Schreiwen, fir kënnen ze stierwen

E Plädoyer un d’Lëtzebuerger Literatur

Dass een zu Lëtzebuerg (an an de meeschte Länner) net vu sengem Schreiwen als Schrëftsteller*in ka liewen, ass bekannt. Dat ass kee Geheimnis. Dass een als Schrëftsteller*in stierft, soubal den Text gelies gëtt, ass villen net bekannt. Esou argumentéiert den Roland Barthes an senger Kritik géigeniwwer der traditioneller Literaturanalys: An The Death of the Author (1967) erkläert den Barthes, dass, soubal Lieser*innen en Text liesen, dësen Text internaliséiert gëtt an d’Lieser*innen esou hir eegen Interpretatiounen etabléieren. Dat heescht: Den Auteur oder d’Autrice stierft als interpretativ Instanz. Wat den Auteur mam Text soe wëll a wollt, kann a soll de Lieser*innen egal sinn. Hir eegen Interpretatiounen huelen d’Iwwerhand.

Fir Schrëftsteller*innen bedeit dat: Fir dass een ënnert esou engem bartheschen Doud stierft, muss een fir t’éischt liewen, also vun engem Publik gelies ginn. Besonnesch als jonk Schrëftsteller*innen zu Lëtzebuerg ass dat allerdéngs net esou einfach.

Schreif, mee net fir mech!

An senger Ried fir de Nationale Literaturconcours vun 2019 suggeréiert de Literaturkritiker an deemools och Jurymember Jérôme Jaminet, dass d’Jugendkategorie – déi do nach tëschent 15 bis 25 Joer war – iwwerduecht soll ginn: Leit tëschent 14 an 19 wieren deemno Jugendlecher an alles iwwert 20 kéint mat de „Groussen“ mathalen.1

Déi Iddi geet awer net op: Eng Pandemie an eng Reegelännerung méi spéit gëtt annoncéiert, dass an der Jugend­kategorie genau véier Manuskripter agereecht goufen an dass de Jury vum Nationale Literaturconcours 2022 do­wéinst kee Präis an der Jugendkategorie vergëtt. Schlussendlech verdeelt de Jury just en „prix d’encouragement“ mam „accord exceptionel de Madame la Ministre de la Culture“.2 En Trouschtpräis alt. D’Chancë vun de Schrëftsteller*innen tëschent 20 a 25 goufe soumat fir näischt verréngert.

 Wéi soll e Jugendlechen, dee säit engem Joer schreift, mat Veteran*innen mathalen? 

Och op anere Platzen ass et net méi einfach: Am Juni 2022 annoncéiert de SCRIPTsäi Kanner- a Jugendliteraturpräis, deen am Kader vun der Promotioun vum Lëtzebuergeschen zustane komm ass. Kuckt een sech awer d’Reglement méi am Detail un, gëtt ee gewuer, dass déi eenzeg Schrëftsteller*innen, déi beim Präis matmaache kënne, schonn am Autoren­lexikon ageschriwwe musse sinn3 Dat heescht: Si mussen etabléiert sinn, vu dass Schrëftsteller*inne just am Autorenlexikon agedroe ginn, wann si entweeder eng Rëtsch Publikatioun noweise kënnen oder e Manuskript publizéiert hunn.4 D’Lëscht vun den Ausgezeechenten ass also net iwwerraschend. Am Mee 2023 liest een ënnert der d’Präisiwwerreechung bekannten Nimm: den Jhemp Hoscheit, 71, d’Claudine Muno, 43, an d’Fabienne 
Faust, 45. 

Kuerz dorop duerchleeft de Concours vum SCRIPT allerdéngs eng positiv Entwécklung: Am Kanner- a Jugendliteraturpräis 2023 kann jiddereen ab 16 Joer Texter eraschécken. Domat ass de SCRIPT um richtege Wee. Hoffentlech gesäit een an der Zukunft dann och méi Texter vu jonke Schrëftsteller*innen.

