Sech an aner Welte verléieren

(vum Sandy Heep a Cosimo Suglia)

Aner Welten ass eng Online-Publikatioun (eng sougenannte „fanzine“), déi versicht, de literaresche Genre vun der spekulativer Fiktioun innerhalb vu Lëtzebuerg ze fërderen an z’etabléieren. Aner Welten soll en Unhaltspunkt ginn, wéi och eng Plattform fir den ëffentlechen Austausch ëm de Genre. Dobäi pocht Aner Welten dorop, dass Schrëftsteller*innen hir Experienze vu Lëtzebuerg mat Hëllef vun der spekulativer Fiktioun verschaffen.

Lëtzebuerg, 1884: Den Hugo Gernsbacher gouf an eng jüddesch Famill an der Stad gebuer. Scho fréi huet de Gernsbacher Interessi fir d’Technologie, d’Elektrizitéit a Maschinne gewisen. Lëtzebuerg, 1904: Den Hugo Gernsbacher entscheet sech, no senger Ausbildung als Ingenieur, an Amerika auszewanderen. Nach am selwechte Joer wiesselt de Gernsbacher säin Numm. Hugo Gernsback nennt hie sech elo. New York, 1926: Den Hugo Gernsback publizéiert déi éischt Science-Fiction-Zäitschrëft Amazing Stories. Dräi Joer drop etabléiert den Hugo Gernsback den Term scientification, wat méi spéit Science-Fiction gëtt.

2022: Marvel-Filmer sprenge säit 2008 d’Boxoffice-Zuelen. De Regisseur Denis Villeneuve verfilmt 2021 dem Frank Herbert säi Sci-Fi-Klassiker Dune (1965). Filmer wéi E.T. (1982), Terminator (1984), The Fifth Element (1997), oder och Serië wéi Star Trek (1979) a Firefly (2002) si standfest Deeler vun der Pop-Kultur. Kate Busch a Metallica dominéieren d’Ranglëschte vun de Musekcharts wéinst der véierter Saison vu Stranger Things (2016), Joren nodeems d’Lidder verëffentlecht goufen.

Änlech geet et der Literatur. De gréisste Literaturpräis an der spekulativer Fiktioun ass den Hugo Award, genannt nom Hugo Gernsback. Dem George Orwell säin 1984 (1949) ass e Klassiker am englesche Kanon a gëtt hautzedaags (feel-)zitéiert wéi nach ni. De Nobelpräisgewënner Kazuo Ishiguro huet d’Géigewaartsliteratur mat senge Bicher wéi d’Dystopie Never Let Me Go (2005) oder de Fantasyroman The Buried Giant (2015), markéiert. Dem Margaret Atwood hir Dystopie The Handmaid’s Tale (1985) ass am Bezuch zu Amerika an aktuell mat Roe v. Wade en erschreckend Beispill, wéi d’Zukunft kéint ausgesinn.

D’spekulativ Fiktioun ass e feste Bestanddeel vum Alldag ginn. De Papp vun der Science-Fiction ass souguer aus Lëtzebuerg. Wéi kënnt et dann, dass Lëtzebuerg, zemools an der Literatur, näischt am Genre virzeweisen huet? Niewent der Science Fiction and Fantasy Society Luxembourg, déi säit 1995 eng aktiv Communautéit opgebaut hunn, ass d’Aktivitéit am Genre hei am Land éischter moer. Am Autorenlexikon fënnt een ënnert Science-Fiction knapps 45 Resultater an ënnert Fantasy eng knapps 37. D’literaresch Produktioun vun der spekulativer Fiktioun ass minimal. Wat natierlech net heescht, dass et guer keng Initiative gouf, déi versicht hunn dat z’änneren.

Spekulativ Fiktioun zu Lëtzebuerg

De Robert „Gollo” Steffen, zum Beispill, hat d’Initiativ ergraff. D’Sammlung Der Himmel auf Erden: Science Fiction aus Luxemburg gouf 1979 verëffentlecht. Bekannten Nimm aus der lokaler Literaturzeen wéi de Nico Helminger, Roger Manderscheid a Georges Hausemer hunn dozou bäigedroen. D’Sammlung markéiert sech duerch Kuerzgeschichten a Gedichter, déi deemools an engem onkonventionellen an experimentelle Stil fir de Genre geschriwwe gouf, ënnerstrach duerch markant schwaarz-wäiss Illustratiounen. Et war en Experiment, dat versicht hat, eng Science-Fiction-Traditioun zu Lëtzebuerg z’etabléieren, wat an éischter Hisiicht net geklappt huet.

