Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

An ihrer Generalversammlung vum 6. Februar 1993 hu "Jeunes et Patrimoine" décidéiert, de "Gëllene Bagger" fir d’Joer 1992 un den Här Robert Goebbels, Minister vun den öffentlichen Aarbechten, ze vergin wéinst enger Rëtsch vu Verstéiss géint de Respekt virun historesche Gebeilechkeeten an der Stadt Lëtzebuerg.

Hien as als Minister verantwortlech, dass d’Schlassbréck ofgerappt gouf an anescht opgebaut gët wi se virdru war. An en as responsabel, dass bei der Direktioun vun der Douane am Hellege Geescht Festungsmaueren, di méiglecherweis bis an d’Mëttelalter zréckgongen, duerchbrach a futtigemaacht goufen, ouni dass d’Archéologen Zäit kritt hätten, di historesch Bausubstanz z’ënnersichen. Dass um Bock d’Reschter vun der Sigfridsbuerg nuren am leschte Moment – e.a. well "Jeunes et Patrimoine" Zodi geschloen hun – a kengeswegs an hirer Totalitéit, z.B.

och a Richtung Almënsterplateau, konnten ënner-sicht gin, geet och op séng Décisioun zréck. Et as ze hoffen, dass de Minister nët mat där selwechter Rücksechtslosegkeet bei der Renovatioun vun der Neimënsterabtei am Gronn virget, well hei mussen d’Archéologen och Zäit kréien, fir d’Reschter vun engem mëttelalterleche Stadvéierel auszegruewen, ir d’Baggeren uréckelen.

Kandidate fir de Gëllene Bagger 1992 woren och nach d’Banque Générale, di hir Gebeier um Conrotseck an der Stad ofgerappt huet, ouni sech ëm eng historesch Analyse ze bekëmmeren, an d’CFL, di nët ophalen am ganze Land Garen ofzerappen – als lescht déi Elwenter -, déi schéin architektonesch Zeien aus der Grëndungszäit vun der Eisebunn am 19. Jorhonnert sin.

Jeunes et Patrimoine a.s.b.l., Lëtzebuerg

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code