D’Literatur lieft, geschriwwe gëtt se och – just alt net vu Jugendlechen

Trotzdeem mussen mer iwwer d’Siichtbarkeet vun jonken Schrëft­steller*innen schwätzen. Wann déi eenzeg Méiglechkeet, sech hei am Land als Schrëftsteller*in ze etabléieren, e Beweis vu Publikatiounen ass – a Literaturpräisser sinn dat ëmmerhin: Wisou gouf den Zougrëff op dëse sou laang systematesch fir Jugendlecher ënnerbonnen? Wéi soll e Jugendlechen, dee säit engem Joer schreift, mat Veteran*innen mathalen? 

D’literarescht Schreiwen ass, wéi all kreativ Übung, net nëmmen eng Saach vun Talent – och wann dat déi Iddi ass, déi duerch esou Aktiounen eriwwerkënnt. Andeems verschidde Stëmme systematesch keen oder nëmmen e limitéierten Zougrëff op dës Präisser kréien, verfänkt d’Lëtzebuerger Literatur sech an engem literareschen Elitismus. Intersektional Usiichten, déi vu Schrëftsteller*inne geschriwwe ginn, di net an der klassescher Norm existéieren an nach keng etabléiert Membere vun der Zeen sinn, ginn esou ausgeschloss. 

Wou läit den Interêt eng Literatur a Schoulen ze vermëttelen, déi vu Schrëftsteller*inne geschriwwe gëtt, déi sech net mat de Problemer vun enger neier Generatioun identifizéiere kënnen? Natierlech heescht dat net, dass déi Texter qualitativ net héisch wieren oder dass d’Schrëfsteller*in sech net an d’Haut vu Jugendlecher versetze kéinten. Jugend­lechen awer mol net d’Chance ze gi matzemaachen, ass hypokritesch: Am Endeffekt ass et dann e Kanner- a Jugendliteraturpräis ouni Kanner a Jugend. 

De Mythos vu kreativem Genie gëtt domadder propagéiert, d’Motivatioun vum Jugendleche gevreckt. Net nëmmen ass d’Matmaache bei Literaturpräisser e gudden Exercice. Falls en Text selektio­néiert gëtt, ass et och eng Bestätegung. Jonk Schrëftsteller*inne zu Lëtzebuerg gi vergruewen, éier dass si stierwen.

De Jeff Schinker illustréiert dat a sengem Artikel vum 14. Mee 2023 iwwert eng Table Ronde, an där d’Plaz vun der Luxemburgensia an der Schoul beschwat gouf: Vun deene 16 Dossieren, déi den SCRIPT an CNL ubidden, sinn nach ganzer fënnef Schrëftsteller*inne lieweg.5 Geet een nach e Schrëtt weider, mierkt een och, dass 13 vun dësen Dossieren vun männleche Schrëftsteller handelen. Dräi dovunner behandelen Schrëftstellerinnen: d’Marie-Henriette Steil, d’Margret Steckel an d’Claudine Muno.6

Léiwer mat den Jonken wéi ouni si

D’Debatt, ob d’Lëtzebuerger Literatur soll an de Schoule méi agebonne ginn, gëtt säit laangem gefouert. Sollen e Rewenig oder en Helminger niewent engem Goethe stoen? Soll e Muno niewent engem Voltaire stoen? Wisou net, freet d’Präsidentin vum CNL, d’Nathalie Jacoby. An och am Januar op den Assises Sectorielles du Livre – Littérature et édition gouf dës Thematik diskutéiert.7 Kloer, mee ass dat, wéi d’Lëtzebuerger Literatur agefouert wëll ginn? Wärend et längst Usus ass de patriarchale Kanon a fro ze stellen, gëtt en hei no dësem almoudesche System konstruéiert: Am Vierdergrond sinn „al, wäiss Männer”, déi natierlech hire Merit hunn an de Kanon gepräägt hunn. Mee wou ass d’Lyrik vum Ulrike Bail, d’Prosa vum Nora Wagener oder dem Elise Schmit? Wou sinn d’Texter, déi d’Heteronormativitéit vun eiser Gesellschaft a Fro stellen, wéi d’Wierker vum Romain Butti?

Beispiller ginn et der vill. D’Lëtzebuerger Literatur ass a kann divers sinn. Hei weist sech eng Opportunitéit, Jugendlecher aktiv um Opbau vun engem neien System ze bedeelegen. Hiren Interessi an hier Erfarungen vun hirer Existenz mat anzebannen. Villäicht misste mir si froen, wat si gär wëlle liesen – oder souguer, wat si gär wëlle schreiwen? Ech froen dann: Wisou sollten e Rewenig, e Bail, en Helminger, e Wagener a e Goethe um Programm net niewenaner stoen?

