Aus der Siicht vun engem touristesche Guide

E Gespréich mam Gilles Wunsch

25 Joer laang huet de Gilles Wunsch als Journalist bei 100,7 geschafft. E Radio-Interview mat der Responsabel vum Office régional du tourisme (ORT) aus dem Mëllerdall huet hien op d’Iddi bruecht, sech an der frëscher Pensioun 2018 als Guide touristique ausbilden ze loossen. Mat forum schwätzt hien iwwert d’Wichtegkeet vun der Balance tëschent Zielen an Nolauschteren.

Wéi sidd Dir derzou komm, Guide ze ginn?

Touristeguide ze ginn, ass hei am Land mat enger offizieller Akkreditéierung verbonnen, déi een iwwert eng pousséiert Formatioun am Office régional du tourisme (ORT) Éislek a Mëllerdall ka maachen. Et muss ee sech awer bewosst sinn, dass dat keng reegelméisseg Form vun Aarbecht ass an een derbäi net onbedéngt e festen (bzw. net nëmmen ee) Patron huet.

An der Formatioun geet et vill ëm d’Lëtzebuerger Kultur, Geschicht, ëm Geologie an z. B. Wanderweeër, mee och Sécherheetsmoossname sinn e wichtegt Thema a generell Informatiounen, déi speziell fir Touristinnen an Touriste vun Notze sinn. Den theoreteschen Deel gëtt duerch eng praktesch Formatioun um Terrain ergänzt.

Ech hu mech als Wanderguide am Mëllerdall an am Norde spezialiséiert a gi mat de Leit duerch d’Natur. De Kontakt mat Mënsche war mir ëmmer wichteg an dee wollt ech an der Pensioun net verléieren. Sou sinn ech dunn nom leschten Exame vun engem pensionéierte Journalist zu engem diploméierten Touristeguide ginn.

Wat ass Äert Selbstverständnes als Guide? A wéi een Aspekt gefält Iech un der Roll am beschten? 

Guide ze si bedeit fir mech virun allem, op d’Leit an hir Wënsch anzegoen an hinne sur place eng gewësse Sécherheet ze bidden, si esou ze encadréieren, dass si eng gutt Erfarung maachen an e flotte Moment verbréngen. Mir ass et wichteg, eppes iwwert dat Land ze vermëttelen, an deem ech liewen, Informatiounen ze ginn an aussergewéinlech Plazen ze weisen, déi ech als eppes Spezielles ugesinn – de mënschlechen Aspekt ass derbäi natierlech och eng essenziell Komponent. Et ass en Echange, dee stattfënnt, wou am Idealfall déi zwou Säite beräichert eraus ginn. Fir d’Leit ass et ëmmer eng kleng Aventure, op déi se sech aloossen.

Wéi fräi sidd Dir bei der Gestaltung vun den Touren?

D’Guidë sinn dru gehalen, sech un d’Demande vun de Clienten an un d’Virgabe vum jeeweilegen ORT ze halen. Huele mer beispillsweis d’Stad Iechternach, déi eng immens villfälteg Geschicht huet. Déi eng Touriste buchen hei éischter eng Tour, bei där d’reliéis Aspekter vun der Stadgeschicht am Vierdergrond stinn: Basilika, Willibrord-Kult, Sprangpressessioun, d’Pateren, dem Grousse Klouschter an esou weider. Déi aner Toure gi méi op Iechternach als déi eelste Stad am Land an, als en Terrain, deen nach haut archeologesch ausgewäert gëtt a Spueren dréit vun der Präsenz vun de Kelten a Réimer. Sou gi vill Toure gebucht, déi op ënnerschiddlech Aspekter vun der Iechternacher Geschicht aginn.

Wat elo Trëppeltouren ugeet, huet den ORT eng ganz Partie virdefinéiert, déi ee ka buchen. Deel vun der Aufgab vum Guide ass et, d’Leit kënnen adequat ze encadréieren. Dat gëllt ganz besonnesch bei der Fro, ob den Tour och fir jiddereen ze packen ass. Huele mer zum Beispill en Tour am Éislek: Et muss een zimmlech fit sinn, fir d’Kilometeren an d’Héichtenënnerscheeder kënnen ze bewältegen. Falls e Mënsch mat spezifesche Besoinen dobäi ass, deen ënner Ëmstänn net esou mobil ass oder net gutt gesäit, da muss een d’Wanderung upassen. Dofir ass d’Nolauschteren am Virfeld esou wichteg fir e Guide. Et kann een als Guide wuel perséinlech Akzenter setzen, mee et ass een net fräi, d’Touren nom eegene Gusto ze gestalten. Et sollt een eng gewësse Flexibilitéit als Guide matbréngen. Et sollt een och perséinlech Meenung an Informatioun souwäit wéi méiglech vuneneen trennen.

