Mediensplitter

Mediensplitter „Alice, hal op den Joe Rogan ze kucken!“

Kuckt ee sech déi momentan sozial Medielandschaft un, huet sech d’politesch Proliferatioun an de Raum vun Instagram-Slideshows a Kuerzvideoe verluecht. Esou geet et net méi duer, als Politiker*innen oder als Partei Communiquéen, Meenungsartikelen an ëffentlech Debatten ze publizéieren an ze féieren, mee Graphikdesign, Algorithmusnavigatioun a storytelling hu sech am politeschen Alldag verwuerzelt. D’Friichten awer droen anscheinend just eng Hallschent vum politesche Spektrum.

Wärend verschidden Nimm wéi den amerikanesche Streamer Hasan Abi op der Livestream-Plattform Twitch de Sozialismus priedegt, dominéieren op Youtube déi Riets. De Youtube-Algorithmus erméiglecht einfachen Zougang zu der sougenannten Alt-Right Pipeline, oder (méi akadeemesch): dem Alternative Influence Network. D’Rebecca Lewis huet 2018 fir Data&Society eng Studie publizéiert, déi dëst Netzwierk detailléiert illustréiert a si huet erausfonnt, dass de Wee mat gielen, rietsen Zille ganz schnell bei den nationalisteschen Zauberer féiere kann.1 Um Wee gëtt ee begréisst vum reaktionäre Komiker a Podcaster Joe Rogan, dem „däischteren Intellektuellen“2 Jordan Peterson, bis op eemol Nimm wéi Ben Shapiro, Steven Crowder an de wäissen Nationalist Sargon of Akkad sech dem Trupp uschléissen.

Zu Lëtzebuerg si mer nach net esou wäit, och wa sech d’Jugendpartei vun der ADR op TikTok vun den ernimmten Agenten Strategien uneegnen an déi och, leider, effektiv ëmsetzt. Nee, mee zu Lëtzebuerg awer dominéieren déi – wéi ech si nennen – „Libfluencer“. Jonk liberal Parteimemberen, déi duerch zimmlech attraktiv an awer vag politesch Aussoe versichen, d’Jugend a generell d’Populatioun ze „informéieren“ a politesch z’aktivéieren. 

Dat beschte Beispill ass de Christos Floros. Wärend hie läscht Joer säin Instagram-Kanal benotzt huet, fir Politik accessibel ze maachen, stellt sech kuerz virun de Walen eraus, dass hien Deel vun der DP ass (a war) an huet och fir dës, spezifesch fir de Xavier Bettel (och hei am forum3), gepuscht. Et ass aimable, dass een op säin eegene Wëlle, Leit Zougang zur Politik wëll erméiglechen, mee Accessibilitéit freet och fir Transparenz, well d’Verständnes vu Politik ëmmer juxtaposéiert ass mat senger eegener Perceptioun a Praxis vun dëser. 

Leider feelt et och zu Lëtzebuerg u lénken Influencer, déi di selwecht Popularitéit hu wéi d’„Libfluencer“ (obwuel op „Lëtztwitter“ éischter déi progressiv a lénk Stëmmen dominéieren). Ass hinnen d’Spillfeld iwwerlooss, dauert et net laang, bis Lëtzebuerg vum liberale Mëttelfeld an hir eegen Alt-Right Pipeline transitionéiert, an dat huet sécherlech en Impakt fir déi nächst Walen an op d’politesch Landschaft. 


1 http://tinyurl.com/je4tckch (fir d’lescht opgeruff den 20. Februar 2024).

2 http://tinyurl.com/4fn9775h

3 http://tinyurl.com/4rm375uc

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code