- Gesellschaft
„Jalousie ass geléiert“
Ee Gespréich mat zwee Leit, déi alle béid an enger oppener Bezéiung liewen
Oppe Bezéiung, Polyamorie, konventionell Zweeërbezéiung,… Firwat hu mir dës Kategorien?
Pit*: Déi Kategorie si reng historesch. Duerch d’Zäiten, a net zulescht wéinst enger kathoulescher Léier, hu mer déi Famillje-formen ugeholl, déi am Ament predominant sinn. Fir ee Staat ass et natierlech praktesch fir eng gewëssen Uerdnung oprecht ze erhalen a sech d’Familljepolitik esou einfach ze maache wéi méiglech.
An do ass dann och dat üblecht, konformistescht Konstrukt vun der Traditioun, dat vill erkläert. Et ass esou, well et ëmmer esou war. Dat muss een emol fir d’éischt a Fro stellen a sech d’Méi maache fir nozesichen, wéi laang dat da schonn esou ass. Well, wéi esou vill op dëser Welt: Et war net ëmmer esou, et handelt sech em ee relativ rezent Konstrukt vun eiser moderner Gesellschaft. Et gëtt vill Material iwwer d’Manéier, wéi „d’Famill“ sech iwwer d’Joerhonnerten entwéckelt huet. D’Roll vun der Mamm huet do och eng ganz interessant Evolutioun matgemaach, et ass sech net ëmmer esou ëm d’Kanner gekëmmert ginn, wéi mer dat haut als normal unhuelen.
Ass et méiglech méi Leit gläich intensiv gär ze hunn?
Pit: Ech hunn ee Problem mat engem quantitative Vergläich wat Emotiounen ugeet. Wéi vill hues du mech gär? Soll ech der dat elo an Häerzer soen? A Kiloen? A Joule? D’Intensitéit ass ëmmer vum Zäitpunkt ofhängeg, ni eng Konstant, an zum groussen Deel eppes, un deem ee schaffe wëll. Léift kënnt och a ville Formen. Mat enger Persoun hues de vläicht déi geniaalsten Diskussiounen a mat aneren de beschte Sex. Wichteg ass et, fir mech, dass jiddereen iwwer jidderee Bescheed weess an dass ech net muss evitéieren iwwer eng Persoun ze schwätze wann ech ee gléckleche Moment wëll deelen.
Pol*: Zwëschen enger klassescher, romantescher Bezéiung a reng platonesche Frëndschafte ginn et ganz vill Zwëschestufen, sou datt ee vläicht net all Persoun op déi selwecht Manéier oder mat der selwechter Intensitéit gären huet. Natierlech ginn et och ënnerschiddlech Prioritéiten oder „Wichtegkeeten“. De komplizéierten Deel ass net, sech zu méi wéi enger Persoun romantesch, ästhetesch, sexuell, platonesch ugezun ze fillen, mee eben déi verschidde Relatiounen ze managen – am beschten esou, datt d’Bedierfnisser vun alle Bedeelegte befriddegt ginn.
Wéi managt een also eng oppe Bezéiung?
Pit: Hei hänkt et natierlech vun der Form vun der Bezéiung of. Et huet een z.B. ee Partner, deen ee säit laangem just 2-3 Deeg pro Joer gesäit. Déi Zäit hëlt ee sech. Wann een ee primäre Partner huet, soll ee natierlech iwwer engem seng Zäitpläng schwätzen, fir dass keng negativ Iwwerraschunge opkommen. Dat ass awer genau esou komplex wéi an enger „normaler“ Bezéiung.
Schléisst ärer Meenung no eng oppe Bezéiung sech pacsen oder Kanner aus?
Pol: Eng oppe Bezéiung, déi normalerweis tëschen zwee Mënsche besteet, déi och mat anere Leit schlofen, schléisst dës Saachen alleguerten net aus. Bei polyamour-éise Bezéiunge gëtt et méi schwiereg, well ee jo net méi wéi eng Persoun bestueden oder pacse kann, mee och do fanne Leit Arrangementer.
