- Natur
D’Mënsch-Déier-Relatiounam Wandel
Ee Gespréich mam Tom Conzemius, Veterinär
Kéint Dir Iech kuerz virstellen an Äre Beruff beschreiwen?
Ech hunn an den 80er Joren zu Wien Veterinärmedezin studéiert a säit 1989 schaffen ech zu Bäreldeng, wou mir zu e puer Leit eng Déiereklinik opgebaut hunn. Ech si Klengdéierepraktiker, also Veterinär fir kleng Déieren. Niewelaanscht interesséieren ech mech fir Natur a Vullen a war laang President vun natur&ëmwelt.
De Beruff vum Veterinär ënnerscheet sech vun deem vum Klengdéierepraktiker. Dofir ass et spannend ze kucken, wéi sech de Beruff entwéckelt huet. Déi éischt veterinärmedezinesch Interventiounen hunn an der Neisteenzäit, also viru méi oder wéineger fënnefdausend Joer, stattfonnt. Et ass beim Veterinär iwwer Joerdausenden u sech drëm gaangen, fir d’Béischten ze begleeden. Déi Zäit, wou de Mënsch usiesseg ginn ass an déi éischt Hausdéiere gezillt huet, war de Veterinär dofir do, dass déi Déieren (an d’Mënschen dermat och) gesond bleiwen. Déi éischt chirurgesch Agrëffer waren z. B. Kastratioune beim Rand, mat dem Zil, manner Aggressivitéit a méi Fleeschzousaz zu hunn. A sengen Ufäng huet sech de Veterinärsberuff op d’Fleeschproduktioun konzentréiert.
Derno huet sech de Beruff verännert: Déi éischt Diversifikatioun war fir d’Päerd, well déi innerhalb vu verschiddene Kulturen eng extreem wichteg Roll gespillt hunn, z. B. an den arabeschen oder asiatesche Länner, derno och an Europa. D’Päerd hunn eng wichteg Roll gespillt als Schaffpäerd, mee virun allem waren se extreem wichteg an de Kricher. Dat ganzt Militär war um Päerd, a wann d’Päerd massiv gestuerwe sinn, da war de Krich verluer.
Déi Zäit, wou de Mënsch usiesseg ginn ass an déi éischt Hausdéiere gezillt huet, war de Veterinär dofir do, dass déi Déieren (an d’Mënschen dermat och) gesond bleiwen.
D’Klengdéieremedezin ass an de 60er Jore vum 20. Joerhonnert entstanen. D’Klengdéierepraxis ass also eng modern Oflag vun enger Veterinärmedezin, déi et scho säit Joerdausende gëtt. Dësen Zweig huet sech an deene leschten 30, 40 Joer enorm entwéckelt an zanter de 70er Jore spezialiséiert. Haut ginn et z. B. Dermatologen, Chirurgen an Orthopeden, awer och Ophthalmologen, Kardiologen an Ultraschallspezialisten oder Radiologe fir d’Déier.
Wat war Är Motivatioun fir an de Beruff anzesteigen a wéi géift Dir Är Relatioun zu Déiere beschreiwen?
Ech wollt e Beruff ausféieren, wou ech a Kontakt mat der Natur an/oder Déieren sinn an hat de Choix tëscht der Biologie an der Veterinärmedezin. Ech hu keng Sekonn bedauert, dass ech dee Wee gaange sinn. Ech si mat Hënn grouss ginn an ech hu meng ganz Jugend, an de 60er a 70er Joren, am Bësch verbruecht, soudass et iergendwéi op der Hand louch, dass et esou eppes huet misse sinn. Ech denken, dass et enorm Virdeeler huet, wann ee Klengdéierepraktiker ass an et huet ee selwer Hënn, Kazen oder aner kleng Déieren. Grad esou, wéi et bal net virzestellen ass, dass ee Päerdsveterinär gëtt an net reit. Et huet een dann Empathie fir Mënsch an Déier, déi an d’Praxis kommen.
Et gëtt eng historesch Entwécklung, wat als Notzdéier a wat als Hausdéier definéiert gëtt. Och déi emotional Bindung zu den Hausdéiere schéngt sech iwwert Zäit entwéckelt ze hunn. Wéi konnt Dir dat observéieren a wéi gesitt Dir dat?
