- Literatur
Den Alldag zu Lëtzebuerg
E Bléck an d’Vergaangenheet mam Batty Weber sengem Abreißkalender (1913-1940)
Wie meinen Sie? Sie klettern nicht gern die Treppen zu den Kasematten hinunter, und das gebückte Kriechen durch die muffigen Felsengänge bekommt Ihnen nicht? Gut, ich schlage Ihnen vor, gehen Sie einmal durch Ihre eigenen Kasematten. – Sie hätten keine, meinen Sie? – O ja, Sie haben Ihre eigenen Kasematten, jeder von uns lebt über einem richtigen Gewirr von solchen halb eingefallenen, dunkeln Gängen, die durch all die Jahre seines vergangenen Daseins führen.
Abreißkalender, 28.11.1934
Mat dëse Wierder invitéiert de Batty Weber, kuerz virum Zweete Weltkrich, seng Lieser.innen, sech mat der materieller, historescher an nationaler Vergaangenheet vu Lëtzebuerg auserneenzesetzen. Hie weist si esou net op eng didaktesch Manéier op d’Wierk vum jonken Ingenieur Jean-Pierre Koltz iwwer d’Festung hin, mee erweidert d’Notioun vun historeschem Bewosstsinn op d’Erliefnis vum Individuum. Déi psychesch Vergaangenheet vun de Lieser.inne soll hei mat de Kasemattegäng vun der Stad Lëtzebuerg aneneegräifen, fir d’Relevanz vu vergiessenen, ignoréierten a negligéierte Realitéiten ze etabléieren. D’Tendenz vun de Lëtzebuerger.innen, sech op institutionellem an och perséinlechem Niveau der Geschichtslosegkeet ze verschreiwen, war eng
vum Batty Weber senge Motivatiounen, sech wärend 27 Joer (bal) all Dag a sengem Feuilleton, mam Titel Abreißkalender, mat der Géigewaart, der Vergaangenheet an der Zukunft vun an zu Lëtzebuerg ze beschäftegen.

De gesamte Korpus vum Abreißkalender, publizéiert vun 1913 bis 1940 an der Luxemburger Zeitung, ëmfaasst iwwer 7.000 eenzel Texter, déi sech mat diverse Facettë vun der kënschtlerescher, sozialer, ekonomescher, politescher an intellektueller Realitéit zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus auserneesetzen. Wärend dem Weber seng Theaterstécker, Romaner a Kuerzgeschichten zu senge Liefzäite beim Publikum groussen Uklang fonnt hunn, hat säin Abreißkalender déi gréisste Lieserschaft. An dëse kuerzen a liewegen Texter huet hie säin eegent Erliewen als Lëns agesat an huet seng Stadspadséiergäng, seng Kommissiounen an Iergernesser ewéi och seng politesch a philosophesch Reflexioune gedeelt. Esou huet hien op eng uspriechend a publikumsno Manéier all Dag erëm probéiert, d’Bewosstsi vu senge Lieser.inne fir hiert Ëmfeld, hir Geschicht an hir eege Wouerhuelungen ze stimuléieren. Duerch dës Form vun informeller Alldagsgeschichtsschreiwung huet hien eng „imagined community“ vu Lieser.inne kultivéiert, déi en natiounsbildend Potenzial hat.
De Batty Weber (1860-1940) gehéiert zu deene bekanntsten a produktiivste Schrëftsteller an der Lëtzebuerger Literatur- a Kulturgeschicht. Bemierkenswäert ass, datt hien dëst vast literarescht Wierk nieft senger Tätegkeet als (ënnert anerem) Chamberstenograf (1885-1928) an Editeur (1893-1922) a Kulturediteur (1922-1940) vun der Luxemburger Zeitung geschaf huet. Dës multipel Tätegkeetsberäicher droen zum groussen themateschen Trajectoire vum Feuilletonswierk bäi.
Den Abreißkalender ass säit de 1970er-Joren zu engem Fuerschungsobjet ginn, deen inventoriséiert, consultéiert an analyséiert ginn ass. An enger éischter Phas vun der Opschaffung goufen ënnert dem Cornel Meder an den Nationalarchiven déi eenzel Texter gesammelt an a Pabeierform accessibel gemaach. An enger zweeter Phas si se och do agescannt ginn. An enger drëtter Phas ass vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft (Universitéit Lëtzebuerg) eng Transkriptioun vun allen Texter virgeholl ginn, déi bis dohinner nëmmen a Frakturschrëft konnte gelies ginn. Dës Transkriptioun ass an eng Datebank integréiert ginn, an där d’Texter kënnen duerchsicht ginn. Säit 2018 sinn dem Batty Weber seng iwwer 7.000 Abreißkalender-Feuilletonen an digitaler an duerchsichbarer Form accessibel op https://battyweber.uni.lu. D’Stéchwuertsich mécht et méiglech, dem Weber seng gedanklech Villfalt, seng argumentativ Progressioun ewéi och seng Widderspréch a Meenungsännerungen ze retracéieren.
