„D’Kira a säin neie Frënd Fernando“

E neit Buch vum Chantal Schenten-Keller

Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

E neit Buch vum Chantal Schenten-Keller. Faarweg illustréiert vum Pascale Junker. An d’Lëtzebuergescht gesat vum Néckel Rollinger. Et as eraus komm a ka bestallt gin: Op der Lay 2, op der Lay L-9650 Esch-Sauer

Dëst Buch gët et och an däitscher an a franséischer Sprooch.

Aus dem Titel: d’Kira a säin Frënd Fernando kënne mer schléissen, dass an dësem Buch de Problem vum auslännesche Kand ugeschnidde gët.

D’Chantal Schenten-Keller stellt d’Fro esou: En neie Jong kënnt an d’Klass. En as Portugies. Wéi reagéiert d’Klass dorop?

Als éischt gët den neie Jong emol vu sénger Klass getest. Dat as ganz normal. Ob dat neit Kand elo Lëtzebuerger oder Auslänner as, ëmmer wann e neie Mèmber an e Grupp kënnt, gët d’Kräfteverhältnis nei bestëmmt. Deen, dee bis elo de Cheff gespillt huet, fäert fir séng Plaz. Aner Mëmbere récke rop oder rof an der Hierarchie vum Grupp. Dass d’Jongen déi nei Situatioun mat enger uerdentlicher Kläpperei léisen, as och bal normal. De Schoulmeeschter däerf dat awer nët alles esou hinhuelen. Hee gräift an, weist, dass en eng bluddeg Nues, e blod A an eng futtis Box nët ka gutt halen, mäi hee léisst d’Kanner awer hir Problemer ënnert sech léisen. Mat enger Klassestrof weist hee just drop hin, dass en dat brutalt Behuele nët guttheescht.

Ech méngen, dass bei all Kand dat nei an e Grupp erakënnt, séier gesicht gët, wou séng schwaach Plaz as. Dat kann eng zevill laang Nues sin, e kromme Fanger, zevill Speck oder zevill Fläiss. Dass et och als negativ gëllt, wann een aus dem Ausland kënnt, as haaptsächlech dorop hinzeféieren, dass ee jo e bëssen anescht ausgesäit, anescht schwätzt wéi déi Einheimesch. All Ofwäichung vun der Norm as bei de Kanner e Feler, mécht se onsécher, mécht hinnen Angscht. Bestëmmt spille Bemierkunge vun doheem, wéi d’Chantal Schenten-Keller se zitéiert:

  • d’Portugiese streide souwisou vill méi wéi mir

  • d’Portugiese huelen äis eis Aarbechtsplazen ewech, och eng Roll. Fir d’Kanner sin d’Menunge vun den Elteren enorm wichteg. Si kënnen se nët hannerkukken.

Nodeem lo d’Ranguerdnung bei de Jonge gekläert as, mussen d’Medercher nach hir nei Positioune festleen. De klenge Portugies an der Geschicht schéngt en extrat Talent ze hun, fir d’Medercher ze wéckelen. Dat alles gët ganz léif erzielt, an nodeem d’Gemitter sech och bei de Medercher berouegt hun, kann d’Klass erëm zur Tagesuerdnung iwwergoen.

D’Autorin huet d’Schoulsituatioun gutt duerchkuckt, beschéinegt nët, mäi dramatiséiert och nët. Ech stelle mer vir, dass eis Kanner sech wierklech an dësem Buch erëmfannen. A vläicht liicht hinnen de leschte Saz aus dem Buch an: "A wann s du vläicht aus engem anere Land kënns, da looss der et soen: Dat Allerwichtegst si gutt Kollegen a Frëndschaften. All de Rescht as kale Kaffi."

Renée Estgen-Mertens

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code