Déi Relatioun huet sech enorm verännert: Wéi ech ugefaangen hu mat schaffen, sinn d’Leit mat den Hënn an d’Praxis komm. A wann s de eng Kaz has, da war dat d’Kaz beim Haus an déi ass dobausse gefiddert ginn. Déi ass sech owes zwar och op d’Knéie leeë komm an ass geheemelt ginn, mee et hätt kee Mënsch geduecht, fir vill Suen an eng Kaz ze investéieren. Dat war dee Moment en hallef fräi liewend Déier. Dat huet sech immens geännert, haut huet d’Hauskaz genee dee selwechte Stellewäert wéi den Hond. Dat ass mat Sécherheet e Beispill, wou ee gesäit, wéi en Déier en Deel vun der Famill gëtt.
Bei den Notzdéieren hänkt et dovun of, vu wat mer schwätzen. Op der enger Säit hu mer z. B. déi skandaléis an intensiv Mascht vu Schnuddelhénger, Hénger a vu Schwäin, do soll kee Produzent mir zielen, dass en iergendeng Relatioun zu sengen Déieren huet. Dat ass legal Déierequälerei, wou einfach mussen an Zukunft nei Reegele kommen. Op där anerer Säit hu mer Mëllech- a Fleeschkéi, mir hun zu Lëtzebuerg net déi risig Maschtbetriber, mais relativ kleng Häff an och ëmmer méi Leit, déi niewelaanscht esou een Elevage maachen. Déi hu schonn zum Deel eng extreem enk Bezéiung zu hirem Déier
– och wann et iergendwann geschluecht gëtt. Wat awer net heescht, dass déi net all eenzel Kou beim Numm kennen oder all eenzel Stéier appreciéieren an dann och selwer mat hinne bis an de Schluechthaff ginn.
D’Hausdéiere gehéieren haut also ëmmer méi zur Famill. Ass dat eng Evolutioun, déi Dir kritesch kuckt?
Ech gesinn dat net kritesch. Als Beispill kann een och d’Kanéngchen oder d’Rat huelen: Déi Déiere si fäeg, eng perséinlech Bezéiung zu engem Mënsch opzebauen. Wann ee kuckt, wéi dat säit Joerdausende mam Hond fonctionéiert a wéi en einfach eng bedéngungslos Léift zu senger Famill a sengem Meeschter weist, ass et komplett normal, dass een eng familiär Bezéiung mat esou Déieren opbaut.
Dass dat haut mat Kazen, Kanéngercher oder mat Rate geschitt, ka fir d’Déieren nëmme gutt sinn: Et gëtt ëmsou besser no hinne gekuckt. De Problem, dee mer natierlech bei klengen Déieren hunn, bei Raten an Hamstere ganz besonnesch, déi hunn eng kuerz Liewensdauer. An och den Hond lieft am Normalen net esou laang ewéi e Mënsch. Wa mer e Welpe kréien, wësse mer, dass mer en och iergendwann eng Kéier verléieren. Dat ass duerch déi emotional Relatioun méi komplizéiert ginn.
Kann ee soen, dass d’Liewenserwaardung vun den Hausdéiere méi grouss ginn ass iwwert déi lescht Joerzéngten?
Do ginn et zwou Tendenzen, déi sech komplett widderspriechen. Op der enger Säit ass, duerch medezinnesch Ëmsuergung, z. B. duerch d’Impfung, awer och duerch eng besser Hygiène, bessert Fudder a järlech Kontrolle vum Gesondheetszoustand, d’Liewenserwaardung vun den Hënn, an awer och vun de Kazen, mat Sécherheet staark an d’Luucht gaangen.
Mat Sécherheet wëll de Mënsch ëmmer méi fir säin Déier an ass och bereet, vill méi ze maachen, technesch wéi och finanziell.
Op der anerer Säit gëtt et leider haut ëmmer méi Rassenhënn, déi op engem minimale geneetesche Pool sëtzen, op Lëtzebuergesch „voller Inzucht sinn“, dass mer ëmmer méi Rasse mat enger reduzéierter Liewenserwaardung hunn. Mir hunn haut Hënn, déi an der Moyenne nëmme fënnef, sechs Joer liewen, anerer stierwe scho mat dräi, véier Joer. Dowéinst ass et och wichteg, wann ee sech wëll e Welpen uschafen, dass ee sech fir d’éischt iwwert d’Rassen informéiert. Leider gesi mer och, dass et eng Rëtsch Rasse ginn, déi „Qualzuchte“ sinn, déi bal keng Loft kréien, vill ze vill Haut oder chronesch Entzündungen an den Aen hunn, mee déi awer als Welpen esou léif ausgesinn, dass d’Leit se onbedéngt gären hätten. Et sinn d’Déieren, déi ënnert der Zuucht leiden. Do wäert et an deenen nächste Joren, hoffen ech, eng ganz Rei Entwécklunge ginn. Dat huet och vill mat Opklärung vun de Leit ze dinn.
Gëtt et do keng gesetzlech Reegelungen, déi dat aschränken?
