Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Hubert
Hausemer
Viru kuerzem hunn ech an enger lëtzebuerger Wochenzeitung eng kleng Notiz gelies, déi sech op eng Geriichtsaffär bezunn huet. A kuerze Wierder goung et ëm Folgendes: Den Här Georges Als, de fréieren Direkter vum STATEC, hat de Feierkrop op d’Geriicht geholl, well hie sech duerch en Artikel an deem Blat beleidegt gefillt huet. Am Zesummenhank mat der onsäglecher Gëlle-Fra resp. Lady Rosa-Geschicht, war hie „Fundamentalist Georges Alz-Heimer“ genannt, oder besser, vernannt ginn. Mä hien huet vum Geriicht net Recht kritt.
Ech well nun haut net op déi juristesch Säit vun däer Affär agoen; dat leit net a menger Kompetenz, an ech hunn och aus däer Zeitungsnotiz net genuch Informatiounen derzou. Ech well mech och net äusseren zu där Fro, op den Här Als gutt dru gedoen huet, wéinst senger Benennung resp. Vernennung vru Geriicht ze zéien, oder op hien net besser gehat hätt, a sengem Fall wéi iwwerhaapt, dat wat an dëser angeblech satirischer Publikatioun zesummegeschriwwe gëtt, weder zur Kenntnis nach vrun allem eescht ze huelen.
Ech well awer vum ethesche Standpunkt aus, Stellung huelen zu enger vun de Methode vum Feierkrop, déi ech ënner aller Klarinett fannen, nämlech de Leit hir Nimm ze verdréinen. An an deem Zesummenhank well ech dann och mäin Erstaunen, wann net esouguer mäin Onverständnis, ausdrécken iwwer zwee Sätz am Uerteel vum Geriicht. Mä, wéi gesot, méi Standpunkt ass en etheschen, an net e juristeschen. Ech plädéieren dofir also weder dofir, dat Ureel soll opgehuewen, nach déi Vernennungspraxis soll geriichtlech verbueede ginn.
D’Geriicht schreift: „La déformation du nom du demandeur n’avait rien de méprisant ou d’injurieux.“ Ech fannen dës Ausso erstaunlech. Woufir nämlech gëtt dann engem Mënsch säin Numm verdréint? Wat gëtt domadder bezweckt? Ech gesinn eigentlech nëmmen een Zil: dee Betreffende soll lächerlech gemat an ausgelaacht ginn. An dat heescht jo, leschten Enns, et wëllt een hien
ausgrenzen, erof- a fäerdegmaachen. Wéi wäit si mir dann do nach vu „méprisant ou injurieux“?
Gewëss, et gëtt Leit, déi sech duerch dat, wat si maachen oder soen, selwer lächerlech maachen. Dann ass et hir eege Schold, mä da kënne se dat awer och nodréiglech eventuell erëm gutt maachen. Am Här Als sengem Fall, an an deene meeschte Fäll am Feierkrop, ass et duerch säin Numm, resp. Verdréinung vu sengem Numm, wou e Mënsch lächerlech gemaach gëtt. Wann d’Geriicht dobäi awer näischt Schlëmmes fënnt, dann heescht dat jo, dee Betreffenden ass selwer schold. A wouranner besteet déi Schold? Doranner datt hie grad dësen Numm huet (oder vläicht och, datt hie säin Numm net scho längst ännere gelooss huet)?
De Bouquet awer kënnt nach: d’Geriicht schreift nämlech, déi Deformatioun vum Här Als sengem Numm wär emsou manner „méprisant[e] ou injurieu[se]“ well, an elo kënnt et, „la deformation du nom du demandeur en celui d’Alzheimer provient de la proximité phonétique“. Fir d’éischt blouw mir do d’Sprooch ewech. A wéi ech dunn erëm zou mer komm sinn, hunn ech begraff, wat d’Richteren dem Här Als domat wollten ze verstoe ginn: Hien ass selwer schold un däer Deformatioun vu sengem Numm. Well hätt säin Numm net dës „proximité phonétique“, da wier hien natierlech net esou vernannt ginn.
Ech fannen dëse Jugement absolut inakzeptabel an onhaltbar: hei gëtt klor an däitlech gesot, d’Affer ass selwer schold un deem, wat him zougestouss ass. Juristesch léisst sech dat vläicht begrénnen, mat Jurisprudenz vum europäesche Mënschegeriicht a mat der lëtzebuerger Jurisprudenz; moralesch gesinn ass dës Beschëllegung vum Affer einfach miserabel, an ech géing esouguer soen „méprisante et injurieuse“.
Woufir nämlech gëtt dann engem Mënsch säin Numm verdréint? Wat gëtt domadder bezweckt? Ech gesinn eigentlech nëmmen een Zil: dee Betreffende soll lächerlech gemat an ausgelaacht ginn.
Fräie Mikro um radio 100,7 all méthodes um 07.55 an 12.50
Fräie Mikro vum 9.11.2005
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!