Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
le courrier
de la grogne…
Einseitig?
ODER: WARUM PERSHING II UND CRUISE MISSILES DEN
FRIEDEN STAERKER GEFAEHROEN ALS SS-20
Alle sind für Frieden und gegen Atombomben, und
wenn eine Atombombe über unsern Köpfen explodiert,
spielt es keine Rolle mehr, ob sie sowjetischer
oder amerikanischer Herkunft war. So weit, so gut,
(oder so schlecht). Um nun aber einen allesvernichtenden Atomkrieg zu verhindern, müssen wir herausfinden, wodurch der Friede bedroht wird, und uns
dann dagegen wenden.
Auch hiermit dürfte wohl jeder einverstanden sein.
Und nun können wir folgendes feststellen:
-
Durch die Stationierung der neuen amerikanischen Mittelstreckenraketen in Westeuropa entsteht
erstmals wieder eine Situation, die der berüchtigten Kuba-Krise vergleichbar ist. 1959 stationierten die USA Mittelstreckenraketen in der Türkei,
und die Sowjets beantworteten diesen Schritt damit, dass sie nun ihrerseits Mittelstreckenraketen auf Kuba stationierten. Der Atomkrieg wurde
damals nur verhindert, weil Kennedy und Chruschtschow sich einigten, ihre Mittelstreckenraketen
aus diesen Ländern zurückzuziehen, und abmachten,
in Zukunft keine Raketen ausserhalb ihres Gebietes zu stationieren, die die anderen Grossmacht
erreichen könnten. Genau dies ist nun aber der
Fall für die neuen NATO-Raketen, die nicht in den
USA stationiert sind, dabei aber die SU erreichen
können. SS-20-Raketen dagegen können die USA nicht
erreichen. Hier wird also das "Gleichgewicht des
Schreckens" zwischen den beiden Supermächten zugunsten der USA verändert. -
Die NATO behauptet, ihre Raketen in Westeuropa
seien als Antwort auf die sowjetischen SS-20 gedacht. Dass das nicht stimmt, kann man sehr leicht
daran erklären, wie die Pershing II funktioniert.
Diese Waffe ist mit einem Atomsprengkopf ausgerüstet, der bis zu 12 Meter in die Erde eindringt
und dort explodiert. Ihr Ziel ist also, verbunkerte unterirdische Raketensilos zu zerstören. Das
hat aber nur dann einen Sinn, wenn die sowjetischen Raketen sich noch in ihren Bunkern befinden.
Die Pershing II ist also keine Verteidigungswaffe
sondern eine Angriffswaffe, eine Erstschlagswaffe.
Wie sähe nun ein solcher NATO-Erstschlag genauer
aus? Die Interkontinentalraketen der SU und der
USA brauchen 23 bis 28 Minuten, um ihr Ziel zu erreichen. Ein Angriff damit ist auf jeden Fall für
beide Seiten sinnlos, weil dem Gegner noch genügend Zeit bleibt für einen vernichtenden Gegenschlag. Pershing II dagegen ist eine Sofort-Reaktionswaffe, ohne Countdown (das bedeutet unter
anderem auch, dass Computer-Irrtümer, wie sie
sich bekanntlich in den USA im letzten Jahr dreimal ereigneten, nicht mehr rückgängig zu machen
sind).
Die Pershing II kann also in 4 bis 7 Minuten die
unterirdisch gelagerten russischen Interkontinentalraketen zerstören ( und nicht die SS4, SS5 und
SS-20, denn die stehen auf der Erde und sind beweglich). Das heisst: in Zusammenarbeit mit anderen Raketensystemen (z.B. Trident und MX) kann
die USA so also die SU durch einen Ueberraschungsschlag weitgehend entwaffnen. Diese könnte dann
höchstens noch Westeuropa bombardieren, aber keinesfalls mehr einen Rückschlag gegen die USA führen.
