Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Die Kritiker sind die Gruppe, bei der das Echo auf unsere schriftliche Umfrage am geringsten war. Nur zwei haben spontan geantwortet.
Romain Hilgert
Wat sin d’Kritären, déi Dir bei Ären Buchbespriechungen ulét?
Mech intresséiert fir unzefänken, wat an engem Buch gesot gët an dono eréischt, wéi ët gesot gët. Ech halen ët fir wichteg, wann een/t sech de Kapp zerbrécht, fir mat sénger Welt ronderëm eens ze gin. Buzzeg Boboë breet ze trëppelen, geet mer genee esou op de Su wéi Epigone vu preiseschem ZEIT- a FAZ-Beschass. Ech haasse "konstruktiv Kritik" a paternalistesch Ponderatioun.
Hut Dir nët d’Impressioun, datt hei zu Lëtzebuerg nëmmen Gefällegkeetskritiken geschriwe gin?
Wéi d’CSV/WORT an der Kultur nach bal hegemonial woren an dout, wéi l’LSAP/TAGEBLATT e puer Joer Kulturkampf gespillt hun, gouwen ët Gefällegkeetskritiken fir déi ege Sippen. Haut gin ët méi Kritiken aus Gefällegkeet fir d’Gefällegkeet vum Kritiker oder fir d’"Méi", déi sech en Artist/Produzent/Editeur gouwen.
Wat war Ärer Meeunung no dat schlechste Buch vum leschte Joer…
Dem Umberto Eco säi "Pendulo"
… an di dommste Kritik vum leschte Joer?
Ech liesen esou wéineg Kritiken, datt ech déi topechst sécher iwwersinn hun.
Paul Kremer
Wat sin d’Kritären, déi Dir bei Ären Buchbespriechungen ulét?
Zum präsenz "ulét". Ech weess nët, ob ech nach dacks Bicher besprieche wäert. Mat Zäiten iwwerkënnt ee schwaarzste Melancholie – fräi nom Nietzsche. ‚T gët souvill doruechter geschriwwen an esouwéineg as wiirklech gutt. Dat soll nët nëmmen fir hei am Land gëllen, mee och fir dobaussen. Gutt Auteuren? Den Handke, de Kadaré, de Claude Simon.
Bei de Kritären:
- Nët vergiessen, datt mer an engem "département des forêts" liewen. Wat as d’Literatur vun dem Loiret, vun den Alpes-de-Haute-Provence? – Mir sin nët schlechter wéi déi, awer sécher och nët vill besser. Muss een dat dofir ëmmer nees ënnersträichen, wéi de J. E. Muller?
- Lëtzebuerger Literatur misst am Fong op Lëtzebuergesch geschriwwe sin, soss as ët e Steck däitscher oder franséischer a misst gemooss gi wéi dohannen.
Mech intresséiert fir unzefänken, wat an engem Buch gesot gët an dono eréischt, wéi ët gesot gët.
-
D’Fro awer: steet e Mann (oder eng Fra) hannert deem Buch? As dat een/eng? Oder as èt nèmme Papeier, ofgeschriwwen, e Produkt? Dach souguer dann, dajee alt, ‚t as vlàicht gut gemengt oder gemaacht.
-
Gi mer eppes Nàits gewuer? Eng Pointe, eng Geschicht, e Gedanken, eng Liewensopfaassung? Schlèmm genuch, ech gestin èt an: fir mech soll an engem Buch eppes stoen. Allerdéngs as èt dacks genuch zimlech schwéier, dat genee festzestellen.
Schliisslech heizou e puer Niewebemierkungen:
-
Präzis Kritären, déi allegemeng 1) markant an 2) opératoire wieren, gêt èt keng.
-
Et as een also, volens nolens, drop ugewisen, sech làschten Enns op sou eppes Wackeleges an sou eppes Léiwes wéi den egene Goût ze verloossen. – Wat mir gefällt as gutt … Majèmmen! – An dach as èt esou. (Nèt weidersoen!)
-
Dat soll e nèt drun hènneren, èmmer erèm nom "Dréi" ze sichen, nom "truc", nom "wéi mécht een èt?" – Och wann een dofir vu wonen Dichter(?)séile geschleeft gêt. … sed magis amica veritas.
Hut Dir nèt d’Impressioun, datt hei zu Lëtzebuerg
nèmmen Gefällegkeetskritiken geschriwe gin?
‚T as alles scho längstens gesot: klengt Land, jidderee kennt jiddereen, ‚t wèllt ee kengem wéi din oder ze no trieden asw.
Doriwwer ewech: e Wësch kann èmmer nach an den Ae vun deem, deen e verbrach huet, e Meeschterwierk sin – dat wier emol nach nèt sou schlèmm, deen lirtum – dat, an lo kënnt èt, mam Härzensblut geschriwwen gouf. Do soll een dach oppassen. – Nèt Leed onnètz multiplizéieren…
Wat war Ärer Meeunung no dat schlechste Buch vum leschte Joer…
Heiropper well ech nèt äentwerten. Fir wat do mam Fanger op ee weisen? Well dat wier et nun emol, sou wéi et eben hei zu Lëtzebuerg verstane géif.
… an di dommste Kritik vum leschte Joer?
"di dommste Kritik" – Doropper hun ech eng Äentwert, well se mech getraff huet, eng Kritik vun der Kritik, also iwwert mech, an zwar anonym, an zwetens perséinlech, wou ech ménges Wëssens ni en Auteur jemools perséinlech op d’Schëpp geholl hun. Mee èt sief.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!