Wou d’Strooss uechter de Bëton leeft,
All Dag de Stau regéiert,
Wou nieft dem Kran gläich nach ee steet,
Den Henri franciséiert:
Dat ass eist Land, wou just nach d’Hall-
schent Lëtzebuerger sinn.
Eis Sproochnatioun am fräie Fall,
Well d’Wierder ënnerginn. 
Eis Wäiregioun, an iwwerall
Flitt Cremant mat eis hin.

A senger blénkeg Bankewelt,
Vum Frieden opgeriicht,
Wou all Hallodri Boîtten hält 
A keen no Steiere sicht;
Säi Walvollek mécht sech gär sou,
Wéi wann et eenzeg wier:
Haaptsaach et geet gemittlech zou,
D’Belsch Plage, dat ass eist Mier!
Haaptsaach et herrscht no bausse Rou,
Dat weess de Frontalier!

Gestank, Gestank vum SUV
A Wirschtercher vum Grill;
De Knascht pecht un der Bourgeoisie
An hirem Liewensstil.
Fir d’Léift gouf nach kee Verb gebuer,
Ee Wuert, dat eis net feelt,
Well fir een echte Libesschwur
Just Bretzelsonndeg zielt.
Mir sinn eebe keng Héichkultur,
Just Bauere mat Gefill.

O sole mio Lëtzebuerg,
Meng Pai a meng Pensioun,
Behitt mech viru jidder Suerg
A Wirtschaftsmigratioun!
Eis Kanner ginn am Schoulsystem
Duerch d’Sprooche segregéiert,
Dat ass zwar schued, mee net sou schlëmm,
Meng Leit sinn net touchéiert.
’t bleift alles sou wéi ehedem,
Mir si privilegéiert.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code