- Kunst, Wissenschaft
Iwwer Natur an eis Deconnexioun, Wëssenschaft, Muecht an Evolutioun
Ee Gespréich mam Justine Blau
Kanns du dech an deng Approche als Artistin wgl. kuerz virstellen?
Ech sinn eng visuell Kënschtlerin an ech schaffe vill ronderëm d’Naturfroen. An de leschte Joren hunn ech mech méi mat enger Recherche-Approche beschäftegt. Dat heescht, ech gesinn et bal wéi eng Investigatiounsaarbecht. Ech mierken och ëmmer méi, dass meng Demarche anthropologesch gëtt an doraus entstinn da Wierker. Ech hunn als Sculptrice ugefaangen an ech hunn ëmmer nach déi Demarche par rapport zu der Form vum Wierk, mee mat der Zäit wollt ech och einfach aus dem Atelier eraus.
Du thematiséiers an dengen Aarbechten reegelméisseg d’Relatioun vu Mënsch a Natur. Wéi géifs du deng Relatioun zur Natur beschreiwen bzw. däi Verständnes vun der Natur?
Et sinn d’Froen zum Thema Natur als Konzept, déi mech interesséieren. Et ass och d’Fro ronderëm d’Liewen: Wat heescht haut lieweg sinn an enger medialer Welt? De Medium Fotografie huet mech interpelléiert, ech hu mech gefrot „Wat ass dat fir en Objet?“ a wat fir en Impakt huet d’Fotografie op eis, eise Bléck op d’Welt an d’Natur? Doduerch ass d’Fro entstanen: Wat ass eigentlech eis Bezéiung zur Natur? Ech hunn dat engersäits intellektualliséiert, mee ech wollt et och selwer erliewen a mech als Mënsch a Fro stellen. Meng Aarbechte sinn zum groussen Deel entstanen duerch déi Naturkris, an där mir sinn, an ech versichen ze verstoen, wat an eiser Relatioun mat der Natur schif gelaf ass (a leeft), a firwat.

Photo de Justine Blau, 2019 ; à partir de la photographie du spécimen de Sicyos villosus collecté par Charles Darwin aux Galápagos en 1835, avec l’autorisation de l’Herbier de l’université de Cambridge, CGE00353. © Justine Blau
Wat sinn déi grouss Froen, déi s du un d’Natur oder un de Mënsch stells?
Déi grouss Froe waren ëmmer, firwat a wéi ass esou eng Ëmweltkris entstanen. Wéi kann et sinn, dass mir eis net méi als een Deel vun der Natur erkennen – dass mir esou deconnectéiert sinn? Wéini huet dat ugefangen? Dat faszinéiert mech, theoreetesch, mee och als Beobachtung am Alldag. Ech gesinn et och als eng wichteg politesch Fro.
Kanns du däi Projet „The Veil of Nature“ beschreiwen a wéi s du derzou komm bass, mat der Thematik ze schaffen? Kanns du de Parcours vun denger Recherche fir eis zeechnen a wéi sech deng Iwwerleeungen a Froen derbäi entwéckelt hunn?
De Projet huet och an deem Fall mat der Fotografie ugefaangen. Eng Zäit laang hunn ech als Kënschtlerin 3D-Collagë mat Fotoen aus dem Internet gemaach an esou déi Matière aus dem Ecran nees materialiséiert. Ech hu bei menge Recherchen digitaliséiert Herbieën1 online entdeckt an hu mir Froen iwwert déi speziell Duerstellung vun der Natur gestallt: De gedréchenten Objet am Archiv ass net méi wierklech d’Planz u sech, mee et ass eng extrem „kulturaliséiert“ Representatioun vun engem liewege Wiesen. All Exemplaire an engem Herbier huet en Numm, en Datum, e gëtt archivéiert. Déi Naturobjeten hu mech intrigéiert! Op der enger Säit ginn haut eng Mass vun Planzenexemplairen als Donnéeën digitaliséiert an online gesat, op der anerer Säit stierwe Spezien an der Realitéit ëmmer méi aus. Sou kann een elo plëtzlech all déi Planze fannen, déi virun zweehonnert oder dräihonnert Jore gesammelt gi sinn. D’Fro war: Firwat maache mer dat? Wat ass hir Plaz? Wat ass en Herbier? A waat ass den Ennerscheed tëschend dem Objet an der Foto?
