Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Françoise
Poos
Datt Lëtzebuerg sech kulturell um internationalen Niveau positionéiere wëll an och soll, dat ass nom Succès vun der Philharmonie a vum Mudam, spéitstens mam Kulturjoer 2007, kloer ginn. Festivaler spréisse wou een nëmmen hikuckt, am Beräich vum Theater, der Musek oder och nach dem Danz. An der selwechter Logik sollt Lëtzebuerg dann och säi Filmfestival kréien – endlech, deen éischten, esou huet et op der Ouverture vum Luxembourg City International Filmfestival DirActor’s Cut e bësse feierlech geheescht.
De Publikum am Sall huet zwar bei dëser Ausso liicht zesummegezuckt, mä der Coordination générale an den Organisateuren ass dat wahrscheinlech an der Begeeschterung net opgefall. Trotzdem: esou luewenswäert déi nei Initiativ sécher ass, deen éischte Festival zu Lëtzebuerg ass DirActor’s Cut net, an, op d’mannst op dëser Plaz sollt un d’Efforte vun deenen erënnert ginn, déi sech jorelaang hei zu Land fir de fantastische Film agesat haten, ier hinnen d’Ënnerstëtzung ausgangen ass.
Dofir gouf et dëst Joer eppes neies: DirActor’s Cut, am beschten amerikanesch grouss op allen Ecranen annoncéiert, mä op franséisch executéiert, war de Luxembourg City International Filmfestival een Evenement, dat am Mëttelpunkt Acteuren hat, déi selwer och Filmer realiséieren. Eng definitiv flott Approche fir e Festival unzegoen, do ass wuel jiddferee sech eens, an e Sujet, dee Matière genuch fir en etlech weider Editioune liwwere kéint, wann de Succès da kéint confirméiert ginn. D’Iddi koum net fir näischt vun engem Mann, dee sech am Festivalsberäich gutt auskennt, näämlech de Pierre Henri Deleau, de fréieren Direkter vun der renomméierter Quinzaine des réalisateurs zu Cannes.
An e klenge Succès war et sécherlech: d’Rencontere mat de Realisateuren, och wa se net Woody Allen
oder George Clooney geheescht hunn, waren absolut formidabel Momenter vun engem passionéierten Dialog ronderëm de Kino, esou wéi ee se hei zu Lëtzebuerg nëmme ganz sielen, fir net ze soe guer net huet. An déi Acteure-Realisateuren déi do waren, hu jiddfereen eenzel, dem Spectateur hire Kino, de Kino, e Stéck méi no bruecht, op eng immédiat an einfach Aart a Weis.
E Publikumshit konnt de Festival awer vu vir eran net ginn: de Pierre Henri Deleau ass kee Mann vum Mainstream: säi Choix vun de Filmer war gezielt a konsequent, mä d’Mass vun der Utopolis Clientèle stoung deroutéiert bei de Keesen, an d’Säll waren enttäuschent dënn besat. Dozou koume sécherlech falsch Decisioune bei der Programmatioun: ugefaange mam léiwen, mä dach banalen Ouverturesfilm, dee parallell mam Jane Birkin senger Presentatioun vu Boxes gelaf ass, dee sécherlech méi intressant war. Ähnlech war et bei der Clôture, déi net vill méi war wéi eng Sneak Preview am Utopolis, während dat eigentlecht Evenement an der Cinemathèque war.
Sécher, bei alle Festivaler muss een eng Selectioun maachen, mä schued ass et trotzdem, wann déi eenzel Filmer mateneen a Konkurrenz sinn, a virun allem, sech d’Spectateuren ewech huelen.
Esou ass de Schlëssel zum Succès sécher net nëmmen déi gutt Iddi. Vill wichteg kleng Detailer vun Organisatioun a Programmatioun mussen och matspillen, ouni ze schwätze vun der Ausdauer an dem Budget, fir dës selwecht gutt Iddi iwwer Joren ewech kënnen z’alimentéieren.
Kulturchronik um radio 100,7 all dënschdes um 7.55 an 12.50
Kulturchronik vum 16.10.2007
D’Françoise Poos ass Kulturredakteurin beim radio 100,7.
Sécher, bei alle Festivaler muss een eng Selectioun maachen, mä schued ass et trotzdem, wann déi eenzel Filmer mateneen a Konkurrenz sinn, a virun allem, sech d’Spectateuren ewech huelen.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!