All das wissen die Sowjets natürlich auch. Es besteht daher die Gefahr, dass die SU sich gezwungen sieht, die in Westeuropa stationierten Raketen vor ihrem Start auszuschalten, d.h. ihrerseits
anzugreifen, um wenigstens die totale Vernichtung
des eigenen Landes zu verhindern. Ausgerechnet
die Waffen, die uns vor einem russischen Angriff
schützen sollen, erhöhen also für uns Europäer
die Kriegsgefahr!
Natürlich spielt es für uns keine Rolle, ob wir
durch einen russischen Präventiv- einen russischen Zweit- oder einen amerikanischen Präventivschlag vernichtet werden. Wichtig ist, dass wir
erkennen, dass nicht die SU (sie hat auf jeden
Fall nur zu verlieren), sondern USA und NATO all
diese Möglichkeiten in ihre Strategie einkalkulieren, dass sie das Risiko (einen Atomkrieg in
Europa) für eingehbar halten. Alle Aussagen der
letzten Zeit weisen auch in diese Richtung (Reagan: "Ein Atomkrieg kann auf Europa begrenzt werden"; Haig: "Es gibt Wichtigeres als den Frieden"
der Oberkommandierende der europäischen NATO-Streitkräfte Rogers: "Ein Kernwaffenkrieg in Europa ist Bestandteil der NATO-Strategie", usw…).
Liegt damit für uns Europäer der Fall nicht klar?
Diese Politik der NATO-Kriegstreiber gilt es zu
bekämpfen! Und genau das tun auch die Friedensbewegungen in allen westeuropäischen Ländern.
Ist das einseitig? Nein, nicht die Friedensbewegungen, sondern die Wirklichkeit ist einseitig!
Danny Hoenen
UNION des MOUVEMENTS
de RESISTANCE LUXEMBOURGEOIS
Lëtzebuerg, den 17. November 81
Léiw Leit,
Et as ëmmer erfräelech ze gesin wann een sech Méi
gët fir e Problem ze verstoën an ze ënnersichen –
eppes wou sech déi meescht derlaanscht drécken,
haut vläit e bëssen méi ewéi soss. D’Compliment vu
vill Méi muss een Ierer Aarbecht onbedéngt maachen
An Ierer Nr. 51-52 vum 7.11.81 gët an "Historische Vergleiche" eise Communiqué vum 9.9.81 analyséiert. D’Interpretatioun an d’Kritik doriwer engersäits kommen net op de Käer, anersäits obligéieren zou dësen Observatiounen.
-
Et as net den absolute Vergläich vum Verlaaf vun den historeschen Evenementer a vu Leit, ma vun der Mentalitéit an der Approche zou de Probleme vun virun 1940 an haut, d’onverfierwt Realitéit vun haut a nët dës oder déi Hypothes déi speziell ze consideréiere sin.
-
Eng objektiv Analys vun den Arméibudgeten vun de verschidene Länner a vun der Dokumentatioun vun alle Säiten iwer d’Arméimaterial léisst kloër ang bäi wäitem méi grouss militäresch Stierkt vun der USSR an hirem Unhank erkennen (wat jo kënnt egal sin, wann een et mat engem fräiheetleche Land ze din hät).
-
Den Expansiounswëllen an – driw vun Russland geet däitlech, besonnesch äus den kommunistischen an ideologeschen Programmen an Dokumenter ervir. Ob dat Afrostellen oder esouguer Negéieren op Naivetéit, Iwerflächlechkeet oder bewosstem Iirféieren baséiert as, as egal, et as net acceptabel, well et eben nët stëmmt. Zum Hitler gët et deen Ennerscheed, datt Russland méi Gedold huet an eng Strategie déi op laang Zäit baut fir säin, eventuell schrëttweis, Akkaparéieren vun anere Regiounen, op vläit bis haut ongewinnt Manéier, ze erreechen.