Ech hu mir da spezifesch een Herbier ausgesicht: Dee vum Darwin huet mir logesch geschéngt par rapport zu der Fro vun der Evolutioun. Am Kontext vum 6. Massenausstierwen2 hat ech mir erwaart, dass do eng riseg Unzuel vu Planze schonn ausgestuerwe wier. Ech hat mer d’rout Lëscht vun de gefärdete Planzen online ugekuckt an derbäi sinn ech op de Sicyos villosus gestouss, déi als eenzeg Planz aus dem
Darwin sengem Herbier ausgestuerwe ass. Dat huet mech faszinéiert, wëll haut existéiert just nach een Individuum vun deser Aart: dat Blat aus dem Herbier. Op hirem Site stoung dee Moment, si géifen dës Planz nees gären zum Liewe bréngen. A plëtzlech war d’Duerstellung vun desem Exemplaire am Herbier net méi just eng Foto, net nëmmen en Dokument, mee en Element aus der Natur, wat nach potentiell Liewen dréit. Doduerch sinn nei Froen entstanen,
z. B. wat d’Relatioun tëschent dem Medium Fotografie an dem Doud betrëfft.
Ech sinn dunn op Cambridge gereest, fir den University Herbarium ze besichen a mir de Sicyos villosus unzekucken. Ech krut ganz schnell vun der neier Responsabel vum Herbier gesot, dass si kee Projet hätten, fir d’Planz zum Liewen zréckzebréngen.
Als Kënschtler huet een dat Gefill, dass ee sech gewëss Fräiheeten erlabe kann par rapport zu de Fakten. Mee och d’Wëssenschaftler si kulturell konditionéiert […].
Dee Moment ass mir bewosst ginn, dass déi Geschicht vun der De-Extinction vill méi politesch a méi komplex wier, wéi ech geduecht hat, an dass do e groussen, vasten etheschen Enjeu wier. Ech hu mat ville Wëssenschaftler Interviewe gemaach an hu mam Prozess vu menger Recherche verstan, dass ech an eng Thematik gefall war, déi vill Dimensiounen huet an déi Opschloss doriwwer gëtt, wéi Wëssenschaft funktionéiert a wéi se mat der Natur ëmgeet. Ech stellen a mengem Projet déi Froen vun der Preservatioun vun den Aarten, a wat den Drang vun der Wëssenschaft bedeit, fir Saachen ze erhalen.
Bass du an denge Recherchen op e Fall gestouss, wou et der Wëssenschaft gegléckt ass, fir eng Planz zeréckzebréngen?
Eng Fro, déi fir mech dermat zesummenhänkt, ass: Kann en Herbier d’Welt retten bzw. konservéiert den Herbier genetescht Material, wat een nees kann erwächen? Zu Cambridge hunn ech mat der Wëssenschaftlerin Lauren Gardiner geschwat, déi mir erkläert huet, dass dat un sech d’Roll vun de Sombanken ass, net vum Herbier. Deen ass just do, fir eng Taxonomie duerzestellen a fir ze verstoen, wéi z. B. Variatiounen entstinn oder wéi verschidden Aarte matenee verbonne sinn. Et ass méi en Etat des lieux, deen een zu engem bestëmmte Zäitpunkt festhält a katalogéiere kann. Dogéint hätten d’Sombanken méi déi Roll fir an Zukunft „d’Welt ze retten“ an och fir haut de Som ze examinéieren.
Derno sinn ech dann op Brest gereest an de Conservatoire botanique national, déi eng kleng Sombank hunn. Si hunn do och Zären, wou se am Wëllen ausgestuerwen Aarten uplanzen, si schwätzen awer net vun De-Extinction. Somkäre konservéieren sech gutt an du kanns duerch dat genetescht Material relativ einfach nees Planzen zum Liewe bréngen. Op der Île Maurice hu si z. B. eng endemesch a rezent ausgestuerwe Planz, d’Cylindrocline lorencei, duerch de Som a Bio-Technologie nees zeréckbruecht. Zu Harvard gëtt et och änlech Initiativen, déi un esou Projete schaffen.