De Paulo Freire argumentéiert schonn an den 60er a Pedagogy of the Oppressed (1968), dass een d’Student*innen net soll wéi eidel Scheeken behandelen, déi mat oppressivem an traditionellem Wëssen gefëllt musse gi, wéi dat soss an der traditioneller Pedagogie ass. Si sollen aktiv bei der Kreatioun, der Entwécklung an beim Opschaffe vum Wësse mat agebonne ginn, sou den Freire. Och zu Lëtzebuerg wier esou eng Approche net verkéiert.

Nei ass déi ganz Diskussioun iwwregens net. Allerdéngs ass d’Reaktioun géigeniwwer der Opfuerderung, de Kanon z’iwwerschaffen, generell negativ. Dat kann een schonn 2018 gesinn: D’VJF (Voix de jeunes Femmes) freet zu dem Zäitpunkt an engem oppene Bréif un de Kulturministère, méi Schrëftstellerinnen a Literaturcoursen anzebauen. Doropshin vergläicht de Norbert Campagna dës Opfuerderung mat reliéisem Fanatismus an Zensur.8 E Philosophieprofesser am Lycée an op der Universitéit, dee konstant mat Jugendlecher interagéiert, an esou Remarke publizéiert a propagéiert, weist, a wéi engem Stadium den ëffentlechen Discours iwwerhaapt ass. 

Dat heescht net, dass de SCRIPTmat den Aussoe vum Campagna juxtaposéiert sollt ginn, mee dass d’Lag sech an deene fënnef Joer säit der Debatt vun 2018 net wierklech verbessert huet.

Kuck, d’Jugend schreift

Ech wëll och net den Däiwel un d’Mauer molen: Et ginn natierlech Alternativen zum NationaleLiteraturconcours an d’Aussoe vum Campagna sinn och just een Extreem.

De Prix Laurence zum Beispill ass e Jugendliteraturconcours organiséiert vun der Gemeng Beetebuerg, deen eng reegel­recht Pipeline fir an de Literaturmarché ass. Nimm wéi de Nicolas Calmes, d’Eline Klaassen, d’Anouk Mahr, de Maxime Weber, den Tom Weber, den Antoine Pohu oder de Camal Tahireddine hu mëttlerweil Publikatiounen a Präisser gewonnen. Si bestätegen, dass d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Literatur geséchert ass.

Dat nämmlecht gëllt fir d’Lyrik: De Printemps des Poètes bréngt all Joers Qualitéit mat sech. Hei sinn d’Gewënner*innen Lycéeschüler*innen an Unistudent*innen. Och alternativ Literaturformen huelen Undrang un, esou wéi de Poetry Slam oder kollaborativ Liesungen tëschent Museker*innen a Schrëftsteller*innen. Den Antoine Pohu schafft zum Beispill fir seng rezent Publikatioun Parfois la nuit se tait (2023) am März mam Museker Arthur Possing zesummen. Eng aner Initiativ vun der A:LL Schrëftsteller*innen – déi sougenannten Emergent-Grupp – erméiglecht et nach net etabléiert Auteuren an Autricen, deen éischte Kontakt mat der Literaturzeen ze hunn an ze verstoen, wéi d’Literatur hei am Land iwwerhaapt zirkuléiert.

Wann negativ Reaktioune op Är Opfuerderungen an Ännerungen opkommen, da wësst der direkt, dass der um richtege Wee sidd.

Jugendlecher, déi sech no Gläichgesënnter seenen, fannen der. Och an de Schoule selwer ginn et Initiativen, déi d’Literatur an d’Schreiwe fërderen. Sief dat Schreifatelieren, Workshops mat Schrëftsteller*innen, Liesungen oder Schüler*innenzeitungen.