-
D’Resistenzler gedenken all Joër all deenen, déi am Asaz géint d’Nazien hiirt Liewen fir eis Fräiheet gin hun. Wéi et z.B. an der Press ze liese war huet d’UNIO’N bäi de Ceremonien fir de 35. Joërsdag vun der Liberatioun d’gefalen alliéiert Zaldoten, déi hei am Land begruew sin, besonnesch geëiert, an dobäi och d’russesch Zaldoten zou Lalleng. (D’Resistenz as bäi d’Lallenger Monument gaang, laang ir d’russesch Ambassad et derwäert fond huet hir Doudeg do ze éieren).
Datt hei am Land méi un d’Amerikaner geduecht gët as ganz kloër; si hun eis liberéiert, si hun hei an der Rundstedtoffensiv gekämpft; Amerika as e fräit Land géintiwer Russland, dat eng Diktatur as wou d’Fräiheet keen Cours huet, d’Mënscherechter mat Féiss getrëppelt gin, wou et Goulagge gët, wou d’Leit wéinst hirer politescher Meenong exiléiert gin, an psychiatresch Klinike kommen asw.. Wir Russland zou engem Land wou d’Fräiheet bléit evoluéiert, wir de Contakt mat deem Land och méi enk gin, an dat trotz sengem zäitwëllege Zesumme-
schaffen mat den Nazidirigenten. D’Onfräiheet déi an der USSR regéiert an vun do äusgeet verhënnert dat Land elo an eise Frënnskrees mat eranzehuelen an Confienz an et ze hun.
- Enner anerem as de Partneraspekt äus eisem Communiqué weggelooss gin an Ierem Artikel. Et as dat awer e moralesche Facteur deen onbedéngt matzeconsideréieren as.
Mir sin an enger Allianz, wou d’USA och dran sin. Wann een en Traité ënnerschriwen huet, wann een säin Wuurt gin huet, dann steet een och derzou. Sollt een domat net méi d’accord sin, dann wir et fir seng Consequenzen ze zëien an äuszetrieden. D’Lëtzebuerger hun nach ëmmer op eng korrekt an loyalt Behuelen gehal; de Filou, den Opportunist oder de Profiteur ze marquéieren as net eise Gënre. D’Preisen hun eis zweemol declaréiert en Traité wir "ein Fetzen Papier"; op deen Niveau stellen mir eis net.
Et as ze relevéieren, datt déi Allianz eng fräi Partnerschaft as, wou fräi proposéiert a kritiséiert ka gin, wou eegene Wëllen respektéiert gët, wéi d’Exemple vun Frankräich, Griechenland, der Tïrkei et jo schon gewisen hun, ouni datt d’Gefor vun enger USA-Invasioun bestan hät. Eng Berlin-, Prag-, Budapestsituatioun kennen d’Natolänner net, grad wéi keng Polensituatioun.
- Der UNIO’N soën si wir kritikblann vis-à-vis vun Frënn, as eis Aarbecht an eis Interventioune besonnesch wat d’Mënscherechter an d’Fräiheeten ugeet, absolut net kennen. Esou liichtschaz stellt een keng Behauptungen op.
D’UNIO’N huet sech nach ni genéiert affen hir Meenung ze soën, zou jidderengem a besonnesch zou hire Frënn. Wat d’USA ugin, esou sin do, bis elo, eis kritesch Meenungen acceptéiert gin an enger Antwort an Diskussioun derwäert fond gin, wat mir vun der USSR an den anere Ostblocklänner (äusser der Tchekoslowakei) net soë kënnen.