Et gëtt e groussen Ënnerscheed tëschent Déieren a Planzen: Bei Déieren wäert et ëmmer en Hybrid sinn, wëll een en Déier vun haut als Porteur muss „gebrauchen“ an de Genpool fir eng méiglech Reproduktioun ass kleng. Wärend bei de Planzen, wann s de d’Käre rëm zum Liewe bréngs, dann hues de déi original Planz. Bei den Déieren huet een och déi ethesch Froen, bei der Planz ass dogéint d’Notioun vum Individuum vill méi vag.
Ech hat och e Betrieb fonnt, dee sech Ginkgo nennt, dee aus ausgestuerwene Planze Parfum mécht. Du gesäis, et sinn zimmlech vill Leit, déi sech mat deene Saache beschäftegen an net nëmmen an der Wëssenschaft – d’Fro ass ëmmer, firwat. Firwat empfanne mer de Besoin dofir? Dat war, wat mech interesséiert huet.
Kann een déi global Konsequenze vun der De-Extinction realistesch aschätzen?
Déi Froen oder Äntwerten sinn oft ideologesch (heiansdo och kommerziell) gefierft. Mir hu vum Ënnerscheed tëschent den Déieren a Planzen geschwat: Do sinn och d’Konsequenze an d’Enjeuën ganz anerer, wann een z. B. de Mammut nees aféiere wëll, wéi den amerikanesche Chemiker George Church sech dat virstellt. Déi menge wierklech, si kéinten e fréieren ekologeschen Equiliber esou aféieren. Hir Vue op d’Roll vum Mënsch am komplexe System vun der Natur, ennerscheed sech stark vun der vu villen anere Wëssenschaftler, déi dat guer net ënnerstëtzen. Et ass eng aner Weltuschauung. Ech si mir net sécher, ob vill iwwert d’Konsequenzen nogeduecht gëtt. Dat hunn ech faszinant fonnt, och, dass vill Wëssenschaftler, déi sech mat der Fro vun der Konservatioun beschäftegen, sech net onbedéngt mat der Fro vun der Evolutioun auserneesetzen. Si wëllen eppes zréckbréngen, mee wou fänkt een un, wann een z. B. eng Aart aféiere wëll. Et weess een net, wéi et an zwanzeg Joer wäert sinn. A sou wéi et gëschter war, gëtt et ni méi. Dat ass schwéier fir eis ze verstoen. Den Darwin z. B. war sech schonn bewosst, dass de Mënsch d’Komplexitéit vun der Natur net ka faassen an dass kee weess, wat déi global Konsequenze vun eisem Handele wäerte sinn. Mat der Genetik spillen mir de „klengen Zauberer“, mee mir kënnen ni virausgesinn, wéi eng Impakter sech aus eisen Interventiounen ergin.

Dest Approche entsprécht dem Glawen, dass de Mënsch total Muecht a total Kontroll huet – dat passt och bei den neoliberale Kapitalismus. Den Anthropolog Philippe Descola huet am Kader vu sengem Buch Par-délà nature et culture erkläert, dass d’Iddi vun der Protektioun mam Pouvoir zesummenhänkt: Sou laangs du mengs, du kéints Aarten protegéieren oder zeréckbréngen, denks du ëmmer, du häss d’Muecht an du kéints d’Entscheedungen treffen. Dat ass eng Absurditéit wann een den Mechanismus vum Liewen versteht.
Hues du méi iwwert de Mënsch oder iwwert d’Natur geléiert an dëser Recherche? Wat huet dech an deem Prozess am meeschten iwwerrascht?
Ech géing soen déi zwee. Et war vun Ufank un d’Bezéiung tëschent Mënsch a Natur, déi mech interesséiert huet. A Froe vun der Evolutioun: Wat ass z. B. eng Spezies, wat ass eng Variatioun? Wéini ass et eng Variatioun a wéini gëtt et eng Spezies? Well d’Natur entwéckelt sech permanent. Ech hunn a menger Recherche och vill iwwer Planze geléiert an iwwer hier Plaz am Ekosystem. Mäi Bléck huet sech geännert: Ech beobachte vill méi. Dës Approche ass ënnert anerem duerch meng Rees op d’Galapagos Inselen gefërdert ginn: Anhand vum Darwin sengem Reesbericht, hun ech versicht, esou wéi hien ze beobachten, fir den Sicyos villosus erëm ze fannen.