Wéi wichteg ass d’Wëssensvermëttlung op esou engem Tour?

Dat ass ganz ënnerschiddlech. Et huet een heiansdo Leit, déi am Fong net wëlle vill erzielt kréien, mee just um Trëppelen interesséiert sinn. Mee et huet een och de Géigendeel. Wann de Wonsch geäussert gëtt, méi iwwert e Sujet gewuer ze ginn, da gëtt et richteg interessant fir e Guide. Anerer interesséiere sech dofir, wou ee mëttes ka gutt iesse goen. Alles dat fënnt een an de Gespréicher mat de Leit eraus. 

Wann een awer mat Schoulklassen ënnerwee ass, huet d’Vermëttlung vu Wëssen en anere Stellewäert. Virun e puer Deeg hunn ech z. B. mat Schüler en Tour zu Beefort gemaach, wou et quasi exklusiv ëm Geologie goung. Well d’Waasser am Mëllerdall eng immens grouss Roll spillt, dréit sech e gudden Deel hei och ëm Hydrologie. Fir de Kanner hir Opmierksamkeet net ze verléieren, muss een de Contenu reduzéieren, soss soe se op eemol, dat géif si net interesséieren. Mee dat trëfft eigentlech och op Erwuessener zou, just eben an engem anere Mooss. De Guide ass e Gespréichs­partner, kee Schoulmeeschter, deen e Cours hält. Mat der Erfarung mierkt een de Leit un, ob nach méi Informatioune gewënscht sinn. 

© Philippe Reuter / forum

Mir hunn donieft och Touren, déi vu Luxembourg for Tourism (LFT) or­ga­ni­séiert gin fir auslännesch Jour­nalisten oder Professioneller aus der Tourismus-Branche. An deem Kader stinn d’Informatiounen iwwer Land a Regioun natierlech méi am Vierdergrond.

Wéi gesitt Dir d’Evolutioun vun der touristescher Infrastruktur hei am Land?

Ech schwätzen elo villäicht pro domo, mee ech fannen, et goufen immens vill Efforten an de leschte Joerzingte gemaach an ech héieren dat och ëmmer nees vun de Leit, déi Lëtzebuerg besiche kommen. D’Wanderweeër si ganz gutt gekennzeechent. Déi sinn an de leschte Joer komplett nei ausgeschëldert ginn. D’Leit sinn och zefridde mat der Berodung an den Touriste-Büroen.

Och gëtt et, wat d’Wanderungen ugeet, z. B. hannert de Kulissen eng ganz enk Ze­sum­men­aarbecht mat der Natur­verwaltung, déi fir eis wichteg ass am Hibléck op e reiwungslosen Oflaf vun engem Trëppeltour. Hei gi virun allem Infor­matiounen ausgetosch iwwert den Zoustand vun de Routen.

Wéi een Tourist sidd Dir an huelt Dir selwer u Féierungen deel?

Ech informéiere mech am Virfeld vun der Rees iwwert Regioun oder Stad. Bei den Destinatiounen, wou ech ëmmer erëm higinn, sinn et méi d’Kultur a virun allem d’Leit, déi mech interesséieren. Wann een dräi mol am Joer op déi eng Plaz geet, wéi a mengem Fall an d’Bretagne, léiert ee Leit och kennen an et entstinn esouguer Frëndschaften.

Wat de Guidage ugeet, sou orientéieren ech mech do u mengem Besoin, fir encadréiert ze ginn: Wann ech op Paräis ginn, sichen ech mer d’Dokumentatioun a liese mech an, fir selbstänneg duerch d’Stad ze kommen. Am malayseschen Dschungel dogéint huelen ech mir léiwer e Guide … 

Den Interview huet den 20. Mäerz 2025 stattfonnt.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code