Pit: Fir d’Politik schléisse sech déi Saachen aus. Perséinlech hunn ech awer „d’Chance“ net finanziell ofhängeg ze si vun engem Sozialstaat fir mech ze bestueden a fir sou zousätzlech Ënnerstëtzung ze kréien an eng Bezéiung elleng vun engem ekonomesche Standpunkt aus ze betruechten. Ech sinn z.B. schonn e puer mol mat menger Frëndin a sengem Frënd zu drëtt an d’Vakanz gefuer. Do deelt een sech dann och alles zu dräi: d’Schlofzëmmer, d’Iessen, etc. Dat soll awer net déi primär Motivatioun sinn, mee et ass awer ee positiven Nieweneffekt.
Pol: Ech denke grad bei Kanner ginn et Virdeeler: Wann een zu méi Persounen ass, déi intim Bezéiungen zoueneen hunn, kënne méi Leit sech ëm d’Kanner këmmeren. Méi Bezuchspersoune kënnen och fir Kanner duerchaus e Virdeel sinn. Natierlech ginn et hei och Geforen, wann Bezéiungen ausernee brieche – mee déi ginn et a konventionelle Bezéiunge jo och.
Pit: Effektiv, mee egal wéi eng Form u Famill een huet, et ass wichteg, dass Kanner Referenzpersounen hunn, déi frou mat hinne sinn an ee Kader ginn, eng Stäip, wann et mol méi schwéier ass. Dat huet näischt mat homo, hetero, poly ze dinn. Dat ass awer och nëmme wouer, wann een an engem sozialen Ëmfeld wunnt, dat dëst alles akzeptéiert.
Vu wiem kennt d’Oflehnung v-à-v vun oppene Bezéiunge generell?
Pit: Dacks vu Mënschen, déi engem säi Choix gesinn a mierken, dass se dat vläicht insgeheim och wëllen an dann ufänken, dekonstruktiv z’argumentéieren (oder vill méi ze lamentéieren). A leider ass folgende Statement nach ëmmer wouer: Eng Fra, déi mat ville Leit Bezéiungen huet ass eng Klont an de Mann… tjo, deen ass en Hengscht. Dohier ass et fir eng Fra, duerch dat veraalte Bild, dat mir vun der moderner Fra hunn, vill méi schwéier esou Bezéiungen oppen ze liewen.
Schwätzt een an dëser Bezéiungsform méi mateneen oder iwwer verschidde Saachen net? Ginn et bestëmmte Reegelen?
Pit: Et sollt genau esou sinn, wéi an enger klassescher Bezéiung. Eng oppen a res-pektvoll Kommunikatioun ass de Schlëssel fir eng gesond Zukunft. Et schwätzt een ebe méi iwwer seng Gefiller vis-à-vis vu Partner, déi mat engem an der Bezéiung sinn. Dat ass munchmol net evident, wëll een awer Verschiddenes net direkt wëll soen ouni mat deem aneren driwwer geschwat ze hunn. Do kënnt dann een allgemengt Vertraue mat an d’Spill, et ass fir mech wichteg, dass ech jidderengem ka vertrauen.
Pol: Ech denken och, dass ee méi matenee schwätzt, wëll et – an der Reegel – einfach ee weidert Thema gëtt, iwwer dat ee sech ofschwätzen a wou ee Reegelen ausmaache muss, wou een da vläicht och méi oft wéi an anere Bezéiungen, „de Bols fille“ muss fir ze kucken, wou ee gemeinsam drun ass. Iwwer wat een a wéi engem Detail schwätzt, ass eng Saach, déi ganz individuell a vu Koppel zu Koppel verschidden ass. Grondsätzlech ass méi Kommunikatioun néideg, op mannst fir gewësse Grond-reegelen auszemaachen. Do stellt sech mir dann d’Fro, wéi dat Koppelen an traditionellen, romanteschen Zweeërbezéiunge maachen: Ginn et just déi Reegele vu „trei sinn“, déi engem gesellschaftleche Bild entspriechen? Wier et net vläicht esouguer besser, wann een um Ufank vun enger Bezéiung – oder esouguer regelméi-sseg – géif evaluéieren, wat fir Besoinen d’Partner*innen hunn a wéi sech déi am beschten ëmsetze loossen?
