Déi eng Al an déi aner Al

Cabaret "Oureschlëffer"

Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

An déi aner Al? Déi ouni Geld, ouni Gewie-
rer, ouni Relatiounen, ouni Mandat, ouni
Gesiicht? Déi gi fir ee Joer aus hire
Schlëff gezunn, maquilléiert, opgestoppt,
gestäipt, op der Maartplaz opgeriicht, an
da kann d’Vollek Blimmercher bréngen:
Formidabel, eis Al!

Da liewe s’also nach! A la bonheur, nach
ëmmer um Dill, nach ëmmer derbäi, einfach
nët klengzekréien, zéi Borschten, zéi Lou-
deren!

Formidabel eis Al!

An nach ëmmer e klore Kapp, an nach ëmmer
gutt am Geescht, an nach ëmmer op d’Zänn
gebass!

Formidabel eis Al!

Da gët awer lo mol e Fest hei opgezu fir
eis Al! Kaffiskränzercher fir déi Al, Danz-
owender fir déi Al, nëmme slow, slow, dem
Zois-Reding sëng Knippercher fir déi Al,
10% Reduction, dem Nowe sëng Revue fir déi
Al, 20% Reduction, ‚Wéi d’Zäit vergeet‘
fir déi Al, 30% Reduction, d’CSV fir déi
Al, 100% Reduction!

Formidabel eis Al!

Jogging fir déi Al, zweemol ronderëm den
Dësch, nët zevill beieneen, Lëppestëfter
fir déi Al, hellgro, nët zevill opfälleg,
Stierwtraining fir déi Al, aachtmol d’Woch,
nët zevill lues!

Formidabel eis Al!

Konkure fir déi Al, stell mech, stell mech
dach un d’Wand, wien as deen Eelsten hei
am Land? Ausflig fir déi Al, mat Musek am
Bus, mat Musek an der Morgue, mat Musek am
Graw! Spill a Spaass fir déi Al, wie kraazt
am schnellsten of, wien hëllt am éischten
dräi Tübe Schloßpëllen, wie sanéiert als

éischten eis Pensiounskeesen!

Formidabel eis Al!

Allez hopps, déi Al, zesummenhalen, zesumme-
ston, zesummebriechen! Zesummen an d’Alters-
heemer, zesummen an den Eck, zesummen aus
dem Wee! Spill a Spaass, trara wuppsassa,
an eng Medail fir de Tschampion am Maulha-
len!

Formidabel eis Al!

Ee Joer laang un deenen Ale rappen, zéien,
triuwelen, stoussen, mat Rieden op de Kapp
schlon, mat Feieren an de Réck falen, mat
akademesche Sëtzunge mëllmaachen, mat Trom-
men an Troteren dafhummeren, an no deem
Joer, no deem Joer hu mer se kleng!

Auszuch aus dem Guy Rewenig séngem

Cabaret-Programm "OURESCHLEFFER",

deen elo am alen Escher Schluechthaus

gespillt gët den 20./23.Dezember,

12./14./15./16./20.Januar.

Virverkaf: Tel.550511 vun 18-19 Auer

Los! Sag vas Nettes
zum Opa! Wir haben
das Jahr der Alten.

Much

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code