-
Et gët eis indirekt reprochéiert zou engem Land ze halen, dat Diktature géif ënnerstëtzen. Fir t’éischt as ze bemierken drit wat d’Mënscherechter ugeet keen Vergläich tëschent den USA an der USSR ze maachen as. Et as dann ze bedenken datt den USA hir Haltong vis-à-vis vun verschidene Länner, déi diktatoresch Regimer hun, dach drop äusgeriicht kënnt sin fir matzehëllefen do de Leit erëm en demokratesche System ze verschafen a momentan ze verhënneren, datt eng Lénksdiktatur sech installéiert, déi, wéinst hirem Appui vun der USSR, net méi äuszemäerze wir, wougéint, mat der Hëllef vun den USA, den aktuelle Regime op eemol kann zou Fall bruucht gin, wat iwregens ëmmer betount gët.
-
Et gesäit een ëmmer besser – an an Dänemark huet et sech bewisen – datt leider d’Friddensmouvementer all dorëmmer esou orchestréiert gin, datt e schwaacht Europa enstoë soll. Do as eng grouss Gefor, déi den immensen Idealissem vun deene meeschten déi do matmaachen net verhënnere kann. E Schwaachen kann net nëmmen wéineg fir de Fridden din, hien as och eng Gefor fir de Fridden, well en convoitéiert gët an duerduurch den Ausléiser vun engem arméierte Konflikt ka gin. Nëmmen e staark Europa kann sech behaapten, an der Allianz an vis-à-vis vun de Geforen a matbäidroen fir de Fridden.
-
Et as bedauerlech, datt d’Kritik un eisem Communiqué praktesch nëmmen derzou déngt eng Diktatur, d’USSR, an e bessert Liicht ze stellen (an, vläit ongewollt, d’Okkupatioun vum Afghanistan irgendwéi ze jhustifizéieren).
-
Eng gesechert Zoukonft an Fridden, Gerechtegkeet a Fräiheet verlaangt net Bannemenches ze agéieren.
Mat beschte Grëiss
Roger LINSTER
Generolsekretär
Léiwen Här Linster,
Merci fir Are Bréif. Och wa mir a muenche Punkte
nét mat Tech d’accord sin, su kénn Der awer sé-
cher sin, dass en ons vill Freed gemaach huet,
well Der onse Meenungsforum seriö huelt. Mir be-
dauere ganz besonnesch, dass Der all Aussoen aus
dem Artikel "Historische Vergleiche" op d"Unio’n"
bezun hut. Dat wor nét ons Absicht. Are Communi-
qué wor fir ons nëmmen en Ophenker fir op eng
allgemeng verbreeten historesch Argumenta-
tioun anzegoen, di ons nét richteg schéngt. Et
gong op kee Fall drém, d’Aarbecht vun der "Unio’n"
ze jugéieren. Jo, mir si frou ze liesen, dass Är
Vereenegung nét nëmmen d’Erënnerung un eng
schrechlech Vergaangenheet pflegt, mä och haut
zugonschte vun de Mënscherechter an de Fräiheeten
intervenéiert; mir hun de Géigendeel ni behaapt.
Wa mer selbstverständlech är Meenung hei am "fo-
rum" (onsen Titel wëllt och Usproch sin) zu Wuert
komme loossen a respektéieren, su erlaabt ons a-
wer w.e.g. op eenzel Aussoen méi präzis anzegoen
well se ons nét ganz richteg schéngen.
Di grëisste Schwiregkeet mecht ons Är Behaaptung,
"eng objektiv Analys vun den Arméibudgeten …
(géif) kloër eng bäi wäitem méi grouss militäresch
(Dessin de ZONE.)
Stierkt vun der USSR an hirem Unhank erkenne
(loossen)" Mir haten ons fir den Dossier vill Méi
gin, ons vun alle Säiten ze dokumentéieren, mä
eng "objektiv Analys" hu mer néierens fonnt, an
déi puer, di der Objektivitéit am nootste kommen
déi vum SIPRI (Stockholm) oder LISS (London), wei-
se fiddefalls kee "bäi wäitem mi grousst" militä-
rescht Gewicht vum Warschauer Fakt aus (vgl. "fo-
rum" Nr. 51-52, SS.3-7). Wann een dëse Punkt aus
Ärem Bréif awer an Zweiwel zitt, da falen och di
meescht vun Äre weideren Argumenter zesummen, wël
si bauen all drop op, dass eenzeg an eleng d’Rus-
sen di Béis sin, di eng geféierlech militäresch
Iwerleënheet géintiwer dem Westen erreecht hun.