Et ass réischt an de Joren no 2010, wou sech e Wuesstem a Richtung vu spekulativer Fiktioun kristalliséiert. Schrëftsteller*innen wéi de Claude Peiffer, Luc François, Jean Bürlesk (deen ënnert anerem de Prix d’encouragement de la Fondation Servais mat sengem Manuskript The Pleasure of Drowning krut huet), d’Kiara Roth (dat mëttlerweil zwee Romaner an engem Indieverlag an Däitschland verëffentlecht huet), an och de Maxime Weber (Das Gangrän [2021] bei Kremart Edition) demonstréieren dëse Wuesstem. Dobäi kommen hei an do nach kléng Verëffentlechungen, ënnert anerem Kuerzgeschichten an de Cahiers Luxembourgeois. De Francis Kirps huet a sengem Sammelband Die Mutationen (2019) mat engem Gedicht, wéi de Luc Caregari et beschreift, „anhand etwas Abstruserem, wie Ingeborg Bachmann mit H.P. Lovecraft zu kreuzen“[1], bewisen, dass d’spekulativ Fiktioun (an dësem Fall de Subgenre vum Cosmic-Horror) sech an déi méi traditionell Literaturlandschaft traut. Och de Jeff Schinker, mat sengem Buch Sabotage(2018), gouf vum Luc Caregari als „aussi bien satire que science-fiction“[2] beschriwwen.

Mee, mir behaapten, do geet nach méi.

Wat ass iwwerhaapt spekulativ Fiktioun?

D’Encyclopedia of Science Fiction erkläert, dass d’spekulativ Fiktioun e Sammelbegrëff ass, deen d’Genrë vun der Science-Fiction a vun der Fantasy abegräift.[3] Elo stellt sech awer d’Fro, wat ass iwwerhaapt den Ënnerscheed tëschent béid Genren? Komm mir kucken eis dofir fir d’Éischt mol un, wéi d’Science-Fiction an der Literaturwëssenschaft definéiert gëtt.

„The term science fiction’ resists easy defintion“[4], gëtt dem Lieser op der éischter Säit vum Adam Roberts sengem Buch Science Fiction (The New Critical Idiom) erkläert. Eng Deklaratioun, déi ëmmer erëm a senge Bicher virkënnt. An The History of Science Fiction, schreift den Adam Roberts: „The obvious place to begin a critical history of science fiction is with a definition of its topic. This, though, is no easy matter“[5]. Aner Literaturwëssenschaftler verfalen dem selwechte Problem. De Carl Freedman schreift a Critical Theory and Science Fiction: „[n]o definitional consensus exists“[6]. A verschidde Kritiker maachen et sech einfach a gi guer keng Definitioun un. D’Farah Mendlesohn an den Edward James, zum Beispill, schreiwen an The Cambridge Companion to Science Fiction, dass d’Buch vun Ufank un assuméiert, „that you, the reader, know what sf is“[7]. De Lieser gëtt, op engem gewëssenen Niveau, eleng gelooss. Et gëtt dem Lieser vertraut, dass dëse weess wat d’Science-Fiction ass. D’Mendlesohn an de James suggeréieren, dass de Lieser sech op Science-Fiction-Texter bezitt, déi a priori vum Lieser konsuméiert goufen. D’Science-Fiction ass an deem Sënn, zum Deel, eng Juxtapositioun vum konsuméierte Wierk mat dem Reservoir vum Genre, deen de Lieser scho besëtzt.

Schliisslech léist et sech da feststellen, dass et net wierklech e Konsens ëm d’Definitioun vun der Science-Fiction gëtt. Dobäi kënnt nach, dass et en Definitiounsdiscours ass, dee sech konstant ännert. Mat Welle vu neie Schrëftsteller*innen am Genre ginn nei Motiver, Themen, Techniken an Approche ageféiert. D’Science-Fiction existéiert an engem konstante Wiessel. Doriwwer eraus kënnt nach, dass d’Eegereflexioun an d’Eegekategorisatioun vun den Auteur*inne selwer, dem ganzen Definitiounsdiscours nach e Niveau vu Komplexitéit bäisteiert.