Et gëtt Gesetzer fir den Déiereschutz. An deene skandinavesche Länner z. B. sinn déi Rasse längst verbueden, wärend bei eis eng Diskussioun iwwer „geféierlech“ Rassenhënn wéi de Pitbull geféiert an déi richteg Problemer eigentlech lénks leie gelooss ginn. A ganz Europa gëtt elo ëmmer méi doriwwer diskutéiert, wat mer wierklech musse verbidden, an ech hoffen, dass Lëtzebuerg net bei deene leschten ass, déi esou Gesetzer ëmsetzen.
D’Déiere sinn Är Patienten, hir Mënsche sinn Är Clienten. Wat léiert Dir am Kader vun Ärer Tätegkeet iwwert de Mënsch?
Dat Wichtegt ass, dass all „Zort“ Mënsche bei eis kommen. A wat mir kloer gesinn, ass, dass d’Relatioun Mënsch-Déier ëmmer méi enk gëtt. Obwuel et fir de Moment nach keng wëssenschaftlech Publikatioun doriwwer gëtt, denken ech, dass d’Corona-Kris derzou bäigedroen huet. Mat Sécherheet wëll de Mënsch ëmmer méi fir säin Déier an ass och bereet, vill méi ze maachen, technesch wéi och finanziell.
Et ass och e Fakt, dass d’Veterinärmedezin virun allem an deene leschten zéng Joer vill méi deier ginn ass. Dat huet haaptsächlech eppes mam Personalopwand ze dinn. Wou fréier ee Veterinär nom Déier gekuckt huet, do ass haut eng ganz Ekipp ronderëm. Wann d’Déier hospitaliséiert gëtt, ass 24 Stonnen op 24 e Veterinär oder eng Veterinärsassistentin präsent. An dat huet säi Präis. Mir gesi leider och oft Leit, déi et besonnesch gutt mat den Déiere mengen, an da vill Déieren hunn: Vill Déiere si vill Käschten. Wat sech fir de Moment ëmmer méi demokratiséiert a wat onbedéngt empfeelenswäert ass, sinn Assurancë fir Déieren. Dat gëtt et scho laang bei de Päerd, well wann dat operéiert gi muss, dat gëtt deier. Dat kënnt och elo fir Hond a Kaz.
Bleiwe mer nach ee Moment bei där Relatioun mat den Hausdéieren: An der Kommunikatioun ass jo och ëmmer een Deel Interpretatioun dran. Awéiwäit gesitt Dir do vläicht och eng Vermënschlechung?
Et muss ee leider soen, dass d’Kommunikatioun Mënsch-Hond, an nach méi mat enger Kaz, zu engem groussen Deel op Mëssverständnisser baséiert. Et ass vill gefuerscht ginn an der Verhalenswëssenschaft vun Hënn a Kazen. Wann een haut e gudden Hondsmeeschter wëll sinn, sollt een an eng unerkannte Welpeschoul goen a mat Spezialisten zesumme schaffen, déi engem erklären, wat den Hond dann eigentlech wëll. An och, wéi een en dozou kritt, dass en dat mécht, wat mir gären hätten: propper sinn, follegen, net fortlafen, net aggressiv sinn, keng Angscht hunn … Et soll ee sech och iwwert Rass informéieren, wann ee säin Hond wëll verstoen. Et gëtt vill Verhalensweise vum Proprietär, déi e Problem éischter verstäerken amplaz ze léisen. An do kënnt een net derlaanscht, mat Spezialiste wéi Hondstrainer zesummen ze schaffen. Déi hu genee de selwechte Stellewäert wéi d’Veterinärmedezin.
Wa mir elo erausginn an d’Natur, gëtt et och Momenter, wou Mënschen op Wëlldéieren treffen. Déi Begéinungen ginn net ëmmer gutt aus. Sinn do och Situatiounen, wou Dir geruff gitt?
