Ee wéi deen aneren

Sonndes, den 30. März um "Hei elei"

Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Sonndes, den 30. Mäerz um "Hei elei":

Ee wéi deen aneren

Haut, wou iwerall sou vill iwer Problemer vun der
Famill a vun der Koppel geschwat a geschriwwe gët,
konnt ee gespaant sin ze gesin an ze héieren, wéi e
Lëtzeburger Auteur d’Familien hei am Land gesäit.
Et ass jo ni iwerflësseg, e Spijhel virgehalen ze
krëien; oft ass ët nët schéin, wat een do gesäit
an et deet wéi, awer dat ass jo oft den éischte
Schrëtt, eppes anescht a besser ze maachen. Et
war dem Guy Wagner en Uleies, de Modell, no deem
(dat seet hie wéinestens) vill Familien funktio-
néieren, ongeschminkt op d’Bün ze bréngen, an dat
ass u sech eng gutt Saach.

Mir léieren also eng Modellfamill kennen, Modell-
famill an deem Sënn, dass an där Famill sou zim-
lech all Problemer sech konzentréieren, déi haut
an enger Famill können ausgedroen ginn: de Problem
vum Mann, dee sénger Situatioun nët gewuess ass,
nët als Mann an nët als Papp, d’Fro vun der Eman-
zipatioun vun der Fra, vun der Kontrazeptioun, d‘
Fro vun den ale Leit (d’Boni gët nët matgeholl),
d’Relatiounen Eltere-Kanner, d’Aarbechtswelt…
Wéi gesot, dat sin alles Saachen, mat deenen méi
wéi eng Famill sech haut erëmzeschloen huet. Awer
ganz wuel war ët mer trotzdem nët derbäi. Ech fan-
nen, d’Situatioun ass esou iwerspëtzt an iwerdriw-
wen duergestalt, dass eng Identifizéierung zimlech
onméiglech ass. An d’Gefor dobäi ass dann, dass ee
seet: Dat do geet mech näischt un, bei eis geet et
zwar nët zum beschten, awer esou ass et nach laang
nët. Dobäi kënnt nach, dass all déi Froen an engem
Sonnden zur Diskussioun kommen (vun Diskussioun muss
een natiirlech hei tëschent Gänseféisercher schwät-
zen), an dat mëcht d’Saach nach méi onwaarscheinlech.

Als zweet wällt ech mech mam Personnage vum Mann
auserneen setzen. Dass an déer Famill näischt klappt,
schéngt als éischt dem Mann séng Schold ze sin. Hie
kommandéiert Fra a Kanner, hien ass den Här, mat
him ass nët ze schwätzen, hien hätt gär séng Rou.
Wann hie sech u séng Fra adresséiert, ass ët, well
hien eppes arauch oder well nët alles esou leeft,
wéi hien ët gär hätt. Hier Koppel huet sech selwer
iwerlieft, schéngt et. D’Fra ass onzefridden, méi
Verständnis bräicht se, méi Zäärtlechkeet. An si
freet sech an och hien: Firwat ass elo nëischt
méi esou wéi fréier?

Och d’Kanner erënnere sech u fréier. De Papp war
deemools formidabel, hien hat Zäit fir si an huet
mat hinne gespillt. De Papp ass nët méi erëm ze
erkennen. Wat ass geschitt, a firwat ass déi Koppel
keng Koppel méi?

D’Antwert, déi d’Personnagen sech selwer gin, an
déi och néierens am Stëck a Fro gesat gët, ass den
Hiweis op d’Zäit. D’Zäit huet alles futti gemaach.
Dës Antwort huet mech stutzeg gemaach, besonnesch
well si jo och guer nët weider erkläärt gouf. Et
gët nët gesot, dass eppes Extraes passéiert wir an
och nët, wat sech an deer Zäit an de Personnagen