Dofir ass et derwäert d’Science-Fiction op engem formellen a literareschen Niveau z’analyséieren. D’Science-Fiction, esou nom kroatesche Literaturkritiker Darko Suvin, ass en Zesummespill aus dräi Elementer: dem Novum, dem Kognitiven an der Verfriemung, wéi se scho vum Bertolt Brecht definéiert gouf. Fir et kuerz ze faassen: Eng nei Technologie (den Novum) gëtt am Alldag, also an eis  Realitéit (dat Kognitiivt) agefouert, fir esou beim Lieser eng abstrakt an distanzéiert Analogie a Metapher vun der Realitéit auszeléisen (d’Verfriemung).

D’Fantasy besteet aus änlechen Elementer. De Peter Nicholls argumentéiert, dass Fantasy „need not be susceptible to ‘natural’ or cognitive explanation; indeed, supernatural explanation is at fantasy’s heart“[8]. Dat heescht, den Ënnerscheed ass, wéi eppes innerhalb vun der Geschicht existéiert; et ass Magie géint Technologie; dat Natierlecht géint dat Iwwernatierlecht. Dat Kognitiivt am Genre vum Fantasy referenzéiert eng Realitéit, déi an hirer Essenz am Fong iwwernatierlech ass an esou och d’Verfriemung, niewent dem Novum, ausléist.

Also, och wa sech de Novum an dat Kognitiivt a béid Genren ënnerscheet, bléift d’Verfriemung de Kär vun der spekulativer Fiktioun.

Aner Welten: Den Drang ze fërderen

Eis online Publikatioun Aner Welten ass eng Plattform, déi als Zil huet, de Genre vun der spekulativer Fiktioun zu Lëtzebuerg ze fërderen. Mir encouragéiere Schrëftsteller*innen hir Experienzen a Relatioun mat Lëtzebuerg an engem Kader vun der spekulativer Fiktioun ze verschaffen, an esou eng Traditioun vum Genre zu Lëtzebuerg z’etabléieren. De Spillraum ass grouss an onbekannt. Et ass eng Erausfuerderung fir eis, wéi och fir d’Schrëfsteller*innen, déi mir wëlle mat Aner Welten fërderen, bäistoen an ënnerstëtzen! Et ass e Versuch, neie Stëmmen eng Bün ze bidden, wou se sech austobe kënnen. E Wuesstem, dee batter neidesch ass. Mir wëllen, am Endeffekt, de luese Wuesstem, dee bis elo dominéiert huet, entgéint kommen. De Projet soll op engem lokale wéi och internationalen Niveau der Welt weisen, dass de Gebuertsuert vum Hugo Gernsback – de Papp vun der Science-Fiction – och Potenzial huet, d’literaresch Landschaft a Kultur ze beaflossen.

Well mir sinn ëmmerhi Gernsback-Kanner, oder net?


De Cosimo Suglia ass momentan e PhD Student an der lëtzebuergescher Literatur a Schrëftsteller. Hien huet seng Masteraarbecht iwwert Science-Fiction zu Lëtzebuerg geschriwwen.

D’Sandy Heep schafft momentan am kulturelle Beräich an huet e Masterofschloss an der Germanistik.


[1] https://www.woxx.lu/francis-kirps-die-mutationen (all Websäit, op déi an dësem Bäitrag verwise gëtt, gouf fir d’Lescht den 1. September opgeruff).

[2] https://www.woxx.lu/jeff-schinker-sabotage

[3] https://sf-encyclopedia.com/entry/speculative_fiction

[4] Adam Roberts, Science Fiction (The New Critical Idiom), Oxon, Routledge, 2006, S. 1.

[5] Adam Roberts, The History of Science Fiction, London, Palgrave Macmillan, 2016, S. 1.

[6] Carl Freedman, Critical Theory and Science Fiction, Middletown, Wesleyan University Press, 2000, S. 13.

[7] Farah Mendlesohn an Edward James, The Cambridge Companion to Science Fiction, Cambridge, Cambridge University Press, 2003, S. 1.

[8] https://sf-encyclopedia.com/entry/definitions_of_sf

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code