„Et ass eng gewëssen Zäitlosegkeet mat der Musek verbonnen“

Am Gespréich mam Patrick Morbach

Patrick Morbach, aka Brave, bezeechent sech als Vollbluttmuseker. Scho ganz fréi war hie vun der Musek an hire verschiddene Facetten ugezunn, mat eelef war hien den Disjockey a senger Schoulklass. Haut spillt hie verschidden Instrumenter, ass Sänger an e puer Banden, Perkussionist an DJ. 2012 huet hien eng privat Musekschoul gegrënnt: d’BAMSS, Brave’s Alternative Music School. Musek begleet hien duerch säin Alldag, wou d’Grenzen tëschent dem Privaten a Professionelle verschwannen. Mat forum schwätzt hien iwwert säi Parcours a seng Approche fir seng Passioun weiderzeginn – mat liefhafter Begeeschterung.


Dir hutt eng klassesch Musekserzéiung matgemaach. Aus wéi engem Besoin ass d’Iddi entstanen, eng alternativ Method unzebidden, wéi een en Instrument léiere kann?

Vun Ufank un hunn ech nieft dem klassesche Musekswee och den non-formelle Bildungswee gesicht. Zum Beispill wollt ech onbedéngt dei latäinamerikanesch Perkussiounsinstrumenter Bongo a Konga spillen a sinn dofir e puer Wochen a Kuba gaang an hunn do all Dag e Crash Cours geholl. Dee Léierprozess war fir mech ganz aneschters, méi authentesch. Do konnt ech d’Mentalitéit an de Rhythmus wierk­lech spieren. Et sinn déi zwee Weeër, déi ech geholl hunn.

Meng privat an alternativ Musekschoul ze grënnen, war fir mech eng Opportunitéit, fir meng Experienzen aus verschiddene Beräicher ze fusionéieren: den Educateur am soziale Secteur an de Museker.


Wat ass bei Iech anescht – wéi géift Dir Är Approche beschreiwen? Iwwert wéi e Wee léiert ee bei Iech?

Ech fille mech elo e bësse wéi e Kach, dee soll zielen, firwat seng Nuddelen esou gutt schmaachen. Ech kann Iech d’Haaptzutate soen – e Re bemol ass och a menger Schoul e Re bemol. D’Approche hänkt natierlech och dervun of, ob ech mat Gruppen oder eenzelne Persoune schaffen. Wat awer bei mir anescht ass, ass dass ech mir ganz vill Zäit fir meng Schüler huelen an op hir individuell Besoinen a Wënsch kann agoen. Bei mir geet et drëms, all Schüler sou vill wéi méiglech Satisfaktioun ze ginn an derbäi d’Musek sou no wéi méiglech ze bréngen. Et kënnt drop un, wien do viru mir ass, mat all senge Méiglechkeeten, Capacitéiten, motorescher Natur etc. An et ass een ouni Nouteliese-System. Dat heescht, wann een z. B. wëll Gittar léieren, dann ass de Cours e Gittarcours, et geet direkt lass. No deem drëtte Cours ass ee scho fäeg, Happy Birthday ze spillen.

© Philippe Reuter / forum

Wien ass Äre Public? Sinn do all Altersklasse representéiert?

Ech gi vill Formatiounen am musekspäd­agogesche Beräich, z. B. de Cours „Global Percussion“. Do komme Kanner vum Cycle 1 bis 4 aus eisem Schoulsystem an och Schoulpersonal, déi gäre Musek an der Klass maachen.

Bei mir an der Schoul ass et ganz verschidden – meng eelste Schülerin war 66 a mäi jéngste war 4. Meng Diere sinn och op fir Mënsche mat engem spezifesche Besoin. Ech hat schonn zum Beispill eng blann Persoun, déi Gittar geléiert huet. Dëse Cours war fir mech och erausfuerderend, well ech versiche mech an déi Persoun eranzeversetzen an ze verstoen, wéi erklären ech elo d’Sol-Säit oder d’Mi-Säit an d’La-Säit, wou ass déi, wéi kléngt se, wéi spiert se sech un. Ech selwer wuessen och an all Cours.

Dir maacht och reegelméisseg Projeten zesumme mat Institutiounen, kënnt Dir eis e puer Beispiller ginn a méi doriwwer zielen?