ofgespilt huet, wéi lues a lues (sou schéngt et jo)
déi Relatioun zugronn gaangen ass. Virdrun an elo
sti ganz onverbonnen an onverständlech niewteneen.
Et dierft awer engem "lénken" Auteur knaps duergoen,
de Leit e Spijhel virzehalen, et misst him jo zu-
gläich drëm goen, de Leit hir Situatioun verständ-
lech ze maachen, hinnen op d’Spur ze hëllefen. Wann
dat nët geschitt, huet menger Meenung no eStëck
ewéi dat hei zum Deel säin Zweck verfeelt.
Wat fänken ech domatt un, wann ee mer seet, d‘
Zäit wier un allem schold? Firwat huet de Papp sech
zum granzegen Haustyrann entwéckelt? Dat Thema
kënnt zwar zur Sprooch, awer et steet dach zimlech
onvermëttelt niewent deer Aart a Weis, wéi de Mann
elo optrëtt. A wann séng Fra e Bauch kritt huet an
hier Broscht nët méi esou fest ass wéi virdrunn,
geet da jo wirklech alsErklärung och net duer.
Eng Zäit laang hat hien en anert, d’accord, awer
firwat? Wat stëcht do derhannert? Dee Mann do bleiwt
eis am Fong onverständlech an déi Aart a Weis, wéi
en duergestalt ass, hëlleft eis och nët, eis sel-
wer besser kennen ze léieren an aner Wéer vu mënsch-
lechem Zesummeliewen ze fannen. Et bleift nach jhust
d’Resignatioun.

An d’Fra? Ass hire Personnage méi iwerzeegend? Am
Ufank huet een d’Impressioun, si versicht ze ret-
ten, wat nach ze retten ass, wann iwerhaapt nach ep-
pes ze retten ass. Si deckt de Kaffisdësch, si
schielt d’Gromperen, si mëcht de Puppelche frësch.
Si mëcht villes a kënnt selwer ze kuurz, an dee
Sonnden huet si es sat. Fir d’Kanner huet si méi
Verständnis wéi de Papp. Awer firwat fällt si dann
nëmmen esou iwert de Puppelchen hir? Dee Puppel-
chen schingt näischt soss ze maachen wéi Kaka an
d’Box ze drécken. An da seet si, si hätt hiirt
ganzt Liewen näischt anescht gemaach, wéi Kaka
ewech ze maachen. Wann een den Altersënnerscheed
tëschent de Kanner kuckt, gesäit een, dass dat,
wat si seet, nët stëmmt; et stëmmt iwerhaapt
näischt, wat si an deer Szen vun sech gëtt. Ech
mengen domat, dass déi Szen nët bei déi Fra passt.
Sou wéi si virdrunn an härno optrëtt, gëtt si e
ganzt anert Bild. Dass vu Katzen a Schäissen Rieds
geet, huet munnech Leit chokéiert. Vleit wollt den
Auteur dat och, hinnen e Chock gin, fir dass si
sollen iwerleen an sech Froe stellen: datt ass sei
gudd Recht. Ech mengen awer, wann hien dat an dëser
Szen wollt, ass et him derniewent gaangen. Den
Zuschauer hëlli deer Fra déi Szen einfach nët of,
do spilt eng Fra Theater, si gebracht Ausdréck, déi
nët hir sin. Wéi soll een hiren Ausbroch dann eescht
huelen? Mann wies besser gewiescht. Firwat huet den
Auteur iwerhaapt dee Puppelche missen an d’Spill
bréngen? Et hätt een och esou gemierkt, dass déi
Fra bei deem Mann nët zu hirem koum. Manner wier
och hei besser gewiescht.

Eng aner Saach, déi mer quiesch läit, ass de
Schluss. Si paakt hir Valise, si geet hirer Wee a

wëllt eppes aneschtes sichen. De Mann bleift gemit-
lech virum Fernseh sëtzen, hie wees, dass si erëm
kënnt. A richteg, no e puer Stonnen ass si nees
do, a well de Puppelche kräischt, kuckt si no him.
Eng Léisung ass dat ganz bestëmmt nët, mir mussen
unhuelen, dass alles beim ale bleift. Also ass d‘
Situatioun definitiv verfuer. Kee Mënsch zweifelt
drun, dass et esou Situatioune gëtt, an et ass och
engem säi gudd Recht, dorop hinzeweisen. Awer eng
Hëllef ass datt nët. Déi Fraen, déi et mat Männer
wéi deem do ze din hun an denken: esou sin d’Männer

eben, kënnen sech nëmmen an hirer Menung bestäärkt
fillen. Wat ee maache kann, fir zwëschenmënschlech
Barrieren ofzerappen, fir d’Zäärtlechkeet an der
Koppel zu Wuurt kommen ze loossen, dat gouf nët emol
gefrot. Ass et dann fir déi Leit, déi an enger ään-
lecher Situatioun liewen, ze spéit fir eppes ze änne-
ren? An déi, déi no hinne kommen, hir Kanner, wat
ka si vu deem ganze Misär bewaren? Hun si iwerhaapt
eng Chance?

Fernande Hausemer-Freymann

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code