- Gesellschaft, Politik
Nogehaakt… bei der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer
Den Inhalt vun enger Question urgente (15. Juni 2016) am Stater Gemengerot, bezitt sech op Informatiounen iwwer de PAG an op de Fait, dass dës nach net wierklech accessibel kommunizéiert goufen. D’Propose, eng Brochür zum Thema a „Leichter Sprache“ (op FR an DE) unzefäerdegen, gouf net ugeholl. Bleift et bei dëser Decisioun? Falls jo: Wéi erkläert dir dës Decisioun um Niveau vun der Verflichtung sech un d’Convention relative aux droits des personnes handicapées ze halen, déi vun der Chamber ratifizéiert gouf?
(…) Der Stad Lëtzebuerg leien d’Doleancen a Besoin’en vu Mënschen mat spezifesche Bedürfnisser immens um Häerzen, wat och de Grond ass, firwat am Joer 2008 e Referent an Uspriechpartner fir de Persoune-Beräich kreéiert gouf an 2012 de Service intégration et besoins spécifiques an d’Liewe geruff gouf. Dëse Service IBS schafft momentan aktiv, an an Zesummenaarbecht mat alle Servicer vun der Stad, a mam CEFIS zesummen, un engem Aktiounsplang fir koherent Mesuren an deene Beräicher iwwert déi nächste Joren ëmzesetzen, déi et erméiglechen ebe grad d’Integratioun a Gläichstellung ze fërderen.
D’Stad Lëtzebuerg ass ënnert anerem déi eenzeg Gemeng, déi all Gemengeconseil an der Gebärdesprooch ubitt, an dëst och iwwert Livestream iwwerdréit fir eben alle Betraffenen den Zougang zu dësem wichtege Rendez-vous ze erméiglechen. Och gi bei alle gréisseren Informatiounsversammlungen net nëmmen Iwwersetzungen an aner Sproochen ugebueden, mee och Gebärdesprooch a Schreftdolmetscher, déi d’Leit kënne beim Service IBS ufroen.
(…) Mir sinn och mat dem KLARO, der Associatioun déi notamment zu Lëtzebuerg d’Referenz ass fir Liicht Sprooch, an enkem Kontakt an hunn och intern Basisformatioune gemaach (Service Communication et relations publiques, guides des Musées de la Ville de Luxembourg). Fakt ass awer deen, datt Liicht Sprooch zu Lëtzebuerg nach an de Kannerschong stécht, an datt et och schwiereg ass fir eng kleng Associatioun de komplexen Demandë vun enger Gemeng wéi der Stad Lëtzebuerg nozekommen. An éischter Instanz ass et heibäi wichteg sech mat den Associatiounen, déi mat de concernéierte Leit schaffen, an enger Berodungsstell wéi dem KLARO, zesummenzesetzen an ze definéiere wat d’prioritär Besoin’en vun de Betraffene sinn, a wat Sënn mécht a liichter Sprooch unzebidden a wat éischter net. An dësen Domainen ass et eis ëmmer ganz wichteg fir mat de Betraffenen ze schaffen, well déi am Beschte wësse wat hir Besoine sinn. Sou hu mir säit 2012 en Comité participatif des besoins spécifiques wou betraffe Persoune bedeelegt si fir Prioritéite virzeschloen an Aktiounen ëmzesetzen a säit 2007 organiséiere mir all Joer en Treffe mat allen Veräiner a Betraffene fir zesummen eng Bilanz ze zéien a Prioritéite fir dat nächst Joer ze beschwätzen. 2016 hu mir 5 Themenowenter gemat fir a Richtung vun engem Aktiounsplang ze schaffe wou mir mëttel- a laangfristeg Ziler kenne festhalen a progressiv ëmsetzen.
Wat de PAG konkret ugeet, sou ass ervirzehiewen datt d’Gesetzgebung virgesäit datt legal Texter zu Lëtzebuerg op Franséisch verfaasst ginn, wat hei och op de PAG als offiziell Prozedur zoutrëfft. Et handelt sech heibäi ausserdeem em en extrem voluminéist Dokument an d’Stad Lëtzebuerg wëll op kee Fall de Risiko agoe fir Informatiounen ze diffuséieren (a liichter Sprooch oder enger anerer Sprooch), déi kéinten zu Interpretatiounsfeeler oder Malentendue leeden, eben duerch de Fait datt se emformuléiert, resp. iwwersat gi sinn.
An deem Kontext waren allerdéngs 6 Informatiounsversammlungen organiséiert ginn, wou all Awunner ageluede goufen (invitation toutes-boîtes an Informatioun an de Medien an Informatiounskanale vun der Gemeng), fir ze assistéiere fir eben de PAG presentéiert ze kréie souwéi déi néideg Explikatiounen ze kréien. Bei dëse Reunioune ware jeeweils tëschent 250 a 500 Leit präsent, a et gouf wéi ëmmer eng Iwwersetzung an aner Sprooche souwéi, op Demande, a Gebärdesprooch ugebueden. De Schäfferot souwéi d’Servicer vun der Gemeng stoungen no all Versammlung de Leit zur Verfügung fir nach weider Explikatiounen ze ginn, resp. Froen ze beäntwerten.
Duerno waren, wéi et d’Legislatioun virgesäit (30 Deeg ab dem 20. Juni 2016) d’Representante vum Urbanismus vun der Stad Lëtzebuerg am Bierger-Center all Dag (jours ouvrables) vun 8 Auer bis 17 Auer am Bierger-Center präsent fir de Leit op hir konkret Froen ze äntweren, resp. hir Reklamatiounen entgéintzehuelen, dëst natierlech andeems sech un d’Besoine vun de jeeweilege Persounen adaptéiert gouf. Och net ze vergiessen, datt de Service IBS ëmmer zur Verfügung steet fir Demandë vu Leit mat spezifesche Bedürfnisser entgéintzekommen, respektiv a spezielle Situatioune behëlleflech ze sinn.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