An de Schoulen, Foyeren, Maison Relais sinn et Projeten, wou ech eemol d’Woch Musek ubidden, en Atelier, wou mer op e Concert oder eng Opféierung hischaffen, z. B. themebedéngt, wéi Chrëschtdag oder Ouschterdag.

Ech maachen och grouss Projeten, wéi z. B. a Collaboratioun mam Rocklab aus der Rockhal, de 24H Elektro for Kids. Dat ass e groussen Event vu fënnef Wochen, wou ech iwwer 1 200 Kanner gesinn hunn, all Dag ëm déi 90 Kanner. Si kréien an deem Kader eng Initiatioun am Beräich vun der elektronescher Musek.

Aner Projete sinn z. B. och e partizipative Concert fir d’Ouverture vun der Fête de la musique an der Stad. Do maache mir da mam Public zesumme Musek: Ech huelen da Leit aus dem Publikum op d’Bün a ginn hinnen d’Méiglechkeet, ze improviséieren an och op ganz speziellen Instru­menter ze spillen, wéi dem Theremin, der Handpan oder enger Wave Drum, déi een net onbedéngt all Dag gesäit.

Dir sidd scho bëssi duerch d’Welt komm. Wéi e Stellewäert huet Musek an anere Kulturen? Géift Dir d’Musek als eng Sprooch bezeechnen, déi kulturiwwergräifend funktionéiert?

2017 hunn ech decidéiert auszewanderen a meng Musekschoul an engem südamerikanesche Land unzebidden, fir Erfarungen ze sichen, mat der Sprooch, mat der Mentalitéit, den Traditiounen, alles wat dozou gehéiert. Et gouf da Gittarcoursen ënnert de Palmen! Do hunn ech eng ganz aner Approche gesinn, wéi ee Musek mécht, wéi een sech derzou beweegt an och wéi präsent Musek am Alldag ass. Zu Costa Rica ass z. B. Musek vu moies bis owes. Do sinn d’Kanner mat der Wëndel, déi danzen um Strand op de latäinamerikanesche Rhythmus.

An jo, d’Musek ass eng Sprooch! An der Musek kann ee munch Natiounen zesummebréngen, déi sech am globale Kontext bekrichen. Do ass dann eis aner Sprooch net méi wichteg.

Dir hutt eng Zäit laang zesumme mat engem Musekstherapeut Coursë gi fir Perkussioun. Aus der Erfarung, awer och aus Ären Aktivitéiten: Wat ass d’Wierkung vun der Musek op de Mënsch?

Dat ass en immens spannenden a fir mech ee vun de wichtegsten Aspekter. Ech soen ëmmer, ech hu mech der Musek verschriwwen. Ech liewe fir d’Musek. Ech gesinn, wat mir d’Musek bréngt a wann ech musikalesch Ateliere maachen, wéi d’Leit herno drop sinn.

Et ass eng gewëssen Zäitlosegkeet mat der Musek verbonnen, déi mech immens interesséiert. Et ass ee ganz am Moment. Ech hunn zum Beispill e Cours eemol an der Woch an der Psychopediatrie am CHL. An et ass esou schéin, wa mer do déi Stonn zesumme Musek maachen: Do vergiesse mer d’Zäit a firwat si iwwerhaapt do sinn. Wann ee sech total der Musek gëtt, da gëtt d’Zäit immens onwichteg.

Och bei menge Schüler gesinn ech déi Faszinatioun a Freed beim Musizéieren oder wéi d’Energie vun der Musek op hir Stëmmung wierkt. Ech hu Schüler, déi net verbal kënne kommunizéieren an déi sech awer duerch en Instrument iergendwéi kënne matdeelen.

Musek fërdert aner neurologesch Prozesser an eisem Gehier a vernetzt eis Gehierhallschenten. Huele mer d’Beispill vun engem, dee Gittar spillt: Mat der rietser Hand ginn d’Akkorde gespillt, mat der de lénkser de Rhythmus, villäicht séngt een och nach derbäi – dat sinn esou vill Connexiounen, déi gläichzäiteg aktivéiert ginn. Et kann ee mat Sécherheet soen, dass Musek neurologesch positiv effets secondaires huet.

D’Musek bréngt total eppes. D’Musek heelt. Si ass eng Kraaft – a wéi den Einstein sot, si ass de Schlëssel zu engem onendleche Raum.

Den Interview huet d’Anke Reitz den 13. Juni gefouert.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code