Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
- Wat bedeit Politik fier dech? Wat bréngs du domatt a Verbindung?
Ech mengen, ët muss een de Begrëff Politik an zwee deelen: a) Deelberäicher aus der sou- genannter "Real"-politik, di mech direkt oder indirekt ugin: Schoulpolitik, Sozialpolitik, Friddenspolitik,… Hei heescht ët sech asetzen fir rëell Mësstänn ze besäitegen an eege Vir- stellungen duerchzesetzen, oder zumindest an d’Diskussion ze bréngen. b) Politik iergend- wéi am Sënn vun Ideologie: grondsätzlech Iddien oder Zieler: Gläichheet vun alle Mënschen, Alter- nativen zum Kapitalismus a Kommunismus, Demo- kratie, asw. Dobäi däerf ee natierlech nët blann an dogmatesch gin. Mä Kompromisser bei Grond- froe gët ët och nët.
- Wéni has du bewosst fier d’éischt mat Politik ze din? Huet dat dech an irgendénger Form beaflosst?
Fir d’éischt wor dat am Alter vun 13 Joer. Deemols sin ech duerch mäi Glawen (ech sin iwerzeegte Chrëscht) op e gewëssent Nodenken iwert Sozialfroen an Aussepolitik komm. Ech hun deemols festgestallt – ënnert engem gewëssen Afloss vum Martin Luther King-, dass eist System, de Kapitalismus, kengeswegs "chrëschtlech" as. Dun hun ech mech fir d’Parteien an hir Virstellungen interesséiert.
- Géings du dech politesch engagéieren
a) op gesellschaftspoliteschem Plan (Friddensgewegung, 3.Welt, Emwelt asw)
b) op parteipoliteschem Plang.
Wat bedeit dat Engagement fir dech?
No zwee Joer intensivem Interessi an Informatioun hun ech mech dun fir de Sozialismus entscheed a si Member gin vun der LSAP an der JSL. Dat huet mäi ganzt Liewe beaflosst. Hätt ech dee Schrëtt nit gemaach, hätt ech bestëmmt haut keen esou e grousst kulturellt a sozialt Engagement (am Conseil d’Education vum Lycée classique zu Iechternach, an der Redaktioun vum "Maulwuerf", am "Mouvement écologique"). Dëst Engagement hun ech bis haut ni bereit.
- Méngs du et wier méiglech keng politesch Meenung zu hunn?
Et gëtt natierlech Mënschen ouni Meenung. Mä dës Leit verstin ech nët. Et kann engem dach nët egal sin, wat, z.B., um Plang vum Emweltschutz geschitt: Saure Reen, Seveso, Atomkraaftwierker asw. gin eis dach direkt eppes un. Suguer chronesch Egoiste missten sech dach wëinstens hei engagéieren, och wann ët hinnen egal as, wat z.B. a Latäinamerika passéiert.
- Huet deng Astellung zur Politik sech geännert? Wa jo- durch wat?
Besonnesch an Eenzelfroen hun ech öfters mëng
Meenung geännert, duerch Erfahrung, duerch Diskussion, duerch méi Informatioun. Awer a Grondfroe nët.
Zur Politik selwer hun ech och eng aner Astellung kritt duerch mäi parteipolitescht Engagement. Et as kloer, dass d’Routine vun der Parteiarbecht den éischten Elan an Idealismus bremst. Ganz huelen därf een sech grad den Idealismus awer nët.
- As et wouer, dat eis Parteipolitiker nët méi glaubwürdeg sin? Begrenn déng Entwert!
Et gët an all Partei gudd Leit genausou wéi ët an all Partei schlecht Leit gët. – Ech ka gudd verstoe, wann ugesichts vun Affairen an Affairercher vill Leit un dëser Glaafwierdegkeet zweiwelen. Et kann een awer nët pauschal soen, d’Politiker wären onglaafwierdeg. Ech muss allerdéngs soen, dass eng Partei mat zwee Bustawen déi onglaafwierdeg Politiker sammelt.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!