leit no bei hirer Aarbecht wunnen an net zu Grenzgänger am eegene Land ginn, déi Dag fir Dag stonnelaang am Stau musse stoen.
D’ADR steet fir eng Stäerkung vun eiser Kultur, Sprooch an Identitéit. Lëtzebuerg ass e faarwegt Land mat ville verschiddenen Nationalitéiten a Kulturen. Mir setzen alles drun, datt déi verschidde Kulturen net laanschtenee mee matenee liewen. Dofir huet eng geléngend Integratioun fir d’ADR héchst Prioritéit. Dës Integratioun ka just iwwert de Wee vum Léiere vun eiser Nationalsprooch Lëtzebuergesch an dem Respektéiere vun eise Wäerter an eiser historesch gewuessener Kultur geschéien.
D’ADR steet fir e staarken Zesummenhalt an eiser Gesellschaft, mir si géint eng ideologesch Politik, déi d’Gesellschaft spléckt anstatt se zesummenzeféieren. An deem Sënn sollen och d’Famillen, als Kärzell vun eiser Gesellschaft, fair a gerecht behandelt ginn. D’ADR setzt sech dofir an, datt d’Famillen de Choix behalen, ob si hir Kanner doheem erzéie wëllen oder sech fir eng Crèche entscheeden. Sozial Kohäsioun bedeit och, datt een all Gesellschafts- a Beruffsschichten ouni Ausnam fair a respektvoll behandelt: Dozou gehéieren och eis Baueren a Wënzer, déi vill Selbststänneg, Hotelieren, Wierten a Geschäftsleit. Hinne gëtt duerch dacks onsënneg an onnéideg Virschrëften d’Liewen onnëtz schwéier gemaach.
Och d’Thema Asyl ass zanter 2015 net méi aus der politescher Landschaft zu Lëtzebuerg ewechzedenken. Och hei huet d’ADR eng kloer Linn: Mir setzen eis a fir d’Recht op Asyl vu Mënschen, déi verfollegt ginn. Mir sinn awer kloer géint de Mëssbrauch vum Asylrecht duerch Wirtschaftsflüchtlingen.
D’ADR ënnerstëtzt d’Europäesch Unioun, mir sinn awer géint en europäeschen Zentralstaat mee fir en Europa vun de Natiounen a fuerdere méi direkt Demokratie.
Mir wäerte Lëtzebuerg staark maachen. Mir brénge Lëtzebuerg weider!
www.adr.lu
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
