- Reisen
Dräi Jonker erziele vun hirem Fräiwëllegendéngscht
De Ben Ragnacci (23 Joer) huet vun November 2021 bis Mee 2022 e Volontariat a Südafrika gemaach a forum e bëssen eppes vu senger Zäit am Ausland erzielt.
Meng éischt zwee Méint hunn ech zu Franschhoek verbruecht, enger klenger Stad ëstlech vu Kapstadt, wou ech fir d’Cape Winelands Biosphere Reserve geschafft hunn. De Projet ënnerstëtzt edukativ Initiativen, déi Leit aus onprivilegéierte Milieuen iwwer Ëmwelt- a Sozialthemen informéieren. Vill Zäit hu meng Co-Volontaire an ech am Projetsgaart verbruecht, deen eng Schoul mat frëschem Geméis versuergt huet. Bei enger anerer Initiativ hunn ech mat geeschteg ageschränkte Leit am Holz geschafft a Spillsaachen hiergestallt.
No dëser Zäit war ech véier Méint zu Bonnievale beim Bonnie People Project, an enger méi ländlecher Géigend, dräi Stonne vu Kapstadt ewech. De Projet leet eng Crèche an eng Spillschoul a bitt Kanner mat sozial schwaachem Hannergrond, déi soss oft op sech eleng gestallt wieren, eng wichteg schoulesch Betreiung. Eng grouss Kiche sur place këmmert sech all Dag ëm d’Iesse fir d’Kanner vum dem Projet, mee och fir aner sozial benodeelegt Leit aus der Géigend. Meng Co-Volontaire an ech hu fir Uerdnung gesuergt, vill opgeraumt, no a no an der Kiche matgehollef an d’Léierinnen ënnerstëtzt.
No de sechs Méint Volontariat hunn ech nach ee Mount genotzt, fir e bëssen duerch Südafrika ze reesen, ier et zeréck op Lëtzebuerg gaangen ass.

Op d’Fro, firwat ech e Volontariat gemaach hunn, muss ech ëmmer laachen. Vill erwaarden eng inspiréierend Geschicht, mee bei mir war et éischter eng reng rational Decisioun. No der Première wousst ech net, wat ech maache soll, also sinn ech meng Méiglechkeeten duerchgaangen an hu mech einfach fir déi éischt Formatioun beim SNJ ugemellt. Et koum eent zum aneren an e puer Méint drop souz ech am Fliger.
Réckbléckend ware meng Grënn: mech selwer besser kenneléieren, mech weiderentwéckelen a mäi Bléck op d’Welt erweideren. D’Zäit a Südafrika huet mech geléiert, wéi eng immens Ongerechtegkeeten et op der Welt ginn an dass se net just do, mee och bei eis existéieren. Et huet mech méi kritesch gemaach, well ech gesinn hunn, dass et un der Politik ass, net nëmmen d’Symptomer ze behandelen, mee och konkret Léisungen ze fannen.
Am meeschte gepräägt hu mech déi Leit, déi am mannsten haten. Grad si ware voller Liewensfreed a Positivitéit, wat mir
‒ zeréck am stressege Lëtzebuerg ‒ immens feelt.
Mäi Rot un aner Jonker: Iwwerlee net ze laang, maach einfach! Mell dech beim SNJ, schreif eng Mail a géi. Et gëtt eng Erfarung, déi dech däi Liewe laang begleede wäert.
Och den Noe Nei (23 Joer) an d’Helena Karczewska (19 Joer) hunn e Fräiwëllegendéngscht beim SNJ gemaach, dësen awer net am Ausland, mä um nationale Plang.
D’Helena schafft säit dräi Méint am Kader vum Projet Mediafactory am Centre de jeunesse Märjendall. Do ënnerstëtzt hatt d’Animateuren bei der Aarbecht mat de Kanner a Jugendlechen, z. B. am Bauerenhaus, wou hinnen d’Aarbecht mat Greenscreen a Stop Motion méi no bruecht gëtt. Un aneren Deeg hëlt hatt d’Kamera an de Mikro awer och mol selwer an de Grapp, filmt a schneit Interviews a Kuerzopnamen. Seng Aktivitéite reeche vu Social Media Content iwwer T-Shirt-Design bis hin zu Jurysmember beim Filmconcours. No sengem Schoulofschloss war et him wichteg, d’Aarbechtswelt a sech selwer besser kennenzeléieren a sech gläichzäiteg sozial ze engagéieren.
„Mich hat überrascht, wie flexibel und anspornend die Arbeitswelt ist. Ich war von allen Seiten unterstützt und durfte, trotz meiner Laienhaftigkeit, so gut wie überall teilnehmen und mich kreativ ausleben. […] Ich würde jungen Menschen den Freiwilligendienst sehr ans Herz legen. Mein Rat wäre, ins kalte Wasser zu springen, aus seiner Komfortzone herauszutreten, da der Freiwilligendienst einem ermöglicht, sich selbst im geschützten und temporären Rahmen besser kennenzulernen.“
Vu Januar bis Mäerz 2024 huet den Noe e Fräiwëllegendéngscht bei der Stëmm vun der Strooss gemaach. Do war hie Vollzäit als Assistant en communication am Beräich IT a Kommunikatioun am Asaz an huet beispillsweis Videoserie produzéiert wéi och d’Organisatioun technesch ënnerstëtzt. Fir hie war et vu grousser Bedeitung, seng Zäit dofir ze notzen, aneren ze hëllefen a seng Fäegkeete fir ee gemengnëtzegen Zweck anzesetzen. Säin Déngscht huet him net nëmmen ee méi déiwen Abléck a sozial Strukturen an d’Gefill ginn, eng real Differenz ze maachen, mä en huet seng Vue op Lëtzebuerg an op d’Welt och grondleeënd verännert. Hien huet festgestallt, dass Obdachlosegkeet oft net siichtbar ass a wéi vill Mënschen, onofhängeg vun Alter an Hierkonft, an eiser Gesellschaft benodeelegt sinn. Elo geet hie mat aneren Aen duerch d’Stroossen.
„Es waren oft kleine Gesten, die für diese Menschen von unschätzbarem Wert waren – ein Gespräch, ein warmes Essen, ein Moment der Menschlichkeit. Ich erlebte eine tiefe Dankbarkeit für Dinge, die für viele von uns selbstverständlich sind. Diese Begegnungen haben mich nachhaltig geprägt. Mir wurde klar, dass man auch mit wenig viel bewirken kann. Wer über einen Freiwilligendienst nachdenkt, sollte offen für neue Erfahrungen sein und diese Zeit wertschätzen. Diese Zeit ist nicht nur eine Gelegenheit, anderen zu helfen, sondern auch eine Chance, über sich selbst zu reflektieren, sich weiterzuentwickeln und eine tiefere Verbindung zur Gesellschaft aufzubauen.“
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!