Kënschtlech Intelligenz géint d’Intelligenz vu Kënschtler*innen?

Mediensplitter

Enn November huet d’KI vu Google – DeepMind – ongeféier véierhonnert-dausend nei, stabel, materiell Substanze syntheetiséiert, déi, wéi Nature attestéiert: „promise to dramatically accelerate the discovery of materials for clean-energy technologies.“1 Dat schéngt hoffnungsvoll, ass et awer net. KI huet d’Tendenz, ze halluzinéieren. Dat heescht, Endresultater ze präsentéieren, déi, einfach gesot: kee Sënn maachen. D’Narrative änelt dem, wat mer an der Literatur Unreliable Narrator nennen. Eng generell Skepsis géigeniwwer dem*r Erzieler*in existéiert an ob mir dësem*r gleewen, respektiv ob dësen*t iwwerhaapt d’Wourecht seet, ass d’paranoid Bezéiung, déi mir als Lieser géigeniwwer dem*r Erzieler*in aginn.

Verschount vun dësem onzouverlässegen Optimismus bleift de Literatur-marché och net. Säit ChatGPT op Kommando d’Gedankegutt vu jidderengem iergendwéi op Pabeier (respektiv op Ecran) bréngt, ënnerläit dem Liese vun Texter e batteren Nogeschmaach. Esou huet d’Clarkesworld, eng vun deene gréisste Sci-Fi a Fantasy Zäitschrëften, ufanks vum Joer missen hir Diere fir nei Geschichten zoumaachen, vue dass d’Majoritéit vun den neien Areechungen vun enger KI produzéiert ginn ass.2 Dat ass u sech selwer scho Science Fiction. Wa Schrëftsteller*innen hir eege Geschichten net méi schreiwen, grenzt dat u literaresch Dystopie.

Mä, an all Dystopie hu mer och: Fräiheetskämpfer*innen an Iwwerliewender, déi sech géint den Zoustand vun der Welt wieren. Eng Rëtsch vun etabléierte Schrëftsteller*innen äusseren sech explizitt géint d’KI. Esou huet déi amerikanesch Authors Guild en oppene Bréif publizéiert, déi di grouss KI-Firmen, wéi OpenAI a Meta, dozou opfuerdert, hir Texter net hire Modellen ze fidderen.3 Ënnert anerem sinn Nimm wéi den Dan Brown an d’Margaret Atwood vertrueden.

Lëtzebuerg, anersäits, mécht sengem Numm als Insel awer all Éier. Wärend an der Literaturgeschicht mat Krämpes versicht gëtt, dem Stigma vu stilistescher a formeller Verspéidung an der lokaler Literatur entgéintzewierken, léisst de Literaturmarché sech vu veraalten, neo-liberale Welle matzéien. D’Thema vun de Walfer Bicherdeeg „D’Welt zielen, d’Welt liesen,“ – en offensichtlecht oppent Thema – gouf awer esou interpretéiert, wéi wann d’KI d’Zukunft wier. Niewent der KI-generéierter Visualisatioun, gemaach vum Eric Schockmel, huet de Misch Strotz, CEO vun Neon Marketing, Donneschdeg owes bei der Buchpräis Iwwerreechung versicht, den Dram vu KI an Literatur ze verbannen. Leider weist dat awer och d’Diskrepanz tëschent Schrëftsteller*innen an dem Marché. De facto ass de Versuch, KI um Literaturmarché zu Lëtzebuerg ze pushen, en däitleche Statement, dass d’Produktioun vu Literatur iwwert Substanz läit.

Cosimo Suglia

  1. http://tinyurl.com/KI-Goo (fir d’lescht opgeruff den 20. Dezember 2023)
  2. http://tinyurl.com/Scifi-KI
  3. http://tinyurl.com/AI-Leader

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code