An der Wëssenschaft hu mir de Besoin, fir alles ze klassifizéieren an ze konservéieren. Wéi gesäis du déi Relatioun tëschent der Konservatioun, Evolutioun an Zäit?
Et ass immens komplex. Ech hat lo de Projet an enger Ausstellung an engem Botanesche Gaart zu Tartu an Estland gewisen. Am Kader vun enger Table ronde mat Kënschtler a Wëssenschaftler hu mir d’Froe gestallt: Muss een alles kennen, benenne kënnen fir et daerfen ze erhalen? Et gëtt Millioune vu Aarten an der Natur, mee just e puer Leit, déi dru schaffen. Dat heescht, déi Kenntnisser entstinn extreem lues an evoluéieren stänneg. Fir festzestellen, ob eng Planz ausgestuerwen ass, muss een z. B. Exemplairen an der Natur sammelen a se mat den aktuellen Herbiers-Archiven vergläichen. Do kéint een emol vläicht eng Planz verpassen. Et ass net esou prezis, wéi ee mengt. Dat hunn ech scho ganz interessant fonnt.
D’Fro ass: Kann een an enger Krisesituatioun nach esou funktionéieren? Engersäits ass et immens spannend an et huet een ëmmer méi e grousst Wëssen iwwert d’Ekosystemer, dat eist Verständnis vun der Natur forlaafend transforméiert. Mee dës Approche ass och limitéiert – et ass just eng Aart vu Verstoen. Wat hunn déi Archiven mam Ekosystem ze dinn? Ech mengen, dass een an eiser Situatioun nei Paradigmen, nei Strukturen brauch. Wéi kënne mir haut iwwert d’Natur schwätzen?
Zum Ofschloss hunn ech nach dräi Froen: Wat huet dech am meeschte bei denger Recherche iwwerrascht? Hues du Äntwerten op deng Froe fonnt a wéi eng nei Froe sinn entstanen? A geet de Projet nach weider?
Wat mech iwwerrascht huet, war, wéi Wëssenschaft funktionéiert. Ech hat zimmlech vill doriwer gelies, wéi virageholl d’Wëssenschaft ass an och, dass et ëmmer an engem kulturellen Environnement operéiert. Als Kënschtler huet een dat Gefill, dass ee sech gewëss Fräiheeten erlabe kann par rapport zu de Fakten. Mee och d’Wëssenschaftler si kulturell konditionéiert – als „Aussestoenden“ huet dat mech heiansdo deconcertéiert.
Ganz laang hat ech dat Gefill, dass ech méi op Froe gestouss sinn ewéi op Äntwerten. Et sinn am Laf vum Projet ëmmer méi nei Donnéeën opkomm an ech hunn déi verschidde Spueren einfach weiderverfollegt. Doduerch sinn vill nei Froen entstanen, mee ech mengen, dass meng initial Questionnementer einfach ze vaste waren. Retrospektiv kann ech soen, dass ech de Bezuch tëschent Wëssenschaft an Natur haut besser faassen kann.
Ech wäert weiderhin dës Approche verfollegen an de Kontakt mat verschiddene Wëssenschaftler sichen. Ech géif gären zeréck an de Conservatoire botanique zu Brest an déi Zäre mat den bedrote Planzen goen. Déi Plaz huet mech wierklech markéiert. Déi Fro ronderëm de Phenomeen vun der Extinctioun wéilt ech an Zukunft nach weider verdéiwen.
1 Een Herbier (däitsch: Herbarium) ass eng Kollektioun vu konservéierte (z. B. gedréchente Planze), déi fir wëssenschaftlech Zwecker an der Botanik genotzt ginn, wéi z. B. dee vun der Darwin Foundation zu Cambridge (www.darwinfoundation.org).
2 Bis dato gouf et fënnef Massenausstierwen, déi all op Naturphenomener zréckzeféiere waren (dat lescht virun 65,5 Millioune Joren, wou d’Dinosaurier ausgestuerwe sinn). Wëssenschaftler denken, dass mir eis elo am sechste Massenausstierwen befannen: dëst ausgeléist vu mënschlechen Aktivitéiten, wéi z. B. eng net nohalteg Notzung vu Land, Waasser an Energie, déi de Klimawandel zur Folleg hun.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!