„Fir d’Demokratie ze verteidegen, kann een d’Demokratie net ofschafen“

E Gespréich mam Claude Wiseler

Ass eis Demokratie an enger Kris, ass se a Gefor? Wann een haut kuckt, wat an der Welt lass ass, da muss ee wierklech soen, datt d’Demokratie ënner Stress steet. Ech ka mech un déi Zäiten erënneren, wéi ech ugefaangen hunn, mech fir d’Politik ze interesséieren, do war Demokratie an déi Fräiheeten, déi mer haten, […]