Wéi eng Roll spille Gefiller wéi… Sécherheet?
Pit: Wa Vertrauen do ass, da brauch ee keng Angscht ze hunn. Sécherheet brauch een, wann Ongewëssheet besteet. Duerch genuch Kommunikatioun, kënnt een net onbedéngt an esou eng Situatioun. Virun allem ass een sech bewosst, dass et keng Sécherheet gëtt. Dat ass nees ee bossegt Konstrukt vun eiser Gesellschaft fir eis gefügeg ze maachen. Wann eng Bezéiung an eng aner Richtung „transitéiert“, da kann ee jo driwwer schwätzen. D’Konvergenz vun enger Bezéiung soll een ëmmer am A behalen. Fir Mënschen, déi polyamouréis Bezéiungen hunn, gëtt et kee wierkleche „Schluss“ vun enger Bezéiung, se ännert eben, sou wéi alles am Liewen.
… Jalousie?
Pit: Jalousie ass geléiert. Do kënne mir eisen Elteren an der Konsumgesellschaft Merci soen. Mä dat Schéint un eppes Geléiertem ass, dass een et och nees verléiere kann. Jo, et gi bestëmmt ganz déif am mënschleche Genom Grënn fir eist Besëtzverhalen, z.B. fir dass mir eis kënne fortplanzen, mee op esou primär Eegenschafte muss de moderne „Cactus-Schnäppchen-Jeeër“ awer net méi erafalen. Ech hunn d’Eegeschaft, net wierklech jalous ze ginn, wann ech alles versti wat a menger Bezéiung geschitt. Wa natierlech Saache verheemlecht ginn, da maachen ech mer Suergen, mee virun allem Suerge fir mäi Partner. Den éischte Reflex ass net, do ass bestëmmt eng aner Persoun, mee éischter, do stëmmt eppes mat der Persoun net. Wann eng polyamouréis Bezéi-ung gutt fonctionnéiert, dann ass Jalousie nëmmen dann ee Problem, wann am klassesche Sënn „friem gaange“ gëtt ouni doriwwer ze schwätzen.
… Treiheet?
Pol: Trei oder loyal sinn, heescht an dësem Fall net, kee Sex mat anere Leit ze hunn, mee ëmmer oppen an éierlech géigen-iwwer dem*er Partner*in ze sinn. Genee esou muss een sech un Ofmaachungen halen – an dësem Fall sinn déi eben net vun der Gesellschaft, mee vun de Partner*inne selwer ausgemaach.
Pit: Genau esou, wéi engem seng sexuell Orientéierung, ass engem säi Bezéiungskonstrukt eppes Perséinleches an an dësem gewielte Fall flexibel, et passt sech der Zäit an de momentane Situatiounen un. Fir mech a meng Partnerin gëtt et d’Konzept vun der Treiheet net. Et gëtt: Vertrauen. Mir halen eist Wuert a kënnen an all Situatioun openeen zielen. Dat ass méi wichteg wéi eng virtuell Treiheet. Loyal jo, mee wa mir ee léiwe Mënsch kenneléieren, deen eis gefält, platonesch, sexuell oder wéi och ëmmer mir dat fillen, da si mir op eisen eegene kritesche Geescht ugewise fir ze kucken, ob dat Sënn ergëtt a wéini mir zesummen doriwwer schwätzen.
Komplex gëtt et dann nees, wann ee ganz kuerzfristeg eng Persoun kenneléiert an et ganz schnell zu Zäertlechkeete kënnt. Riffs de direkt am Moment u fir Bescheed ze soen? Waarts de bis de mat dengem anere Partner geschwat hues? Sees de direkt der drëtter Persoun, dass de eng fest Partnerin hues? Dëst ass an all Bezéiung anescht.
* D’Nimm goufe vun der Redaktioun emgeännert.
D’Froë goufen an der Period vum 14.-24.11.2016 gestallt a per E-Mail beäntwert. (KN/AS)
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