Et gëtt eng Spezialitéit, déi zoustänneg ass, wann et zu Konflikter tëscht Mënschen a Wëlldéiere kënnt oder wa Wëlldéiere verletzt sinn: den Ëmweltveterinär. Zu Lëtzebuerg sinn déi z. B. an der Opfänkstatioun fir Wëlldéiere ugestallt. An de leschten zwee, dräi Joerzingten huet sech d’Ëmweltmedizin enorm entwéckelt, wou de Veterinär eng ganz wichteg Roll spillt. Déi baséiert op dem One Health-Konzept, wou et drëms geet, dass d’Mënschen, d’Déieren an d’Ëmwelt wëssenschaftlech kënne verstane ginn, dass mer z. B. Epidemien kënne viraussoen, respektiv andämmen. Denke mer un d’Coronaepidemie oder d’MERS, d’SARS-1: Dat ware lauter Viren, déi vun Déieren fir d’éischt op Hausdéieren a vun do aus op de Mënsch iwwergaange sinn. Mir hunn an den Tropen e Risereservoir u Viren, déi mer zum Deel mol net kennen. D’Fliedermais z. B. si bekannt, dass déi een enorme Reservoir vu Viren huet, wou se selwer net dovu krank ginn. Dee Moment, wann een hir Ëmwelt zerstéiert a Stied ronderëm baut, huet een all Interêt, de ganze System vun der Ëmwelt am Bléck ze behalen an ze monitoren, fir anzeschätzen, wat do ka kommen. Dat ass eent vun de Spezialgebidder vun der Veterinärmedezin, dat elo ëmmer méi wichteg gëtt a wou Ëmweltökologen, Veterinär- an Humanmedezinner a Virologe matenee schaffen.

Gëtt et am Alldag an Ärer Praxis Situatiounen, fir Är Ekipp a fir Iech, déi schwéier sinn?
Wa mer elo vum Alldag schwätzen, net vu Spezialsituatiounen, da muss een ëmmer iwwert eng Situatioun schwätzen, déi belaaschtend ass: Dat sinn d’Euthanasien.
Déi huet zwee Voleten. Deen éischten ass een techneschen: Wéi maachen ech eng gutt Euthanasie? Wat brauch ech dofir? Ech brauch eng Diagnos, eng Prognos, een Déier, wat leit an deem ech net méi kann hëllefen. Dat heescht, et muss eng Decisioun geholl ginn. Dat ass net ëmmer esou einfach, wann een e ganz alt Déier huet, wat vu Woch zu Woch e bësselche méi schlecht gëtt. Firwat soll ech et haut euthanaséieren an net nach eng Woch waarden?
Dann ass do natierlech och de mënschleche Volet: Mir hunn eis Patientebesëtzer virun eis, déi kräischen, déi net wëssen, wat se solle maachen, a mir musse si ënnerstëtzen, fir dass dee leschten Akt esou gutt wéi méiglech iwwert d’Bün geet. Do brauch een e bësse Mënschekenntnis an Erfarung. Dat ass e sensibele Punkt, wann ee frësch vun der Uni kënnt a prett ass, all Déier ze retten. Wann ech d’Leit froen anzeschätzen, wéi vill Euthanasië mir an der Praxis maachen, soen si eng pro Mount, mee et ass an der Moyenne méi wéi eng pro Dag. Mir hunn hei sou vill Hospitaliséierter, déi iwwerwise ginn, dat gehéiert absolutt zum Alldag. An dat ass eng vun deene Saachen, déi e méi schwéier ze verdaue sinn.
Eng aner Situatioun, déi ëmmer méi schwéier gëtt, ass fir mat de Kommentarer op de soziale Reseauen ëmzegoen. Nonzeg Prozent vun de Leit si komplett okay. Fënnef Prozent sinn onwarscheinlech fein. Bei engem klenge Prozentsaz awer freet een sech, firwat déi esou aggressiv sinn. Sinn se därmoossen am Stress, well et hirem Déier schlecht geet? Wann een als jonke Veterinär nëmmen dat Allerbescht wëll maachen an et kritt een esou Kommentarer, dat kann eng Karriär zerstéieren a kann extreem verletzend sinn.
Muss een en Eed ofleeën, fir Veterinär ze ginn? A wat steet an deem Text?
Dës Fro kënnt oft op. Mee se baséiert op dem Mëssverständnes, dass de Veterinärmedezinner par Definitioun e Klengdéierepraktiker ass, deen Humanmedezin fir Kléngdéiere mécht. Et gëtt an deem Sënn keen Eed, deen de Veterinär ofleet, sou wéi an der Humanmedezin. Wat et gëtt, si Gesetzestexter. Huele mer e Beispill aus dem Schluechthaus: Déi Veterinären, déi do schaffen, hunn als éischt Suerg d’Wuelergeeë vun deenen Déieren. Et kéint ee mengen, dat wier e Widdersproch. Mee d’Veterinäre kontrolléieren do z. B., dass d’Schluechte fir d’Déier ouni Stress ofleeft an dass et net gequäält gëtt. Sou ass et och bei de Klengdéieren. Et gi Gesetzer, déi festhalen, dass mir musse kucken, dass déi Déieren net leiden oder dass mir eppes géint Péng musse maachen no der Chirurgie. Dat ass selbstverständlech als Veterinär, dat kritt ee wärend dem ganze Kursus op der Uni bäibruecht.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!