Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Künstlech
Kanner

Viru kuerzem huet dee renomméierte franséische Biolog a Philosoph Henri Atlan an engem Interview d’Meenung vertrat, datt an enger net ze wäiter Zukunft, Kanner kéinten op eng komplett kënschtlech Aart a Weis gemaach an opgezu ginn. Dës Prophezeiung, déi op den éischte Bléck vëlleg utopesch schéngt, ass, vu méi no gekuckt, guer net esou onwahrscheinlech. Den Atlan huet an deem Sënn drop higewisen, datt haut jo schonns den Ufank an de Schluss vun dëser Entreprise bestinn, an zum Deel eng Routinesaach sinn. Sou gëtt et zënter laangem schonns kënschtlech Befruchtung. Um aneren Enn vun der embryonaler Entwécklung gëtt et d’Couveusen, am Moment zwar eréischt fir déi fréigebuere Kanner. Wat nach feelt an an den nächste Joer kann entwéckelt ginn, ass den Iwwergank tëscht deenen zwou Etappen. D’Fro ass hei, wéi och bei anere wëssenschaftlechtechnische Leeschtungen, op dat, wat machbar ass, och tatsächlech soll gemaach ginn.

Kënschtlech Befruchtung ass jo am Fong näischt anescht ewéi d’Duerchféierung vun der Trennung vu Sexualitéit a Genitalitéit. Erotik an Zeugung hunn dobäi guer näischt méi mateneen ze dinn, woubäi deen neien, intressanten Aspekt bei der kënschtlecher Befruchtung, am Ënnerscheed vun der einfacher Kontrazeptioun, d’Méiglechkeet vun der Qualitätskontroll ass. An dëst alles ass am Interessí vu Fra a Mann.

D’Entwécklung vum Embryo am Laboratoire huet nämlech fir d’Frauen de Virdeel, d’Schwangerschaft ze vermeiden, wat esouvill heescht wéi: net méi déi kierperlech a psychesch Problemer a Risiken ze hunn, déi mat der Schwangerschaft verbonne sinn. A keng Ennerbriechung méi vun der berufflecher Carrière. Wat den Atlan nun zwar net sot, mä wat an der Logik vun deem Ganze läit, ass, datt wann d’Kand da "viable" ass, also aus der Couveuse eraus ass, da géif et en Charge geholl ginn vun enger Crèche. Och do bräicht ee jo nëmmen unzeschléissen un dat, wat et jo scho längst gëtt.

Wiem dës Schlussfolgerung iwwerdriwwen oder mat den Hoer erbäigezu schéngt, dee soll mol iwwerleeën, wat de Sënn kéint si vun enger kënschtlecher Befruchtung am Laboratoire, wann dann herno dat klengt Kand trotzdem a senger Famill géing opwuessen. Well da géiwe jo vill Avantagen erëm verluer goen. D’Opwuessen an enger Crèche dogéint verlängert dës Virdee-

ler a bréngt nach neier derbäi, déi awer op däer selwechter Linn leien. Da wären nämlech déi éischt oft penibel Méint gespurt, wou dat klengt Kand muss ronderëm d’Auer versuergt ginn a seng Elteren allerhand an Usproch hëllt. An de Congé parental bis zum 2. Liewensjoer wär och iwwerflësseg. D’Elteren könnten hiert gewinnte Liewen ongestéiert weiderféieren.

Lo kënnt een natierlech direkt awennen, bei dëser Produktiounsweis géif dem Embryo geschued ginn, well him während 9 Méint deen enke Kontakt, d’Verbindung an d’Symbios mat der Mamm géing virenthal ginn, an hie sech doduerch net normal géing entwéckelen. Mä héi däerf een d’Wëssenschaftler net ënnerschätzen. Ech wetten, si si sech dësem Problem duerchaus bevoost a wäerte probéieren, während den 9 Méint an der Couveuse allerhand virgesinn, dat d’Mamm kéint méi oder manner gutt ersetzen.

Ech sinn trotzdem der Meenung, datt dat, wat den Atlan do virausgesäit, eng Katastroph wier, an zwar net nëmme fir d’Kand, mä och fir Fra a Mann. Och wann ech "nëmmen" e Mann sinn, mengen ech dach, datt eng Schwangerschaft fir eng Fra, a fir hire Mann oder Partner eng onverwesselbar an onverzichtbar Erfahrung ass, bzw. ka sinn. Dat selwecht gëtt fir d’Gebuert. Wann ech eppes a mengem Liewen net bedaueren an net well mëssen, dann ass et, datt ech bei der Gebuert vu mengen 3 Kanner derbäi war. Leit, déi op dës Erfahrung verzichte géifen, wëssen net, wat se domat verpassen.

Ech froe mech och, wat bei dëser Prozedur, Kanner ze schafen, d’Motivatioun vun de Leit ka sinn, nach Kanner op d’Welt ze setzen. Scho bei der «natierlecher» Aart a Weis ass de Projet parental net ëmmer eendeiteg, an et ass sécher méi wéi een interesséiert Motiv derbäi. Mä hei kann ech mer net virstellen, datt e Kand wéinst senger selwer an d’Liewe geruff gëtt, datt et net komplett vergéigeständlecht gëtt. Obschonn op dës Manéier all penibel Aspekter vum Kannerkréie wegfalen, sinn ech iwwerzeegt, datt dann nach manner Kanner op d’Welt komme wéi elo.

De Kanner selwer géif ë.a. doduerch geschued ginn, datt se jo am Fong vu vir eran als Weesekanner op d’Welt gesat ginn. Weder während nach no der "Schwangerschaft" hu si Attache mat hire biologeschen Elteren. Wéi steet et mat hire Wuerzelen, no deene jo, wéi mir wëssen, all Leit, a besonnesch Weesekanner an adoptéiert Kanner hiert Liewe laang sichen?

Ech mengen, mat dëser Technik, och wa se wuel praktesch méiglech wäert ginn, ass kengem Mënsch gedéngt, an d’soll een d’Fangeren dervu loossen.

Deen neien,
intressanten
Aspekt bei der
kënschtlecher
Befruchtung, am
Ënnerscheed vun
der einfacher
Kontrazeptioun,
ass
d’Méiglechkeet
vun der
Qualitéitskontroll.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code