Eng vun onsen Haapthesen, di grad och vun anerer
Säit kritiséiert gouf (vgl. Limerbréif vum D. Hoe-
nen an dëser Nummer) wor jo ze behaapten, Oste wi
Weste wäre gläich schold un der Course fir ëmmer
méi Waffen a wäere sech och méi oder wéineger
gläich staark.
Nét d’accord si kénne mer och mat Ärer uschléis-
sender Behauptung, et kénnt engem egal sin, wann
e fräiheetlecht Land militäresch méi staark as.
Spéider behaapt Der dann, et misst ee bedenken
"datt den USA hir Haltung vis-à-vis vun verschid-
de Länner, déi diktatoresch Regimer hun, dach
drop ausgeriicht kënnt sin fir matzehëllefen do
de Leit erëm en demokratesche System ze verscha-
fen a momentan ze verhënneren, datt eng Lénksdik-
tatur sech installéiert, déi, wéinst hirem Appui
vun der USSR, nét méi äuszemäerze wir, wougéint,
mat der Hëllef vun den USA, den aktuelle Regime
op eemol kann zou Fall bruecht gin (…)"
Dir schreift selwer fir d’éischt, d’USA kënnten
hëllefen, d’Demokratie neess oprichten. Dir
schéngt also selwer nét su richteg drun ze glee-
wen. Mir kenne kee Beispill, wou d’USA eng Riets-
diktatur zu Fall bruecht hätten. Am Géigendeel!
Hu Dir wierklech nach wi eppes héieren owert den
USA hir Roll 1973 beim Militärputsch am Chile,
1953 am Iran, haut am El Salvador asw.? Wa nét,
da liest emol, wat den Henry Kissinger "en per-
sonne" a sänge Memoirenwert hir Roll beim Stuers
vum Allende schreift! Do sugudd wi am Iran, a Bra-
silien 1964, … goufen demokratesch legitiméiert
Regierungen mat der Hëllef vun den USA gestierzt,
a nét ëmgedréit, wi Dir dat hofft. Ënnert dem
Jimmy Carter hat een e kuerze Moment kénne mengen
d’USA géifen d’Mënscherechter zur Riichtschnou-
er vun hirer Aussepolitik man. Mä di wirtschaft-
lech Interessen, déi si (d.h. hir Multi-Konzerner
am aarme Latäinamerika a soss an der Welt) drun
hun, dass Diktaturen do d’Vollék kleng halen, hu
geschwënn derfir gesuergt, dass déi Politik nét
realiséiert gouf, an ënnert dem R. Reagan mécht
kee méi sech Illusionen. Déi sozial an ökon-
meach Ongerechtegkeete sin awer schold
drun, dass d’Gefor vu Lénksdiktature be-
steet. Dofir – an do hu Der Recht – hëllefen d‘
USA mat alle Mëttelen esou Lénksdiktaturen ze ver-
hënneren, nét aus Mënschlechkeet, mä fir hir In-
teressen ze schätzen! A wann e Vollék aus eegener
Kraaft dach säng Rietsdiktatur ofgerëselt huet,
da gét ët vun den USA boykottéiert (Bsp. Cuba,
Angola, Nicaragua,…) sou dass ët oft sänger
Hänn keen anere Rot mi weess, wi bei der Sowjetu-
niou ëm Hëllef fir säng Wirtschaft ze froen.