Genee dës sollen elo am Fokus vun enger Tagung op der Universitéit Lëtzebuerg stoen. Dem Batty Weber säin digitaliséierten Abreißkalender kann aus méi Bléckwénkele betruecht ginn an interesséiert Fuerscher.inne mat ganz verschiddene Schwéierpunkten. Ugefaange mat de Sproochwëssenschaften: Fir de Fernand Fehlen ass den Zäitraum vum Abreißkalender spannend, well Lëtzebuerg sech vun engem zwee- an een dräisproochegt Land entwéckelt huet. Och de Sam Mersch gesäit am Abreißkalender e stännegen Dialog tëschent de(r) Sprooch(en) an der Lëtzebuerger Identitéit, déi de Weber 1909 als eng „Mischkultur“ beschriwwen huet. Schlussendlech bidden déi digitaliséiert Texter hautzedaags Material fir eng computerlinguistesch Betruechtung, ewéi déi vum Peter Gilles a vum Alistair Plum iwwer sproochlech Verännerungen.
An enger historescher Perspektiv ass de Batty Weber e wichtegen Zäitzeien, deen een Deel vun der Sozialgeschicht vun der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert geschriwwen huet. Esou vergläicht de Martin Uhrmacher d’Beschreiwunge vum Wandel vun der Stad Lëtzebuerg mat den Donnéeën aus dem interaktive Luxatlas. D’Sonja Kmec ënnersicht dem Weber seng Duerstellunge vu reliéisen Traditiounen a betount, datt säin ironeschen Toun vill iwwer kulturell Astellungen a politesch Spannunge verréit. Änlech bemierkt de Yorick Schmit, datt d’Automobilitéit am Abreißkalender fir technologesche Progrès, gesellschaftlech Modernitéit an individuell Fräiheet steet, mee gläichzäiteg mat Accidenter an Doud verbonne gëtt.
Tatsächlech ass dem Batty Weber säin Abreißkalender eng komplex historesch Quell, well sech, nieft der Beschreiwung vun historesche Fakten, d’Subjektivitéit vum Auteur senger Perséinlechkeet a säi literaresche Stil erauskristalliséieren: D’Mylène Branco analyséiert d’Occurencë vum Begrëff „Krankheet(en)“, manner fir déi Zäit medizinhistoresch ze rekonstruéieren, mee virun allem fir déi symbolesch a metaphoresch Bedeitung vum Wuert am Kontext vun der Entwécklung vun enger nationaler Erënnerungskultur ervirzehiewen. Dës steet och beim Jeanne E. Glesener am Mëttelpunkt: Um Beispill vum Dicks a mam Konzept vun de „kulturellen Hellegen“ ënnersicht d’Literaturfuerscherin, wéi literaresch Zäitschrëften oder staatlech Commemoratioune verschidden Auteure kanoniséieren. Dozou droen och d’Buchrezensioune bäi, déi d’Anne-Marie Millim am Abreißkalender ënner d’Lupp hëlt. Mat Referenz op de Freud an dem Philosoph Mark Fisher senger Distinctioun tëschent dem „weird“ an dem „eerie“ kuckt de Cosimo D. Suglia, wéi d’Wuert „unheimlich“ am Abreißkalender fir déi originell literaresch Beschreiwung vu Lëtzebuerg an der onheemlecher Zäit vum Éischte Weltkrich steet. Dem Sébastian Thiltges an dem Myriam Sunnen hire Virtrag steet op der Schnëttstell vun Ëmweltgeschicht a Literaturwëssenschaft: Wéi beschreift de Batty Weber d’Natur op eng dichteresch Aart a Weis? Wat schreift hien iwwer déi Veräiner, déi zu Lëtzebuerg als Virleefer vun eisen haitegen Naturschutzorganisatioune kënne gesi ginn?
Den Abreißkalender interesséiert awer net nëmme Fuerscher.innen. Fir de Journalist an Auteur Jérôme Quiqueret war dem Weber seng Alldagschronik eng wichteg Quell fir säi Buch Tout devait disparaître, dat de Mord vun enger Commerçants-Koppel 1910 zu Esch erzielt. Tatsächlech huet sech och de Batty Weber fir d’faits divers begeeschtert, well se en Abléck an den Alldag vun de Leit ginn an déifgrënneg politesch Tendenzen erëmspigelen.
Engersäits wëllen déi Virträg also méi Wëssen iwwer dem Batty Weber seng Welt a seng Zäit produzéieren: Wat seet den Abreißkalender iwwer Lëtzebuerg, iwwer Europa an iwwer den internationale Kontext? Anerersäits stinn den Auteur a säi Wierk selwer am Mëttelpunkt: Wéi positionéiert de Weber sech zu iddiegeschichtlechen Tendenzen? Ginn et am Laf vun de Joerzéngten, an deenen hie geschriwwen huet, Evolutiounen a sengen Astellungen an Duerstellungen? A wéi engem Sënn kann een deenen Texter och eng literaresch Dimensioun zouspriechen, well se sproochlech, erzieleresch an ästheetesch artikuléiert sinn? Esou wëll d’Konferenz net nëmmen en historeschen a literaresche Bäitrag leeschten, mee och weisen, datt d’Geschicht ëmmer aus enger bestëmmter Perspektiv geschriwwe gëtt an datt sproochlech a kulturell Prozesser eng wichteg Roll an hirer Iwwerliwwerung spillen.

D’Anne-Marie Millim ass Senior Lecturer an den English Studies op der Universitéit Lëtzebuerg. De Sébastian Thiltges ass Dokter an der vergläichender Literaturwëssenschaft a Postdoc op der Universitéit Lëtzebuerg.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