Dass d’Nowuessliteratur zu Lëtzebuerg net d’Opmierksamkeet kritt, déi se verdéngt, ass näischt Neies. 1983 mécht e Grupp vu Schrëftsteller*innen sech op de Wee fir op Berlin an representéiert Lëtzebuerg op der Biennale Kleiner Sprachen. En Deel dovunner zielt haut zu den zäitgenëssesche Cultural Saints vun der Lëtzebuerger Literatur: de Guy Rewenig, de Nico Helminger, an de Lambert Schlechter, fir e puer Beispiller z’ernimmen. An der Sammlung Nach Berlin (1984) strotzen d’Texter vun Kritik um Staat. „Die Mißachtung kultureller Leistung hat in Luxemburg Tradition“, schreift de Guy Rewenig an „Alte Utopien, neue Aussichten. Vier kleine Thesen zur schriftstellerischen Arbeit in Luxemburg“.9

Sécherlech gëtt et Hoffnung, trotzdeem existéiert dës Traditioun vu „Mißachtung kultureller Leistung“ nach ëmmer am Literatur- a Konschtbetrib.

An elo?

No wisou net, stellen ech dann d’Fro: An elo? Ech hoffen, vu dass d’Theema vun dëser forum-Editioun Jugendkultur ass, dass d’Jugendlecher dat heiten och liesen. Ech adresséieren si dofir direkt.

Wann de Ian de Toffoli seet: „Das Literaturwesen in Luxemburg ist ein Trümmerfeld“10, heescht dat net, dass Dir direkt d’Flemm sollt hunn. Am Géigendeel: Eppes wat futti ass, ka gefléckt ginn an besser gemaach ginn. A wéi een dat mécht? Andeems een alles aneschters mécht wéi bis elo.

Fuerdert, esou wéi de VJF et och gemaach huet, Ännerungen. Kritiséiert de Staat, de System, d’Patriarchat, de ganze Status Quo. Konstant, bis sech eppes ännert. Kreéiert Är eege Literaturpräisser. Maacht e Blog op. Publizéiert Zines a verdeelt se a knaschtege Knäipen. Trëfft Iech a Bibliothéiken, a Caféen oder Jugendhaiser a liest Iech géigesäiteg Texter vir. Spammt sozial Medie mat Ären Texter zou. Féiert an de Schoulen Är eegen Theaterstécker op. Sicht Iech Leit an Ärem Alter eraus a start Är eege Konschtkollektiver. Schreift Texter, déi nach keen hei esou am Land geschriwwen huet. Taggt Mauere mat Ärer Prosa zou – natierlech nëmmen do, wou et legal ass. Maacht wat der wëllt, mee schreift a liest. Jäizt Är Lyrik an de Stroossen, viru Leit, déi schnell op de Büro mussen. 

Iergendwou, iergendwann, dréint sech sécherlech een ëm a lauschtert Iech no. An deen een, deen sech ëmmer ëmdréint, do kënnt der sécher sinn, sinn ech. Wann negativ Reaktioune op Är Opfuerderungen an Ännerungen opkommen, da wësst der direkt, dass der um richtege Wee sidd. Et ass näischt aneres wéi eng Bestätegung.

Nëmmen da kënnt der esou stierwen, wéi de Barthes dat wollt.  


De Cosimo Suglia ass Schrëftsteller a mécht aktuell e Ph. D. a Lëtzebuerger Literatur.


 

1 https://www.youtube.com/watch?v=FPE1F6id6_s (all Internetsäiten, op déi an dësem Bäitrag verwise gëtt, goufe fir d’lescht de 14. Juni opgeruff).

2 https://tinyurl.com/concours-literaire

3 SCRIPT, Règlement du Concours Littéraire Kanner- a Jugendliteraturpräis, 2022.

4 https://www.autorenlexikon.lu/online/www/menuHeader/1176/DEU/index.html

5 https://tinyurl.com/litterature-enseignement

6 https://cnl.public.lu/fr/education/dossier-pedagogique.html

7 https://www.wort.lu/de/kultur/luxemburger-literatur-gehoert-in-die-schulen-63bdaee1de135b923626886b

8 https://www.woxx.lu/pflichtlektuere-heldinnen-aus-druckerschwaerze/

9 Guy Rewenig, „Alte Utopien, neue Aussichten. Vier kleine Thesen zur schriftstellerischen Arbeit in Luxemburg“, an: Nach Berlin, 1984, S. 51 – 52.

10 https://www.wort.lu/de/kultur/luxemburger-literatur-gehoert-in-die-schulen-63bdaee1de135b923626886b

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code