Dësen historeschen Tatsaachen an d’A kucken,
heescht fir ons nét, d’UdSSR entschëllege fir hir
ënner Fräiheetsënnerdréckung an hir hegemonistech
an expansiv Politik un hire Grenzen. Mä ët däerf
ee nét vergiessen, dass di Gefor fir de Weltfrid-
den, di an Europa Sowjetuniou heescht, a Latäin-
amerika vun den USA hier ëmpfonnt gët. Dem Ausse-
minister A. Haig säng Drohung mat enger militä-
CRIMES DE PAIX
Pendant que les nations
s’enfoncent par degré dans
l’équilibre possesur de la ter-
reur en écoutant sérieu-
sement des généraux sérieux
expliquer qu’avoir la capa-
çité de tuer trente mille fois
tous les habitants de la pla-
nète ne suffit plus car les
« autres » peuvent le faire
trente mille et une fois, des
millions d’hommes agonisent
foute d’une poignée de rai,
assurer qu’ils sont devoir
droit en temps de guerre à
20 tonnes de T.N.T. chacun.
Monstrueuse équivalence :
si nous décidions de ne plus
mourir que trois fois, ces
millions d’hommes pourraient
suire une vie sans faim, au
moins une fois.
FRANÇOIS DIANI.
in: La Monde, 21/11/1979
rescher Interventioun an El Salvador virun e puer Wochen as nët gemaach fir ons Meenung z’änneren, dass d’USA nët besser si wi d’UdSSR. Wee Waffen huet, an unheeft, mecht dat fir se ze gebrauchen!
An esougur, wann een iwer d’moralesch Bewäertung vun deenen 2 Groussmuechte laang hin- an hirdiskutëiere kann, sou schëngt et eis dach liewesgefierlech, dëiselwecht Maßstäb och bei der Bewäertung vu Waffen unzeleën, déi an hirer grujheleger Perversitéit d’Mënschheet an e puer Minutten zermujhele kënnen. Mir mengen, an eisem Dossier klor gewisen ze hun, dass déi aktuell Oprüstung, déi jo anscheinend am Numm vum Fridden an der Oofschreckung geschitt, deene politesche Responsablen vu béide Säite scho laang aus de Fangere geglëscht as an sech verselbständegt huet (Dossier S.6). An d’Gefor, dass den 3. Weltkrich duerch Zoufall ausbrëcht, wiisst mat deene neie Waffesystemer vun Dag zu Dag. An deem Kontext iwert den Ennerscheed tëschent gudden (lies ‚fräiheetlechen‘) a béise Waffen ze diskutéieren heescht liewenswichteg Zäit verbëtzen um Wee, fir endlech aus dem verréckten Deiwelskrees erauszekommen!
Jidfereen, deen och nëmme probéiert, sech deen näxte Krich viirzestellen – wann dat iwerhaapt mëiglech as – misst sech schummen, nach esou Argumenter ze gebrauchen! ‚Die unmittelbare Ursache des Dritten Weltkrieges ist seine Vorbereitung‘ stong schon an eisem Dossier.
Ee vun onse Mataarbechter as am ‚forum‘ Nr.51-52 sowäit gaang ze behaapten, mat Waffe gëngsech di wesentlech Fräiheeton sowisou nët verteidege loossen: ‚Wor Christus onfräi, wi en um Kräiz hong?‘ Vläicht as Nët-Chrëschten dat Argument nët zougänglech, sécher däerfe Chrëschten ët nët aneren opzwengen, mä ët schëngt eis dach wesentlech, d’Werter richteg ze setzen: Liewe, Fräiheet schëngen ons mëi wichteg wi militäresch Sécherheet, d’ihir Grenzen jiddereen anescht versteet.
Här Linster, Nach eng Kéier Merci, dass Der ons Geleënheet zu dëse Précisioune gin hut. Mir si guer nët béis, wann Dir (oder aner Lieser) gär nach eng Kéier zu Wuert komme wëllt, well d’Thema schëngt ons derwäert, weider diskutéiert ze gin.
D’Redaktioun
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!